Stopp mat den Expulsiounen aus Wunnengen!

Matten am Wanter riskéieren déi schwächste Locataire virun d’Dier gesat ze ginn oder si schonn op der Strooss. Déi Lénk fannen dat inakzeptabel a fir ze schummen !

Bei dësen Expulsiounen handelt et sech oft ëm privat Locatioune wou d’Bailleuren hir Logementer fir eegen Zwecker an Usproch huelen. Well et awer oft Multiprorietäre sinn, hu mir Schwieregkeeten eis virzestellen dass an Zukunft de Proprietär selwer oder seng Familljememberen an dëse Wunnenge solle liewen. Fir déi Lénk gesäit dat staark no engem Trick aus, deen et dem Bailleur erlaabt säi Loyer z’erhéijen.

Vulnerabel Leit, déi a Wunnenge vum ONA (Office national d’accueil) liewen, riskéieren och elo am Wanter op d’Strooss gesat ze ginn. Et handelt sech oft ëm Mënschen, déi internationale Schutz zougesprach kruten, an déi verzweiwelt no enger uerdentlecher an abordabeler Wunneng sichen. Mee well Si um Locatiounsmaart näischt fannen, musse Si oft a Foyere wunne bleiwen. Et ginn net genuch abordabel Wunnengen (Fonds de Logement, SNHBM, ASBL), an d’Waardelëschte si vill ze laang.

An de leschte Wochen hu mir vu Mënschen héieren, déi vum ONA virun d’Dier gesat goufen. Déi psychologesch Konsequenzen, déi duerch d’Angscht entsti vun haut op muer kënnen op der Strooss ze liewen, sinn net ofzeschätzen. Et ass och méi einfach preventiv géint déi psychologesch a wirtschaftlech Konsequenze vun der Obdachlosegkeet virzegoen, wéi se ze bekämpfe wa se schonn do sinn. Bei Kanner kann dëse Stress op laang Zäit psychesche Schued uriichten. Verschidden Eltere gi just nach mam Stress a mat der Angscht eens andeems se Medikamenter huelen. Famillje riskéieren dass hir Kanner an ee Foyer komme wa se aus hirer Wunneng erausgeheit ginn. Fir déi Lénk ass dat absolutt inakzeptabel.

déi Lénk verlaangt een direkte Stopp vun den Expulsiounen a séier Mesure fir déi vulnerabelste Leit direkt ze relogéieren : all Gemeng soll pro 1000 Awunner:innen eng Wunneng fir dee sougenannte « Logement d’urgence » zeréckhalen.


Stop aux déguerpissements des plus vulnérables!

Même en plein hiver, les locataires les plus vulnérables sont menacé.e.s de déguerpissement ou sont mis.e.s à la porte au Luxembourg. déi Lénk trouve cela inadmissible et honteux !

Les déguerpissements concernent en partie des locations privées, où les propriétaires revendiquent leur logement pour besoins personnels. Comme il s’agit de multipropriétaires, nous avons du mal à nous imaginer que ces logements seront habités par le propriétaire lui-même voire par un membre de sa famille. A nos yeux, cela ressemble à une magouille pour augmenter les loyers.

Il y a aussi des personnes vulnérables vivant dans des logements de l’ONA (Office National d’Accueil), menacées de perdre leur logement en plein hiver. Il s’agit de bénéficiaires de protection internationale qui sont désespérément à la recherche d’un logement adéquat et abordable, mais comme il n’y a strictement rien sur le marché locatif, ils restent coincés dans les Foyers d’accueil pour demandeurs de protection internationale. Il n’existe pas assez de logements abordables (Fonds de Logement, SNHBM, ASBL), les listes d’attente sont trop longues.

En effet, ces dernières semaines, nous avons pris connaissance de personnes ayant été mises à la porte par l’ONA. Les conséquences psychologiques de la menace de se retrouver dans la rue sont incommensurables. Les conséquences psychologiques et économiques du sans-abrisme sont beaucoup plus difficile à guérir qu’à prévenir. Pour les enfants ce stress peut causer des dommages psychiques à long terme. Certains parents n’arrivent qu’à gérer le stress et les angoisses de perdre leur logement en prenant des médicaments. Des familles risquent de voir leurs enfants placés dans des foyers en cas de déguerpissement. Pour déi Lénk, c’est totalement inacceptable.

déi Lénk exige un arrêt immédiat des déguerpissements et des mesures d’urgence de relocation des plus vulnérables : ainsi chaque commune doit réserver un logement par mille habitant.e.s pour le logement d’urgence.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe