Fir eng fortschrëttlech a konkret Verfassung.

D’Diskussioun ronderëm d’ Verfassungsrevisioun ass an de leschte Wochen e wéineg ënnergang – vue dass d’Aktualitéit ronderëm d’ Coronapandemie dréint.

D’ Verfassungsrevisioun ass awer eppes funamentales a fundamental wichteges.
 
MIR sinn alles mee NET iwwerzeegt vun der aktueller Verfassungsrevisioun vu de Regierungsparteien an der CSV. A wéi soll een och? Wann een sech des Texter ukuckt kënnt een net derlanscht festzestellen dass et den «plus petit dénominateur commun» ass wéi ee seet, tëscht deene 4 Parteien. Et ass eng minimalistesch Kompromëssléisung. D’Texter sinn NET ambitiéis an hu keng kloer Visioun vun wéienger Gesellschaft mir fir eis wëllen.
 
Mir brauchen awer  Kloerheet an Ambitiounen.
Kloerheet brauche mer, well mer wësse musse wouhi mer steieren.
Mir brauchen eng Visioun, déi ambitieis ass, well mer Äntwerte  bräuchen op di sozial, ekonomesch Krisen an deene mer sinn.
 
Mir hunn dat ausgeschafft. déi Lénk huet schon 2015 eng Verfassung ausgeschafft déi Äntwerte gëtt op di multipel Krisen an deene mer eis befannen.
Wann déi aktuell Verfassungrevisioun eng minimalistesch ass, DANN ass eis Verfassung de Géigendeel. Mir sinn der Iwerzeegung dass eng Verfassung e STAARKT Grondgesetz soll sinn an net e schwaacht.
D’Verfassungpropos vun déi Lénk ass eng komplett, si kuckt an Zukunft, si huet eng Visioun vun enger solidarescher, fortschrëttlecher a gerechter Gesellschaft.
Mir soe KLOER wéi mir eis d’Gesellschaft virstellen.
 
Déi faméis Staatsziler di verschiddene Beweegungen an eiser Gesellschaft Suerge bereeden, droe mir vill méi wäit. Wann d’Staatsziler nämlech net aklobar sinn, da soe mir : mir brauchen aklobar Grondrechter. Dofir fënnt een an eiser Verfassungspropos breed ausgebaute Grondrechter.
 
Eis Verfassung gesäit e Recht op Wunnen an op Aarbecht vir. Wat bedeit dat? Ma dat bedeit dass d’Bierger a Biergerinnen se akloe kennen viru Geriicht. De Staat muss alles Méigleches maache fir des Rechter ze garantéieren.
 
Desweideren gesäit eis Verfassung vir, dass de Staat muss geint Armutt virgoen. De Staat ass DE Garant vum Kampf géint d’Armutt. Och dat kann een akloen wann ee mengt dass de Staat NET alles ënnerhellt fir géint d’ Armutt virzegoen. Och soll de Staat  géint Ursaache vun sozial an ekonomeschen Ongläichheeten virgoen.
 
De Staat verpflicht sech och all méiglech Mossnamen ze huele fir géint de Klimawandel virzegoen an engagéiert sech den ekologesche Foussofdrock ze reduzéieren.
 
Alles dat ass den Ament an der Verfassungspropos vun de Regierungsparteien an der CSV NET virgesin. Eis Verfassung ass entgéint hirer konkret – esou konkret dass keng Messverständnisser an falsch Interpretatioune méiglech sinn. Rumeuren iwwert wat dra steet oder NET, kënne bei eiser Verfassung NET entstoen, well d’Visioun ass kloer déi vun enger gerechter Gesellschaft.
 
JO mir stinn hannert dem Wahlrecht fir Awunner.
JO mir stinn fir eng progressiv Besteierung – an dat fir de Räichtem gerecht an der Gesellschaft ze verdeelen.
JO mir wëllen eng Gesellschaft mat manner Superräichen a manner Aarmen a sougenannte Working poor.
JO mir wëllen eng Gesellschaft, wou keen e Mindestloun muss kréien deen ennert der Armutztsgrenz ass.
JO mir wellen e Staat, dee verantwortlech virgeet an dee bei all Actioun, bei all Gesetz, de principe de précaution uwend – dat heescht den Impakt op Gesondheet an Ëmwelt préiwt.
A JO mir wëllen eng Gesellschaft, wou net just d’Privateegentum protegéiert gëtt, mee och de kollektiven  a sozialen Eegentum.
 
DAT brauche mer. Eng konkret, ambitiéis an fortschrëttlech Verfassung mat Äntwerten op Krisen.
logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe