Eis Wirtschaft mat Waffen diversifizéieren?

Tribune libre RTL Radio/Radio 100,7

Ech komme grad vum Klimastreik – ech muss do mäin allergréisste Respekt virun de Schüler ausdrécken, duerch hir Aktioun a wuel weider Aktioune wäert kee méi laanscht de Klimaschutz kommen an et muss endlech konsequent an ouni Kompromësser géint de Kris gehandelt ginn.

Leider gesäit et an der Chamber a bei der Regierung net esou aus wéi wann all eenzele Minister an Deputéierten sech bewosst wär wéi eng Kris elo Prioritéit soll hunn. De gréngen Minister François Bausch huet nämlech elo eng Gesetzesännerung abruecht déi sech léiwer mat Krisen beschäftegt wou eise Militär soll an Zukunft intervenéieren.

An deem Gesetz geet et drëm dass eis Zaldoten, eis medicine militaire, de Militärfliger etc. soll kënne fir all Zorten « Krisegestioun » agesat ginn an net méi nëmme fir Friddensmissiounen. Och soll dat ouni UNO Mandat kënne mat eenzele Staaten kënne gemaach ginn an dat laanscht de Staatsrot an ouni d’Conférence de President méi an der Chamber ze froen. Et soll also virun allem méi schnell goen, kuerz d’Chamberskommissioun consultéieren an hëpp an de Krich. Grad esou soll et och an Zukunft méi einfach, méi schnell a manner demokratesch oflafe fir ze decidéiere wéi de Budget fir Militärausgaben agesat gëtt. Amplaz fir all gréisser Investitioun wéi fir ee Militärfliger oder Helikopteren ee Gesetz mussen ze stëmmen an domadder eng Debat an der Chamber ze hunn soll dat einfach iwwert de Budget vum « Fonds d’équipement militaire » laafen dee pro Joer X Milliounen an een Dëppen kritt, wann den allgemenge Staatsbudget gestëmmt gëtt an da kann d’Regierung do fräi verfueren. An et sinn därer Milliounen net wéineg.

2019 eleng sinn et der 365 Milliounen an et sollen all Joer méi ginn, esou datt mäer an den nächste Joren méi fir de Militär ausginn wéi fir d’Kooperatioun. Domadder si mäer erëm zeréck beim Klimaschutz, wären sech DP-LSAP an déi Gréng nämlech wierklech bewosst wat d’Prioritéit aktuell misst sinn da géifen si all déi Milliounen an de Klimaschutz investéieren.

Mee d’Politik ass sech der Saach deelweis net bewosst an deelweis zécken si aus elektorale Grënn, aus Angscht hir Muecht op d’Spill ze setzen, eng Muecht déi se awer net notze fir dat wat néideg wär. Dofir muss d’Zivilgesellschaft Drock maache wat och ëmmer méi geschitt.

Um Weltfraendag den 8. Mäerz war den Appell eindringlech, och fir Fridden a Klimaschutz, de Klimastreik vun de Schüler haut an och d’Friddensbeweegung aktivéiert sech erëm, esou rifft den OGB-L an d’Friddens- a Solidaritéitsplattform op fir de 6. Abrëll um 15 Auer um Glacis ee groussen Ouschtermarsch.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe