Wunnen an enger gesonder Ëmwelt: Der energetescher Sanéierung fir all Doheem Prioritéit ginn.

„Stell der fir du bass eng elengerzéiend Fra a wunns mat dengen zwee Bouwen an enger klenger Wunneng zu Esch, Baujoer 1970. Déi zwee mussen sech een Zëmmer deelen, obwuel se allebéid schonn an d’Schoul ginn. D’Wunneng ass vill ze kleng gi mat zwee Kanner, mee du konnts se no der Scheedung halen, alt dat. Du bass u sech zefridden zu Esch, wa just de Kaméidi vun der Strooss net wier. D’Fënsteren sinn net nei an d’Maueren si schlecht isoléiert a bidde wéineg Schutz. Am Wanter ass et schwäikal an am Summer gees de futti vun Hëtzt. Mee dat ass leider esou. Du kriss kee Prêt fir an der Wunneng eppes ze maachen, du hues keng Suen op der Säit a mam Mindestloun plus Kannergeld geet d’Rechnung um Enn vum Mount ganz knapp op. Nei Fënstere sinn e Luxus, deen’s du der net leeschte kanns. »

Wann eis Ëmwelt futti gemaach gëtt, leiden déi kleng Leit am meeschten drënner. Et sinn si déi responsabiliséiert ginn, wärend déi Räich weiderhi verbëtzen a verschmotzen. Et sinn d‘sozial Ongläichheeten déi d’Ëmweltzerstéierungen ëmmer erëm op en Neits verschäerfen. Déi selwecht Ongläichheete spigelen sech erëm beim Kampf géint de Klimawandel. Hei huet net jiddereen déi selwecht Moyen’e fir den ëmmer méi spierbare Konsequenzen ze trotzen a säi Liewensstil un déi nei Defien unzepassen.

Ugefaange beim eegenen Doheem. Am Kontext vun der Wunnengsnout steet gënschtegt Wunne fir Leit mat klengem Akommes op éischter Plaz. Den ekologeschen Aspekt, an d’Nohaltegkeetskritäre vum Doheem si leider Niewesaach. Gënschtegt Wunnen an enger propperer Ëmwelt, eng optimal Wärmedämmung vun den eegenen oder gelounte véier Wänn muss fir jiddereen zougänglech sinn. Fir gënschtegt Wunnen ze garantéiere soll net un der Qualitéit vum Logement gespuert ginn.

déi Lénk wëlle Wunnraum schafen deen abordabel an energieeffizient ass. Bestoend ëffentlech Wunnenge mussen energetesch sanéiert ginn an d’Sanéierung muss vum Staat sou encouragéiert, finanzéiert an organiséiert ginn, dass och Leit mat geréngem Akommes se kënnen an Usproch huelen an en anstännege Wunnconfort kënne genéissen. Energie spueren dierf net just eng Optioun si fir déi déi et sech leeschte kënnen.

Bis elo verleeft d’staatlech Finanzéierung vu Sanéierungsaarbechten iwwer d’Klimabank, mat engem privat finanzéierte Prêt (Prêt climatique) mat nidderegem Taux oder zum Nulltarif, vun dem de Staat just d’Zënsen iwwerhëlt a soumat ëffentlech Gelder u Privatbanke bezilt. Dat déi ëffentlech Hand nëmme wéineg Wäert op den Enjeu vun der Energieeffizienz leed, mierkt een un der schwaacher Sensibiliséierungscampagne an der komplexer Prozedur vum Prêt climatique. Bis elo hunn nëmme ganz wéineg Leit eng Demande gemaach fir eng Hëllef ze kréien.

déi Lénk wëllen eng sozial gerecht Finanzéierung vun der energetescher Sanéierung aféieren an d’Leit op d’Wichtegkeet vun der Energiespuersamkeet opmierksam maachen. Eng ëffentlech Wunnengsbaugesellschaft (Service Public de l’Habitat) soll iwwer en Deel vun hirem Kapital an dës Sanéierungscampagne investéieren an d’Aarbechte koordinéieren.

Konkret wëlle mir e klengen Deel vun de Rentereserven, déi mir fir de Wunnengsbau virgesinn, fir eng sozial gestaffelt Finanzéierung vun energetesche Sanéierungen notzen. Wéi et schonn op Plazen a Frankräich (https://www.pass-renovation.picardie.fr/) virgesinn ass, wëlle mir Stéit mat klenge Revenu’en Zougank zu engem Finanzement ginn, ouni dass fir déi Stéit Méiausgaben entstinn. Sie sollen also d’Méiglechkeet hunn fir ouni Risiko an Drock Suen bei enger ëffentlecher Stell ze kréien. Déi Sue gi rembourséiert, mee de Remboursement pro Mount soll de Montant net iwwersteigen den duerch d’Sanéierung all Mount agespuert gëtt. Déi selwecht Approche ass och fir Locataire méiglech a ka mam Loyer verrechent ginn. Hei ass natierlech en Accord mam Propriétaire néideg.

D‘Konzept hu mir detailléiert ausgeschafft an ass HEI nozeliesen.

De Kampf fir Ëmwelt- a Klimaschutz a fir den Ofbau vun de sozialen Ongläichheeten ass een an dee selwechten. Manner Energieverbrauch vun de Stéit heescht manner Belaaschtung fir d’Klima. Mee se heescht och manner Ausgabe fir ze hëtzen. An dat kënnt virun allem de Stéit mat klengem Revenu ze gutt.

D’Prioritéit op d’energetesch Sanéierung vum Wunnengspark ze leeën, bedeit awer och eis Wirtschaft op ekologesch Féiss ze setzen an d’Handwierk opzewäerten. D‘energetesch Sanéierung kann dobäi hëllefe gutt an ekologesch sënnvoll Aarbechtsplazen ze schafen, lokal a regional, an de Stied an Dierfer uechter d’Land.

http://2018.dei-lenk.lu/  

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe