Den Tram rullt!

Konterbont

(journal électronique en luxembourgeois – projet de Autisme Luxembourg asbl)

1) Den Tram rullt! Wéi stitt Dir haut als Partei zu dësem Projet? Wéi huet sech Äer Astellung zum Tram an de leschten 10 Joer verännert?

déi Lénk hun de Projet vum Tram an der Stad vun Ufank un ënnerstëtzt. Fir eng mëttelgrouss Stad wéi Lëtzebuerg ass den Tram déi beschte Léisung: en huet méi eng héich Kapazitéit wéi Busser, an ass manner deier a méi agréabel an accessibel wéi e Metro. En anere positive Punkt ass, dass de Bau vun engem Tram zwangsläufeg manner Plaatz fir den Autosverkéier léisst. D’Ëmgestaltung vum Stroossebild, déi esou e Chantier mat sech bréngt, kann och fir de Bau vu méi breeden Trottoiren a Vëlospiste genotzt gin. Dat Eenzegt, wat déi Lénk haut beim Stater Tram kritiséieren ass, dass e vun enger privater Firma (Luxtram SA), géréiert gëtt – a net direkt vun der Gemeng. Luxtram SA ass haut zwar an ëffentlecher Hand, kann awer relativ einfach privatiséiert gin. Doriwwer eraus sin d’Aarbechtsbedingunge manner gutt wéi bei de städtesche Busser.

2) Sidd Dir der Meenung, dass den Tram d’Verkéiersproblematik an der Stad an och am Land léist?

Den Tram wäerd d’Réckgrad vum ëffentlechen Transport an der Stad a verschiddene Nopeschgemenge sin. Awer och net méi wéi dat: den Tram kann net alles. An der Stad selwer brauche mer weiderhin direkt Buslinnen tëscht de Quartieren – well den ëffentlech Verkéier ass nëmmen dann attraktiv, wann ee net permanent ëmsteige muss. Donieft brauch eis Stad e globalt Vëloskonzept. D’Plaz vum Auto an der Stad muss staark ageschränkt gin. Och Alternative wéi Carsharing kënnen hei Sënn ergin. Iwwer d’Stad eraus muss weiderhi staark an d’Eisebunn an a Buslinnen a -spuren investéiert gin. Et sollen och speziell Vëlospiste (Radschnellwege) gebaut gin, iwwert déi d’Leit sëcher a bequem all Dag och iwwer länger Distanzen op d’Aarbecht kënne fueren.

3) A wéi fern sidd Dir der Meenung, dass de Projet vum Tram an de nächste Jore nach weiderentwéckelt sollt gin a wéi soll dat gemaach gin?

Den Tram muss an dene nächste Jore massiv ausgebaut gin, genee wéi dat an enger Stad wéi Stroossbuerg geschitt ass. Niewt dene nächste Phase vun der aktueller Linn ënnerstëtzen déi Lénk de geplangtene Bau vun enger zweeter Linn um Kierchbierg an enger drëtter Linn iwwert d’Areler Strooss. Mir mengen, dass déi Linnen esou séier wéi méiglech solle realiséiert gin. Aner Linne solle roueg dobäikommen. Nëmmen esou kréie mir en totale Verkéierskollaps an der Stad a ronderëm verhënnert.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe