Tribune libre: « Mir brauchen sérieux Antikrise-Mesuren »

Tribune libre vum Nathalie Reuland

Mir hun eis gefreet bei déi Lénk wéi mir héieren hun, dass d’Regierung lo d’Loyers well an de Greff kréien mam Erofsetzen vun der Berechnung op en Capital investi vun 5 op 3,5%.

Wéi mer dunn awer op logement.lu nogerechent hun mat der calculatrice, dunn hu mer verstanen, dass et eng Mogelpackung ass. An zwar gin d’Loyers vun Wunnengen vun virun 2017 duerch eng Réévaluatioun op den aktuellen, an eisen Aen total iwwerdeierten Maartwert gehuewen, an ginn domadder an d’Luucht par rapport zum aktuellen Gesetz. Woubai déi Wunnengen jo schon awer ofbezuelt sinn zum groussen Deel.

Hei e Beispill vum Logementsministère selwer: En Appartement vun 80 m2, gebaut 1976, kaft 1996 fir 151.000 Euros, 2x renoveiert 2006 an 2016 fir 23.000 an 36.000 Euros, kinnt dem alen Gesetz no fir 1.000 Euros, dem neien Gesetz no fir onglaublech 2.148 Euros verlount ginn. Daat entsprecht engem Brutto-Mindestloun.

Komm mer kucken daat mol aus der Siicht, vun de Leit, déi eng Wunneng brauchen:

Eis jonk Leit fannen näischt méi fir abordabel an dezent ze wunnen, fir Mënschen, déi keng Suen op der Säit hunn, as et ze deier, souwuel fir ze kafen, wéi fir ze lounen.

An des Realitéit as na méi wouer fir di Ärmsten, allengerzéiend Famillen a Famillen mat villen Kanner, Leit déi de Revis hunn, awer och den Mindestloun, Geflüchteter, Leit mat enger Behennerung. Emmer méi Leit liewen op der Strooss.

Mir begréissen jo di Taxen déi sollen erhuewen ginn op eidelstehenden Wunnengen an Terrains. Do muss awer lo mol eng mühseleg Erhiewung gemeet ginn an bis déi Mesuren gräifen, daat dauert 15 Joer ongefeier an di Zommen, déi sollen erhuewen ginn, riskéieren vill ze niddreg ze sinn par rapport zu der Plus value vun den Gebäier an den Terrain‘en.

Den Här Minister Kox seet jo awer, dass en den eescht vu der Situatioun erkannt huet. Wunnen as e Menscherecht, a wa mer net wellen, dass eis Gesellschaft emmer méi auserneendrift, dann muss d’Wunnengskris geléist ginn. Dat geschitt awer net mat desen Gesetzesreformen.

Bei déi Lénk hu mer 2 projets de loi iwwer d’Mietgesetz an eng Rei Mesures d’urgence ausgeschafft, déi direkt géifen gräifen.

Mir brauchen sérieux Antikrise-Mesuren elo direkt a keng hallef Saachen fir a 15 Joer.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe