Keng Zäit méi ze verléieren !

Pressekonferenz iwwer d’Logementspolitik

Eng Partie Ministeren benotzen hir ministeriell Ressourcë fir mediewierksam op der leschter Ligne droite nach Walkampf ze maachen a grouss Bilan’en ze presentéieren. Ee ganz wichtege Bilan krute mer awer net gemaach, an zwar dem vum Henri Kox als Minister fir de Logement. Déi Gréng hunn zwar déi Deeg d’Presse invitéiert fir hir Logementspolitik fir déi kommend Jore virzestellen. Dat ass awer problematesch, wëll si jo déi lescht 5 Joer Logementspolitik ze verantworten hunn. Dat ass eng Flucht no vir.

Et wier fir all Regierung och gewot an enger komplexer an ëmmer méi schwéierer Immobilien- a Logementskris Bilan ze zéien. Et geet jo ëm Walkampf, net dorëm d’Blécker op e politeschen Echec ze zéien.

D’Regierung ass natierlech net un allem Schold. D’Deierecht an den Zënsschock sinn net hausgemaach. Mee weder des nach Virgängerregierungen hu politesch Anstalte gemaach fir déi stänneg Verschlëmmerung vun der Logementsproblematik ze verhënneren. Dësen Echec ass net eleng dee vum Logementsminister, mee dee vun enger ganzer Regierung, déi an dëser Zesummesetzung 10 Joer laang vill geschwat an annoncéiert huet, mee ënnert dem Stréch just iwwer eng permanent Verschlechterung vun der Situatioun presidéiert huet.

War et bis viru kuerzer Zäit nach esou, dass Leit mat mëttleren an héijen Akommes nach iwwer d’Ronne koume mat de Wunnengspräisser, sou huet sech dat elo verännert. Déi héich Zënsen, déi elo fir en Neibau oder -kaf musse bezuelt ginn, respektiv déi e Prêt à taux variable lo massiv verdeieren, treffen d’Mëttelklassen, déi schaffe ginn a mat hirem Verdéngscht e Prêt rembourséieren. Déi klammend Zënslaascht verdeiert d’Immobilien nach méi, obwuel hir Präisser réckleefeg sinn. Mee de Präisréckgang ass bei wäitem net grouss genuch fir d’Zënsehausse ofzefiederen. Konsequenz: vill Stéit kënne kee Prêt méi stemmen an hu keen Accès méi zu der Proprietéit. De Wunnengsnoutstand betrëfft sou also ëmmer méi Leit.

Dowéinst mussen och ëmmer méi Leit – Leit déi bis viru kuerzem kafe konnten – elo loune goen. Dat heescht dass ëmmer méi Leit op eng relativ kleng Unzuel u Locatiounswunnenge kommen. Doduerch klammen d’Loyerspräisser bei neie Locatioune ganz zolidd. Des Loyershaussen ginn doriwwer eraus dann och genotzt fir d’Loyeren a scho bestoende Locatiounsverträg eropzesetzen. Firwat net profitéieren, denken sech vill Bailleur’en. Konsequenz: Stéit déi bis elo gelount hunn, oft Stéit mat klengem Akommes, riskéiere komplett aus dem Logementsmarché erausgedréckt ze ginn, och wëll et bei wäitem net genuch abordabel ëffentlech Wunnenge ginn. D’Immobiliëkris betrëfft d’Leit sou also ëmmer schlëmmer.

