D’Staatsgarantie geet vill méi wäit ewéi eng Noutmesür fir Betriiber mat Liquiditéitsproblemer an der Kris. Si ass nämlëch Deel vun enger post-corona Relance-Strategie, déi un dat erënnert wat no der Wirtschaftskris 2008 passéiert ass, wou d’Staatsgelder d’Banke gerett hunn an d’Leit gezwonge gi sinn de Rimm méi enk ze zéien fir d’Staatskeesen erëm ze fëllen. Wat d’Banke mat deene Sue gemaach hunn, war deemols ganz hinnen iwwerloss.
D’Staatsgarantie an der Coronakris ass eng alt erëm eng Délégatioun de Pouvoir vum Staat un d’Banken : leschtenends entscheede privat Akteuren iwwer den Asaz vu Steiergelder. Et sinn nämlëch d’Banken, déi mat de Betriber (hir Client’en) zesumme kucken, wéi d’Suen agesaat ginn, daat ouni gréisser Konditiounen.
De Gesetzestext vun der Staatsgarantie gesäit kéng Konditioune fir, wat mat dësen Suën geschéien daerf a waat nët.
Eng Bank kann also d‘Staatsgelder, déi d’Suen vun eis alleguerte sinn, u Betriber weiderléinen, déi domat maache kënne, wat se wëllen:
- Hir Scholden restrukturéieren (en deiere Kredit géint e bëllege Kredit tauschen)
- Weiderhinn Dividenden un hir Aktionären ausschëdden
- Aktien zeréckkafen fir ee Spottpräiss an domat nach Gewënn maachen
- Bonien u Manager ausbezuelen
- Investitiounen am Ausland maachen
- De Betrib ëmstrukturéieren a Leit entlossen
Am Gesetz gëtt och keen Ënnerscheed gemaach tëschend klengen a grousse Betriber.
Ofgesinn vun der « prime de garantie » huet zum Beispill eng Arcelor déi selwescht Bedingungen an Konditiounen wéi de Coiffeur um Eck.
Géigeniwwer vu grousse Betriber muss een awer méi Précautiounen géint Abus’en huelen (Montant’en si méi héisch) an et muss ee méi Bedingunge stellen:
- All Dossier ab engem gewësse Montant (z.B. 1mio) misst virdrunner vum Ministère iwwerpréift a genehmegt ginn !
Bei de klengen Aiden fir Kleng- a Mëttel Betriber huet de Wirtschaftsministär sech net genéiert Dossieren méi genee ze analyséieren.