Déi rezent «Saisie» duerch militäresch Gewalt, vun engem Pëtrolstanker aus Venezuela op dem Wee a Richtung Kuba, ass als eng nei Eskalatioun ze gesinn, déi den Ufank vun enger oppener Aggressioun géint dëst Land markéiert. D’Regierunge vu Venezuela a Kuba hunn dësen «Akt vun internationaler Piraterie» vun den USA gemeinsam a mat Nodrock verurteelt.
Wéi d’Washington Post schreift, hätt den Tanker, deen 1,1 Millioune Barrels Pëtrol transportéiert huet, Kuba solle beliwweren. Dës nei Aggressioun schéngt zwee Ziler ze verfollegen: eng total Blockad géint Kuba an d’Stierze vun der venezuelanescher Regierung vum President Maduro, mat dem Zil, sech de Pëtrol vu Venezuela ënnert de Nol ze rappen. Mat der Kontroll vun iwwer der Hallschent vun den natierleche Ressourcë vun der Ukrain a mat de Blécker op Grönland a Kanada geriicht, schéngt d’Wäiss Haus entschloss ze sinn, all Mëttel anzesetzen, fir d’Ressourcë vu sengen Noperen u sech ze rappen an seng Visioun duerchzesetzen ouni sech dobäi ëm d’Vëlkerrecht ze këmmeren.
Och wann d’Regierung vum Maduro zu Recht international a starker Kritik steet, verurteelen déi Lénk dës Interventioune vum US-Imperialismus, souwéi d’Pläng vun oppene Kricher géint Venezuela a Kuba. Mir ruffen d’Lëtzebuerger Regierung an d’EU op, sech direkt vun dësen Attacken ze distanzéieren an se mat Nodrock ze verurteelen. Wéint der Menace vun engem neie bewaffente Konflikt, rifft déi Lénk déi progressiv an demokratesch Kräften an eisem Land dozou op, sech géint dës Aggressiounen a Krichsakte géint Venezuela a Latäinamerika ze stellen an sech ze mobiliséieren, falls de President Trump op där Schinn weiderfiert.
– Nee zum Krich géint Venezuela a géint Kuba.
– Fir de Respekt vun der Onofhängegkeet an dem Recht vun de Vëlker op Selbstbestëmmung.
– Fir en Enn vun der Blockad an den extraterritorialen Sanktioune géint Kuba a Venezuela.
– Fir en Enn vun den «Eliminatiounen» an den illegale Saisië vu Schëffer an internationale Gewässer.
déi Lénk
Trump terrorise l’Amérique latine.
La récente « saisie » par la force militaire d’un navire pétrolier venant du Vénézuéla et en route vers Cuba est à considérer comme une nouvelle escalade vers le début d’une agression ouverte contre ce pays. Les gouvernements du Venezuela et de Cuba ont conjointement et fermement condamné cet « acte de piraterie international » de la part des Etats-Unis.
Selon le Washington Post, le pétrolier qui transportait 1,1 millions de barils de pétrole brut, était en route pour approvisionner Cuba. Cet acte agressif correspond à la volonté de Trump d’un blocus total de Cuba et du renversement du gouvernement du Président Maduro, avec l’objectif de s’emparer du pétrole vénézuélien. Après sa mainmise sur la moitié des matières premières de l’Ukraine et ses visées sur le Groenland et le Canada, la maison blanche semble décidée à utiliser tous les moyens pour accaparer les richesses de ses voisins et à imposer sa volonté par des pratiques contraires a droit international.
Malgré les critiques méritées dont le gouvernement de Maduro fait l’objet, déi Lénk condamne fermement ces ingérences de l’impérialisme étasunien, ainsi que les projets de guerres ouvertes contre le Vénézuéla et Cuba. Nous appelons le gouvernement luxembourgeois et l’UE à se désolidariser immédiatement de ces actes et de les condamner avec fermeté. Devant la menace d’un nouveau conflit armée, déi Lénk appelle les forces progressives et démocratiques de notre pays à s’opposer à ces agressions et actes de guerre contre le Vénézuéla et l’Amérique latine et à se mobiliser au cas où le Président Trump poursuit sur sa lancée dévastatrice.
– Non à la guerre contre le Vénézuéla et contre Cuba.
– Pour le respect de l’indépendance et le droit des peuples à disposer d’eux-mêmes.
– Pour la fin du blocus et des sanctions extraterritoriales de Cuba et du Vénézuéla.
– Pour la fin des « éliminations » et les saisies illégales de navires dans les eaux internationales.
déi Lénk