Nee zu enger Corona Tracing-App.

Durant la pandémie, et surtout dans la discussions autour des stratégies de déconfinement, différents pays ont commencé à discuter et à envisager la mise en place d’une application de traçage (contact tracing app). Une telle application permettrait de savoir qui a été en contact avec qui permettant ainsi, si une personne est identifié infectée, de retracer les personnes avec qui elle a été en contact et de les tester et/ou placer en quarantaine.

Si le Gouvernement luxembourgeois s’est, depuis le début, montré défavorable face à l’instauration d’un tel système, le Parlement a, sur initiative des Pirates, voté une motion concernant les conditions dans lesquelles une telle application devrait agir. Ainsi son utilisation devra être basée sur le volontariat et son code-source devra être publié.

déi Lénk estime, outre les doutes sur la faisabilité technologique, qu’une telle application de pose un réel danger pour les libertés fondamentales de la population ainsi que pour la protection des données individuelles et a donc décidé de ne pas soutenir cette motion. Si vous voulez vous informer un peu plus sur le fonctionnement et les modalités des applications de traçage, nous vous conseillons de lire les articles de l’association la Quadrature du net disponible ici (https://www.laquadrature.net/).

Ried vum Marc Baum

Déi Diskussioun wou mir hei féieren ass ganz bosseg. Jiddereen deen ech lo hei héieren hunn, all Fraktioun, och d’Regierung, huet gesot si wéilten keng Tracing App. Ma dann halen mer dat fest an mir gi der Regierung en kloren Optrag: komm mer maachen keng Tracing App. Dat ass jo Jidderengem seng Meenung. Dofir fannen ech déi Motioun, och wann se gutt gemengt ass, wierklech superfétatoire. Et ass ongeféier esou wéi wann een géif soen mer wëllen keen Krig géint Schwäiz féieren. An dann gi mir eng Motioun eran, jo mä wann Krich géint Schwäiz, dann hätten mier awer gär déi an déi Konditiounen. Ne, komm mir bleiwen kloer. Mier wëllen keen Krich. Mier wëllen keng Tracing App. Komm mir loossen et dofir si.

Firwat? Firwat wëllen mer keng Tracing App? Éischtens, et gëtt awer guer keng wëssenschaftlech Etüd déi den Notzen vun esou enger Tracing App, bis elo, ob iergend eng Aart a Weis bewisen huet. Am Géigendeel, an ech si frou dass déi fréier Gesondheets-Ministesch dorop higewisen huet, et ass net sécher dass esou eng App iergend eppes bréngt.

Firwat? Well viraus gesat gëtt, souguer bei deenen déi dofir si, dat 60 bis 80 Prozent vun enger Populatioun mat enger Tracing App missten ausgestallt si vir dass déi iwwerhaapt en theoreteschen Notzen huet. Verschidden Länner hätten se scho agefouert an ganz kuerz drop, aus genau deene Grënn, nämlech well d’Populatioun net genuch matgemaach huet, hunn se d’App erëm ausgesat.

Ech fäerten dat dermadder eppes Aneschters gemaach gëtt, nämlech e Fouss an d’Dier gesat gëtt vir eng Beschneidung vun wesentlechen Fräiheetsrechter, vir eng Beschneidung vum Dateschutz. An ewéi gesot, wann mir eis Alleguer Eens sinn dass mer dat net wëllen, dann brauchen mir keng esou eng App.

Wann elo gesot gëtt, jo mä et ka sinn dass eis Nopeschlänner oder d’Europäesch Union eis dat opzwéngen, an domadder eventuell Rees-Beschränkungen verbannen, dann muss een ganz kloer soen dat dat en Broch vun europäeschen Traitéen ass. Also éischter brescht d’Europäesch Union zesummen ewéi dass datoen eng Bedingung gëtt vun Rees-Beschränkungen.

Dofir stëmmen mir dat heiten net mat. Mier mengen d’Regierung soll en ganz kloert Verhandlungs-Mandat hunn. Déi Positioun wou si d’ailleurs am Ufank haten, nämlech vir ze soen « Mier wëllen esou eng App net », an och dobäi bleiwen. Mier mussen eis scho bewosst sinn et gëtt am Moment een groussen Gewënner vun dëser Kris, an dat sinn all déi grouss Boiten ronderëm Digitaliséierung. Dat sinn d’Gafa, Google, Amazon, Facebook. Dat sinn d’ailleurs déi wou am stäerksten hei hannendrun si datt dat realiséiert gëtt.

Mier däerfen et net dozou kommen loossen dat Grondleeënd Fräiheetsrechter den groussen Verléiere vun dëser Kris sinn. Dofir stëmmen mir déi Motioun net mat.

Kee CETA am Confinement. Kee CETA tout court!

De Fräihandelsofkommes tëschent Kanada an Europa, kuerz CETA, gouf de 6.Mee zu Lëtzebuerg vun der Chamber ratifizéiert an dat ouni d’Stëmme vun déi Lénk, der Piratepartei an dem Adr an ouni déi vun der CSV, déi sech dem Vott entzunn huet.

Am Virfeld vum Vott an der Chamber, hunn déi Lénk d’Initiativ geholl eng Protestaktioun op de soziale Reseau’en ze starten, fir ze verhënneren, dass CETA wärend dem Etat de crise gestëmmt gëtt, deen d’Versammlungsfräiheet ophieft an domat den Ausdrock vu Widderstand am ëffentleche Raum quasi onméiglech mécht. Fir déi Lénk ass des Virgoensweis vun der Regierung ee Schlag an d’Gesiicht vun der Demokratie an der Zivilgesellschaft, besonnesch wann ee weess, dass 2017 zu Lëtzebuerg dausende vu Leit géint de CETA op d’Strooss gaange sinn, an honnert dausenden europawäit géint de CETA mobiliséiert waren a nach ëmmer sinn.

déi Lénk hunn de 5. Mee an der Chamber nach emol insistéiert, fir dass de Ceta vum Ordre du Jour verschwënnt, mee d’Majoritéitsparteie wollten net mat sech schwätze loossen. Den OGBL an de Mouvement écologique hunn des Protestaktioun ënnerstëtzt an och iwwer hir Reseau’en mobiliséiert. Ënnerhalb vu 24 Stonne goufen honnerte Mailen un déi eenzel Deputéiert verschéckt vu Leit aus der Zivilgesellschaft, déi een Nee zum CETA fuerderen.

Trotz Confinement, haten sech ronn 100 Leit den Dag vum Vott virum Cercle op der Place d’Armes versammelt fir nach emol physesch géint CETA ze demonstréieren.

Den David Wagner huet a senger Ried an der Chamber erkläert, firwat d’Regierung dat Fräihandelsofkommes onbedéngt wärend dem Etat de crise wollt duerchboxen a wat fir nefast Repercussioune CETA op eis Wirtschaft, Ëmwelt an Demokratie wäert hunn.

D’Ried als PDF. Den CETA erkläert op LU als PDF.

Den CETA erkläert. Firwat sinn déi Lénk géint des Zort vu Fräihandelsaccord’en?

C’est quoi déjà CETA ? Le CETA est un traité économique entre l’Union européenne et le Canada. Il s’agit d’un accord commercial “de nouvelle génération”, ce qui veut dire qu’il traite non seulement des questions commerciales à proprement dits, mais de manière très globale de tous les aspects économiques entre les deux parties : la protection des investissements avec un tribunal d’arbitrage, la libéralisation des services et des marchés publics, l’harmonisation des standards, la propriété intellectuelle, la politique de compétition, etc. Continuer la lecture


Pourquoi CETA est-il anti-démocratique? Les négociations pour CETA ont été menés à huis clos par les technocrates de la Commission européenne et du gouvernement canadien. Si les représentants des gouvernements à Bruxelles ont été informés des pourparlers, les députés des parlements nationaux ont à aucun moment eu accès à des documents de négociation. Par contre, les groupes de lobbying des multinationales ont été consultés tout au long du processus. Continuer la lecture


CETA : Le Luxembourg attaqué par Google ? Le scénario est hypothétique, mais pas du tout improbable. Suite à une mobilisation massive de la population, le Ministre de l’Économie luxembourgeois est contraint de faire marche arrière et d’abandonner le projet Google à Bissen. Une multinationale américaine comme Google n’a besoin que d’une filiale au Canada pour pouvoir utiliser le tribunal d’arbitrage qui sera introduit par l’accord CETA entre l’Union européenne et le Canada. Prétendant être victime d’un “cas d’arbitraire manifeste” selon l’article 8.10 (2) de CETA, il pourrait alors porter plainte et réclamer des dédommagements à hauteur de plusieurs centaines de millions d’euros… et aurait de bonnes chances de gagner. Continuer la lecture


Klimakiller CETA. Contrairement aux chapitres relatifs aux dispositions commerciales, les chapitres sur le développement durable dans CETA ne contiennent pas d’engagements contraignants et ne sont pas soumis au mécanisme de règlement des différends général de l’accord. En d’autres termes, une violation des engagements climatiques, lesquels sont d’ailleurs formulés de manière très générale, ne peut pas être sanctionnée dans le cadre de CETA. Continuer la lecture


La coopération règlementaire dans CETA. Lorsque les défenseurs de CETA sont interpellés au sujet de la coopération réglementaire , ils expliquent souvent qu’il s’agit d’harmoniser la taille des rétroviseurs de voiture. En coupant court à la discussion de cette sorte, ils cachent la véritable étendu de ce mécanisme complexe. Car ce chapitre vise pratiquement toutes les législations réglementaires et les normes, p.ex. les règles de sécurité des produits et services, les règles de protection des consommateurs, les standards environnementaux, les règlementations sociales et du travail etc.
Une harmonisation ou une convergence de ces règlementations est impossible à atteindre d’un coup lors des négociations, ce pourquoi l’UE vise une collaboration étroite dans le temps qui arrivera peu à peu à des résultats. L’impact de CETA sur les réglementations et les normes ne sera donc pas visible lors de la conclusion de celui-ci, mais sera déterminé lors des années et décennies consécutives, lorsque l’attention du public aura diminué. Continuer la lecture

Debatt PSC/PNR: Wie bezilt fir d’Kris?

Ëm wat ass et gaang ?

De 5. Mee huet am Parlament eng Diskussioun stattfonnt iwwert déi makroekonomesch Politik fir déi nächsten 2 Joer an ënnert anerem iwwert d’Fro, wéi een d’Relance vun der Wirtschaft no der Kris organiséiert a wie schlussendlech fir d’Kris muss bezuelen.

Ausgangspunkt war d’Präsentatioun vum Programme de stabilité et de croissance (PSC) an de Plan national de réforme (PNR). Dëst sinn Dokumenter, déi all EU-Member am Fréijoer muss op Bréissel schécken. Am PSC geet et iwwert déi kuerz- a mëttelfristeg Budgetsplanung an am PNR iwwert déi geplangte Reforme vun der Regierung. 

D’Ried als PDF.

Wat huet déi Lénk dozou gesot ?

No der leschter grousser Wirtschaftskriis hu net déi misste bezuelen, déi se ausgeléist hunn. Grad am Contraire : d’Finanzjongleuren op der Wallstreet an op den anere Finanzplaze konnten sech duerno nach eng gëlle Nues verdéngen. Deemools huet d’EU ganz Europa e rigorosen Austeritéitsprogramm veruerdnet. D’Resultat vun där geckeger Spuerpolitik war deemools eng unhalend Rezessioun, Rekordarbechtlosegkeet a sëllege Länner, Millioune vu Familje sinn ënnert d’Armutsgrenz gerutscht a wichteg staatlech Servisser sinn zerschloe ginn.

Dëss Kéier musse mer d’Suen do siche goen wou se sinn a gläichzéiteg eng reell Steiergerechtegkeet anféieren. Mir kënne beim Steier-Barème ouni Problem e puer Tranchen bäisetzen fir déi Leit iwwert 200.000 Euro Joresakommes. Mir kënnen a mussen d’Kapitalrevenuen an déi grouss Patrimoine méi besteieren. Mir hu vill Sputt no uewe bei der Taxe d’abonnement an och bei der Betriibsbesteierung. Mir kënnen endlech eng Finanztransaktiounssteier aféieren, d’Immobilespekulatioun taxéieren an ophale mat deenen total geckegen a sënnlose Rüstungsausgaben. 

Fir d’Relance ze organiséieren setzen déi Lénk op 3 Punkten : Eischtens d’Kafkraaft vun de Leit stäerken, zweetens en ambitionnéierten a gezielten Investitiounsprogramm op d’Been stellen an drëttens, an drëttens eng éierlech grenziiwerschreidend Kooperatioun aleeden.

Stëchwuert Kafkraaft. Wa mer wëllen datt de Motor nom Cofinement rëm uspréngt, da brauch et eng renforcéiert Demande. Nach méi wichteg ass awer, datt et net zu enger Explosioun vun der Aarmutt an de sozialen Inegalitéite kënnt. Genee elo wär et méi néideg wéi je virdrunner, déi niddreg a mëttel Akkommes steierlech ze entlaaschten. Desweideren muss de Revis gehéijt ginn, d’Familjenzoulagen muss en e Sprong maachen an un den Index ugepasst ginn – genee wéi iwwregens d’Steiertabell – a mir musse seriös Mesüren huele fir d’Loyen’en ze begrenzen. An natierlech muss an engem zweete Ulaf, wann d’Situatioun sech stabiliséiert huet, och de Mindestloun substantiel gehéijt ginn.

Stëchwuert Investitiounsprogram. Investitiounen musse gemaach gi wou se néideg sinn a fir eis ass de kruziale Beräich nach ëmmer de Logement. Mir brauche en riisege Bauprogramm fir ëffentlech Mietwunnegen mat dezente Loyerspräisser. Mir brauchen awer natierlech och frësch Investitiounen an de Gesondheetssystem an an déi öffentlech Servicer generell, dorënner natierlech och an d’Schoulen an d’Betréiungsstrukturen. A mir brauchen drëttens cibléiert Investitiounen an de Beräicher Energietransitioun, Klimaschutz, ëffentlechen Transport an nohalteg Landwirtschaft.

Stëchwuert grenziwwerschreidend Zesummenarbescht. Grenziwwerschreidend Zesummenarbecht ass kee Sens Unique. An et gëtt se och net zum Nulltariff. D’Groussregioun kann zu engem Labor ginn, wéi mer d’Grenze kënnen iwwerwannen an déi basisdemokratesch Zesummenarbecht tëschent de Populatiounen op e neie Niveau hiewen. Mä dofir mussen och mir hei zu Lëtzebuerg déi national Egoismen iwwerwannen an déi Kollaboratioun éierlech an op Aenhéischt mat eise Noperen ugoen.

Mir gi grad duerch eng schwéier Zäit an déi lescht Wochen hu vill vun de Leit ofverlaangt. Mä dat Ganzt däerf net ëmsooss sinn, mir muss dës Kriis als Ulass huelen, e neien Ufank ze woen. Mir mussen d’Relance organiséieren an déi Relance kombinéieren mat engem Ëmbau vun eisem Wirtschafts- a Gesellschaftsmodell. Mir mussen déi sozial Inegalitéite bekämpfen, Steiergerechtegkeet hirstellen an eist d’Land mat eise Noperregiounen op d’Zukunft préparéieren. Fir datt aus der Kriis eng Chance gëtt.

Staatsgarantie: Eng Finanzsprëtz fir grouss Betriber, ouni Verflichtungen.

D’Staatsgarantie geet vill méi wäit ewéi eng Noutmesür fir Betriiber mat Liquiditéitsproblemer an der Kris. Si ass nämlëch Deel vun enger post-corona Relance-Strategie, déi un dat erënnert wat no der Wirtschaftskris 2008 passéiert ass, wou d’Staatsgelder d’Banke gerett hunn an d’Leit gezwonge gi sinn de Rimm méi enk ze zéien fir d’Staatskeesen erëm ze fëllen. Wat d’Banke mat deene Sue gemaach hunn, war deemols ganz hinnen iwwerloss.

D’Staatsgarantie an der Coronakris ass eng alt erëm eng Délégatioun de Pouvoir vum Staat un d’Banken : leschtenends entscheede privat Akteuren iwwer den Asaz vu Steiergelder. Et sinn nämlëch d’Banken, déi mat de Betriber (hir Client’en) zesumme kucken, wéi d’Suen agesaat ginn, daat ouni gréisser Konditiounen.

De Gesetzestext vun der Staatsgarantie gesäit kéng Konditioune fir, wat mat dësen Suën geschéien daerf a waat nët.

Eng Bank kann also d‘Staatsgelder, déi d’Suen vun eis alleguerte sinn, u Betriber weiderléinen, déi domat maache kënne, wat se wëllen:

  • Hir Scholden restrukturéieren (en deiere Kredit géint e bëllege Kredit tauschen)
  • Weiderhinn Dividenden un hir Aktionären ausschëdden
  • Aktien zeréckkafen fir ee Spottpräiss an domat nach Gewënn maachen
  • Bonien u Manager ausbezuelen
  • Investitiounen am Ausland maachen
  • De Betrib ëmstrukturéieren a Leit entlossen

Am Gesetz gëtt och keen Ënnerscheed gemaach tëschend klengen a grousse Betriber.

Ofgesinn vun der « prime de garantie » huet zum Beispill eng Arcelor déi selwescht Bedingungen an Konditiounen wéi de Coiffeur um Eck.

Géigeniwwer vu grousse Betriber muss een awer méi Précautiounen géint Abus’en huelen (Montant’en si méi héisch) an et muss ee méi Bedingunge stellen:

  • All Dossier ab engem gewësse Montant (z.B. 1mio) misst virdrunner vum Ministère iwwerpréift a genehmegt ginn !

Bei de klengen Aiden fir Kleng- a Mëttel Betriber huet de Wirtschaftsministär sech net genéiert Dossieren méi genee ze analyséieren.

Corona-Pandemie. Tag 1 der Exit-Strategie.

déi Lénk haben sich mit dem von der Regierung beschlossenen, etappenweisen Austritt aus dem Corona Lock-Down befasst, der heute beginnt. Wegen seiner weitgehenden Einschränkung der Bewegungs- und Versammlungsfreiheit und dem Lahmlegen weiter Teile des Lebens konnte der Lock-Down nur eine Vorsichtsmassnahme zur Eindämmung der Verbreitung eines Virus sein, der sich weltweit sehr schnell verbreitet hatte und für den es kaum wissenschaftliche Erkenntnisse und noch keine anerkannte Therapie gibt. So wie die Gesundheit aller Bevölkerungsschichten maßgebend bei der Verhängung des lockdown war, muss sie es auch bei der Lockerung der Maßnahmen sein.


Am Tag 1 der Exitstrategie sind unsere Gedanken bei den Schichten der arbeitenden Bevölkerung, die im Interesse der Allgemeinheit in nächster Zeit auf der Bresche stehen werden, wie das Krankenhaus- und
Pflegepersonal, das Personal im Reinigungssektor, in den Geschäften, im öffentlichen Transport, im Bausektor und das Lehrpersonal.


Wir verlangen, dass alle, die nicht zu Hause arbeiten, systematisch getestet werden und so eine frühzeitige Erkennung und ggbfs. Behandlung der Covid-19-Krankheit sichergestellt wird. Schutzmaterialien müssen überall in genügender Zahl zur Verfügung stehen. Diese Menschen müssen ein Recht auf Entbindung und Rückzug von der Arbeit erhalten, wenn ihre Sicherheit nicht garantiert werden kann und/oder es sich um Personen handelt, die einem gröβeren Risiko ausgesetzt sind.

Das Patronat im privaten und öffentlichen Sektor muss an seine arbeitsrechtliche Verantwortung gebunden bleiben, die Sicherheit seiner Beschäftigten zu garantieren. Dies kann nicht über die öffentlichen Krankenkassen geregelt werden, denn zu einer Risikogruppe zu gehören oder sich weigern, sich unnötiger Gefahren aus mangelndem Schutz am Arbeitsplatz auszusetzen, ist keine Krankheit!


Wir werden uns auch gegen alle Versuche wehren, in Zukunft die Grundrechte auf Bewegungs- und Demonstrationsfreiheit, das Recht auf körperliche Unversehrtheit, die freie Meinungsäußerung u.a. durch elektronische Überwachungssysteme in Frage zu stellen und das gesundheitliche Krisenmanagement zum Normalfall werden zu lassen, wie es sich Google, Apple, Big Pharma, oder Black Rock vorstellen.


Wir sehen im Moment wer das Leben am Laufen hält, auch durch Téléarbeit. „Sous le Haut Patronage de nous-mêmes” steht in groβen Lettern an der Fassade der Salariatskammer in Luxemburg geschrieben. Das muss endlich auch das öffentliche Leben nach der Krise bestimmen!
Wir brauchen ein aufgeklärtes und präventives Umgehen mit gesundheitlichen Fragen und mit dem Klimaschutz, sowie ein Umdenken bei der Organisierung der internationalen Wirtschaftsströme und der Nachhaltigkeit unseres Lebens.

Schutz vu Salarié’en: déi Lénk verlaangen e Bilan iwwer d’Auswierkunge vun den Ofwäichunge vum Aarbechtsrecht.

D’Regierung huet decidéiert, dass an de 14 als essentiell zielende Secteuren d’Reegelunge fir d’Aarbechtszäit fir d’Dauer vun der Kris geännert ginn. Anstatt maximal 10 Stonnen den Dag, ka lo 12 Stonne geschafft ginn. Anstatt 48 Stonnen d’Woch dierf elo 60 Stonnen d’Woch geschafft ginn. déi Lénk verstinn, dass des Mesure am Santé- oder Fleegberäich ausnamsweis ka Sënn maachen, wann et zu Engpäss sollt kommen, mee froen sech awer firwat dat och fir Liewensmëttelgeschäfter oder Geschäfter fir Déierefudder ziele soll.

déi Lénk ënnerstëtzen des Virgoensweis net, wëll hei Schutz a Wuelbefanne vu Salarié’en net méi un éischter Plaz stinn.

Wëll des Ännerung iwwer Reglement vun der Regierung eleng gemaach ginn ass, huet d’Chamber och net doriwwer ofgestëmmt. E Vott huet also net stattfonnt.

déi Lénk hunn awer eng Motioun zur Ofstëmmung bruecht, déi fuerdert, dass no der Kris gekuckt gëtt, wat d’Auswierkunge vun dëser Lackerung vum Schutz vu Salarié’en punkto Aarbechtszäit waren.

Des Motioun gouf am Kader vun der Debatt iwwer d’Hëllefe fir kleng a mëttel Betriber (PME) gemaach (ganz Ried ënnen).

Wéi eng Secteur’en hunn des Méiglechkeete genotzt? Wéi vill a wéi eng Salarié’en ware betraff? Wéi vill Stonne goufe méi geschafft? Wéi goufen a ginn déi betraffe Salarié’en kompenséiert? Op dem Wee soll garantéiert ginn, dass no der Kris méiglech Abus’en kënne festgestallt ginn an natierlech, dass d’Salarié’en och déi richteg Kompensatioune fir des zousätzlech Laaschte kréien.

D’Motioun gouf eestëmmeg ugeholl.

 

Motion

La Chambre des Députés

  • Vu l’article 32, paragraphe 4 de notre Constitution ;
  • Vu la loi du 24 mars 2020 portant prorogation de l’Etat de crise ;
  • Vu le règlement grand-ducal du 27 mars portant introduction d’une dérogation à l’article L.211-12 du Code du travail qui autorise le Ministre du Travail, de l’Emploi et de l’Economie sociale et solidaire à porter la durée de travail maximale à douze heures par jour et soixante heures par semaine sur demande dûment motivée d’une entreprise dont les activités sont énumérées à l’article 2, paragraphe 3 et à l’article 5 du règlement grand-ducal modifié du 18 mars 2020 ;
  • Considérant que l’une des plus anciennes préoccupations en matière de législation du travail a été la réglementation de la durée du travail ;
  • Considérant que le progrès social des derniers cent ans s’exprime entre autres par la réduction successive du temps de travail ;
  • Considérant que l’augmentation de la durée de travail maximale à 12 heures par jour, respectivement 60 heures par semaine constitue une charge considérable pour les salarié.e.s concerné.e.s ;
  • Considérant que les dérogations ainsi émises par le Ministre prennent fin le 24 juin 2020 au plus tard ;
  • Estimant qu’une augmentation de la durée du temps de travail maximal en temps d’état de crise devrait se limiter au plus strict minimum après épuisement de tout autre moyen ;

invite le Gouvernement

  • à présenter à la Chambre des Députés après la fin de l’état de crise un bilan exhaustif de l’ensemble des dérogations émises par le Ministre du Travail, de l’Emploi et de l’Economie social et solidaire. Ce bilan devant comporter les entreprises et le nombre respectif de salarié.e.s concerné.e.s par secteur d’économie, le nombre d’heures prestées dépassant les 48h par semaine par entreprise et par secteur, ainsi que les mesures compensatrices proposées par les différentes entreprises aux salarié.e.s concerné.e.s.

Projet de loi 7532 – Hëllefen fir PME a Kulturschafender

Ried als PDF

Dëst Gesetz hunn déi Lénk matgestëmmt. Eng Villzuel vu klenge Betriber kéint ouni ëffentlech Hëllef des Kris net iwwerstoen. Déi vill Aarbechtsplazen an dësen Entreprisen mee och d’ekonomesch a sozial Strukturen, déi ganz vill och vu klenge bis mëtteleren Betriber gedroe, ginn, kéinte sou zerstéiert ginn.

Marc Baum – Verlängerung vum état de crise am Kontext vun der Corona/Covid19-Pandemie.

Här President,

Dat Gesetz, wat hei virläit, ass ee vun de wäitreechendste Gesetzer, déi jeemools an der Chamber gestëmmt goufen.

Et geet ganz wäit: fir eng Zäit vu bis zu maximal 3 Méint kann d’Regierung Gesetzer oder Deeler vu Gesetzer änneren oder ausser Kraaft setzen, respektiv Reglementer huelen, déi Gesetzeskraaft hunn, ouni datt den 1. Pouvoir am Land – d’Chamber – dat gutt heescht.

Jidderengem hei am Land, deem demokratesch Prinzippie wichteg sinn, leeft et kal de Réck erof bei deem Gedanken. An och mär ginn d’Schudderen aus, wann ech haut hei stinn an iwwer esou e Gesetz befanne muss.

Virun 3 Joer hate mer an der Chamber eng grouss Debatt iwwer d’Ännerung vum Verfassungsartikel 32.4. Ënnert dem Androck vun den terroristeschen Attacken zu Paräis hat d’Regierung deemools Ännerungen um bestoenden Artikel kommanditéiert, déi an der ursprénglecher Fassung ganz wäit gaange sinn.

Eréischt no laangen a kontroversen Diskussioune si lues a lues wichteg Garde-Fous agebaut ginn.

An haut muss ee soen: ee Gléck, datt et an der Zivilgesellschaft an och an de Parteie Widderstand ginn ass, soss hätte mer warscheinlech dës Garantien haut net dra stoen.

Deemools hunn ech vehement duerfir plädéiert, datt eis fräiheetlech Grondrechter net dierfen ausser Kraaft gesat ginn, als Reaktioun op Attacke vun deene faschistoïden Kräften, déi ebe grad eis fräiheetlech Grondrechter wëllen ausser Kraaft setzen. An ech mengen och haut nach ëmmer, datt dat richteg ass.

Mee wat ass eis Situatioun dann elo?

Ech mengen, et gëtt kee Mënsch hei am Land, dee net gesäit, datt mer de facto am Ausnamezoustand liewen:

eist alldeeglecht Liewen ass op eng Aart a Weis beschnidden, wéi zanter dem Enn vum 2. Weltkrich net méi. Mär hunn et mat enger Pandemie ze dinn, bei där mer net wëssen, wéi se sech weider entwéckelt. Et schéngt awer esou ze sinn, datt mer den Héichpunkt nach net hannert eis hunn.

Nieft dem medezineschen a sanitären Aspekt si mer awer och mat anere gravéierende Problemer konfrontéiert:

  • vill Länner hunn hir Grenzen zou gemaach. Verschidden Transportweeër si plazeweis ënnerbrach.
  • nach sinn d’Grenzen op fir Frontalieren, déi hei zu Lëtzebuerg fir eist Land iwwerliewenswichteg Aufgaben iwwerhuelen. Net auszemolen, wann dat net méi esou wier….

Nieft dem onbestreitbare Constat vun der Kris gëtt et awer och en zweet Element, wat eis wichteg erschéngt, nämlech d’Natur vum

Krisenzoustand :

et ass nämlech net eng Fro vu politescher Appreciatioun.

Hei geet et net drëm Gruppe vu Leit / géint aner Gruppen auszespillen,

et geet och net drëm e Generalverdacht géint déi ganz Populatioun ze etabléieren an autoritär Mesuren ze veréiwegen. Nee, et geet drëm déi ganz Bevëlkerung ze schützen an esou mann wéi méiglech Mënscheliewe riskéieren ze verléieren.

Här President,

d’Situatioun hei am Land an an eisen europäeschen Nopeschlänner ännert stënterlech.

Mär sinn a ville Froe vun eisen Noperen ofhängeg:

Kléng Decisiounen zu Berlin, Paräis oder Bréissel kënnen enorm Auswierkungen op eist Land an eis Bevëlkerung hunn.

Et ass net méi auszeschléissen, datt d’Regierung stënterlech muss wäitgoend Decisiounen huelen, fir dorobber ze reagéieren.

Decisiounen, bei ene de normale legislative Prozess net déi néideg Reaktiounsfäegkeet erweist.

Bei dësem Gesetz vergi 6 Deeg vum Dépôt bis zu senger Gültegkeet.

Aner Gesetzer bréngt  d’Chamber fäerdeg bannent 2 Wochen ze votéieren.

Als Lénk insistéiere mer duerfir, datt de legislative Wee d’Reegel bleift.

Mee an dëser Kris kann et zu Situatioune kommen, wou mer déi Zäit net hunn.

Den Etat de crise huet awer och eng Rëtsch Garde-Fous, déi wichteg sinn :

  1. dat heiten ass kéng Delegatioun de pouvoir vun der Chamber un d’Exekutiv. D’Chamber gëtt kéng Pouvoiren of, eist Parlament bleift voll funktiounsfäeg, mat all senge Prérogativen, esouwuel wat d’Kontroll vun der Regierung ugeet ewéi seng Roll als Legislateur. D’Chamber schafft weider u Gesetzer.
  2. Just déi Mesurë kënne geholl ginn, déi direkt mat Corona-Virus ze dinn hunn. D’Regierung ass net habilitéiert an anere Beräicher Gesetzer ze änneren oder ausser Kraaft ze setzen.
  3. D’Chamber huet zu all Moment d’Méiglechkeet Mesuren, déi d’Regierung hëlt ze invalidéieren andeems se vun hirem Recht Gebrauch mécht, eege Gesetzer ze maachen, déi eventuell falschen oder iwwerdriwwene Mesurë vun der Regierung, den Teppech ënnert de Féiss z’entzéien.
  4. D’Chamber kann zu all Moment dëst Gesetz zum Etat de crise nees
  5. An: all Decisioune vun der Regierung musse verhältnisméisseg sinn. A se kënnen och herno viru Geriicht ugestridden ginn.

Här President,

Wann dëst Gesetz gestëmmt gëtt, dann ass d’Chamber NET am Chômage technique. De Géigendeel muss de Fall sinn : grad elo mussen d’Deputéierten hirer Kontrollfunktioun vun der Regierung nach vill méi nokommen wéi virdrun.

Mat dësem Gesetz befanne mär hei NET iwwer den Inhalt vun den eenzelen Dispositiounen, mee just iwwer de Constat, datt d’Bedingunge vum Artikel 32.4. erfëllt sinn ,an ginn der Regierung d’Méiglëchkeet stënterlech op extrem Situatiounen ze reagéieren.

Déi Differenz ass wichteg : d’Chamber alignéiert sech mat dësem Vott NET all deene Mesuren, déi d’Regierung hëlt.

Mee se bleift kritesch. an domadder och politesch : all Partei hei an der Chamber huet d’Recht eenzel Mesuren ze kritiséieren,  ze hannerfroen an och eegen Propositiounen ze maachen.

An domadder och déi Mesuren anzefuerderen, déi feelen. An gleeft mer es, där ginn et eng jett, an dëser Noutsituatioun besonnesch am soziale Beräich. Mär als Lénk wäerten dat op jiddefalls maachen.

Här President,

Den Ausnamezoustand ass e ganz geféierlechen Zoustand vun enger Gesellschaft. E riskéiert d’Dieren wäit opzemaache fir Mëssbrauch a Willkür.

Duerfir brauche mer Kontroll, duerfir brauche mer e staarkt a kritescht Parlament. Well, Här President, et gi lo schonns Statementer, déi mech am héchstem Mooss alarméieren, an déi ech als Demokrat net akzeptéiere kann:

  1. och am Ausnamezoustand bleiwe mer e Rechtsstaat. Wann awer d’Vertriederin vum Parquet op enger Pressekonferenz ukënnegt, datt Geriichter ab elo méi haart Strofe wäerte verhänken, da krauselen sech mär d’Zéiwenneel.D’Procureure générale huet net Geriichtsurteeler ze antizipéieren.
    Si kann am beschte Fall ukënnegen, datt de Parquet ab elo Héchststrofe freet, awer si huet net de Riichter virzeschreiwe wéi si ze urteelen hunn.

    Dat ass eng grave a krass Violatioun vun der Séparation de Pouvoirs.

    Mär wäerten le moment venu dorobber zréckkommen.

  2. et geet net, datt Ministeren berechtegt Froen ofwimmelen mat ‘lo ass keng Zäit fir Fuerderungen ze stellen’. Dat geet net. Grad elo an dëser existenzieller Noutsituatioun muss d’Regierung en grousst Ouer hunn fir d’Leit dobaussen, d’Zivilgesellschaft an d’Politik.Nëmmen eng Regierung, déi ganz gutt nolauschtert ass och capabel an enger Noutsituatioun, déi richteg a proportionéiert Decisiounen ze huelen.

Dës zwou Bemierkunge wëll ech maache fir ze weisen, ewéi séier et goe kann am Ausnamezoustand.

Mat dësem Gesetz ginn mär der Exekutiv am Allgemengen an der Regierung am spezielle kee Blanc-seeing, kee Blankoscheck.

D’Chamber muss de Garant bleiwen, datt fundamental Grondrechter an eiser Gesellschaft erhale bleiwen – och an dëser Noutsituatioun.

Mär mussen alles dru setzen, datt Restriktiounen op dat beschränkt bleiwe wat néideg a sënnvoll ass;

mär musse ganz gutt oppassen, datt och no der Kris, d’Fräiheet an déi kritesch Ausenanersetzung an eiser Gesellschaft net geschwächt ginn;

a mär mussen duerfir suergen, datt kee Mënsch hei am Land vun der Regierung vergiess gëtt.

Här President,

mam Vott vun dësem Gesetz gëtt d’Verantwortung vun eisem demokratesch gewielte Parlament net méi kléng. Däers musse mer eis alleguer bewosst ginn.

Coronavirus – Solidaritéit ass de mot d’ordre.

Mir befannen eis an enger Situatioun vun enger grousser Gravitéit.

Eist alldeeglecht Liewen ass op eng Aart a Weis beschnidden, wéi mer eis dat nach virun e puer Wochen net virstelle konnten. Schoulen a Crèchë sinn zou, grad esou wéi Bistroen a Restaurants, Evenementer ofgesot, an d’Leit sinn opgefuerdert esou vill méi méiglech doheem ze bleiwen.

Kuerz : d’ëffentlech Liewen ass op en absolutte Minimum zeréckgefuer. Eist Land a ganz Europa ass am Grëff vun engem Virus, deen sech zur globaler Pandemie entwéckelt huet, fir deen et nach keen Impfstoff gëtt an dee riskéiert wéi an anere Länner eise Gesondheetssystem un d’Grenze vun der Belaaschtbarkeet ze bréngen.

Demokratie schützen och an dëser Krisesituatioun

D’Regierung hëlt déi Mesuren, déi vun der Weltgesondheetsorganisatioun proposéiert sinn, fir d’Propagatioun vum Virus anzedämmen an erauszezögeren, fir Zäit ze gewannen. Mir liewen also alleguer an enger Zort Ausnamezoustand – och wann d’Regierung, dee formal net ausgeruff huet. Als Oppositioun an Deel vum Parlament, musse mir dofir suergen, dass no rechtsstaatleche Prinzippie verfuer gëtt an, dass eis Institutiounen an domadder eis Demokratie trotz der Gravitéit vun der Situatioun weiderhi garantéiert sinn.

Wann een sech ëmlauschtert da mierkt een, datt eng grouss Veronsécherung bei de Mënschen ass. Veronsécherung a plazeweis carrement Angscht.

“Angscht ass warscheinlech dat schlëmmste Gefill wat e Mënsch kann hunn. An Angscht mécht irrational. Datt hu mer gesi bei deenen irrationalen Hamsterkeef vum leschte Weekend.”

An dobäi ass e klore Kapp genee dat, wat mer alleguer elo bräichten, fir dëser Situatioun ze begéinen.

Duerfir muss d’Chamber an d’Regierung all déi Mesuren ergräifen, fir nieft der Verbreedung vum Virus, d’Verbreedung vun der Angscht anzedämmen.

D’Regierung muss virsuergen mat sanitären a soziale Precautiounen

Ugefaange bei de schwächste vun de Schwaachen, den Obdachlosen… si si ganz vulnerabel, si kënnen net doheem an a Quarantaine bleiwen an eis Strukture sinn net drop ausgeriicht, hinne ganzdeeglëch en Encadrement unzebidden. Mir brauche ganz dréngend zousätzlech Strukture fir si opzefänken.

De Chômage partielle misst zumindest fir d’Dauer vun den exzeptionelle Mesurë vun 80 op 100% eropgesat ginn. Am Géigesaz zu anere kapitalistesche Kriseperioden, sinn et dës Kéier an alleréischter Linn kléng- a Minientreprisen, déi dovunner gebrauch maache mussen. De ganzen Horesca-Secteur, eleng do : 12.000 Leit sinn direkt betraff.

Den Eenzelhandel, an dat si ganz dacks kéng grouss Chaînen. Dat si Salariéë meeschtens ouni Kollektivvertrag, déi um Mindestloun agestallt sinn. Si brauchen de komplette Lounausgläich, wéi aner Länner dat och schonns ugekënnegt hunn, an net e partiellen. 

Mir wëssen alleguer, datt de Mindestloun zu Lëtzebuerg net duergeet fir dezent ze liewen : 80% vun ze wéineg ass : vill ze wéineg. Déi Leit hunn blank existenziell Ängschten. Hinne musse mer direkt hëllefen.

D’Hëllefe fir kléng a ganz kléng Betriber mussen a séier an onbürokratesch opgestockt an och verdeelt ginn.

“Entreprisen, déi esou gehollef kréien däerfen net entloossen. Dat selwecht muss fir Entreprisë gëllen, déi Beneficer maachen. Si däerfen net aus ekonomesche Grënn entloossen. Ech verweisen do op eng Gesetzespropos vun eis, déi mer virun iwwer 10 Joer deposéiert hunn, déi awer bis elo royalement ignoréiert gouf.”

Mir brauchen dréngend adequat Moossname fir d’Independant ze stëtzen. Hir Aktivitéite si quasi op Null gefuer. A mer wësse lo schonns, datt bei hinnen den Undeel un “Working Poor” am héchsten ass.

Vill Betriber sinn am Chômage technique oder maachen Télétravail. Vill Salariéën a Betriber leeschten awer och iwwerliewenswichteg Servicer wéi z.B. an der Alimentatioun. Hinne musse mer et erméiglechen nieft dem Fleegesecteur op ëffentlech Kannerbetreiung zréckzegräifen.

Mer mussen op europäeschem Plang déi absurd Budgetsreegelen ausser Kraaft setzen.

“Wann industrialiséiert Länner wéi Italien, Spuenien a Frankräich e medezineschen Noutstand hunn, dann huet dat ganz vill domadder ze dinn, datt déi Länner gezwonge goufen, hire Gesondheetssystem futti ze spueren. Elo kréie mer d’Rechnung.”

Ursaache vun där Kris

Mir mussen iwwer d’Ursaache vun där Kris schwätzen: mir mussen eis bewosst ginn:

  • datt eisen ekonomesche System Schold drun ass.
  • datt natierlech Habitater weltwäit zerstéiert ginn, an doduercher ëmmer nei Iwwerdrounge vu Vire bei de Mënsch entstinn.
  • datt d’Massendéierenhaltung weltwäit ënnerbonne muss ginn.
  • datt déi wansinneg Fräihandelspolitik dozou féiert, datt mer an enger geckeger Spiral no ënne sinn, wat Sozial- Ëmwelt- an och sanitär Standard sinn.

“Et ass schonns eng batter Ironie vun der Geschicht, datt duerch de Corona-Virus de Vott vun de Fräihandelsaccord’en mat Kanada a Singapur huet misse verluet ginn.”

Virum Coronavirus ass nom Coronavirus

Mer mussen awer och iwwer eis Aart a Weis diskutéieren, wéi mer produzéieren, well d’Globaliséierung jo och dozou gefouert huet, datt wann an enger Regioun e Problem ass, déi hallef Welt stëll steet, well déi grouss Multien alles delokaliséiert hunn.

Am däitlechste gëtt dat am Pharmaberäich.

Et kann dach net sinn, datt mer driwwer diskutéiere mussen, ob mer nach basesch Medikamenter an Europa hunn, well d’Pharma-Industrie grouss Deeler vun hirer Produktiounsketten ausgelagert hunn.”

Eng grouss Léier aus der Kris muss awer och sinn : mir brauchen als Lëtzebuerger eng sérieux Politik vun der Groussregioun. Spéitstens wann eis Nopere riskéieren hir Grenzen zou ze maachen, wësse mer, datt hei näischt méi leeft. Besonnesch am Gesondheetssecteur. Dat ass déi allergréisste Gefor, déi eisem Land dréit.

Sozial brauche mer keng Distanz, mee mënschlechen Zesummenhalt

déi allergréisste Léier aus dëser Kris ass awer, datt mer staark ëffentlech Servicer brauchen, an un alleréischter Platz: e staarken ëffentleche Gesondheetssystem. An ech ka just hoffen, datt sech an e puer Méint all déi un dës Kris erënneren, déi ënner dem Motto vum ‘Virage ambulatoire’ nach gefuerdert hunn, mer missten d’Gesondheetsservicer privatiséieren a Prestatiounen outsourcen. 

Solidaritéit ass de mot d’ordre. A Respekt ass dat Mannst wat een de Leit kann temoignéieren, déi am Moment all Dag am Asaz si fir eis all déi wesentlech Servicer kënnen ze garantéieren, déi mer brauche fir de Coronavirus an de Grëff ze kréien an eis Gesellschaft um rullen ze halen.

Debatt an der Chamber: Aarmut zu Lëtzebuerg.

Et ass fir déi 4. Kéier, datt déi Lénk an de leschten 10 Joer a Form vun enger Interpellatioun iwwer dëse Sujet schwätzen. An et kënnt een net laanscht eng erschreckend Feststellung: an dënn leschten 10 Joer huet sech d’Situatioun vu Joer zu Joer weider zougespëtzt.

D’Zuele si bekannt: 18,3% vun de Leit hei am Land sinn entretemps dem Aarmutsrisiko ausgesat, nach wesentlech méi héich ass deen Undeel bei Jonken an Elengerzéienden. An wien Elengerzéiender seet, seet virum allem: Fraen, déi betraff sinn.

An och de Risiko an Altersaarmut ze falen huet sech an dë leschte Jore méi wéi verduebelt. D’Mindestrent läit aktuell bei knapp ënner 1900€ – also och ënner der Aarmutsgrenz. D’ailleurs si 44% vu de Fraen op eng Mindestrent ugewise géint 4,5% vun de Männer.

Esouguer eng Aarbecht ze hunn, schützt zu Lëtzebuerg net méi virun Aarmut. Praktesch all 7. dee schaffe geet, ass 2018 Gefor gelaf an d’Aarmut ofzerutschen.

Dat ass esouvill wéi nach ni virdrun an eiser Geschicht. An Europa ass just nach Rumänien méi schlecht opgestallt wéi Lëtzebuerg. An schlëmmer nach: A kengem anere Land huet sech d’Situatioun esou rapid verschlechtert wéi zu Lëtzebuerg.

Dëst ass eng dramatesch Situatioun. Well hannert de plakege Chiffere sti Leit… – Eenzeler a Familljen déi Dag fir Dag struewele fir hallefweegs éierbar iwwer d’Ronnen ze kommen. Wann d’Aarmut an den Aarmutsrisiko zanter 10 Joer ongebrach klammen, da kënnt dat net vum Himmel gefall, mee et ass d’Resultat vu politeschen Decisiounen.

Wann eng Gesellschaft also ëmmer méi ongerecht an ongläich gëtt – an zumindest dat weisen d’Zuelen explizitt – da gëtt et duerfir och politesch Verantwortung, déi et ze droe gëllt. An dat sollten déi Parteien, déi an deene leschte 4, 5 Legislaturperioden déi jeeweileg Regierungskoalitioune gestallt hunn sech virun Ae féieren.

Duerfir menge mir, datt mer amplaz déi Zuele schéin ze rieden, éischter versiche sollten, dës nefaste gesellschaftlech Entwécklung ze verstoen, fir hir och kënne resolut entgéintzetrieden.

Wat muss geschéien?

De Mindestloun, deen nach ëmmer keen dezent Liewen zu Lëtzebuerg erlaabt muss erop gesat ginn. D’Logementspräisser musse gebremst ginn. Et musse méi sozial Wunnenge gebaut ginn. D’Léin mussen erëm opgewäert ginn duerch eng gerecht Verdeelung tëschent Kapital an Aarbecht. Steierlech muss och méi gerecht ëmverdeelt ginn, vun uewen no ënnen.

Aarmutsbekämpfung ass net d’Aufgab vun engem eenzege Minister, mee vun enger ganzer Regierung. Duerfir mengen ech, datt mer als Chamber och eis Verantwortung droe mussen an eng reegelméisseg, preparéiert a strukturéiert Debatt féiere sollten iwwer déi sozial Entwécklung an eisem Land. 

Duerfir deposéiere mer eng Resolutioun, déi genee dëst proposéiert.

Neijoerschpatt 2020.

Dem Porte-Parole Gary Diderich seng Ried um Neijoerschpatt 2020.

De Fokus läit um Klimawandel an de klammenden Ongläichheeten. Besonnesch déi jonk Generatiounen si mat enger ganzer Rëtsch Krise konfrontéiert. Am Beräich vum Logement ass dat zu Lëtzebuerg wuel am däitlechste spierbar. Och d’CO2 Tax gouf staark kritiséiert:

 » D’Regierung a virun allem déi Gréng probéieren zwar zënter eiser Motioun zu der Urgence Climatique dat Wuert Urgence op ënnerschiddleche Plazen accessoirement ze placéiere mee esou eng Steier huet näischt mat Urgence ze dinn. Et kann een se méi domadder vergläichen datt ee Paschtouer Sue bei den Aarmen asammelt fir dat Gott se vun der Pescht verschount. De moderne Gott ass an dësem Fall « de Marché », och deen huet nach kee gesinn. « 

Déi ganz Ried als PDF -> HEI

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe