Ëm wat geet et?
Mat dësem Gesetz gëtt de REVIS, de revenu d’inclusion sociale, agefouert a soumat d’Gesetz vun 1986 – dat an Tëschenzäit awer schonn e puer Mol ugepasst ginn ass – iwwer den RMG, de revenu minimum garanti, ofgeännert.
Den RMG gouf 1986 agefouert fir enger wuessender Veraarmung vu Leit entgéint ze wierken, déi opgrond vu laangem Chômage oder anere Grënn, net méi iwwer d’sécurité sociale ofgeséchert waren a soumat ouni finanziell Hëllef do stoungen. No verschiddenen Upassungen iwwer d’Joren besteet den RMG haut aus zwou Prestatiounen. Éischtens d’ allocation complémentaire, déi Stéit kréien, deenen hire Revenu ënnert dem Montant vum RMG läit an zweetens, eng indemnité d’insertion, fir déi Leit, déi e Kontrakt fir eng Insertiounsmesure an den Aarbechtsmaart mam SNAS, dem service nationale d’action sociale, hunn.
Mam REVIS ginn des zwou Allocatiounen ersat duerch d’allocation d’inclusion an d’allocation d‘activation. Dobäi ännere sech d’Montant’en deelweis och. Beim Calcul vum REVIS gëtt de Kanner am Stot méi Rechnung gedroen a soll et an Zukunft méiglech sinn, dass méi Leit an engem Stot eng mesure d’activation matmaache kënnen.
An Zukunft muss och all Empfänger vum REVIS op der ADEM ageschriwwe sinn – och wann e scho schafft, z.B. mat engem 20-Stonnevertrag – an also sou bereet sinn, fir méi ze schaffen. Leit déi net um Aarbechtsmaart kënne schaffen, gi vun der ADEM un den ONIS weidergeleet, den de SNAS ersetzt.
Wat soen déi Lénk?
déi Lénk hu géint dëst Gesetz gestëmmt, wëll et dem eigentlechen a wichtegen Usproch vu sou enger sozialpolitescher Moossnam net gerecht gëtt: se schützt nämlech net virun Aarmut.
Mir hunn 3 Haaptkritikpunkten un dësem Gesetz an der Chamber presentéiert, déi eis Aschätzung verdäitlechen:
(1) De Fokus op d’Aktivatiounsmesurë verdeckt, dass d’Leit mat RMG haut scho bal all schaffen a just net méi kënne schaffen, wëll se entweder Kanner hunn, déi keng Plaz an enger Crèche oder engem Foyer hunn, wëll se e Familljemember musse fleegen oder wëll et transporttechnesch einfach onméiglech ass. De Leit gëtt heimat d’Liewen nach méi schwéier gemaach an hir Aarbechtsleeschtung gëtt net unerkannt. Donieft ginn et Fäll vu Stéit, déi duerch d’Konzeptioun vum System am Endeffekt en Deel REVIS verléieren, wann se méi schaffe ginn. Den Ureiz fir ze schaffen ass also guer net ofgeséchert.
(2) De REVIS ass wéi den RMG net universell, net jidderee kann e kréien. Jonker bis 25 Joer hu kee Recht drop, wouduerch jonk Salarié’en mat klenge Salairen oder mat hallwen Tâchen, wéi och jonk Refugié’en diskriminéiert ginn. An engem Stot huet och net all Persoun Usproch op de selwechte Montant, och net wann se eng mesure d’activation maachen. Donieft kann een den Usproch op de REVIS opgrond vum Sanktiounssystem verléieren.
(3) D’Montant’en sinn net héich genuch. Egal wéi eng Zesummesetzung vu Stot een sech ukuckt, se leie mam REVIS ëmmer ënnert der Aarmutsgrenz, deelweis däitlech. Dat kann net den Usproch vun dësem Gesetz sinn. Donieft ass de REVIS net un d’Präisdeierecht gekoppelt, wouduerch déi méi héich Montant’en a e puer Joer vu méi héije Präisser opgefriess sinn. Eng Cotisatioun an d’Rentekeess ass um REVIS och net fir jidderee virgesinn. Aarmut haut bedeit also fir vill vun de betraffene Leit och Aarmut am Alter.
déi Lénk hätten sech en universellt Recht op de REVIS gewënscht, Montant’en, déi de sozio-ekonomesche Realitéiten zu Lëtzebuerg ugepasst sinn a virun allem eng Approche, déi d’Aarbecht wierklech valoriséiert a jidderengem d’Méiglechkeet an d’Recht bitt, eng lounend a bezuelten Tätegkeet kënnen auszeüben, déi reell Perspektive fir d’Zukunft bitt.
Alles dat ass an dëser Reform net virgesinn. Dofir hunn déi Lénk mat NEE gestëmmt.
D’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn HEI ze fannen.