Kapitalakommes méi besteieren: Méi Steiergerechtegkeet fir eng gemeinsam Zukunft.

« Stell der vir du schaffs an enger décker Entreprise. Du hues studéiert, dech dru ginn, du bass an der Hierarchie eropgeklommen an elo am mëttlere Management ukomm. Du hues eng schéi Paie. Du bezils déng Steieren, bass och der Meenung, dass et net ze vill ass, dass du genuch Suen hues an een Deel vun dengem Revenu muss ofginn un de Staat. Déng zwee Kanner ginn an d’Grondschoul a Mëttes an d’Maison relais. Déi ëffentlech Offer ass dir an denger Famill wichteg, du weess dat, obwuel se misst verbessert ginn. Wat dech awer rose mécht, sinn déi Leit an denger Entreprise, déi an der Hierarchie nach méi héich geklomme sinn, déi vill méi Revenu hu wéi’s du, mee dofir awer net méi Steiere bezuele mussen. Sie kréien nämlech een Deel vun hirer Paie als Stock-Options an dorop gi bekanntlech sou gutt ewéi guer keng Steieren opgehuewen, eng Sauerei ».

Steiergerechtegkeet heescht, datt een dee vu sengem Salaire lieft, genee esou besteiert gëtt, wéi een deen dee selwechte Revenu mat Aktien oder Obligatioune verdéngt. Dat ass awer hei zu Lëtzebuerg net de Fall. Akommes aus Kapital gëtt no enger Berechnung vun der CSL[1]  bis zu 5 Mol manner besteiert, wéi Akommes aus Aarbecht.

Dëst ass méiglech wéinst enger ganzer Rei vu Steiernischen. Dividende sinn zu 50% steierfräi (ginn zu 50% net als Akommes ugesinn), op Zënse gëtt just 20% Quellesteier erhuewen (amplaz dat de jeeweilege Steiersaz gëllt, z.B. de Spëtzesteiersaz vun 42%). Wie sech e spezialiséierte Steierberoder leescht, ka säi reelle Steiertaux nach weider radikal senken duerch Schachtel- a Scheinkonstruktiounen mam Ausland. Fiert een zum Beispill iwwert ee Land, mat deem Lëtzebuerg en Duebelbesteierungsofkommes huet, kënnen d’Dividende komplett steierfräi sinn a guer keng Quellesteier méi op Zënsen ufalen.

Awer och hei am Land kann een iwwer komplizéiert Konstruktioune fueren, fir Steieren ze spueren. Bei de grousse Promoteuren hei am Land sinn zum Beispill FIS-Investmentfonge (Fonds d’Investissement Spécialisé) ganz beléift, déi just zougänglech si fir Leit, déi mindestens 125.000 Euro investéieren. Strukturéiert ee seng Geschäfter iwwert esou ee FIS, dann ass d’Plus-value komplett steierfräi. Donieft ass och d’Plus-Value vu Finanzpabéiere komplett steierfräi, déi ee méi wéi 6 Méint hält. D’Bankgeheimnis suergt doriwwer eraus dofir, datt d’Steieramt eventuell Fraude net kann opdecken. Dëst si just e puer vun de Privilegien, déi d’Kapital zu Lëtzebuerg huet, et gi nach vill anerer.

Kee Wonner, datt d’Scheier tëschent aarm a räich stänneg weider ausernee geet. Doriwwer eraus feelen dem Staat wichteg Recette fir onst Land op d’Zukunft vir ze bereeden. Eng Erhéijung vun de Kapitalsteieren géif et erméiglechen, eise Sozialsystem ze stäerken, den ëffentlechen Transport auszebauen an endlech d’Energietransitioun unzegoen.

déi Lénk wëllen dës Ongerechtegkeet ugoen an d’Besteierung vum Kapitalakommes schrëttweis ugläichen un d’Besteierung vun der Aarbecht.

http://2018.dei-lenk.lu/

Mir wëllen dofir ënnert anerem:

– D’Steierbefreiung vu 50%  op den Dividenden ofschafen;

– D’Steierbefreiung bei de FIS-Investmentfongen ofschafen;

– D’Plus-value bei Finanzpabéieren, déi ee méi wéi 6 Méint hält, erëm besteieren;

– All d’Duebelbesteierungsofkommes eenzel op de Leescht huelen;

– Aner schiedlech Steiernischen ofschafen, wéi zum Beispill d’Stock-Options.

[1]     https://www.csl.lu/de/pages-economiques/inegalites/comment-les-inegalites-fiscales-renforcent-elles-les-inegalites-de-revenus-et-de-patrimoine

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe