Energiespuerplang vu Regierung net op der Héicht: Schluss mam Gepiddels an endlech déi richteg Aspuerungen decidéieren!

D’Regierung mécht et sech beim Aspuere vun Energie vill ze einfach a verschiebt d’Verantwortung op all Eenzelem. Domat wierkt d’Regierung an dëser Energiekris ëmmer méi wéi eng Marketingagence, déi d’Leit mat Slogane an Haushaltstipps bei der Staang hält. Anstatt de Leit Uschafunge vun neie Luuchten oder Kichegeräter opzeschwätzen a se opzefuerderen hire Frigo ze botzen, hätt se misste kloerstellen, dass Hëtzen, Kachen an d’Kierperhygiène Grondbedierfnisser sinn. déi Lénk wëllen an éischter Linn verflichtend Moossname bei de grousse Verbraucher a beim Verbëtze vun Energie.

D’Regierung gräift mat hirer Approche laanscht d’Realitéit a gëtt dem Eescht vun der Situatioun net gerecht. Dësen Eescht ass net just temporär un déi aktuell Energieknappheet gebonnen, mee verschäerft sech säit Joren duerch déi sëllegen Ëmweltkrisen, déi op d’Verbrenne vu fossiller Energie an, jo, och op d’Verbëtze vun Energie zréckzeféiere sinn. Energieaspuerunge mussen dowéinst och laangfristeg a strukturell ugeluecht si fir wierklech nohalteg an effikass ze sinn.

Dofir geet et och scho laang net méi duer fir temporär an deelweis anekdotesch Gestë vun de Leit anzefuerderen. Vill Stéit hunn aner Suergen, hu weder d’finanziell Méiglechkeete fir déi Tipps ze befollegen, nach hunn se d’Zäit fir all Dag hire Stot op energetesch Effikassitéit ze trimmen.

déi Lénk widderhuelen dofir hir Fuerderungen no Mesuren, déi onnëtzen an iwwerméissegen Energieverbrauch viséieren an dee gesi mir net bei de Leit, déi en normaalt Liewe féieren a Grondbedierfnisser noginn. Solidaritéit bedeit fir déi Lénk, dass déi grouss Verbraucher mat de meeschte Moyen’en eppes opginn, fir aneren ze hëllefen, déi manner hunn an och manner Energie verbrauchen. Se bedeit fir eis net, dass Leit mam Argument vun héije Präisser Verzicht un d’Häerz geluecht kréien. Genee dat ass awer d’Erugoensweis vun der Regierung.

Dofir fuerderen déi Lénk :

  • E gedeckelten Tarif fir de Grondbedarf u Waasser, Stroum a Gas aféieren, gekoppelt u méi progressiv héich Tariffer fir alles wat doriwwer erausgeet. Iwwerméissege Verbrauch a Verbëtze ka sou sanktionéiert ginn, wärend Leit a klenge Wunnengen an ouni vill Elektrogeräter finanziell entlaascht kéinte ginn.
  • Sënnlos Beliichtungen an d’Onmasse vu Reklammen direkt stoppen.
  • D’maximal Vitesse op den Autobunnen (110 km/h) an de Landstroossen (80 km/h) an domat och de Verbrauch vun Energie direkt reduzéieren.
  • Gesetzlech Kadere mat verflichtende, mëttel- a laangfristege Reduktiounsziler beim Energieverbrauch an der Wirtschaft an hei an éischter Linn der Industrie. Mat fräiwëllege Mesuren ass et net gedoen.
  • Den Energieverbrauch bei grousse Projet’en vu Privatbetriber an an der ëffentlecher Uschafung systematesch a verstäerkt an d’Aen faassen. Energie- a Wasserschleidere wéi den Datenzenter vu Google dierfen net méi geneemegt ginn.
  • Endlech verstäerkt an energetesch Renovatioune vu Wunngebaier investéieren an op de Leit bei Aspuerunge ganz konkret zur Säit stoen. Prioritär musse schlecht isoléiert Gebaier als éischt renovéiert ginn an de Staat an d’Gemenge mussen de Leit mat ëffentleche Gelder a Rot an Dot proaktiv zur Säit stoen. Kleng Aspuerunge mussen op lokalem Niveau vereinfacht ginn. Spuersam Biere fir d’Luuchten kéinte bspw. op de Gemengen zur Verfügung gestalt a verdeelt ginn.
  • Den Ausbau vun den erneierbaren Energië mat méi ëffentlechen Investitiounen drastesch beschleunegen. Bis 2025 soll all adaptéierten Daach vun ëffentleche Gebaier (Staat a Gemengen) mat Sonnepanneau’en equipéiert ginn.

Um europäeschen Niveau ënnerstëtzen déi Lénk :

  • Eng verstäerkt Kooperatioun fir d’Präisser ze reguléieren an der Profittlogik z’entzéien.
  • Eng staark Besteierung vun de sougenannte windfall-Profitter, déi Energiekonzerner duerch des Energiekris verbuche kënnen.

Les mesures énergétiques du gouvernement ne sont pas à la hauteur : Fini le chipotage ! Il faut enfin décider de réelles économies énergétiques.

Confronté à la nécessité de faire des économies en énergie, le gouvernement choisit la facilité et rejette comme la responsabilité sur les citoyennes et citoyens. Elle donne l’impression d’une agence de marketing qui agit uniquement à l’aide de slogans et de conseils ménagers. Au lieu d’essayer de persuader les gens de s’acheter de nouvelles lampes et appareils de cuisine, ou encore de nettoyer leur frigo, les responsables devraient reconnaître que le chauffage, la préparation des repas et l’hygiène corporelle sont des besoins de base. déi Lénk plaide surtout pour la mise en place de mesures contraignantes qui visent les grands consommateurs d’énergie et le gaspillage.

Le gouvernement passe à côté de la réalité avec son approche et ne saisit apparemment pas la gravité de la situation. Il ne s’agit pas d’une simple crise temporaire due à une pénurie d’électricité. La situation s’aggrave depuis de nombreuses années à travers des crises écologiques causées par l’utilisation massive d’énergies fossiles et le gaspillage d’énergie. Les mesures en matière énergétique doivent donc être conçues de manière structurelle et sur la durée pour être réellement durables et efficaces.

Administrer aux gens des conseils temporaires et en partie anecdotiques ne suffit plus. Beaucoup de citoyennes et citoyens ont actuellement d’autres soucis ou tout simplement pas les moyens pour s’occuper au quotidien de l’efficacité énergétique de leur ménage. 

déi Lénk réitère sa demande pour des mesures politiques qui visent en premier lieu la consommation inutile et abusive. Le gaspillage n’est pas à chercher en premier lieu chez les personnes lambda qui couvrent leurs besoins essentiels et le gouvernement se trompe de cible quand il appelle les simples ménages à renoncer à certaines choses. Pour nous une réelle solidarité voudrait dire que les gros consommateurs qui ont les moyens d’agir sont amenés à faire des économies pour aider ceux qui ont moins de moyens et consomment moins d’énergie.

Ainsi, déi Lénk demande :

  • de bloquer les prix pour la consommation de base en eau, électricité et gaz avec des tarifs qui augmentent progressivement sur les surplus. Ainsi la consommation abusive peut être freinée tout en soulageant les ménages à faibles revenus ;
  • de mettre un terme aux éclairages inutiles et notamment aux éclairages publicitaires ;
  • de réduire la vitesse maximale sur l’autoroute et les routes hors agglomération à 110 km/h et à 80km/h respectivement pour réduire la consommation d’énergie ;
  • de mettre en place des objectifs de réduction contraignants à moyen et long terme pour les entreprises et plus particulièrement pour l’industrie. Des appels à la bonne volonté ne résoudrons pas le problème ;
  • de mettre en place des critères plus sévères en matière de consommation en énergie lors de l’autorisation de projets du secteur privé et sur les marchés publics. Des projets très énergivores comme le centre de données Google à Bissen ne doivent plus être autorisés.
  • de renforcer considérablement les investissements dans la rénovation énergétique des logements. Les bâtiments mal isolés doivent être rénovés en priorité et les autorités publiques doivent soutenir de manière proactive les ménages avec des moyens financiers et un conseil professionnel. Les petites économies en énergie doivent être encouragées au niveau local. Par exemple, les communes peuvent jouer un rôle dans la distribution d’ampoules économiques.
  • d’accélérer considérablement le développement des énergies renouvelables à l’aide d’investissements publiques. Chaque bâtiment public doit être équipé de panneaux solaires jusqu’en 2025.

A niveau européen déi Lénk demande :

  • une coopération renforcée pour réguler les prix et pour retirer l’approvisionnement den énergie de la logique des profits;
  • une taxation forte des profits de crise des entreprises productrices d’énergie (windfall-profits).
logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe