Op Initiativ vun déi Lénk gouf an der Chamber iwwer d’Situatioun vun de working poor debattéiert. Mat working poor sinn déi Leit gemengt, déi zwar enger bezuelter Aarbecht noginn an awer trotzdeem an Aarmut liewe mussen. Zu Lëtzebuerg ass den Undeel vun de working poor immens héich a läit bei 11,6%. An nëmmen 3 Länner an der EU ass dësen Taux méi héich: Bulgarien, Spuenien a Griicheland. An eiser Interpellatioun hu mir d’Grënn fir an d’Effekter vun dëser Entwécklung beliicht (falend Léin, Ofbau vum Sozialstaat, Explosioun vun de Logementspräisser an eng sozial selektiv Mobilitéit) a Virschléi gemaach, fir dësem Phänomen en Enn ze setzen.
Am Kader vun der Debatt hu mir zwou konkret Propose gemaach:
(1) Mir hunn eng Erhéijung vum Mindestloun em 10% gefrot: Motion – Erhéijung vum Mindestloun em mindestens 10%
De STATEC huet an enger rezenter Etüd gewisen, dass den Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg (60% vum Medianloun) mënschewierdegt Liewen erméiglechen dass zousätzlech de Netto-Mindestloun och nach ënnert dem Aarmutsrisiko läit. Dofir muss an eisen Aen als alleréischt mol de Mindestloun em minimum 10% eropgoen.
(2) Mir hunn eng réigelméisseg Debatt iwwer d’sozial Situatioun an d’Lag um Aarbechtsmaart gefrot: Resolutioun – Réigelméisseg Debatt iwwer d’sozial Situatioun an d’Lag um Aarbechtsmaart
Op der Uni oder an aneren ëffentlechen Instituter (LISER z.B.) gëtt eng performant wëssenschaftlech Recherche am Sozial- an Aarbechtsberäich gemaach. Donieft verëffentleche vill gesellschaftlech Organisatioune wäertvoll Etüden a Virschléi iwwer d’sozial Lag. Mir wëllen des Aarbechten an d’Chamberdebatten afléisse loossen.
Béid Virschléi goufe vun der Regierungskoalitioun ofgelehnt.
11,6% working poor zu Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg hunn mer en iwwerduerchschnëttlech héijen Taux u Leit, déi trotz Aarbecht aarm sinn, oder dem Aarmutsrisiko ausgesat sinn. Hei zu Lëtzebuerg gehéieren 11,6% vun de Leit, déi schaffen engem Ménage un, deen dem Aarmutsrisiko ausgesat sinn. 11,6% sinn esou genannte Working Poor. Dat ass wesentlech méi wéi an eisen Nopeschlänner an dat ass och e Rekord par rapport zu de Jore virdrun.
Dat seet eis Eurostat. An ganz Europa sinn ët just d’Kriselänner Griicheland, Spuenien a Rumänien, wou den Undeel un Working Poor nach méi héich ass.
Besonnesch betraff si Leit, déi an Deelzäit schaffen: 16,5% vun hinne liewen an Aarmut. Nach méi betraff si Leit mat engem CDD: 23%! Mee och Leit mat engem CDI weisen en erschreckend héijen Aarmutsrisiko op: 9,5%.
Als working poor ginn allgemeng unerkannt Leit bezeechent, déi trotz Aarbecht an eventuelle Sozialleeschtungen ënnert dem Aarmutsrisiko liewen. Dësen Aarmutsrisiko ass als 60% vum Medianloun definéiert. Et handelt sech also hei em e relative Wäert, dee vu Land zu Land anescht z’erklären an anzeschätzen ass, dee bei ënnerschiddlechen Zesummesetzunge vun engem Stot anescht duerchschléit, mee den och opgrond vun de Liewenshaltungskäschte ganz ënnerschiddlech ze bewäerten ass.
Dofir muss ee bei de Grënn fir working poor och iwwer d’Léin an eventuell Sozialleeschtungen erauskucken a sech froen, wéi eng aner Facteuren d’Leit an d’Aarmut drécken. Mir gesinn hei zwee wichteg Facteuren: d’Wunnkäschten an de Präis vun der Mobilitéit.
Ongerecht Lounentwécklung
Déi direktsten Ursaach vum Working Poor Phenomen ass eng ongerecht Lounentwécklung:
Déi niddregst Léin sinn tëscht 2000 an 2015 em 36% Prozent geklommen. De Salaire moyen em 53% an déi héchst Salairen em ganzer 60%. De pouvoir d’achat vun den ënneschte Léin ass säit 2010 nëmmen em 1,1% geklommen, also bal 5 mol manner ewéi de vun den héchste Léin. Des Entwécklunge sinn engersäits op d’Indexmanipulatioun zeréckzeféieren:
D’Indexmanipulatioun vun 2013 déi zu engem Retard vu 7 Méint vum Ausbezuele vun der Indextranche gefouert huet, huet d’Leit mat niddrege Léin vill Geld kascht. Am ganze sinn an deene leschte 4 Joer 1269 euros fir en Salarié deen de Mindestloun bezitt verluer gaangen. Dat ginn 3124 euros fir de Salaire Moyen. Dat ganzt ass jo dann an Täsch vum Patronat gefloss, dat vum Decalage tëscht der Inflatioun vun de Präisser an der Opwäertung vun de Léin profitéiert.
Anerersäits spigelt sech an där ongerechter Lounentwécklung och déi ongerecht Verdeelung vum geschaafene Méiwäert vun der Aarbecht erëm:
Mier hun hei zu Lëtzebuerg déi héchsten Aarbechtsproduktivitéit pro Kapp vun den EU-15 Länner. Dat waren 2015 116.000 euros. Mier hun och den héchste coût horaire du travail, den ëfters vum Patronat a vun der Regierung a Fro gestallt gëtt, well en d‘Kompetivitéit anscheinend bremst.A Wierklechkeet awer, progresséiert dee coût dee mëttlerweil bei 36,1 euros läit, nëmme lues (2,3% vun 2008 bis 2012), woubäi de Produktivitéitstaux (d’valeur ajoutée) ëmmer méi schnell an d’Luucht schéisst (an der Moyenne 3,56% d’Joer vun 1995-2010). Par rapport zum grousse Räichtum den zu Lëtzebuerg geschaaft gëtt, ass d’Aarbechtskraaft hei extrem bëlleg, méi bëlleg souguer ewéi an aneren europäesche Länner.
De Mindestloun muss iwwer 60% vum Salaire Moyen leien, sou heescht et am rapport d’activité vum Comité européen des Droits sociaux du Conseil de l’Europe vun 2014. Den aktuelle brutto SSM vun 1.998,59 euros läit effektiv iwwer 1797 euros vum Salaire moyen. Den Netto Mindestloun läit awer bei 1726 euros (Steierklass 1) also nach ëmmer ënnert dëser Aarmutsschwell.
Mier verlaangen eng Erhéijung vum Mindestloun vun 10% fir dem Problem kuerzfristeg entgéint ze kommen.
Ofbau vum Sozialstaat
De Sozialstaat spillt eng wichteg Roll fir deene Leit, déi trotz enger Aarbecht net genuch verdéngen, en anstännegt Liewen ausserhalb vun der Aarmut z’erméiglechen. Ouni sozial Transfert’en missten zu Lëtzebuerg nach vill méi Leit déi schaffen an Aarmut liewen.
An de leschten zéng Joer gouf eise Sozialstaat awer ëmmer rem vun de verschiddene Regierunge beschnidden. Besonnesch ab der Wirtschaftskrise vun 2007/2008 goufe verschidden Transfert’en gekierzt, agefruer oder hire Finanzement gouf méi ongerecht an zu Ongonschte vun de Salarié’en reforméiert.
Dat problemateschst Beispill ass d’Kierzung vum Kannergeld. Des Regierung huet beim Kannergeld zwou Prestatioune ganz ofgeschaaft an d’Kannergeld selwer drastesch gekierzt fir Familljen ab zwee Kanner. D’CSL huet a sengem Avis virgerechent, wat eng Famill mat 3 Kanner – ganz onofhängeg vun de Lounsituatioun – abéisst: 238€ de Mount, also 2856€ d’Joer. Fir vill Leit sinn dat 1-2 Paien.
Donieft ginn d’sozial Transfert’en ëmmer méi selektiv an u bestëmmte Bedingunge gekoppelt. Soumat geet d’Universalitéit vun eisem Sozialstaat ëmmer méi verluer, wouduerch bei ville Leit zousätzlech Onsécherheeten an Drock entsteet. Dëst ass besonnesch beim RMG ze gesinn, dee kee garantéierte revenu ass, mee souvill Ausname kennt a sou niddreg ass, dass e fir déi Betraffe keng wierklech Garantie bitt. D’Reform vum RMG, déi de Moment um Instanzewee ass, dreift des Logik weider.
Explosioun vun de Logementskäschten
Ee vun de wéinege Sozialtransferen, deen dé’Regierung vun 2 Joer nei agefouert huet ass d’Subvention Loyer. Des Subventioun soll jo Locatairen ze gutt kommen, déi hire Loyer net méi packen. Leider droen d’Bedingunge fir d’Vergab vun dëser Subventioun de Wunn- an Aarbechtskonditioune vu ganz ville Leit guer keng Rechnung. Dofir kommen och net vill betraffe Leit fir des Subventioun a Fro.
Dobäi hëlt d’Zuel vun de Leit, déi mat hirem Loun keng Wunneng méi bezuele kënne permanent zou. 2014 schonn hunn 26,3% vun de Locataire Problemer gehat fir hire Loyer ze bezuelen! Kee Wonner, wëll d’Präisser fir Logementer klamme vill méi schnell wéi d’Léin a besonnesch déi kleng Léin. An de leschten 10 Joer sinn d’Wunnengspräisser zu Lëtzebuerg laut Observatoire de l‘Habitat em 41,9% geklommen. Des Hausse ass souguer an de leschten 12 Méint mat 5,6% nach méi rapid. Ganz erschreckend ass d’Hausse bei Appartementer, déi sech nach a Planung oder Bau befannen: +11,9%! An engem Joer!
Bei de Loyeren ass d’Hausse ähnlech staark, hei gouf et an de leschten 10 Joer e Plus vun 29,2% an och hei klammen d’Geldbeträg déi e Locataire am Schnëtt fir en Daach iwwer dem Kapp muss berappen an de leschten 12 Méint nach méi schnell: + 4,9%! Dobäi komme bei de meeschte Lokatiounen och nach frais d’agence a Kautiounen, déi vill Lei top ee coup an d’Laberente bréngen. Zumindest dat kann einfach ofgeännert ginn. Mir hunn dozou eng Gesetzespropositioun eraginn, déi scho positiv aviséiert gouf. Et bréicht also elo just eng politesch Entscheedung.
D’Léin vun deenen klénge Revenu’en kënnen mol net am Usaaz mat dëser Entwécklung mathalen.
Soumat gëtt däitlech, dass d’Prekariséierung vun ëmmer méi Leit eben net just en aus de Fuge gerodene private Logementssecteur ass, deen dofir verantwortlech ass, mee politeschen Immobilismus. Am Emkéierschloss heescht et awer och, dass een dësen Trend duerch aner politesch Entscheedunge rem kann ëmdréien.
déi Lénk hu verschidde Virschléi fir de Logement ausgeschafft a mir wäerten och weider Drock maachen.
Ongerechten Zougank zur Mobilitéit
Eng ganz wichteg Dimensioun, déi dann och enk mat der Wunnsituatioun ass Aarmut duerch eng beschränkte Mobilitéit an d’ageschränkte Mobilitéit, déi dann rem zu enger weiderer Prekariséierung féiert.
D’Wunnengspräisser an zentrale Lagen, sief et an der Stad oder ronderëm, a ville gréissere Gemengen am Süden oder och mëttlerweil am Uelzechtdall, dreiwe besonnesch Stéit mat klenge Revenu’en a méi rural Géigende vum Land – wann net direkt iwwer d’Landesgrenzen eraus.
De Manktem un dezentraliséierten Infrastrukturen wat den ëffentlechen Transport ugeet féiert zu der Ofhängegkeet vun privaten Transportmëttel déi sech Leit mat klengem Akommes nieft deenen héijen Logementspräisser oft net méi leeschten kënnen. Den Auto ass eng deier Uschafung, mat villen lafende Käschten, virop Reparaturen, Assurancen an natierlech de Parking, dee sech méi aarm Leit souwisou net leeschte kënnen. D‘Geographesch Ausgrenzung reduzéiert also d’Mobilitéit an d’Méiglechkeeten eng Aarbechtsplaz ze fannen an dreift domat den Aarmutsrisiko an d’Luucht, mee och allgemeng déi sozial Ausgrenzung.Den Autosbesëtzer ass a villen Offres d’Emploi och en Selektiouns oder besser gesot en Diskriminatiounsfacteur. Den Autobesëtz ass also mëttlerweil eng Klassefro.
Aplaz ewech ze kommen vum Paradigma vum Individualverkéier, gi vun der Regierung an och ganz erstaunlecherweis vum gréngen Transportminister, Moossnamen geholl déi dësen Mobilitéitsproblem weider verschäerfen an domat d’Stroossen an d’Ëmwelt och „nohalteg“ belaaschten. D’Regierung geet jo elo esou scho sou wäit fir einfach direkt Zuchverbindungen ze suppriméieren (Bsp. Diddeleng). Parallel ginn awer weider Milliounen an den Ausbau vun Autobunnen (bezeechnenderweis och nach d‘Diddelenger Autobunn) gestach a Verschmotzungsproblemer duerch d’Ofgase solle mat weideren neie Stroosse iwwergaange ginn…
Wéi eng Konsequenzen gëllt et ze zéien?
(1) De Netto-Mindestloun zu Lëtzebuerg läit fir eng Persoun alleng esouwuel ënner der Aarmutsgrenz ewéi och ënner deem vum Statec berechenten néidege Mindestakommes. Dëse Mindestloun – also déi primär Repartitioun tëscht Kapital an Aarbecht – muss an eisen Aën alleng schon Schutz virun Aarmut bedeiten. Et kann net sinn, datt e Mënsch mat enger voller Tâche d’office op Sozialhëllef ugewisen ass, fir kënnen iwwer d’Ronnen ze kommen. De Mindestloun gehéiert also ugepasst. Déi vergaangen ausgesaten Indextranchë gëllt ët direkt bäizesetzen. Dëst soen net nëmme mir, mee ët ass och eng zentral Fuerderung vun de Gewerkschaften a de Sozialverbänn hei am Land. Déi Fuerderung ass och net vermessen, mee déi minimal Grondlag, datt een hei am Land iwwerhaapt ka vu Cohésion sociale schwätzen.
(2) Prekär Aarbecht (Interim, CDD, etc.) muss legal encadréiert ginn, esou datt den abusive Recours bei gréisseren Entreprisen op dës prekär Aarbechtsforme strikt reglementéiert ass, soit op en gewëssen %, soit op aussergewéinlech konjunkturell Pic’en. Ëmgekéiert kéint een sech virstellen, datt ee Subventioune fir kléng Betriber aus schwierege Secteur’en aféiert, déi ebe grad hir sozial & Verantwortung iwwerhuelen a fest astellen.
(3) Déi universal Sozialleeschtungen, notamment d’Kannergeld hunn duerch Desindexéierung iwwer déi leschte Joren zolidd u Wäert verluer an och d’Reform vum Kannergeld vun dëser Regierung war eng alleréischter Linn eng Spuermesure mam Zil manner Suen auszeginn. Am meeschten dorënner leiden och an Zukunft kannerräich Familljen. Dëst muss redresséiert ginn. Selektiv Sozialleeschtungen, wéi d’Loyers-subventioun, mussen esou orientéiert ginn, datt se och do ukommen, wou d’Besoins real sinn. An se kënnen héchstens eng kuerzfristeg Iwwergangsléisung sinn, well am Moment fléissen déi Suen direkt aus dem Portmonnie vum Locataire an d’Täsche vun der Immobilière, an heizen de Maart nach wieder un.
(4) D’Regierung kënnt net derlaanscht de Wuesstem ze reguléieren. De Wuesstem kënnt kaum méi bei den niddregen Akommeskategorien un, am Géigendeel ët sinn déi Leit, déi am meeschten ënnert den negative Konsequenzen ze leiden hunn. Et sinn si, déi am schwéiersten ënner der desolater Situatioun um Wunnengsmaart leiden, ët si sie déi am meeschten ënner verstoppte Stroossen an Zich leiden, an ët si sie deenen hir Liewensqualitéit duerch den onkontrolléierte Wuesstem ofhëlt. Duerfir brauche mer en Paradigmewiessel an der Wunnengspolitik (ewech vum fräie Maart, hin zu ëffentlecher Regulatioun a Baue wéi dat a Stied mat héijer Liewensqualitéit wéi Amsterdam oder Wien schon längst de Fall ass). Duerfir brauche mer méi en konsequenten Ausbau vum ëffentlechen Transport an eng seriö Landesplanung.
(5) Mer brauchen eng seriö Steierreform, déi wierklech sozial gerecht a redistributiv ass. Jo, d’Steierreform vun dëser Regierung huet déi ënnescht Akommeskategorië steierlech entlaascht, mee se war awer net ëmverdeelend. Am beschte Fall, kal Progressioun immuniséiert. Si huet net dozou gefouert, datt de Staat sech d’Méiglechkeet an déi néideg finanziell Moyens gëtt, de Wuesstem ze reguléieren an domadder och déi néideg Infrastrukturen ze schafen, fir deene Leit entgéintzekommen, déi schaffen an net dichteg verdéngen.