Här President,
Dat Gesetz, wat hei virläit, ass ee vun de wäitreechendste Gesetzer, déi jeemools an der Chamber gestëmmt goufen.
Et geet ganz wäit: fir eng Zäit vu bis zu maximal 3 Méint kann d’Regierung Gesetzer oder Deeler vu Gesetzer änneren oder ausser Kraaft setzen, respektiv Reglementer huelen, déi Gesetzeskraaft hunn, ouni datt den 1. Pouvoir am Land – d’Chamber – dat gutt heescht.
Jidderengem hei am Land, deem demokratesch Prinzippie wichteg sinn, leeft et kal de Réck erof bei deem Gedanken. An och mär ginn d’Schudderen aus, wann ech haut hei stinn an iwwer esou e Gesetz befanne muss.
Virun 3 Joer hate mer an der Chamber eng grouss Debatt iwwer d’Ännerung vum Verfassungsartikel 32.4. Ënnert dem Androck vun den terroristeschen Attacken zu Paräis hat d’Regierung deemools Ännerungen um bestoenden Artikel kommanditéiert, déi an der ursprénglecher Fassung ganz wäit gaange sinn.
Eréischt no laangen a kontroversen Diskussioune si lues a lues wichteg Garde-Fous agebaut ginn.
An haut muss ee soen: ee Gléck, datt et an der Zivilgesellschaft an och an de Parteie Widderstand ginn ass, soss hätte mer warscheinlech dës Garantien haut net dra stoen.
Deemools hunn ech vehement duerfir plädéiert, datt eis fräiheetlech Grondrechter net dierfen ausser Kraaft gesat ginn, als Reaktioun op Attacke vun deene faschistoïden Kräften, déi ebe grad eis fräiheetlech Grondrechter wëllen ausser Kraaft setzen. An ech mengen och haut nach ëmmer, datt dat richteg ass.
Mee wat ass eis Situatioun dann elo?
Ech mengen, et gëtt kee Mënsch hei am Land, dee net gesäit, datt mer de facto am Ausnamezoustand liewen:
eist alldeeglecht Liewen ass op eng Aart a Weis beschnidden, wéi zanter dem Enn vum 2. Weltkrich net méi. Mär hunn et mat enger Pandemie ze dinn, bei där mer net wëssen, wéi se sech weider entwéckelt. Et schéngt awer esou ze sinn, datt mer den Héichpunkt nach net hannert eis hunn.
Nieft dem medezineschen a sanitären Aspekt si mer awer och mat anere gravéierende Problemer konfrontéiert:
- vill Länner hunn hir Grenzen zou gemaach. Verschidden Transportweeër si plazeweis ënnerbrach.
- nach sinn d’Grenzen op fir Frontalieren, déi hei zu Lëtzebuerg fir eist Land iwwerliewenswichteg Aufgaben iwwerhuelen. Net auszemolen, wann dat net méi esou wier….
Nieft dem onbestreitbare Constat vun der Kris gëtt et awer och en zweet Element, wat eis wichteg erschéngt, nämlech d’Natur vum
Krisenzoustand :
et ass nämlech net eng Fro vu politescher Appreciatioun.
Hei geet et net drëm Gruppe vu Leit / géint aner Gruppen auszespillen,
et geet och net drëm e Generalverdacht géint déi ganz Populatioun ze etabléieren an autoritär Mesuren ze veréiwegen. Nee, et geet drëm déi ganz Bevëlkerung ze schützen an esou mann wéi méiglech Mënscheliewe riskéieren ze verléieren.
Här President,
d’Situatioun hei am Land an an eisen europäeschen Nopeschlänner ännert stënterlech.
Mär sinn a ville Froe vun eisen Noperen ofhängeg:
Kléng Decisiounen zu Berlin, Paräis oder Bréissel kënnen enorm Auswierkungen op eist Land an eis Bevëlkerung hunn.
Et ass net méi auszeschléissen, datt d’Regierung stënterlech muss wäitgoend Decisiounen huelen, fir dorobber ze reagéieren.
Decisiounen, bei ene de normale legislative Prozess net déi néideg Reaktiounsfäegkeet erweist.
Bei dësem Gesetz vergi 6 Deeg vum Dépôt bis zu senger Gültegkeet.
Aner Gesetzer bréngt d’Chamber fäerdeg bannent 2 Wochen ze votéieren.
Als Lénk insistéiere mer duerfir, datt de legislative Wee d’Reegel bleift.
Mee an dëser Kris kann et zu Situatioune kommen, wou mer déi Zäit net hunn.
Den Etat de crise huet awer och eng Rëtsch Garde-Fous, déi wichteg sinn :
- dat heiten ass kéng Delegatioun de pouvoir vun der Chamber un d’Exekutiv. D’Chamber gëtt kéng Pouvoiren of, eist Parlament bleift voll funktiounsfäeg, mat all senge Prérogativen, esouwuel wat d’Kontroll vun der Regierung ugeet ewéi seng Roll als Legislateur. D’Chamber schafft weider u Gesetzer.
- Just déi Mesurë kënne geholl ginn, déi direkt mat Corona-Virus ze dinn hunn. D’Regierung ass net habilitéiert an anere Beräicher Gesetzer ze änneren oder ausser Kraaft ze setzen.
- D’Chamber huet zu all Moment d’Méiglechkeet Mesuren, déi d’Regierung hëlt ze invalidéieren andeems se vun hirem Recht Gebrauch mécht, eege Gesetzer ze maachen, déi eventuell falschen oder iwwerdriwwene Mesurë vun der Regierung, den Teppech ënnert de Féiss z’entzéien.
- D’Chamber kann zu all Moment dëst Gesetz zum Etat de crise nees
- An: all Decisioune vun der Regierung musse verhältnisméisseg sinn. A se kënnen och herno viru Geriicht ugestridden ginn.
Här President,
Wann dëst Gesetz gestëmmt gëtt, dann ass d’Chamber NET am Chômage technique. De Géigendeel muss de Fall sinn : grad elo mussen d’Deputéierten hirer Kontrollfunktioun vun der Regierung nach vill méi nokommen wéi virdrun.
Mat dësem Gesetz befanne mär hei NET iwwer den Inhalt vun den eenzelen Dispositiounen, mee just iwwer de Constat, datt d’Bedingunge vum Artikel 32.4. erfëllt sinn ,an ginn der Regierung d’Méiglëchkeet stënterlech op extrem Situatiounen ze reagéieren.
Déi Differenz ass wichteg : d’Chamber alignéiert sech mat dësem Vott NET all deene Mesuren, déi d’Regierung hëlt.
Mee se bleift kritesch. an domadder och politesch : all Partei hei an der Chamber huet d’Recht eenzel Mesuren ze kritiséieren, ze hannerfroen an och eegen Propositiounen ze maachen.
An domadder och déi Mesuren anzefuerderen, déi feelen. An gleeft mer es, där ginn et eng jett, an dëser Noutsituatioun besonnesch am soziale Beräich. Mär als Lénk wäerten dat op jiddefalls maachen.
Här President,
Den Ausnamezoustand ass e ganz geféierlechen Zoustand vun enger Gesellschaft. E riskéiert d’Dieren wäit opzemaache fir Mëssbrauch a Willkür.
Duerfir brauche mer Kontroll, duerfir brauche mer e staarkt a kritescht Parlament. Well, Här President, et gi lo schonns Statementer, déi mech am héchstem Mooss alarméieren, an déi ech als Demokrat net akzeptéiere kann:
- och am Ausnamezoustand bleiwe mer e Rechtsstaat. Wann awer d’Vertriederin vum Parquet op enger Pressekonferenz ukënnegt, datt Geriichter ab elo méi haart Strofe wäerte verhänken, da krauselen sech mär d’Zéiwenneel.D’Procureure générale huet net Geriichtsurteeler ze antizipéieren.
Si kann am beschte Fall ukënnegen, datt de Parquet ab elo Héchststrofe freet, awer si huet net de Riichter virzeschreiwe wéi si ze urteelen hunn.Dat ass eng grave a krass Violatioun vun der Séparation de Pouvoirs.
Mär wäerten le moment venu dorobber zréckkommen.
- et geet net, datt Ministeren berechtegt Froen ofwimmelen mat ‘lo ass keng Zäit fir Fuerderungen ze stellen’. Dat geet net. Grad elo an dëser existenzieller Noutsituatioun muss d’Regierung en grousst Ouer hunn fir d’Leit dobaussen, d’Zivilgesellschaft an d’Politik.Nëmmen eng Regierung, déi ganz gutt nolauschtert ass och capabel an enger Noutsituatioun, déi richteg a proportionéiert Decisiounen ze huelen.
Dës zwou Bemierkunge wëll ech maache fir ze weisen, ewéi séier et goe kann am Ausnamezoustand.
Mat dësem Gesetz ginn mär der Exekutiv am Allgemengen an der Regierung am spezielle kee Blanc-seeing, kee Blankoscheck.
D’Chamber muss de Garant bleiwen, datt fundamental Grondrechter an eiser Gesellschaft erhale bleiwen – och an dëser Noutsituatioun.
Mär mussen alles dru setzen, datt Restriktiounen op dat beschränkt bleiwe wat néideg a sënnvoll ass;
mär musse ganz gutt oppassen, datt och no der Kris, d’Fräiheet an déi kritesch Ausenanersetzung an eiser Gesellschaft net geschwächt ginn;
a mär mussen duerfir suergen, datt kee Mënsch hei am Land vun der Regierung vergiess gëtt.
Här President,
mam Vott vun dësem Gesetz gëtt d’Verantwortung vun eisem demokratesch gewielte Parlament net méi kléng. Däers musse mer eis alleguer bewosst ginn.