Eraus aus dem Stau. Mobilitéit verbesseren an d’Ëmwelt schounen, mam gratis ëffentlechen Transport.

An 38 Stied an Agglomeratiounen a Frankräich ass dat scho Realitéit:  un droit universel la mobilité. Hei notzen effektiv méi Leit den ëffentlechen Transport säitdeem e gratis ass.

Lëtzebuerg steet am Stau. Och den Auto bitt da kee Komfort méi. Momentan gi 55,4 % vum CO2 Ausstouss zu Lëtzebuerg vum individuellen Transport aus. Et wier also un der Zäit ëmzeklammen an den Zuch, Bus, Tram, oder op de Vëlo. Fir dëst ze erméiglechen, muss méi an den Ausbau vum ëffentlechen Transport investéiert ginn. Schinnenetzer a Buslinne musse flächendeckend a grenziwwerschreidend entwéckelt ginn, fir d’Leit och an der Peripherie ofzehuelen.

D’Gratuitéit vum ëffentlechen Transport ass méi ewéi eng sozial Mesure. Et ass en universellt Recht. D’Recht mobil ze sinn ouni mussen op en Auto ugewisen ze sinn, egal wou een hi wëll. 16,5 % vun de Leit am Land riskéieren an d’Aarmut ofzerëtschen. Den Auto ass ee Käschtepunkt a bleift ville Leit virenthalen. Dës Leit sinn op den ëffentlechen Transport ugewisen.

Eng universell Gratuitéit vum ëffentlechen Transport géing de Staat 30.000.000€ d’Joer kaschten. En Investissement dat sech rentéiert, well d’Transportbilljeen wéineg Recetten abréngen an de positiven Impakt op d’Ëmwelt an d’Gesondheet vun de Leit méi wichteg ass wéi de Käschtepunkt. 

Schon am Dezember 2017 haten déi Lénk an der Chamber de gratis ëffentlechen Transport gefuerdert (Motioun déi Lénk) . D’Motioun gouf deemols net ugeholl, obwuel an dësem Wahlkampf d’Regierungsparteien och mam gratis ëffentlechen Transport werben.

http://2018.dei-lenk.lu/

Nieft der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport, fuerderen déi Lénk och nach:

(-) Regional Express-Verbindungen op Schinnen (Südtram, BHNS – Bus à haut niveau de service);

(-) De vereinfachten Zougang zu allen ëffentlechen Transportmëttel fir Leit mat kierperlecher a physescher Behënnerung;

(-) D’Exklusivitéit vun der ëffentlecher Gestioun vum Mobilitéitssecteur;

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe