Fir den Index. BASTA!

déi Lénk hate schonn am Virfeld vun der leschter Tripartite gewarnt, dass et géing ëm den Index goen, an net ëm d’Explosioun vun den Energiepräisser, wéi ugekënnegt. Eng Desinformatiounscampagne vum Patronat huet nämlech Stëmmung géint den Index gemaach soubal d’Regierung d’Triparite annoncéiert hat. Déi Lénk hunn och net missen an d’Kristalkugel kucke fir ze wësse wou d’Reess higeet, mee an d’Geschichtsbicher. Bei all Kris gëtt systematesch den Index a Fro gestalt. Mat ëmmer deem selweschten Argument: den Index ass sozial ongerecht, well eng Persoun déi méi verdéngt, méi dovu profitéiert wéi eng Persoun déi wéineg verdéngt. Dat schéngt esou op deen éischten Bléck richteg, mee et ass just eng Hallefwourecht. Den Index war ni als Hiewel vun der Sozialpolitik geduecht. Mee als Mechanismus fir all d’Léin an d’Pensiounen un d’Entwécklung vun de Liewenskäschten unzepassen. Sozialpolitik ass ëmmer eng Fro vun der Ëmverdeelung. Gerecht Ëmverdeelung ass haaptsächlech eng Fro vu Steierpolitik.

Dat Argument vun der sozialer Ongerechtegkeet ass awer net nëmmen eng Hallefwourecht, et ass och nach pervers, well et d’Solidaritéit tëschent de Lounofhängegen a Pensionéierten a Fro stellt, an do reiwe sech d’Patronen natierlech d’Hänn, well schlussendlech si se di eenzeg, déi vun enger Indexmamipulatioun profitéieren, well déi gespuerte Suen direkt an hir Täsche fléissen. Souvill also zu der sozialer Gerechtegkeet vun enger Indexmanipulatioun.

Vun de grousse Gewerkschaften huet leider just den OGBL d’Enjeuxen vun esou enger Manipulatioun erkannt, an also zu Recht dee faméisen « Solidaritéispak » net ënnerschriwwen. Dofir gouf et vun der Regierung vill Kritik. Fir déi Lénk ass dem OGBL seng Haltung déi eenzeg responsabel, a si weist dass d’Salariéen an d’Rentner zu Lëtzebuerg ee staarke Partner hunn am Kampf géint de Sozialofbau.

Wat ass also wierklech geschitt ënnert dem Virwand vun der aktueller Energiekris. Dat éischt: eng Indexmanipulatioun, déi just de Patronen ze gutt kënnt. Dat zweet : eng Subventiounspolitik, déi CO2-Ausstéiss fërdert. De 7,5 Cents Rabatt op all Liter Bensinn, Diesel a Masout ass esou eng Subventioun. Et handelt sech hei awer net just ëm een handfeste Klimaskandal, mee och nach ëm sozial Ongerechtegkeet. Leit mat décken Autoen, déi vill verbrauchen porfitéieren hei am meeschten. En plus, ass et eng Moossnam, déi versicht den Tanktoursimus ze schützen, deen dës Regierung jo awer bekämpfe wollt…

Fir d’Entreprisen ass och en änleche Kado dran : d’Kompenséierung vun der Hausse vum Präis vun deene sougenannten Emissiounszertifikater, déi d’Entreprise kaafe fir kënnen ze verschmotzen. Dobäi ass Sënn an Zweck vum sougenannten Emissiounshandel awer d’Entreprisen duerch héich Präisser vun den Zertifikaten dozou unzereege manner ze verschmotzen.

Mir wëssen och, dass d’Hausse vun den Energiepräisser net eng direkt Konsequenz vum Putin sengem vëlkerrechtswiddrege Ugrëff géint d’Ukrain ass, mee ee Resultat vu Spekulatioun an willkürlecher Präisspolitik vu Raffinerien an Uelegkonzerner. Mat der Subventiounspolitik, déi eis Regierung bedreift, gëtt dëss Spekulatioun a Praïsspolitik belount. Et ass also ee Schoss an den Uewen.

Dobäi kënnt, dass niewend den Energiepräisser och nach wichteg Liewensmëttel méi deier ginn. Do hëlleft et natierlech näischt wa just fossil Energie subventionnéiert ginn. déi Lénk proposéieren dofir een Energiegeld wat a Form vun engem besteierbarem Complément de revenue soll all Stot zeguttkommen. Stéit mat engem Akommes ënnert dem Medianloun bezuele naïscht zeréck. Stéit déi méi wéi de Medianloun kréien bezuelen dee Complément progressiv zeréck. Esou een Energiegeld kann fir all méiglech Depense benotzt ginn, vu dass jo mat der aktueller Inflatioun villes méi deier gëtt. Et ass sozial gestaffelt an et fléisst net nëmmen a fossil Energien.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe