« Et ass eng eenzeg Kriis vun engem ganze System » – Ried iwwer d’Lag vum Land

déi Lénk hunn an der Debatt iwwer d’Lag vum Land d’Zesummenhäng tëscht de ville Krisen ervirgehuewen. D’Klimaverännerung, de Risiko vun der Energieknappheet, déi onzoumuttbar Situatioun um Wunnengsmarché an déi ëmmer méi grouss Aarmut an Ongläichheeten an der Gesellschaft sinn all Konsequenzen a Beschleuneger vun der Kris vum kapitalistesche System.

D’Regierung reagéiert dorop mat kuerzfristege Léisungen a pléischtert riets a lénks. Grouss Verännerunge wëll se net a se handelt och net präventiv, mee leeft mam Läschwon vun engem Brand zum nächsten. Domat festegt se de Status Quo a verschäerft vill Problemer op Dauer.

Fir déi Lénk feelt et dëser Regierung u Courage a Kreativitéit fir vun de festgetrëppelte Weeër erofzekommen an eng Politik ze maachen, déi vun ëmmer méi Leit als wënschenswäert gesi gëtt a ganz praktesch an der Gesellschaft och um Keimen ass, sief et an der Solidarwirtschaft, a sozialen Initiativen oder an Transitiounsbeweegungen.

E besonneschen Akzent hu dobäi op folgend Punkte geluecht:

  • D’Sozialkris, déi d’Regierung weiderhin net eescht genuch hëlt;
  • D’Klimakris op déi d’Regierung ze spéit an ze mann reagéiert;
  • D’Energieproblemer, déi net op eng sozial gerecht an ekologesch sënnvoll Aart a Weis ugaange ginn;
  • D’Kris vun der Demokratie, déi des Regierung no ufänglecher Ambitioun komplett opginn huet;
  • D’Ëmverdeelungsfro, bei där d’Regierung drop verzicht d’Geld fir d’Finanzéierung vun den néidege Mesuren dohinner sichen ze goen wou et ass, nämlech bei de Räichen an den décke Betriber mat grousse Gewënner.
logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe