« Kann een d’Logementskris iwerhaapt léisen? » – Tribune libre

Tribune libre vun eise Spriecher Gary Diderich. Lauschtert hei.

Kann een d’Logementskris iwerhaapt léisen? Dat ginn ech oft gefroet, d’Désillusioun setzt déiw no iwer 40 Joer wou et fir emmer méi Leit méi schwiireg gett een Doheem ze hunn deen net méi wéi een Drettel vun den Friischten vun hiirer Aarbescht opfresst. Ja an nach eng Kéier ja, et ass méiglech wann den politeschen Wellen an Courage dofir do ass. Aktuell gesellt sech bei d’Wunnéngskris och nach eng Immobilienkris an eng Baukris dobäi. D’Wunnengskris dreckt sech aus an emmer méi héich Präisser déi emmer méi Leit et méi schwéier bis onméiglech maachen fir kennen ze wunnen. D’Immobilienkris dreckt sech aus doranner datt Leit Wunnengen kaaft hunn fir iwerdeiert Präisser an dann d’Präisser falen, d’Zensen an aner Käschten klammen an et fir zevill Leit déi zum falschen Moment kaaft hunn net méi opgeet. An d’Baukris ass wann zevill Akteuren wéinst emmer méi héigen Käschten (Zensen, Baukäschten,…) an ze niddregen potentiellen Recetten nom Bau einfach net méi bauen well et riskéiert net opzegoen. Mäer stiechen zu Letzebuerg matten an desen 3 Krisen déi zesummen een ganz explosiven Cocktail erginn. Och ouni des Verschärfung konnten Jonker, Monoparentaux, Fraen aus Fraenhäiser, Aarmer, immigréierend Persounen, Arbechter an Arbechterinnen, Flüchtlingen, Familles nombreuses et j‘en passe schon ganz oft keng Wunnéng fannen oder hunn missten an Wunnéngen ennerkommen déi iwerbeluegt an onsecher sinn bis hinn zu hiir Gesondheet oder wéi rezent zu Kayl carrément hiirt Liewen dobäi op d’Spill setzen beim Unterfangen fir méi schlecht wéi Recht enner Daach ze kommen. Nierwt dem menschlechen Aspekt ass dest och eng Gefor fir eis Ekonomie, wann mäer keng Aarbechtskräften méi kennen unzéien well se näischt fannen wou se kennen wunnen, dann steet de Butték.

Immobilien- an Baukris riskéieren zum Bau vu manner Wunnéngen, méi Verscholdung vun de Leit an Chômage (partiel) an domadder enger perte de compétences ze féieren. Dest ze verhenneren geet net iwer Steierdkadoen u grouss Promoteuren well laangfristeg brengt dat just méi Margen a Plus-Valu’en fir déi, déi schon zu de Gewenner vun der Wunnéngskris gehéieren.

Immobilien- an Baukris sinn villméi eng Chance fir den groussen Retard un effentlechen Wunnéngen zu Letzebuerg opzehuelen andeems een elo schnell d’Mesuren asetzt déi et brauch. D#effentlech Suen mussen virun allen an d’Zil fléissen fir déi aktuell 1-2% Wunnéngen déi dem Fonds de Logement, der SNHBM, enger ASBL oder enger Gemeng gehéieren mettelfristeg op 10% an laangfristeg op 25% ze hiewen. Et gett dofir keen besseren Moment wéi deen wou Promoteuren Bauprojeten opginn, Terrain’en verkafen mussen an een op kee Fall am Endeffekt nach manner well bauen. Fir dest z’erreeschen brauch et elo een groussen Wunnengsbau-Pak deen 4 Akteuren befähegt fir gläichzäiteg komplementär hiir spezifesch Stärken zu desem kollektiven Effort beizedroen:

  1. All Gemengen déi alleng oder zu e puer iwer 20.000 Awunner hunn an eng Wunnéngsbaugesellschaft à la SNHBM grennen kréien vum Logementsministär dat néidegt Personal finanzéiert fir direkt aktiv ze ginn an iwert den Pensiounsfong een Startkapital geléint. Pro Wunnéng déi zweschen 2023 an 2026 fäerdeg gestallt gett, gett et dat duebbelt u Primen fir déi jeweileg Gemeng wéi dat wat aktuell am Pacte Logement 2.0 virgesin ass
  2. ASBL’en wéi Abitatio vun der AIS kréien och d’Basispersonal finanzéiert fir verstärkt als sozial Promoteuren ze kafen an ze bauen
  3. Staatlech Akteuren, iwert den Ministère du Logement, den Fonds du Logement, d’SNHBM an een neien „Service Public de l’Habitat“ ennerstetzen des Akteuren an kafen & bauen selwer matt engem Fokus op déi ganz grouss Projet’en
  4. Den Pensiounsfong gett exklusiv Wunnkooperativen mam SIS Statut, wéi z.b. Adhoc, Accès zu Prêt’en op 99 Joer an den Staat verzicht bei desen Kooperativen op d’Droits d’enregistrement, d’Droits d’inscription an op den 14% TVA. Esou kennen Privatleit investéieren fir bezuelbaren Wunnraum ze schafen a selwer ze wunnen ouni datt aus deenen subventionnéiertem Modell een sech eng Plus-Value kann erauszéien.

Fir desen Wunnengsbau-Pak laangfristeg ofzesecheren an allen Akteuren planungssecherheet ze ginn, muss déi aktuell Reform vum 79er Gesetz dréngend iwerschafft ginn fir den Kritiken vun der SNHBM an der FEDAS gerecht ze ginn.

CETA an TTIP stoppen

Tribune libre RTL Radio/Radio 100,7

Virun engem hallwe Joer hunn Dausende Leit hei zu Lëtzebuerg géint den TTIP – dat transatlantescht Handelsofkommes mat den USA – demonstréiert. D’Plattform Stop TTIP hat dozou opgeruff, eng Plattform un där sech bal déi ganz lëtzebuerger Zivilgesellschaft zesummefënnt: Gewerkschaften, Ëmweltverbänn, Konsumenteschutz-, ONG’en a Baueren-Organisatiounen.

Si alleguerten deelen déi selwecht Analys: den TTIP, respektiv dat wat vun him bis lo bekannt ass, riskéiert, datt eis Ëmwelt- a Sozialstandarden erofgesat ginn an de Konsumenteschutz ënner d’Rieder kënnt.

Seele virdrun ass et an eiser Gesellschaft esou eng grouss an esou eng breet Allianz gi vu repräsentativen Organisatiounen, déi sech kloer an eendeiteg géint den Projet vun der EU-Kommissioun ausgeschwat hunn.

Well: den TTIP hëlleft just deene grousse multinationale Firmen, déi duerch dat Ofkommes op praktesch kéng Norme méi musse Rücksicht huelen. Den TTIP ënnerhielegt déi demokratesch a sozial Rechter vun de Bierger. Duerfir ass de Widderstand zu Lëtzebuerg an an Europa immens grouss a mer hunn gesinn, datt och an den USA d’Widderstänn ëmmer weider wuessen.

Bis elo sinn a waren déi Lénk awer déi eenzeg an der Chamber, déi sech kloer fir en Stopp vu Verhandlungen ausgeschwat hunn, esou wéi dat och d’Plattform gefrot huet.

Wéi d’lescht Woch verschidde Verhandlungsdokumenter geleakt goufen, hunn mer en Wiessel an der Attitüd vu LSAP, Gréng an esouguer bei Deeler vun der CSV gesinn: Hir Befierchtungen – esou huet et geheescht – wiere wouer ginn: esouwuel wat de Schutz vun de Konsumenten ugeet ewéi och déi ominéis Schiedsgerichter, déi et multinationale Firmen an Zukunft erlabe solle géint Länner ze kloen, wann hir Profitter wéinst neie Gesetzer kinnte beanträchtegt ginn.

Datt et lo zu engem Ëmdenke bei verschiddene Politiker ze komme schéngt, ass natierlech gutt, just: den TTIP huet nach en klénge Brudder: de CETA, en Fräihandelsofkommes mat Kanada, an deem praktesch alles dat drasteet, wat beim TTIP zu Recht kritiséiert gëtt. An de CETA ass schonns vun der EU-Kommissioun fäerdeg ausgehandelt.

Genee wéi beim TTIP ass et och beim CETA net kloer, ob déi national europäesch Parlamenter iwwerhaapt gefrot gi – an esouguer wann se géife gefrot ginn, kann et sinn, datt deen Accord scho virdru virleefeg an Kraaft trëtt an datt esou Fakte geschafe ginn, déi net méi réckgängeg kënne gemaach ginn.

Viru knapp 2 Wochen huet dat wallounesch Parlament seng Regierung opgefuerdert am EU-Rot géint dat virleefegt Akraafttriede vum CETA ze stëmmen an den Dag drop huet och den hollännesche Senat an deem Sënn ofgestëmmt.

Wann ee kritesch vis-à-vis vum TTIP ass, da muss een och kritesch géint de CETA sinn. D’Plattform Stop TTIP huet dozou opgeruff, datt och zu Lëtzebuerg esou eng Initiativ am Parlament geholl gëtt.

Duerfir hu mär als Lénk eng Motioun an der Chamber deposéiert an där d’Regierung opgefuerdert gëtt, sech géint de CETA auszeschwätzen, a wann se géif am EU-Ministerrot iwwerstëmmt ginn, zumindest duerfir ze suergen, dat den Accord net a Kraaft trëtt iert eis Chamber doriwwer ofgestëmmt huet.

Domadder verhënnere mer, datt CETA zu Bréissel stëllschweigend ofgeseent gëtt, ouni datt d’Chamber sech muss domadder befaassen.

Mer hoffen, datt elo endlech och déi aner Parteie Faarf bekennen, net nëmme beim TTIP, mee och beim CETA.

Marc Baum, député déi Lénk

Steierreform: Keng gerecht Ëmverdeelung a Siicht.

 

Tribune libre RTL Radio/Radio 100,7

D’Steierreform déi d’Regierung virgeluecht huet gesäit vir datt de Spëtzesteiersaz eropgesat gëtt vu 40 op 42%. Et hätt een natierlech eendeiteg driwwer kenne goen. Well ab 200.000 Euro d’Joer hält d’Steierprogressioun op.

Eng Erhéijung vum Spëtzesteiersaz ass richteg well déi héier Léin méi zur Keess vun der Allgemengheet bäidroen.

De Problem ass awer deen datt mer elo nëmme vu Besteierung vun de Lounofhängege schwätzen.

Dat richtegt déckt Geld awer, also d’Profitter vum Kapital, dat gëtt net nëmme verschount.

Dat kritt souguer Cadeau’en. Vun 29% op 18% soll d’Kierperschaftssteier erofgoen. Zur Erënnerung : 1986, also 30 Joer hir, louch se nach bei 40%.

Dat wäert der Staatskeess eng hallef Milliard kaschten, Tendenz pro Joer wuessend.

Zanter Jorzéngten, jo, Jorzéngten, behaapt de politesche Milieu et wier gutt fir d’Wirtschaft wann d’Steieren erofgesat ginn. An zanter den 80er Joere kréien d’Betriber ëmmer méi Geschenker gemaach. Wuelverstanen : ech schwätzen elo net vum Coiffeurssalon.

A Wierklechkeet mécht d’Regierung eng Ëmverdeelung INNERHALB vum Salariat.

Andeems awer d’Kierperschaftssteier erofgesat gëtt, kennt et zu kenger Ëmverdeelung tëscht Kapital a Salariat. Am Géigendeel, d’Kapital wäert nach manner zum Staatsbudget bäidroen, mat engem wuessenden Defizit, dee sech an eng Schold wäert verwandelen. Eng Schold déi d’Land vun de Finanzmäert nach méi wäert ofhängeg maachen. Mir kennen d’Geschicht.

An iergend eng Kéier kréie mer gesot mir hätten iwwert eis Verhältnesser geliewt… A da ginn d’Dämone vun de Finanzmäert rosen a fuerdere weider Opfer.

An da kréie mir e weidere Spuerpak – an do kennt der sécher sinn datt esouwuel d’Regierungsparteie wéi och CSV an ADR do matmaache wäerten.

D’Kapital gëtt an Europa zanter Jorzéngte vun de Steiere befreit. An dann ?

Geet et der Gesellschaft besser ? Sinn d’Léin eropgaangen ? Nee, si stagnéieren. Awer net d’Profitter, well déi ginn erop.

Ginn et méi sécher et qualitativ Aarbechtsplazen ? Neen, déi ginn ëmmer méi prekär, zemools déi Jonk sinn ëmmer méi vu Kuerzzäitverträg betraff, déi et engem onméiglech maachen d’Liewen e bëssen z’organiséieren.

A Wierklechkeet ass d’Situatioun déi heiten : Multi’en an Oligarche vun Industrie a Finanzwelt bastelen sech eng Welt wou se sech ëmmer méi vu Steiere befreien, Kapital unhäufen an domadder hir ökonomesch a politesch Muecht.

An dat ass eng geféierlech Perspektiv.

Marc Baum – E schwaarze Freiden

E schwaarze Freiden

Mir stinn nach alleguerten ënnert dem Schock vun deem, wat leschte Freiden zu Paräis geschitt ass: Hei goufen net nëmmen op eng feig a bestialesch Aart a Weis Mënsche massakréiert, hei hu mer eng Attack gesinn op d’Fundamenter vun eiser demokratescher a multikultureller Gesellschaft. Willkürlech sinn Honnerte Mënsche cibléiert ginn, Mënsche vun ënnerschiddlechster Nationalitéit, Relioun an Hierkonft. Leit, déi awer eppes gemeinsam haten, nämlech datt se zesumme gelieft hunn. Eng Attack op Wäerter wéi Fräiheet, Gläichheet a Bridderlechkeet, déi Wäerter, déi an der franséischer Revolutioun erkämpft goufen a géint all Grujelegkeete vum 20. Joerhonnert ëmmer nees op Neits hu misse verteidegt ginn.
An loosse mer et direkt soen: Déi Leit, déi dat dote gemaach hunn, waren net nëmme reliéis Fanatiker, et waren organiséiert Faschisten. D’Relioun ass do nëmmen de Virwand fir eng faschistesch a mënschenveruechtend Ideologie, wéi mer se viru véier Joer a Norwege bei engem Anders Breivik hu misse gesinn. Déi rietsextrem Faschisten an eise Länner an am mëttleren Osten hunn objektiv gesi gemeinsam Zieler:

1) wëllen se Angscht séinen, datt mer aus där Angscht eraus d’Fräiheeten an eis fräiheetlech Rechter opginn;

2) sollen dës Ugrëff eis Gesellschaft auserneendreiwen, eis opsplécken an national, reliéis oder kulturell Communautéiten, déi sech feindlech géigeniwwer stinn. Si wëllen eis demokratesch a multikulturell Gesellschaft duerch e sougenannte „Clash of cultures“ opléisen;

3) versichen se, eis an eng Krichslogik ze dreiwen, well de Krich, an d’Suitte vu Kricher, sinn net nëmmen hir Geschäftsgrondlag, mä och d’Bedingung, datt dës reaktionär Ideologie permanent wuesse kann.
Dësen dräi Ziler vun de Faschiste musse mer entgéinttrieden!

Duerfir däerfe mer och net d’Feeler aus der Vergaangenheet widderhuelen. Déi kriegeresch Reaktioun vum George Bush op d’Attentater vun 2001 huet d’Situatioun just verschlëmmert an de Bin Laden’en op der Welt just an d’Täsch gespillt. Déi dausende Leit, déi zu Lëtzebuerg deemools op d’Strooss gaange sinn a géint de Krich protestéiert haten, hu geahnt, datt milliounenfache Misär, deen imperialistesch Kricher mat sech zéien, de Problem net géif léisen, mä, am Géigendeel, nach verschlëmmere géif. Si sollte Recht behalen: Déi faschistesch Gruppe sinn esou staark wéi ni virdrun.
Millioune Leit vun ënnerschiddleche Reliounen an Nationalitéite sinn haut a ville Kontinenter op der Flucht virun dësem Terror. De Freideg hu mer e Bild dovunner kritt, wéi deen Terror ausgesäit, virun deem Leit op der ganzer Welt fortlafen. Duerfir sollt eis kloer sinn: Mënschen, déi viru Gewalt flüchten, muss eis Solidaritéit an Ënnerstëtzung gëllen. An et muss ee bäifügen: Och Honger ass Gewalt!

Jo, et gi Responsabeler fir dës Grujelegkeeten an et sinn net d’Réfugiéen, déi virun dëse Monstrositéite flüchte mussen. Wa mer wierklech wëllen nohalteg géint dës faschistesch an integristech Kräften an alle Länner virgoen, da musse mer ophalen, ganz Regiounen an en eenzegt Krichsgebitt ze verwandelen, mer mussen ophalen, Geschäfter mat deene Länner ze maachen, déi Gruppe wéi ISIS direkt oder indirekt finanzéieren. A mer mussen ophalen, duerch eng geckeg Wirtschafts- a Sozialpolitik, Mënschen an hiren an eise Länner de Buedem regelrecht ënnert de Féiss ewechzéien an sinn doduerch an d’Äerm vun deenen ze dreiwen, déi alles dat zerstéiere wëllen, wat mär „eis Wäerter“ nennen.

Nëmme wa mer eis deem faschistesche Fluch iwwerall entgéintstellen, wou mer e begéinen, nëmmen da kënne mer déi Leit würdegen, déi duerch hien ëmbruecht goufen.

Fräi Radiostribün mam Serge Urbany: Referendum, e Stéck Demokratie

Referende waren an der Geschicht méi wéi eng Kéier e Stéck vun der Demokratie.

Bei der Novemberrevolutioun 1918 ass d’Ofdanke vun der Groussherzogin Marie-Adelheid gefuedert an erreecht gin. Si hat sech mam däitsche Keeser kompromittéiert, an offen hir Sympathie fir d’Rietspartei gewisen. 1919 ass du kloer an d’Verfassung geschriwwe gin, dass d’Staatsgewalt vum Vollék ausgeet a net méi vum Grand-Duc. Gläichzäiteg ass dat allgemengt Wahlrecht ouni Akommesbedingung komm, och fir d’Fraen.

Nodeem d’Demokratie gewonnen hat, ass an engem Referendum déi nei Grand-Duchesse Charlotte mat 66.811 Stëmme bestätegt gin. Ëmmerhin 16.885 Biergerinnen a Bierger haten sech demols scho fir d’Republik ausgeschwat – zu Esch an zu Rëmeléng esouguer eng Majoritéit vun de Leit.

1937 huet d’Vollék mat 51% d’Maulkuerfgesetz vum klerikale Staatsminister Bech ofgeleent, dat d’demokratesch Rechter aschränke wollt a schons duerch d’Chamber gaange war.

2005 huet de Neen zur neoliberaler EU-Verfassung 44% vun de Stëmme kritt – an am Süden esouguer wäit iwwer 50% – obschon och deen Text mat grousser Zoustëmmung duerch d’Chamber gaange war, an obschons de Juncker mat Démissioun gedreet hat.

Et geet och 2015 nees em wichteg demokratesch Froen.

D’allgemengt Wahlrecht, wat 1919 agefouert gouf, ass haut a Fro gestallt.

Bal d’ Halschecht vun de Leit – déi mat eis zesumme schaffen an niewent eis wunnen – kënne net un der Gestaltung vun der Politik deelhuelen.

Dat ass eppes aneschtes wéi e Pass hun. De lëtzebuerger Pass ass eng Fro vu Nationalitéit, vun Zivilstand, vu Gefill. D’Wahlrecht ass eng Fro vun der Demokratie: Do wou ech wunnen wëll ech no enger Zäit och matbestëmmen, esou wéi haut scho bei de Gemengewahlen an den Europawahlen an och de Sozialwahlen.

Grat esou wichteg ass d’Fro vum Wahlalter. A Schottland an Eisträich bei Nationalwahlen, a villen däitsche Bundeslänner bei Kommunal- a Regionalwahlen, hun déi Jonk scho mat 16 Joer d’Wahlrecht. Déi Jonk sin am meeschte betraff vun den Décisiounen déi haut geholl gin, wat eng propper Emwelt, gudd Arbéchtsplaatzen a sozial Sécherheet, grat esou wéi de Fridden ugeet. Si kënne jo och ënner 18 Joer schaffe goen an esouguer an d’Arméi.

CSV an ADR si géint d’Froe vum Referendum a wëlle 4mol mat Neen äntwerten. Och bei der Fro iwwer d’Paschtéischgehälter. Déi Partei, déi esou dacks an der Geschicht géint de Fortschrëtt war, huet Angscht virum Referendum. A wat soll ee vum ADR halen, dee “méi Referendum” verlaangt wann et géint den Tram geet – awer net wann et em méi Demokratie geet.

Déi Lénk werte prinzipiell an dësem Referendum Jo zur Demokratie soen a schaffe konstruktiv mat un der definitiver Formuléirung vun de Froen. Mer sin awer weiderhin géint déi neoliberal Ausriichtung och vun dëser Regirung. Mee wat méi betraffe Leit hir Oppositioun zu deër Politik bei Wahlen ausdrécke kënnen, wat eng aner Politik och erëm zu Lëtzebuerg méi eng grouss Chance kritt.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe