Neit Naturschutzgesetz (Projet de loi n° 7048)

Ëm wat geet et?

Mat dësem Gesetz gëtt déi ganz Gesetzgebung am Beräich vun den natierleche Ressourcë reforméiert. Zu Lëtzebuerg ass den Naturschutz e Problemkand. Eng feelend Landesplanung, Zersiidlung, eng naturschiedlech Landwirtschaft an sou weider féieren zum Verloscht vu schützenswäerte Landschaften an Aartevillfalt, wéi och zu der Schiedegung vun eisen natierleche Liewensgrondlagen, wéi z.B. dem Drénkwaasser.

Wat ass wichteg?

D’Gesetz gesäit vir, dass bei all Infrastrukturprojet muss versicht ginn, de Schued fir d’natierlech Ressourcen sou kleng wéi méiglech ze halen. Dofir ginn et zwou Approchen:

(1) D’Verhënnerung oder d’Eliminatioun vu Konsequenzen op d’Ëmwelt an d’Natur;

(2) D’Kompensatioun vun entstanene Schied op enger anerer Plaz.

Et ass am Gesetz allerdéngs net kloer, a wéi enge Fäll de Minister fir wéi eng Approche optéiere kann. De Problem ass nämlech, dass d’Verhënnerung/Eliminatioun potentiell méi deier an ëmständlech ass. Allerdéngs ass d’Verhënnerung aus engem ekologesche Point de Vue ëmmer besser, wëll net all natierlech Ressource (z.B. e Biotop) tel quel ze kompenséieren ass.

An de meeschte Fäll wäert also wuel eng Kompensatioun virgeholl ginn a fir des Fäll schaaft d’Gesetz sougenannte Kompensatiounspools. Dëst si uneneenhängend Flächen, déi dem Staat an de Gemenge gehéieren, also ënnert ëffentlecher Kontroll bleiwen, op dene Kompensatiounsmesuren (z.B. nei Beem planzen) virgeholl ginn. E Promoteur vun engem grousse Bauprojet bezilt also an Zukunft einfach e Montant x un de Staat an dee këmmert sech em d’Kompensatioun. Sou muss de Promoteur net selwer Terrain’en kafen an d’Kompensatioun maachen.

Des Approche werft awer eng Rei Froen op: Wat muss eigentlech kompenséiert ginn ? Gëtt duerch sou e service clé en main net d’Zerstéierung vun natierleche Ressourcen incitéiert a méi « bëlleg » ? Gëtt d’Natur net zur Wuer, wann een einfach just nach e Montant x bezuele muss, wann een eppes futti mécht?

Donieft si fir déi Lénk och aner Froe vu grousser Relevanz, z.B. natierlech d’Fro vum Terrainsbesëtz an d’Méiglechkeet vu Staat a Gemengen iwwerhaapt un Terrain’en ze kommen. E Virkafsrecht wéi z.B. am Pacte Logement ass leider net virgesinn.

Wat soen déi Lénk?

Dofir! Obwuel et natierlech eng Rei Kritikpunkte ginn, stellt dëst Gesetz awer e Fortschrëtt am Beräich vum Naturschutz an eisen natierleche Liewensgrondlagen duer an dat ënnerstëtze mir. Mir hunn awer déi feelend Kohärenz a Konsequenz vun der Regierung kritiséiert. Fir wierklech effikassen Natur- an Ëmweltschutz kënnen ze maachen, mussen och aner Politikberäicher mat consideréiert ginn, wéi z.B. d’Landwirtschaft (z.B. den Asaz vu Pestiziden an intensiv Véihaltung), den Transport (z.B. den Tanktourismus) oder schiedlech Nischepolitiken (z.B. de Spacemining). Dat huet des Regierung net gemaach, wouduerch d’Wierksamkeet vun dësem Gesetz gréisstendeels verpuffe wäert.

All d’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn HEI ze fannen.

 

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe