DEINE FRAGE: Mindestlohn oder Grundeinkommen?

FRAGE:

Vor- und Nachnamen der Fragesteller werden anonymisiert.

Mindestloun oder Grondakommes? An wat geschidd mat der Arbecht déi gesellschaftlech wichteg ass, mee net bezuelt gëtt aus ökonomeschen, rentabilitéits Grënn? An mat den Arbechten déi gesellschaflech schädlech sin, mee héich bezuelt gin?

ANTWORT

Die Fragen berühren mehrere theoretische und praktische Themen. Zum Beispiel die Fragen nach dem Stellenwert der Arbeit, nach dem Abbau des Warencharakter der Arbeit, nach dem Stellenwert und der Anerkennung der nichtgewerblichen Arbeit usw. Zu all diesen Fragen im Zusammenhang eines bedingungslosen Grundeinkommens ist unsere interne Debatte nicht abgeschlossen – und kann es wohl auch nie endgültig sein. Das verhindert zwar nicht, bereits jetzt zu konkreten Fragen Stellung zu nehmen, aber die Antworten bleiben vorläufig.

1. In unserer Vorstellung darf auch ein bedingungsloses Grundeinkommen kein Ersatz für den Mindestlohn sein. Das BGE sollte keinesfalls dazu führen, dass die Löhne wieder (wie im 19. Jahrhundert) ganz vom „freien“ Markt geregelt würden. Also muss der Mindestlohn ebenso wie andere Regulierungen, die den Lohn betreffen (Kollektivverträge, Überstunden usw.) unbedingt beibehalten werden.

2. Die Frage der Anerkennung nichtgewerblicher Arbeit muss differenziert behandelt werden. Wir sind zum Beispiel nicht für eine Entlohnung der Hausarbeit – weil das gerade für die Frauen auf eine „Herdprämie“ hinausläuft, die die Frauen aus der Erwerbsarbeit herauslocken soll. Bürgerliches Engagement und andere Formen nichtgewerblicher Aktivität sollten auch nicht im engeren Sinn „entlohnt“ werden, das spricht nicht gegen verschiedene Formen von Entschädigung (siehe z.B. freiwillige Feuerwehr u.Ä.). Natürlich kann ein BGE solche Aktivitäten fördern. Viel zu wenig thematisiert wird aber die „Zeitsouveränität“, das heißt, die Möglichkeit, auch bei Erwerbsarbeit weitgehend über die eigene Zeit verfügen zu können. Das geht nicht ohne eine substantielle Arbeitszeitverkürzung. Auch die kann und soll ein BGE nicht ersetzen.

3. Welche Aktivitäten sind gemeint? Gesellschaftlich schädliche Aktivitäten im Finanzbereich (deren Folgen wir ja gerade erleben) verlangen eine gänzliche neue Regulierung dieses Sektors, einschließlich einer Begrenzung der Boni und Abfindungen, eine starke Besteuerung von Transaktionen und Vermögen in diesem Bereich. Aber den Arbeiter in der Rüstungs- oder Atomindustrie (die ja auch gesellschaftlich schädlich sind) kann wohl nicht mit Lohnentzug oder Ähnlichem bestrafen, im Gegenteil, sie müssen im Rahmen der notwenigen Rekonversion sozial abgesichert werden.

André Hoffmann

DEINE FRAGE: Rechter vun de Vermieter stäerken?

FRAGE:

Vor- und Nachnamen der Fragesteller werden anonymisiert.

Fro: Wéi secherstellen dass d’Rechter vunn den Vermieter gestärkt ginn wann d’Mieter sech net un den Kontrakt haalen?

ANTWORT

Déi Lénk fuedert keng Reform vum Locatiouns-gesetz mee schloen fir, och bei de Mietkommissiounen, dass méi eng strikt Applikatioun vum Gesetz geschitt. Dëst gëllt esouwuel fir Vermieter wéi fir Mieter.

Grat fir de besoin personnel (e Familljemember zitt an d’Haus vun den Elteren an) gouf bei der leschter Reform eng ganz séier Prozedur agefouert wou an engem Délai vu 15 Méint d’Prozedur eriwwer ass. An villen Hinsichten sinn bei däer Reform d’Rechter vum Vermieter gestärkt ginn, wat och an villen Fäll net glécklech ass, mee dëst wëllen mäer elo net änneren, d’Prioirtéit ass dass d’Gesetz mol richteg agehaalen gët. Virun allem wann Immobilièren am Spill sinn, sinn esouwuel Vermieter wéi och Mieter déi wou Suen hänke loossen. Vill Immobilièren haalen systematesch d’Cautioun zeréck, och wann d’Wunnéng besser hannerloos gëtt wéi se virwonnt gouf.

Mäer sinn eis bewosst dass et an villen Fäll fir Vermieter schwéier ass, mee et ass eben och fir Mieter oft ganz schwéier, et kann een weder déi eng nach déi aaner an een Dëppen geheien. D’Situatioun ass allgemeng verherrend, et ginn eng jett Matrazenhändler déi pro Bett 300 EUR froen an dann gëtt an Schichten an deenen Better geschlof, een gudden Deel Cafészëmmeren bei deenen d’Zoustänn miserabl sinn an d’Praisser gepeffert, all déi Leit déi op déi aaner Sait vun der Grenz wunnen ginn wëll et soss um Enn vum Mount net opgeet…

DEINE FRAGE: Zousätzlech Bauplaz?

FRAGE:

Vor- und Nachnamen der Fragesteller werden anonymisiert.

Fro: Wëll déi Lénk Privat-Leit déi eng zousätzlech Bauplaz oder een Haus fir d’Kanner kaaft hunn, oft andeems se Scholden gemaach hunn, finanziell futti maachen?

ANTWORT

Nee, ganz kloer ass dat nët dat wat déi Lénk viséieren. Et geet eis virun allem em Spekulatioun, déi virun allem vunn Immobilièren an Promoteuren bedriwwen gëtt. Wann Haiser an Bauland iwwer Joerzengten eidelgeloos ginn muss een awer ufänken iwwer Steieren an no an no aaneren Mesuren Drock ze maachen dass do eppes geschitt. Soss kommen esou onökologesch Proposen wéi d’Erweiderung vum Bauperimeter an domadder emmer mei eng staark Zersiedelung. Mäer wëllen awer och duerch d’Grondsteier op d’Zweetwunnéng d’Solidaritéit stärken zwëschen den Leit déi méi Besëtz hunn wéi dat wat se direkt fir sech brauchen an den Leit déi guer keen Besëtz hunn. Iwwert déi Steier wëllen déi Lénk jo an den öffentlechen Wunnéngsbau investéieren, och iwwert d’Steier op eidelstoend Wunnéngen an Bauterrain’en. Dës Steieren sollen awer net vun Ufank un enorm sinn, mee sollen awer d’Bewosstsein dofir schaaffen dass an der aktueller Situatioun eng wiirklech Urgence besteet fir Wunnéngsraum ze schaaffen. Concernéiert Leit kréien als eng weider Steier opgebrummt mee vue que dass d’Grondsteier momentan méi bëlleg wei d’Hondssteier ass wäert dat éischter modeste sinn, se soll jo net op franséischen Niveau klammen. Ausserdeem, wann een den ganzen Programm vun déi Lénk kuckt, ginn d’Kleng- a Mëttelverdiener entlaascht (Waasser- an Energiekäschten, gerecht Steierpolitik, baibehaalen vum Index, Augmentatioun vum Mindestloun,…) – esou dass den Gesamtpackage favorabel wäert sinn fir déi jeweileg Leit.

Fir dass Proprietairen awer net méi Problemer dobäi hunn wéi soss eppes ginn et och eng Rei Méiglechkeeten: iwwert d’Agence Immobilière Sociale oder d’Immo Stëmm kritt een versëchert dass een regelméisseg een Loyer kritt an och alles a Stand gesat gëtt an ennerhaalen gëtt. Ähnlech favorabel Konidtiounen ginn applizéiert wann een fir Studenten Wunnraum verlount,…

DEINE FRAGE: Grundbesitzer enteignen?

FRAGE:

Vor- und Nachnamen der Fragesteller werden anonymisiert.

Fro zu der Ausso an der Walzeitung : « Derzeit wird nur ein kleiner Teil der möglichen Baugrundstücke bebaut. Das Gesetz von 2004 … erlaubt es, Grundbesitzer zu enteignen, um grosse Wohnprojekte zu realisieren. Es ist notwendig, dass dieses Gesetz angewedet wird. » Ass dat net Diktatur amplatz Demokratie?

ANTWORT

Dat Virgoen wat maer virschloen ass 100% demokratesch well et jo just em d’Uwendung vun engem Gesetz geet an an deem Gesetz ass jo kloer geregelt wéini esou eng Enteegnung méiglech ass an och wat d’Kompensatiounen do sinn. Et soll sech hei jo just em grouss Projeten handelen wou duerch d’Partikularinteressen vunn enger Eenzelpersoun giff e ganzen Projet blockéiert ginn. Dest Gesetz ass vun den Parteien dei deemols an der Chamber wuaren gestëmmt ginn an net vun enger lénker Diktatur 😉

D’Situatioun ass allgemeng verheerend, et ginn eng jett Matratzenhändler déi pro Bett 300 EUR froen an da gëtt a Schichten an deenen Better geschlof, e gudden Deel Cafészëmmeren bei deenen d’Zoustänn miserabl sinn an d’Präisser gepeffert, all déi Leit déi op déi aner Säit vun der Grenz wunnen ginn wëll et soss um Enn vum Mount net opgeet… Eis geet et awer net em déi Kleng mee em d’Promoteuren an Immobilièren. Wann et also drëm geet déi Saach legal festzeleeën wäerten maer dodrop oppassen dass dëst kloer genuch gemaach gëtt.
Wat d’Enteegnung ugeet soll dat just fir den ëffentleche Wunnengsbau a Fro kommen, do däerf kee privaten Immobilienhai dovu profitéieren!

DEINE FRAGE: Wei stinn déi Lénk zum neie Stadion?

FRAGE:

Vor- und Nachnamen der Fragesteller werden anonymisiert.

Wei stinn Dei Lenk zum iwerdimesioneierten neie Stadion?
Den aktuellen geet mei wei duer: en ass net pourri (gitt kucken).; en huet just net deen VIP-deel anscheinend neideg fir besser Leit. Haut ass en fir vill verschidden Sportler, muer ass en nömmen fir Fussballer.
Deen heutegen Stadion breicht nömmen eng nei ausgebauten Haapttribune, that’s all.
Wann oofgerappt misst gin, dann ass den Quadratmeterpreis vill ze vill heich fir eng Wiss dei meeschtens eidel ass. Wunnengen sollten dohinner kommen, metzen an der Staat (1 km vum Zentrum!), endlech wunnraum deen ze bezuelen ass!!!!!
Et sinn nach vill Argumenter geint dei demagogesch Frenesie fir en paranoien Superstadion fir 9000 Leit.
Ech sinn Lenk, weisst awer gaer waat Dei Lenk an den naechsten Diskussiounen soen wärten.
J. T.

ANTWORT

Gudde Mëtteg Här T.,

déi Lénk si mat iech d‘accord, wann dir sot, dass mir keen iwwerdimensionéierte Stadion zu Lëtzebuerg brauchen.

Mir sinn awer natirlech der Meenung, dass mir e Stadion sollten hunn. Dese Stadion sollt idealerweis:

– fir souvill wéi méiglech verschidden Aktivitéiten kënnen genotzt ginn (sou wéi et beim aale Stadion an der Areler Stroos de Fall as)
– e sollt net méi grouss sinn wéi dat, wat lo do steet, wëll méi wéi déi 8000 Platzen nie gebraucht ginn.
– e sollt net iegendwou op der grénger Wiss gebaut ginn a gutt un d’Verkéiersnetz ugebonnen sinn.
– idealerweis sou mann wéi méiglech kaschten, wëll de Stadion keng prioritär öffentlech Ausgab soll sinn.

Aus denen Grënn wir et am beschten, de Stadion do stoen ze lossen wou e lo as an en einfach ze renovéieren. Den Zoustand vum Stadion kann ech lo allerdéngs net bewerten.

Wat de Wunnéngsbau ugeet, sou gi mir iech natirlech Recht. Mir hun en akute Mangel u bezuelbarem Wunnraum. 1 vun 8 Locatairen bezillt iwwer 40% vun séngem Akommes fir de Loyer, eppes kafen as fir déi meescht Leit eng Saach vun der Onméiglechkeet ginn. Dofir wëllen déi Lénk och massiv Wunnéngen bauen. D’Ziel, dat mir upeilen wëllen, sinn 6500 nei Wunnéngen d’Joer, wouvun e groussen Deel vun der öffentlecher Hand iwwerholl misst ginn, fir d’Praisser op dem Wee ze drécken. Dass sou Wunnéngen, och Sozialwunnéngen, och zentral an de Stied leien mussen, as fir eis kloer. Besonneg an der Stad, wou d’Gentrifizéierung grasséiert an ëmmer méi Leit mat normalem Akommes sech keng Wunnéng méi kënne leeschten an de Stadzentrum oder direkt d‘Stad verlossen mussen, as et dringend noutwenneg massiv öffentlech Wunnéngen ze bauen.

Fir weider Infos zu eisem Programm an och zum Logement kënnt dir op eise Blog kucke goen.

Bescht Gréiss,

DEINE FRAGE: Wien schwätzt vun allengerzéienden Elteren ?

FRAGE:

Vor- und Nachnamen der Fragesteller werden anonymisiert.

Elections nationales: wien schwätzt emol eng keier vun erleng erzéihend Elteren ? Do ass esou vill ze maachen !

ANTWORT

Den Problem vun den allengerzéienden Elteren ass virun allem en Problem vun Fraen, duerfir stellen sech hei doriwer eraus all déi Schwieregkeeten, déi Fraen kennen (als een Beispill d’Ongerechtegkeeten beim Loun) an och een Problem vunn Mënschen déi manner Revenu’en hunn an domadder op een staarken Sozialstaat ugewissen sinn.

Et sinn och Fraen déi virun allem d’Konsequenzen vun der Schwächung vun den Famillien mussen droen.

Déi Lénk wëll virun allem an 4 Punkten besonnesch aktiv ginn wou och allengerzéihenden Elteren giff ennerstëtzen an manner alleng giff loossen :

-Eng qualitativ héichwäerteg Kannerbetréiung déi soll an Ganzdagschoulen integréiert ginn an fir jiddereen soll gratis sinn (et gëtt nët een méi raicht oder manner raicht d’Kand – sozial Gerechtegkeet gëtt iwwer Steieren hiergestallt an nët iwwer onglaich Behandlung bei öffentlechen Leeschtungen)

Bezuelbar Wunnéngen, virun allem an der Locatioun, mee och fir ze kaafen. Grad d’Wunnen verschlengt oft een groussen Undeel vum Budget vun engem Stoot an grad allengerzéihend Elteren faalen oft an d’sougenannten « Mietfalle », dat weisen Etuden. Déi Lénk wëll och all Initiativen vunn kooperativer Selbstorganisatioun ennerstëtzen, esou z.b. dass Leit sech zesummendinn fir als Cooperativ eng Résidence oder eng Cité ze bauen an dat baulech an organisatoresch esou opzesetzen dass d’Entreaide erliichtert gët an sech Elteren och zesummen méi einfach kënnen organiséieren.

Gesëchert Akommes. Den Mindestloun ass ënnert der Aarmutsgrenz an grad allengerzéihend Elteren sinn vun Aarmut betraff oder bedroht. Déi Lénk fuerderen 300 EUR méi am Mindestloun. Ausserdem trieden mäer konsequent fir d’vollstännegt Erhaalen vum Index, ouni Modulatioun oder Manipulatioun an.

35 Stonnen Woch bei vollem Loun. D’Produktivitéit ass massiv eropgaangen, mee d’Leit schaffen éischter méi amplaz manner. Glaichzaiteg ass net méi genuch Aarbescht do fir jiddereen. Duerch Arbechstzaitverkierzung wäer fir jiddereen méi Zait do, dat giff allengerzéihend Elteren bedaitend entlaaschten.

Dëst geet awer vlait nët duer, mäer sinn oppen fir Ureegungen an Iddien wéi een allengerzéihend Elteren nach méi gezielt kann ennerstëtzen.

DEINE FRAGE: Wat mecht déi Lénk géint steigend Kriminalitéit?

FRAGE:

Vor- und Nachnamen der Fragesteller werden anonymisiert.

Leif Dei Lenk,

En Vue vun de Walen wier ech dankbar falls Dier mier d’ Positioun vun ärer Partei vis-à-vis vun der zounehmender Kriminlaitéit an eisem Land kinnt matdeelen a wéi eng Leisungsvierschléi Dier hutt.

Mat frendlechen Gréiss

E. M.

ANTWORT

Mir sinn eis wuel bewosst dass d’Kriminalitéit zu Letzebuerg zouhellt an e Problem ass. Mir sinn eis och bewosst dass d’Leit wellen an engem Emfeld liewen wou si ouni Angscht, och Nuets, sech am öffentleche Raum kenne bewegen. Mir wellen dat och.

Mir sinn der Meenung dass déi Äntferten, déi vill Parteien am Moment zu desem Problem ginn, net déi richteg sinn.

Kriminalitéit ass eng direkt Konsequenz vu steigender Armut, soziale Problemer, Ausgrenzung an Ongerechtegkeeten an der Gesellschaft. Während puer Leit emmer méi hunn, hu vill anerer emmer manner. Et ginn immens vill Etuden déi ganz kloer beweisen dass et en direkte Lien gett zweschen steigender Armut an Ongerechtegkeet a steigender Kriminalitéit.

Kriminalitéit wert emmer en Deel vun enger Gesellschaft sinn déi ongerecht ass an op Profit vu verschiddene Weinege berout.

Dofir trieden déi Lénk fir eng Gesellschaft an, an der de Räichtum gerecht verdeelt ass, an der et keng Armut gett, an der jidfereen eng Wunneng an en gerecht Akommes huet, an der jidfereen kann deelhuelen an demokratesch matbestemmen op Letzebuerger oder Awanderer, an der mateneen amplatz geinteneen geschafft gett.

Mir sinn géint Videoiwwerwaachung vum ëffentlëche Raum, well se an eisen Aën eng Gefoër fir eng fräi an demokratesch Gesellschaft duerstellt an domadder also méi schued uriicht, wéi se kiint „Sëcherheet“ schaafen. D’ailleurs beweisen all Etüden zu dem Sujet, datt se naischt bréngt, well Kriminalitéit nët méi kléng gëtt, mee jhust verlagert gëtt.

Op Platzen wou Problemer sinn brauche mer net nach méi privat Secherheetsfirmen, mee méi sozialt Liewen. Eis Garen, Parken etc. musse belieft ginn, mir brauchen Platzen wou Menschen sech gären ophalen, och nach Owes speit. Dest muss och net emmer mat Konsum zesummenhänken. D’Politik ka vill machen fir flott Platzen wou Menschen sech treffen am öffentleche Raum ze förderen. Am Moment ginn awer z.B. an der Stad Letzebuerg virun allem deier Butteker a Prestige Projet’en gefördert. D’Stad ass no 6 Auer owes doud. Verschidde Quartier’en sin ausgestuewen, anerer ghettoiséieren. Et ass wichteg dass mer rem an alle Quartier’en eng Meschung vu Menschen kreien.

De soziale Servisser musse méi amplatz manner Mettel zur Verfügung gestallt ginn, mir setzen virun allem op Präventioun, op e richteg gudde Sozialsystem wou keng Menschen op der Streck bleiwen. D’Kriminalitéit kritt een duerfiir an eisen Aën jhust an de Grëff, wann een hiir Uersaachen bekämpft, an nët wéi elo, jhust hiiren Symptomer, ouni Erfolleg a reng repressiv, hannendrun leeft.

DEINE FRAGE: Wat maacht dir géint héich Loyeren?

FRAGE:

Vor- und Nachnamen der Fragesteller werden anonymisiert.

Moien ech wollt froen wat wëld dir geint Miet Preiser maachen?
Well ech sinn Student an der Leier mee ech well alleng wunnen goen.
Wat well Dir oder er Partei do maachen?
Mat Léiwen Gréiss
D. W.

ANTWORT

Gudde Metteg Här W.,

Merci fir är Fro déi secher méi wéi berechtegt ass. Logement ass ee vun dene gréisste Problemer hei am Land, virun allem fir jonk Leit an och wann all Parteien dat zu hierem Thema gemach hunn, sou ass awer sougudd wéi naischt an dene läschte Jore geschitt fir de Locatairen an desem Punkt entgéint ze kommen.

E puer Zuelen iwer Letzebuerg fir dat wat dier sot ze ennersträichen:

– All 8te Locataire bezillt iwer 40 % vu sengem Akommes fir de Loyer a lieft doweinst un oder ennert der Armutsgrenz.
– Locatiounswunnenge sinn an engem Joer 8,81% méi deier ginn.
– Et gi manner wéi 2% öffentlech Locatiounswunnengen zu Lëtzebuerg.
– 18.000 Stéit kënnen hir Wunneng knapps bezuelen.
– et ginn Dausenden eidel Wunnengen.

Wat wellen déi Lénk an desem Zesummenhang machen?

Mir wellen:

– 10% öffentlech Lokatiounswunnenge pro Gemeng.
– Limite fir Mietpräisser schaafen: 1/3 vum Akommes fir d’Wunneng ass de Maximum.
Wéi? Duech e neien Wunnengsbauprogramm : 6.500 nei Wunnenge pro Joer.
– Lokal a regional Agenturen fir den öffentleche Wunnengsbau schaafen.
– Taxéierung vun eidele Wunnengen a Bauland an all Gemeng.

An ärem spezifesche Fall si mir der Meenung dass mer dringend musse Wunnméiglechkeete schaafen fir Schüler, Studenten a Jugendlecher déi an der Ausbildung sinn a net méi welle bei hieren Eltere wunnen. Dest fannt dier an eisem Wahlprogramm am Kapitel 5, Wunnen, am Punkt 9 op der Säit 30. Méi dozou an eisem Wahlprogramm enner: http://elodeilenk.org/wohnen/

Ech hoffen ech konnt iech op är Fro äntferten an hoffen dass dier an Zukunft d’Meiglechkeet kritt zu engem dezentre Präis ze wunnen an onofhängeg ze sinn.

Mat beschte Gréiss,

DEINE FRAGE: Wéi wellt dir äre Programm finanzéieren?

FRAGE:

Vor- und Nachnamen der Fragesteller werden anonymisiert.

Als bewossten an treien Dei Lenk Wieler waert et Iech net iwwerraschen dass ech Ierch an aerer Partei an 99% vun den Faell zoustemmen. ech sin am haerz bluttrout an sinn och iwwerzeecht dass dir definitiv gudd approchen hutt fir dess land en steck mei gerecht ze man. ech fannen zb ennert aneren aer approche zum index nemmen richteg… eng fro stellt sech bei mir trotzdem dei ganzen zait : wei well dir aer ganz virsaetz an aerem programm finanzeieren? d’raichtumverdeelung vun uewen no ennen, wei dat zb duerch eng mei staark besteierung vun den entreprises (va vum gewenn) gescheien, waert jo secher net dozou feiere  dass sech mei entreprises dozou entscheeden mei an letzebuerg z’investeieren, vu dass dat sie an dem ament mei kascht. wat mengt dir dann zur gefor vun enger allgemenger kapitalflucht, eraus aus letzebuerg an hin zu emerging markets? dir schwetzt och vun engem emschwong, weg vun enger finanzieller ofhaengegkeet vum bankensekteur hin zur enger mei nohalteger reindustrialiseierung… mengt dir wierklich, dat geif d’arbeschtsplaazen vun engem emmer mei schwaechelnden secteur tertiaire kenne kompenseieren?

ech sinn gespaant op aer anetwert, meng stemm haenkt dess keier dovunner of. idealismus ass richteg an noutwenneg an deser kapitalistescher gesellschaft, mais dar blot vum himmel schwieren geet hautesdags nemmei duer.

ANTWORT

Här E.,
Är Froe si méi wéi berechtegt. Ech versiche kuerz Elementer vun Äntwerten ze gin:
1) Als gesellschaftsverännernd Kraaft hu mer et ze din mat enger Realitéit déi net vun eis, mee géint eise Wëllen geschafe gouf:
-de Kontext vu Liberaliséirung vun de Kapitalmäert;
-den europäesche Kontext vun der “concurrence libre et non faussée des marchés”.
-d’Entwicklung vun der Lëtzebuerger Ekonomie a Richtung Finanziariséirung an Désengagement vum Staat (Arcelor, Cargolux, Post…).
Domatt ass och e stoarke politeschen Drock an der Gesellschaft verbonnen, deen déi bestehend Verhältnisser zwar net ëmmer legitiméiert, mee virun allem als alternativlos duerstellt.

2) Alternativen a Verännerungsweër musse realistesch sin, d.h. si mussen de Leit déi hei wunnen och kënnen Entwicklungsperspektive bidden. Kritik eleng geet net duer, revolutionär Rethorik och net, “dat Blot vum Himmel schwieren” scho guer net, do hu der recht.
Mer hun awer eng Rei vun Usätz geliwwert déi, menge mer, och haut scho realistesch wiren:
-méi staark Reguléirung vun der Finanzplaatz;
-méi staarken Engagement vum Staat iwwer öffentléch Investitiounsfongen ;
Dat fir d’Ofhängegkeet vu privaten (inländischen an ausländischen) Investisseuren erofzesetzen an domat och hinnen Drockméiglechkeeten ze huelen. Hei am Land hu sech vill Suen och an öffentlécher Hand akkumuléiert, déi ee sënnvoll hei kann ékonomesch notzen (ouni selwer an den “emerging markets” héich Renditen unzestriewen, wéi dat z.B. den öffentléche Pensiounsfong mécht).
-Förderung vun enger industrieller Basis a Vernetzung mat der Fuerschung ;
Geet dat duer fir aner Réckgäng ze kompenséieren, wéi der mengt, wee kann dat wëssen? Mécht een awer näischt, da gin déi Réckgäng awer sécher méi schlëmm ze verkraften!
-regional Kooperatioun;
-Asetzen fir eng aner Politik an Europa.

3) Et muss zu enger Conscience kommen, dass d’Ekonomie de Leit alleguer gehéiert! An dass si doriwwer selwer bestëmme mussen.
An do muss et zu gesellschaftleche Géigebewejunge kommen. Déi get et schon zum Deel, bei Gewerkschaften, bei verschiddenen Associatiounen. Dee Géigendrock muss sech och an Europa maachen a mécht sech och do ëmmer méi.
Ouni gesellschaftleche Géigendrock ass näischt méiglech. D’Réappropriatioun vun der Politik a vun der Ekonomie ass zu deem Präiss!

4) Natirléch wert esou eng Entwicklung net vun denen higeholl gin, déi vun der aktueller Situatioun profitéieren.
All sozial Erneierung, all Reguléirung vum Spillraum vun de privaten Akteuren vun der Ekonomie huet nach ëmmer an der Geschicht zu Gejäits vun Ënnergank gefouert. An dach hu grat déi Gesetzer d’Geschicht weiderbruecht. Esou ass de Sozialstaat haut entstanen.

5) Kapitalflucht? Wa Kapitalflucht nëmme ka verhënnert gin wann een all Fuederunge vun deër Säit nogët, da féirt dat an eng Spiral vun Ofhängegkeet. An do si mer dran.
Also muss een haut och déi froen déi um Rudder sin (oder ouni wesentlech Ännerung vun der Politik un d’Rudder wëlle kommen): wat maach Dir dann, fir déi ëmmer méi grouss Ofhängegkeet ze verhënneren? Wat maach Dir, fir eng eegestänneg Politik, fir d’Demokratie an Zukunft nach ze erméiglechen? Wivill Chancen hu der scho verpasst?
Dofir ee Beispill: d’Finanztransaktiounssteier, dat ass déi (minimal) Steier op den Emsätz vun de Finanztransaktiounen.
Zéng Länner an Europa, doranner all eis Nopeschsstaaten, och Merkel an Hollande, wëllen se aféiren, net esou Lëtzebuerg.
Dobäi gesäit dee Virschlag fir dass déi Steier och op den Emsätz vun alle Gesellschaften opgehuewe get déi an europäische Länner agedroe sin – och wann d’Emsätz op Finanzplaatze an Europa gemeet gin déi net beim Accord matmaachen.
Domat wir Kapitalflucht tëschent den europäische Länner de Riggel virgeschoben an et giffe nei Steier-Ressourcen och fir Lëtzebuerg kommen, wa Lëtzebuerg da giff mat Frankräich oder Däitschland asw. matmaachen. Wa Lëtzebuerg net matmécht, kritt et och keng Steiereinnahmen.
Wourop warde mer? Virwat stelle mer eis op d’Säit vun der “City” vu London?

6) Op den “emerging markets”, déi der uschwätzt, get souwisou investéiert, haut schon. Mee déi Haptmäert, fir Wueren a fir Finanzproduiten,sin ëmmer nach an Europa an och d’Kapital – d.h. deen aus de Leit hei erausgepresste Finanzpouvoir – ass ëmmer nach europäisch.
Léisunge mussen an Europa gesicht gin, duefir ass eng europäisch alternativ Politik néideg, déi och a Richtung méi öffentléchen Afloss, Reindustrialiséirung, Regionaliséirung vun de Wirtschaftsstréim, Emverdeelung asw. geet.

7) Doriwwer eraus mengen ech dass wann déi Ännerunge déi mer proposéieren werte kommen – an also majoritéitsfäheg werte sin! – dass dann villes méiglech gët, well dann ass och d’politesch Legitimatioun – an de politesche Pouvoir – do fir se ëmzesetzen.
Et ass näischt esou upassungsfäheg wéi d’Kapital well se jo och dann nach weiderhi Gewënner och hei wëlle maachen.

8) Mer mussen haut ufänken ëmzedenken, och wa mer haut net mehrheetsfäheg sin. Mer hu net am leschten Détail Léisungen, besonnesch och well d’Oppositioun net all Informatiounen huet déi eng Regirung huet.
D’Regirung huet z.B. Etuden déi aner Weër opweisen, z.B. an der Stolindustri, a bestëmmt och an anere Sekteuren (z.B.Cargolux), déi se awer zréckhält, well se net an hir Strategie vun Upassung u gewëssen ekonomesch Intressen, z.B. denen vun den Investitiounsfongen, passen.
Mee et ass wichteg haut schon déi ze stäerken, déi en Emdenke fuederen! Fir dass se an der Châmber méi Drock op d’Regirung kënne maachen, fir dass se an der Châmber besser kënnen d’Uleiesen vun der Gesellschaft erfirbréngen.

Ech hoffen Iech iwwerzeegt ze hun, ärer Iwerzeejung als déi Lénk-Wieler och weiderhin kënnen trei ze bleiwen.

Serge Urbany, Deputéierten déi Lénk

DEINE FRAGE: Är Positiounen fir de Sozial- an Erzéiungsberaich?

FRAGE:

Vor- und Nachnamen der Fragesteller werden anonymisiert.

E puer dausend Leit aus dem Sozial- an Erzéiungsberaich maan sech enorm vill Gedanken z.B. waat di non-formal Bildung ugeet. Wéi ass Är Positioun zu den Verbesserungsvirschléi vun den Beruffsverbänn? An wéi stid Dir zur Emsetzung vun der Réforme fir d’Fonction publique. Am Projet de loi sin fir d’éischt an der Geschicht Gehälter fir den Educateur an Sozialpädagog (bac+3) richteg aclasséiert.

ANTWORT

Bonjour Madame V.,
Merci fir är Froën !

D’Positioun vun déi Lénk zu der non-formaler Bildung an de Verbesserungsvirschléi vun de Beruffsverbänn kënnt der noliesen an eiser Äntwert op d’Froen vun der APEG. Déi Äntewert fannt der am Attachment.

Wat d’Reform vun der Fonctioun publique ugeet, si mer eis bewosst, dass doran endlech eng Verbesserung fir d’Educateuren an d’Sozialpädagogen virgesinn ass. An deen Sënn hu mer op de CGFP-Fro zum Thema “Reform vun der Fonction publique” geäntwert:

“Alle positiven Verbesserungen, die vereinbart wurden (Revalorisierung verschiedener Laufbahnen, Harmonisierung der Aufstiegsmöglichkeiten, …), sollen so schnell wie möglich im Parlament zur Abstimmung gebracht werden. Verschiedenen Verschlechterungen – wie die Kürzung der Anfangsgehälter, die Kürzung der Entschädigung während der „Stage“-Zeit, die undifferenzierte Verlängerung der „Stage“-Zeit auf 3 Jahre, das geplante Bewertungssystem, die Übergangsbestimmungen bei Revalorisierung verschiedener Laufbahnen … – werden déi Lénk nicht zustimmen.

déi Lénk wehren sich jegliche Verschlechterung der Anfangsgehälter , sowohl in Bezug auf die die Referenzgehaltstufe, wie auch in Bezug auf die Anerkennung der Vordienstzeit („bonification d’ancienneté“), wo die Stage-Jahre und „nicht gearbeitete“ Jahre nicht mehr anerkannt werden.

An deem selwechte Sënn hu mer zum Thema “Gehälterofkommes” geschriwwen:

“Die von Regierungsseite vorgeschobenen Argumente zur Verschiebung des Abkommens von Juli 2011 auf Juli 2014 waren schon mehr als fragwürdig. Dieses Abkommen muss jetzt ohne Wenn und Aber umgesetzt werden. déi Lénk sind der Meinung, dass das Besoldungsabkommen auf jeden Fall in Kraft treten muss, auch dann, wenn Teile des Reformvorhabens nicht umgesetzt würden.

Mat beschte Gréiss,

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe