Débat de consultation: Plan d’action national d’égalité des femmes et des hommes.

Zu Lëtzebuerg verdénge Fraen am Privatsecteur am Duerchschnëtt nach ëmmer 5,5 % manner ewéi Männer. Frae sinn zu Lëtzebuerg och nach ëmmer vill méi vun Deelzäit Aarbecht betraff ewéi Männer. Entweder ongewollt, oder an 58% vun de Fäll duerch hir familiär Obligatiounen. Well, jo d’Fraen, investéieren hei am Land 2 mol méi Zäit an d’Haus-an Erzéiungsaarbecht ewéi Männer. Zu Lëtzebuerg riskéieren d’Fraen am meeschten an d’Aarmut ze rëtschen. Deelweis am Pensiounsalter, well se oft hir Aarbecht zäitweileg opginn hunn fir sech ëm d’Kanner an de Stot ze këmmeren, an a 45% vun de Fäll wann se elengerzéiend sinn. D’Ëmklasséierung an d’Steierklass 1, no enger Scheedung, oder engem Stierffall, ass eng Ongerechtegkeet déi ville Frae finanziell Problemer abréngt. An dann si Fraen zu Lëtzebuerg zwar an der Moyenne  méi diploméiert wéi Männer, awer manner staark op Verantwortungsposten, oder och an der universitärer Recherche vertrueden, wou si net mol 25% vum Personal ausmaachen.

Dat sinn déi Chantieren op deene verstäerkt muss geschafft ginn am Kader vum neien nationale Fraen-Männer Gläichstellungsplang.

Et muss op zwou Fronte gläichzäiteg geschafft ginn. Engersäits musse mer eng Verännerung an de Käpp ervirbréngen, wou sech Genderstereotyppe verankert hunn. Anerersäits mussen och déi sozial Strukturen an eise Wirtschaftssystem verännert ginn, wa mer de Problem vun de Fraen-Männer Ongläichheete wëllen un der Wuerzel paken, a net nëmmen un der Uewerfläch behandelen.

Mir brauche Formatioune fir op d’Genderinegalitéiten opmierksam ze maachen, mir brauchen och Quotereegelungen, fir de Fraen ze hëllefen sech do ze imposéiere wou d’Männer si net wëllen duerchloossen, an ech denken hei besonnesch un d’Politik an d’Verantwortungsposten an de Betriber, Gremien an Institutiounen. Déi Formatioune mussen an de Schoulprogramm agebonne ginn an och schonn am Beräich vun der informeller Bildung stattfannen. De Bilan vum leschte Fraen-Männer Gläichstellungsplang, ass kritesch wat d’Formatiounen ubelaangt. D’Objektiver si grouss, d’Ëmsetze vun de Formatiounen an der kommunaler Administratioun an de Ministèren, war awer scheinbar e Fail.

Jo,  Formatiounen, Gendermainstreaming, Genderbudgeting a Quotenreegelungen si wichteg, mee Bestriewungen no materielle Bedingungen déi d’Egalitéit tëscht Männer a Fraen iwwerhaapt méiglech kënne maache sinn onabdinglech.

Well wéi soll eng Fra hire gewalttätege Conjoint verloosse wann si mat hirer Pai keng abordabel Wunneng fënnt?

Wéi soll eng elengerzéiend Fra eng Aarbecht fannen, a sech gläichzäiteg ëm d’Kanner këmmeren, wann sinn dezentral wunnt, keen Auto huet, schlecht un den ëffentlechen Transport ugeschloss ass, a weder vun ëffentlech gratis Crèchen an hirem Ëmfeld ka profitéieren?

Wéi soll eng Prostituéiert de Beruff wiessele wann si keng korrekt bezuelten Aarbecht fënnt déi hir et erméiglecht dezent ze liewen?

Wéi solle Mann a Fra sech gläichzäiteg ëm d’Kanner këmmeren, wann si allen zwee musse 40 Stonne schaffen, fir iwwer d’Ronnen ze kommen?

Dat si Froen, déi weise wie wäit mer zu Lëtzebuerg nach vun der Männer-Frae Gläichheet ewech sinn.

An et gi pertinent Äntwerten op dës Froen: Eng Aarbechtszäitverkierzung géing Mann a Fra gutt doen, an hinnen erméiglechen zesumme méi Zäit mat hire Kanner ze verbréngen. De Mindestloun substantiell eropsetzen, méi ëffentlech bauen an de grousse Proprietäre weise wou de Wand bléist, géing ville Fraen den Zougang zu enger Wunneng an engem dezente Liewen erméiglechen. D’Aféierung vun engem eenheetleche Steierbarême, géing Elengerzéiender méi gerecht besteieren. Entreprisen déi Paritéite Reegelen an hire Gremien an de Prinzip vun der„gläicher Aarbecht, gläicher Pai“ fir Fraen a Männer net respektéieren, prekär beschäftegen a grondlos licenciéieren, musse sanktionéiert ginn a bezuelen.

Wa mer wierklech eppes wëlle géint déi Ongerechtegkeeten ënnerhuelen déi Frae spezifesch ënnerdrécken, da musse mer méi ferm doduerch fueren, a net mat Entreprisë liebäugele fir dass se feinerweis sech un engem „Positive Action Programm“ bedeelegen an der Hoffnung, dass se herno méi léif mat Frae ginn.

Ech kommen nach op en aneren Aspekt ze schwätzen, dat ass e bëssi den Dada vun de Liberale gewiescht an de Woche virun der Journée Interationale des Femmes… Nee mir brauchen net méi Fraen an de Verwaltungsréit vu Betriber déi op der Bourse kotéiert sinn, wann et drëms geet, dass si d’Roll vun de braven Zaldote vum kapitalistesche System sollen iwwerhuelen. Jo et ass eng Ongerechtegkeet u sech, wa méi Männer do vertruede sinn ewéi Fraen. Mee et ginn och Ongerechtegkeeten déi iwwer d’Geschlechterfro erausginn. Ongerechtegkeeten déi entstinn, wann Fraen aner Frae fir sech schaffe loossen oder diskriminéieren. Dat ass net ganz solidaresch, a réng Businessfrae stäerken ass net eise Feminismus. Mir stinn da schonn op der Säit vun deene Fraen déi et an eiser Gesellschaft net esou gutt geet, an hoffen dass sech aner Fraen a Männer mat hinne solidariséieren. An, och do si mer nach wäit vum Schoss.

Ech kommen elo zum Schluss nach op eng rezent Polemik ze schwätzen, wou ee kloer mierkt, dass dee  Sënneswandel wat Genderstereotyppen ugeet nach net stattfonnt huet a mer en zimlech wäite Wee virun eis hunn, wat Sexismus Bekämpfung an Unerkennung vun der Emanzipatioun vun de Fraen ugeet.

Wann zu Lëtzebuerg um Climate Strike, eng jonk Fra op hirem Schëld „Fuck me not de Planet“ stoen huet, an doropshin esou harceléiert gëtt, dass se muss hire Facebook Account läschen a sech quasi aus der Ëffentlechkeet zéien, dann hu mer awer e seriöe Problem.

„Fuck me“ heescht net „rape me“, wéi déi lénk-feministesch Organisatioun Laika an engem Pressecommuniqué däitlech gemaach huet. Wien dat net versteet, brauch méi ewéi eng Formatioun.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe