Neijoerspatt Ried 2022

Gary Diderich, Co-Spriecher vun déi Lénk

Léiw Komeroden a Komerodinnen, léiw Press, léiw Interesséierter,

Fir unzefänken invitéieren ech Iech op een klengt Gedankenexperiment:

Stellt Iech fir, nom Lockdown virun schon geschwënn zwee Joer hätten mäer, inspiréiert vun der Solidaritéit géint den Virus, eis an eisen Noperschaften zesummengesat a gesoet : #etgeeteloduer, mäer wëllen net méi datt jiddereen fir sech muss eens gin matt de sozialen Ongerechtegkeeten, matt engem Bildungssystem deen des Ongerechtegkeeten oprecht erhält, matt enger Muartwirtschaft déi net no den Besoin’en vun den Leit kuckt mee nom Potential fir ëmmer méi héich Gewënner op emmer manner Leit ze konzentréieren ?

An eisen Gemengen, an de Veräiner, an der Kultur wäeren Räim entstaanen wou mäer eis an den verschiddensten Formen iwert eis Besoin’en, Dreem an Virstellungen vum gudden Liewen ausgetosch hätten an zësummen no Léisungen gesischt hätten fir d’Ongerechtegkeeten ofzebauen, manner CO2 ze verbrauchen, mam Virus emzegoen, Wunnraum ze schafen an dësen bezuelbar ze maachen.

D’Regiirung hätt keen aneren Choix gehat fir opgrond vun dëser breed gedroener Stëmmungslag an der Gesellschaft op den Zuch opzesprangen. Sie kéinten just nach effektiv weider regéieren andeems se Decisiounen am nämlechten Sënn vun Solidaritéit geholl hätten well soss wier d’Reaktioun immediat gewierscht : Petitiounen, Demonstratiounen, esouguer Streiker an dat ëmmer op Basis vun enger méi solidarescher Gestaltung vun eiser Gesellschaft.

Finalement hätt den Xavier Bëttel aus deenen Texter déi bottom-up an dësen emmer méi organiséierten solidareschen Noperschaften a Gemengen geschriwen gi wäeren missten Copy-Paste zu sengem Programm zesummenstellen fir nach iergendwéi eng Chance ze hunn 2023 eremgewielt ze ginn.

Lokal Kooperative wiere gegrënnt ginn déi zum Beispill d’Offallwirtschaft ganz aanescht organiséieren géifen an wëll jo elo erausfonnt ginn ass datt den Kontrakt matt der Superdreckskëscht verfassungswiddreg ass, wier d’Carole Dieschbourg elo forcéiert fir den Budget op des Kooperativen ze verdeelen déi esou d’Transitioun zu enger sozial an ekologesch gerechter lokaler Entwécklung innerhalb kiirzester Zäit em iwer 10 Joer no fir kinnten bréngen. Ech giff iech nach gäeren zielen vun engem François Bausch deen den Militärbudget em d’Halschent gekierzt hätt, militäreschen Interventiounen am Mali, Irak an Mozambique eng Ofso erdeelt hätt fir datt den Franz Fayot d’Entwécklungshëllef kinnt hiewen an den Jean Asselborn fir een mënschenwiirdegen Acceuil vun Flüchtlingen kinnt suergen.

Mee ech mengen däer kënnt Iech ausmolen wéi an wou eis Gesellschaft sech komplett aanescht organiséiert wann een bis den Prinzip deen zäitenweis an der Covid Kris gegollt huet op all Politikfelder an prioritär op déi aktuell Krisen applizéieren giff.

Laut deem Prinzip stung d’physesch Gesondheet vun de Leit iwert dem Dréinen vun der Wirtschaft an dem Dogma keng Scholden als Staat däerfen ze maachen. Deen Prinzip misst elo op dat sozialt, psyschescht an kulturellt Wuel vun eis all erweidert ginn an en misst d’Grenzen vun deem wat fir d’Biodiversitéit an d’Klima verträglech ass respektéieren. Dat ass den eko-sozialisteschen Prinzip deen mäer dréngend a Form vun Staatsziler a Grondrechter an eiser Verfassung festhalen mussen an aneren Consideratiounen bei den groussen europäeschen an nationalen bis zu den kléngen kommunalen Decisiounen iwweruerdnen mussen. Et ass och dësen wiirklechen Paradigmenwiessel deen dës vun mäer skizzéiert Wonschvirstellung méiglech kann maachen.

Wat et dofir brauch sinn 3 Saachen : soziale Courage, politesche Courage an Solidaritéit. Alles daat feelt der aktueller blo-rout-grénger Majoritéit. Sie sinn an enger Navigation à vue an bal allen Politikberäicher wou se mengen matt engem méi oder manner ambitiéisen Management an am beschte Fall kléngen Verbesserungsschrëtt op der Héischt ze sinn vun den aktuellen Krisen. Matt däer Approche ginn dann och essentiell Aarbeschten outgesourct un Privatbetriiber vun den Big4 & co amplaz Leit auszebilden an sëcher Aarbechtsplazen ze bidden fir sech d’Kompetenzen an d’Kapazitéiten ze ginn fir à la longue duerch all déi Krisen ze kommen matt deenen mäer momentan kämpfen. Nee, hei sinn matt deem Gestionnaire’s Geschéck esouguer am September Leit am Tracing ofgebaut ginn fir dann zwee Méint drop nach net ageschafften Leit vun der Arméi erem mussen sichen ze goen an emmer erem d’Schlappen ze verléieren.

Amplaz, wéi et an eiser Vergangenheet schon den Fall wuar beim Léierpersonal zum Beispill, direkt beim Constat vu Mangel un Aarbechtskräften, zum Beispill am Gesondheetssekteur, Leit anzestellen an während hiirer Ausbildung eng Paie ze bezuelen sinn mäer bal zwee Joer méi spéit nach emmer grad esou enk besat datt mäer mol net genuch Leit hunn fir Tester ze maachen. Ech well iech den Owend awer net dat Xtent Lidd sangen vun allem wat schiif leeft, et ass laang bekannt, d’Aarmut geet erop, d’sozial Ongläichheeten klaffen emmer méi auserneen, Psychotherapien ginn nach emmer net rembourséiert, d’Wunnéngspräisser explodéieren weider, den Klimawandel geet ongebremst weider an d’Mënschen déi wéinst dësem Klimawandel awer och de Kricher an globalen Ongerechtegkeeten op der Flucht sinn fréieren, héngeren an stierwen all Dag un den EU Grenzen. Et ass zwuar absolut wichteg dësen Realitéiten an d’Aen ze kucken fir se kënnen ze veränneren mee fir eis mam néidegen Feier fir des Verännerungen z’engagéieren mussen mäer zesummen zu ëmmer méi Leit des Realitéiten an den blannen « fräien Maart Dogma » ophalen bewosst oder onbewosst als Fatalitéit z’akzeptéieren.

Well wat produzéieren des Scheiklappen? Och beim Betrachten vun ekonomeschen Evidenzen maachen se eis blann! Se maachen datt den STATEC eng Nott de conjoncture (2/2021) kann erausginn an däer all Interesséierten kann (op der Säit 29) noliesen datt déi Leit, déi sech schon ëmmer an regelméisseg zolitt Erspuertes op d’Säit léen seit dem éischten Covid Joer 2020 nach méi Suen uspueren an dëst privat Extra-Covid Erspuertes, ganzer 4 Milliarden, esouguer locker giff duergoen fir all d’direkt an indirekt staatlech Covid-Hëllefen, 2,6 Milliarden (bis den 31/6/21), ofzedecken an dann nach emmer 1,4 Milliard iwreg ze hunn. D’Moye’en sinn also do fir Villes unzegoen wann een et dann wëll ouni iergendengem iergendeppes ewechzehuelen wat en en temps normal och nie gehat hätt. Des Fatalitéiten ginn also momentan esou largement als Naturgewalt akzeptéiert datt dëst statistesch evident Symptom vun der ongerechter Verdeelung vun den Käschten an Bénéficer vun der Covid-Kris keen weideren Debat zu Lëtzebuerg ausléisst. Ma dat ass awer d’Resultat vu politesche Choix’en an et ass un eis ze decidéieren op a wéi mäer méi a méi eko-sozialistesch Äntwerten mat de Leit op d’Erausfuerderungen vun haut wëllen fannen.

An et ginn och Beispiller datt dëst méiglech ass !

No joerelaangem Asaz vun Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft an eisen lénken Deputéierten an der Chamber gëtt et elo endlech eng couverture médicale universelle an et ginn net méi, grad déi Allerschwächsten aus eiser Gesellschaft vun enger historesch lénker Errungenschaft, neemlech der Sécurité Sociale an domadder dem Accés zur Gesondheetsversuergung ausgeschloss. Wéi een den eko-sozialisteschen Prinzip op weider Beräicher kann ausweiden weisen eis programmatesch Virschléi an all den erwähnten Beräicher an hunn eis Deputéierten a sëllegen Motiounen an Gesetzesvirschléi ëmmer erëm nofirbruescht. Ech well do d’Motioun erfirhiewen déi d’Regiirung dozou opgeruff huet fir een nationalen Aktiounsplang géint d’Aarmut zu Lëtzebuerg auszeschaffen. Des Motioun ass awer wéi esouvill Initiativen vun eisen Deputéierten einfach matt den Stëmmen vun der Majoritéit verworf ginn, d’steigend Aarmut schéngt der blo-rout-grénger Majoritéit net méi Ustrengungen wäert ze sinn.

Ech erënneren och drun datt déi Lénk ganz fréi an extensiv deen eko-sozialisteschen Prinzip och op d‘grondlegend Dokument vum Funktionnement vum Staat applizéiert huet an eng alternativ Verfassung partizipativ mat den Leit virun Joeren fernab vun populisteschen an opportunisteschen Pseudo-Ofstëmmungen ausgeschafft huet. Wéi een esou een wichtegen Exercice wéi eng Verfassungsännerung awer richteg an de Sand kann setzen weist d‘Virgoen vun CSV, DP, LSAP an déi gréng, et ass d‘Beispill vun der Xter verpasster Chance vun politeschem Handelen ouni de Courage zu den néidegen Verännerungen. Eis alternativ Verfassung ass par contre d‘Beispill wat een zesummen kann schafen wann de politeschen Courage an d‘Engagement do ass an wann een eng sozial an ekologesch gerecht Ausriischtung konsequent emsetzen well.

Léiw Komerodinnen an Komeroden, ech fréen mech drop fir 2022 weider an verstärkt zesummen d’Solidaritéit zu Lëtzebuerg auszebauen, zwëscht eis an eisen Sektiounen, an eisen Aarbechtsgruppen, mat deenen wou mäer eis zesummen an den Organisatiounen vun der Zivilgesellschaft engagéieren, mat eisen Kollegen a Kolleginnen op der Aarbescht an do wou mäer wunnen.

An deem Sënn wënschen ech Iech all een Joer 2022 räich un emanzipatoreschen Engagementer an richtungsweisend fir eng sozial Transformatioun vu Lëtzebuerg.

Lëtzebuerg den 13ten Januar 2022

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe