D’Regierung huet decidéiert, dass an de 14 als essentiell zielende Secteuren d’Reegelunge fir d’Aarbechtszäit fir d’Dauer vun der Kris geännert ginn. Anstatt maximal 10 Stonnen den Dag, ka lo 12 Stonne geschafft ginn. Anstatt 48 Stonnen d’Woch dierf elo 60 Stonnen d’Woch geschafft ginn. déi Lénk verstinn, dass des Mesure am Santé- oder Fleegberäich ausnamsweis ka Sënn maachen, wann et zu Engpäss sollt kommen, mee froen sech awer firwat dat och fir Liewensmëttelgeschäfter oder Geschäfter fir Déierefudder ziele soll.
déi Lénk ënnerstëtzen des Virgoensweis net, wëll hei Schutz a Wuelbefanne vu Salarié’en net méi un éischter Plaz stinn.
Wëll des Ännerung iwwer Reglement vun der Regierung eleng gemaach ginn ass, huet d’Chamber och net doriwwer ofgestëmmt. E Vott huet also net stattfonnt.
déi Lénk hunn awer eng Motioun zur Ofstëmmung bruecht, déi fuerdert, dass no der Kris gekuckt gëtt, wat d’Auswierkunge vun dëser Lackerung vum Schutz vu Salarié’en punkto Aarbechtszäit waren.
Des Motioun gouf am Kader vun der Debatt iwwer d’Hëllefe fir kleng a mëttel Betriber (PME) gemaach (ganz Ried ënnen).
Wéi eng Secteur’en hunn des Méiglechkeete genotzt? Wéi vill a wéi eng Salarié’en ware betraff? Wéi vill Stonne goufe méi geschafft? Wéi goufen a ginn déi betraffe Salarié’en kompenséiert? Op dem Wee soll garantéiert ginn, dass no der Kris méiglech Abus’en kënne festgestallt ginn an natierlech, dass d’Salarié’en och déi richteg Kompensatioune fir des zousätzlech Laaschte kréien.
D’Motioun gouf eestëmmeg ugeholl.
Motion
La Chambre des Députés
- Vu l’article 32, paragraphe 4 de notre Constitution ;
- Vu la loi du 24 mars 2020 portant prorogation de l’Etat de crise ;
- Vu le règlement grand-ducal du 27 mars portant introduction d’une dérogation à l’article L.211-12 du Code du travail qui autorise le Ministre du Travail, de l’Emploi et de l’Economie sociale et solidaire à porter la durée de travail maximale à douze heures par jour et soixante heures par semaine sur demande dûment motivée d’une entreprise dont les activités sont énumérées à l’article 2, paragraphe 3 et à l’article 5 du règlement grand-ducal modifié du 18 mars 2020 ;
- Considérant que l’une des plus anciennes préoccupations en matière de législation du travail a été la réglementation de la durée du travail ;
- Considérant que le progrès social des derniers cent ans s’exprime entre autres par la réduction successive du temps de travail ;
- Considérant que l’augmentation de la durée de travail maximale à 12 heures par jour, respectivement 60 heures par semaine constitue une charge considérable pour les salarié.e.s concerné.e.s ;
- Considérant que les dérogations ainsi émises par le Ministre prennent fin le 24 juin 2020 au plus tard ;
- Estimant qu’une augmentation de la durée du temps de travail maximal en temps d’état de crise devrait se limiter au plus strict minimum après épuisement de tout autre moyen ;
invite le Gouvernement
- à présenter à la Chambre des Députés après la fin de l’état de crise un bilan exhaustif de l’ensemble des dérogations émises par le Ministre du Travail, de l’Emploi et de l’Economie social et solidaire. Ce bilan devant comporter les entreprises et le nombre respectif de salarié.e.s concerné.e.s par secteur d’économie, le nombre d’heures prestées dépassant les 48h par semaine par entreprise et par secteur, ainsi que les mesures compensatrices proposées par les différentes entreprises aux salarié.e.s concerné.e.s.
Projet de loi 7532 – Hëllefen fir PME a Kulturschafender
Ried als PDF
Dëst Gesetz hunn déi Lénk matgestëmmt. Eng Villzuel vu klenge Betriber kéint ouni ëffentlech Hëllef des Kris net iwwerstoen. Déi vill Aarbechtsplazen an dësen Entreprisen mee och d’ekonomesch a sozial Strukturen, déi ganz vill och vu klenge bis mëtteleren Betriber gedroe, ginn, kéinte sou zerstéiert ginn.