Erstaunlech ass dass et op politeschem Niveau net esou wierkt, wéi wa mir an enger ausseruerdentlecher Situatioun wieren. D’Regierung huet och an de leschte Méint de Kapp an de Sand gestach a keng Mesure presentéiert, déi den Drock vun de Locatairen oder de Leit mat Emprunt kéint erofsetzen. Déi eenzeg déi all Dag an de Medien mat ëmmer neie Warnungen a Problemer optauchen, sinn d’Promoteuren an d’Baubetriber. Mir mengen, dass eng Drockkulisse muss opgebaut ginn, déi net just vu Promoteuren a Baubetriber kënnt, mee och vun den am meeschte betraffene Mënschen, also der grousser Zuel u Locatairen a Propriétairen, déi haut wierklech an Existenznout kommen. Den LSAP Wirtschaftsminister huet d’Baubetriber jo elo mat engem Spezialfonds an Héicht vun 100 Millioune bei der SNCI servéiert. Mir froen : Wat gëtt fir d’Leit gemaach ?

déi Lénk hunn an hirem Programm eng ganz Partie Mesuren ausgeschafft fir géint d’Wunnengsnout virzegoen. Doriwwer eraus imposéieren sech awer och méi dréngend Mesuren, fir de Leit direkt bei den héije Loyeren an Zënsen ze hëllefen.

Ganz kuerzfristeg – also direkt wann d’Chamber am Oktober erëm zesummekënnt – muss e Gel vun de Loyeren an eng Entlaaschtung fir Stéit mat Immobiliëprêt beschloss ginn. D’Banke mussen hei mat an d’Verantwortung geholl ginn, wëll si sinn et, déi an der aktueller Situatioun profitéieren. Donieft musse kreativ Léisunge fonnt ginn, fir de Leit mat Iwwerganksprêt, déi op hire Logementer sëtze bleiwen (an domat kee Kapital fir den neie Prêt hunn) ze hëllefen. Staat a Gemenge mussen hei eng aktiv Roll spillen.

Mëttelfristeg mussen déi Mesuren ëmgesat ginn, déi mir säit Jore scho priedegen. Eng Reform vum Loyersgesetz déi den Numm och verdéngt an de Locatairen hëlleft souwéi eng Beschleunegung bei der Schafung vun ëffentlechen an energeetesch renovéierte Wunnengen.

  1. Bei de Loyeren ufänken : en Deckel elo! Eng wierksam Brems direkt dono!

Constat : d’Loyer’en klammen elo vill méi séier wéi d’Kafpräisser, wëll duerch déi héich Zënssätz manner Leit eppes kafe kënnen. D’Demande klëmmt, d’Offer bleift. 2022 sinn d’Loyeren fir Appartementer ëm 11,1% a fir Haiser em 11,6% geklommen. Des Deierecht ass vill méi schro wéi déi allgemeng Deierecht déi tëscht 4 a 5% am selwechten Zäitraum louch.

Domat gemengt sinn natierlech nei Locatiounen an net déi bestoend Kontrakter. Ëmmer méi Leit beriichten eis awer och vun exorbitanten Haussen op bestoende Locatiounen. Et ass Anarchie am Marché, wëll Bailleur’en mengen den Index an d’Deierecht géife Loyerserhéijunge rechtfäerdegen. Dat ass awer net esou, sou Erhéijunge sinn illegal, och wann dat entspriechend Gesetz de facto net applizéiert gëtt. Och sinn Zënshaussen op engem Immobiliëprêt kee Grond fir de Loyer eropzesetzen. Déi Zënse kann de Bailleur schliisslech vun de Steieren ofsetzen. D’Regierung huet et awer net fäerdeg bruecht en wierksaamt Gesetz op de Wee ze bréngen. Dat ass ee vun de groussen Echec’en vun der aktueller Regierung.

Wat muss geschéien? Et muss direkt dofir gesuergt ginn, dass bestoend Locatiounen net méi deier ginn. Mee doriwwer eraus mussen d’Loyeren endlech dauerhaft gebremst ginn.

Eis Proposen :

  1. E Gel vun de Loyeren direkt nach am Hierscht beschléissen. Dëse soll soulaang a Kraaft bleiwen bis en neit Loyersgesetz prett ass.
  2. Eng direkt an degressiv Limitatioun vun de maximale Loyeren vu Wunnengen mat Energiepäss tëscht F an I aféieren. Besonnesch fir de kommende Wanter ass domat de Locatairen a schlecht isoléierte Wunnengen mat héijen Heizkäschten gehollef.
  3. Eng wierksam a laangfristeg wierkend Brems vun de Loyeren beschléissen, dat zum Zil muss hunn, dass kee Stot méi wéi 25% vu séngem Revenu fir de Loyer muss ausginn. Eist Gesetz läit do. An dat gesäit och weider Mesüren fir méi e faire Locatiounsmarché vir:
    1. D’Frais d’agence mussen vum Propriétaire bezuelt ginn ;
    1. Max. ee Mount Loyer als Garantie amplaz den aktuellen 3 Méint (an den 2 Méint am Projet de Loi vun der Regierung)
    1. D’Mietkommissiounen professionaliséieren (eng fir d’ganzt Land oder eng pro Zoustännegkeetsberäich vun den jeweilegen Friddengeriischter).
  4. Nei Keefer a Propriétairen ofsécheren

Constat: déi enorm héich Präisser hunn no an no vill Stéit aus dem Marché fir Wunnengskeef erausbuckséiert. Déi klammend Zënsen hunn dës Entwécklung ruckaarteg verschäerft, woubäi net d’Zënsen den eigentleche Problem duerstellen, mee déi generell vill ze héich Präisser, déi mat den Zënshaussen nach an eng nei Dimensioun katapultéiert goufen. Donieft sinn natierlech vill Menage mat lafenden Immobilienprêt’en elo massiv a Bedrängnis, wëll se d’Zënslaascht net méi packen. Lëtzebuerg läit mat enger Privatverscholdung vun 180% (Ratio Dette/Revenu) mat Holland un der Spëtzt an Europa. D’Wunnengspräisser sinn dorunner Schold. D’Zentralbank huet kierzlech berechent, dass 20% vun de Menagen dësem Kreditrisiko ausgeliwwert sinn. Besonnesch komplizéiert ass d’Situatioun vu Stéit mat Iwwerganksprêt, déi z.B. en Appartement verkaf hunn, fir mam Erléis eppes Neies ze finanzéieren an dat Aalt net verkaf kréien. Dat trëfft oft jonk Famillen, déi méi eppes Grousses gesicht hunn oder eeler Leit déi eppes méi Klenges an Adaptéiertes kaaft hunn. Des Situatioun vergréissert aktuell och de Leerstand.

Wat muss geschéien ? Et muss op breeder Front agewierkt ginn op den Immobiliëmarché fir ze verhënneren, dass Leit hir Haiser verléieren an ëmmer méi Leit op de Locatiounsmarché drécken. Dat wier net méi ze stemmen. Net eleng de Staat muss elo Verantwortung iwwerhuelen, mee och d’Banken, déi aktuell vun der Situatioun profitéieren.

Eis Proposen:

  1. Kuerzfristeg muss de Banke virgeschriwwe ginn, dass Leit mat Immobilieprêt d’Méiglechkeet musse kréien just d’Zënsen vun hirem Prêt ze rembourséieren, soulaang d’Zënsen sou héich sinn. De Prêt muss da kënne verlängert ginn sou dass e Stot dono NET méi muss pro Mount rembourséieren. Dat géif vill Stéit, déi haut op der Limite sinn, kräfteg entlaaschten.
    Donieft mussen d’Banken en minimalen Délai imposéiert kréien, dee se net ënnerschreiden dierfen, am Fall wou Stéit hire Prêt net méi bezuele kënnen. Et muss verhënnert ginn, dass Stéit hire Logement onverschold verléieren an dësen da versteet gëtt, wa puer Méint d’Zënslaascht ze héich ass.
  2. De Staat soll iwwer séng ëffentlech Promoteuren – zesumme mat de Gemengen an den Associatatiounen – Appartementer an Heiser opkafen, déi aktuell zum Verkaf an eidel stinn. Ganz oft hänke Stéit an Iwwerganksprêt’en, wëll se eben hir fréier Appartementer an Haiser net méi verkaf kréien. Doduerch geet Wunnraum verluer, lo wou grad an der Locatioun vill gebraucht gëtt. De Staat an d’Gemengen sinn attraktiv Keefer, wëll de Verkeefer keng Taxe op der Plus-Value muss bezuelen a soumat interessant Präisser kënnen négociéiert ginn. De Staat an d’Gemenge sollen des Wunnengen iwwer hir ëffentlech Promoteuren verlounen a ggf. renovéieren.
  3. Mëttelfristeg muss de Risiko fir Stéit um Immobiliëmarché minimiséiert ginn mat der Hëllef vun engem Fonds, dee Stéit finanziell stäipe soll, déi onverschold an d’Labrente kommen duerch héich Zënsen. Finanzéiert gi soll dëse Fonds iwwer eng Spezialtaxe op de Banke, déi jo duerch déi aktuell héich Zënsen op Prêt bei gläichzäiteg weider déiwen Zënsen um Erspuerte vun de Leit enorm héich Nettozënsgewënner verzeechnen. Spuenien ass op dëse Wee gaangen fir fir e sozialen Ausgläich ze suergen.

  4. D’energetesch Renovatioun beschleunegen an ëffentleche Wunnengspark séier vergréisseren.

Constat: déi ganz schwiereg Situatioun haut um Immobiliëmarché ass esou geféierlech, wëll den ëffentlechen an abordabele Wunnengsmarché verschwindend kleng ass par rapport zum privaten. E kann also net als Stabilisateur wierken a stellt um Terrain den Ament keng wierksam Alternativ zum private Marché duer. Manner wéi 2% vun de Wunnengen zu Lëtzebuerg sinn an der ëffentlecher Hand, wärend aner Länner a Stied hei bei 15 bis 25%. Eng Rei Projet’en vum Staat sinn zwar a Planung, mee déi daueren nach laang a se ginn och bei wäitem net duer fir d’Präisser um Marché ze beaflossen.

Den Abroch beim privaten Invest mécht grad elo awer eng massiv Steigerung vum ëffentlechen Invest néideg. Vun der Säit vun den Entreprisë gëtt vill un d’Regierung appelléiert fir ëffentlech Wunnengsbauprojet’en virzezéien. Déi Projet’en si gréisstendeels schonn duerchgeplangt a budgetiséiert. Engersäits kéint sou stabiliséierend op de Marché agewierkt ginn an d’Betriber an d’Aarbechtsplazen kéinten ofgeséchert ginn. Mee anerersäits awer och, wëll den Ureiz op privater Säit elo do ass, fir un de Staat an d’Gemengen ze verkafen.

D’energeetesch Renovatioun verleeft säit Jore just schleefend an ass wäit zréck hannert den Erwaardungen. Just Finanzsprëtzen u Privatstéit ginn hei net duer, besonnesch wann déi selwecht Stéit grad ënner der Präissdeierecht an den héijen Zënse leiden a kee Spillraum hu fir weider Investitiounen.

Wat ass néideg: den Investitiounsdrock muss vun de private Schëlleren erofgeholl an iwwer d’ëffentlech Hand gemaach ginn. D’Sue sinn do, ob am Rentefong, dee méi nohalteg investéiere muss, oder am Fonds Spécial Logement, deen däitlech opgestockt muss kënne ginn.

Eis Proposen:

  1. De Staat an d’Gemengen mussen als Buyer of last resort de Marché stabiliséieren an den Drock vun de Stéit erofhuelen. Nieft Wunnengen, déi aktuell eidel an zum Verkaf stinn, soll de Staat och verstäerkt VEFA opkafen fir den ëffentleche Wunnengspark séier ze vergréisseren. Mir hu schonn am Wanter 2023 eng Verduebelung vum Budget vum Fonds Spécial gefuerdert, fir des Investitiounen elo dëst Joer ze maachen.
  2. Zum Verkaf stoend Wunnengen, ob aal oder nei, a schlechtem oder gudden Zoustand, sollen vun der ëffentlecher Hand opkaf ginn. D’Steierbefreiung vun der réaliséierter Plus-Value maache sou Verkeef vu Privatbesëtzer an der aktueller Situatioun attraktiv. Op dem Wee kann de Bestand vun den ëffentleche Promoteuren séier an dezentral vergréissert ginn.
  3. Och Wunnengen a schlechtem Zoustand mussen proaktiv vun der ëffentlecher Hand kaf a sanéiert ginn. D’Avantagen dobäi sinn:
    1. Entlaaschtung vun Stéit, andeem de privaten duerch en ëffentlechen Invest an renovéiert an abordabel Wunnenge géif ersat ginn;
    1. Eng Beschleunegung vum Renovatiounstaux a Beitrag zum Klimaschutz;

Aarbecht fir d’Handwierks- a Baubetriber.


Plus de temps à perdre!

Conférence de presse sur le logement.

Sur la dernière ligne droite avant les élections, les ministres profitent de leurs ressources pour présenter devant les médias rassemblés leur bilan. Mais, le bilan du ministre du Logement, Henri Kox, fait toujours défaut. Et c’est normal puisque personne ne veut mettre en avant un échec durant cette période où il s’agit de convaincre les électeurs indécis.

Certes, on ne peut pas imputer tous les problèmes à l’actuel gouvernement. La hausse spectaculaire des intérêts et l’inflation sont des phénomènes qui ne dépendent pas de sa volonté. Mais il n’a rien fait non plus pour s’attaquer aux effets néfastes qu’elles produisent. La situation actuelle jette une lumière crue sur l’inactivité politique de la dernière décennie. Les classes moyennes commencent à ressentir la pression d’un marché de l’immobilier à la dérive en raison de la hausse des taux d’intérêts.

Les ménages ayant contracté des prêts se voient parfois dans l’impossibilité de les rembourser et sont forcés de vendre à une période où personne ne veut acheter. Ceux qui voulaient acquérir un bien immobilier préfèrent désormais louer. Et ainsi, les prix explosent sur le marché locatif. La crise frappe donc d’autant plus les ménages aux petits revenus obligés de louer.

Pour mettre une fin à cette crise qui risque de plonger de nombreuses familles dans la détresse, il faut agir maintenant. déi Lénk propose des solutions concrètes avec un impact direct. A court terme, lorsque la Chambre commencera à nouveau à se réunir en plénière, il faut un gel des loyers ainsi qu’une compensation pour les ménages qui peinent à rembourser leur prêt immobilier.

A moyen terme, il faut mettre en place les réformes que déi Lénk n’a eu de cesse de réclamer depuis des décennies : une réforme de la loi sur la bail à loyer et un système de financement étatique pour lancer une vaste campagne de rénovation énergétique. Les projets de loi que déi Lénk a déposé il y a maintenant des années continuent à moisir dans les tiroirs de la Chambre alors qu’ils contiennent les réponses aux défis actuels.

Notre programme électoral prévoit la création d’un fonds alimenté par une taxe spéciale pour les banques, les grandes gagnantes de la hausse des intérêts, afin de sécuriser les prêts de ménages qui souffrent de l’explosion des intérêts.

Notre système de financement public pour les rénovations énergétique est également prêt. Afin que chaque ménage puisse participer à un effort qui permettrait de réduire à la fois les émissions de CO2 et les factures d’énergie, il faut que l’État prenne ses responsabilités en mettant en place un préfinancement qui évite aux ménages de contracter des dettes auprès de banques privées.

Il va de soi que l’État, les communes et les associations actives dans le logement doivent aussi acquérir des logements afin d’augmenter considérablement le parc de logements abordables publics.

Question parlementaire relative à l’état d’avancement des projets de construction de logements publics.

Monsieur le Président,

Conformément à l’article 80 du Règlement de la Chambre des Députés, je voudrais poser la question parlementaire suivante à Monsieur le ministre du Logement.

Récemment, les entreprises de construction et de l’artisanat ont appelé le gouvernement à accélérer la réalisation voire avancer la mise en travaux des projets de construction de logements publics afin de maintenir un certain niveau d’activités et d’éviter des licenciements économiques dans lesdits secteurs mis en difficultés à cause de la baisse de la demande sur le marché immobilier privé.

Sachant que la Chambre des Députés a voté une série de projets immobiliers d’envergure au cours des mois et des années passés, je voudrais poser les questions suivantes à Monsieur le ministre :

  1. Monsieur le Ministre estime-t-il que le ralentissement des activités dans le secteur immobilier privé peut permettre une accélération de la réalisation de logements des promoteurs publics ?
  2. Monsieur le Ministre est-il déjà entré en discussion avec les promoteurs publics notamment le Fonds du Logement et la SNHBM pour évaluer la possbilité d’une accélération voire d’un avancement dans le temps de projets de construction ?
  3. Dans l’affirmative, quels projets de construction en cours ou planifiés pourraient être priorisés ou accélérés ?
  4. Dans la négative, quels sont les raisons budgétaires, économiques, procédurales ou autres qui empêcheraient dans la situation actuelle l’accélération ou l’avancement dans le temps de projets immobiliers publics?

Avec mes salutations respectueuses,

Nathalie Oberweis
Députée

Giorgetti dëscht fir de Politgratin op.

Wann de Marc Giorgetti opdëscht – ee vun de gréissten Immobiliëpromoteuren am Land, deen iwwer 50 Hektar Bauland schwéier ass -, da grommelt beim Lëtzebuerger Politgratin schonn de Bauch. Ënnert aneren Dëschgenossen hunn den eemolegen LSAP-Minister Etienne Schneider, de Spëtzekandidat vun der CSV Luc Frieden, d’Stater DP-Buergermeeschtesch an Deputéierte Lydie Polfer an den DP-Staatsrot Alain Kinsch sech et gutt schmaache gelooss, wéi ee bei RTL ka liesen.

Wann ee weess wéi een enorme Pouvoir déi grouss Promoteuren am Land hunn, well si am Besëtz vun engem Groussdeel vum Bauterrain sinn an also effikass kënnen op d’Präisser vun den Immobilien awierke fir hir Täschen ze fëllen, dann ass et méi wéi verwerflech wann d’Politik sech bei dëse Promoteuren ubiedert.

Wéi dem Alain Kinsch seng Presenz weist, sinn enk Kontakter tëschent der héijer Kierpeerschaft an de Promoteuren anscheinend üblech. Et sief hei nach ee Mol hunn d’Affär Becca-Lux verwisen.

Wann ee wëll, dass Beweegung an d’Logementspolitik kënnt muss een och de Pouvoir vun de Promoteure briechen a wann een en dezente Politiker ass, da geet een net op esou een Iessen, aus Respekt fir déi vill Leit, déi sech zu Lëtzebuerg keng dezent Wunneng méi kënne leeschten.

D’Big Four an dichteg Geschäftsaffekote schreiwen d’Legislatioun fir d’Finanzplaz an d’Politiker drénken de Promoteuren de Schampes aus der Hand, wärend Aarbechter sech op Chantiere fir de Mindestloun de Réck futti maachen a Famillje mat engem normale Salaire sech keen Daach iwwert dem Kapp méi kënne leeschten.

Et ass ee Condensé vun allem wat hei am Land an der Politik schif leeft.


Girogetti dresse la table pour le gratin politique.

Quand Marc Giorgetti – l’un des plus grands promoteurs immobiliers du pays, propriétaire de plus de 50 hectares de terrains constructibles – dresse la table, l’estomac du gratin politique luxembourgeois grogne déjà. Entre autres commensaux, l’ancien ministre du LSAP Etienne Schneider, le candidat tête de liste du CSV Luc Frieden, la bourgmestre de la Ville et députée DP Lydie Polfer et le conseiller d’État DP Alain Kinsch ne se sont pas fait priés, comme vous pouvez le lire sur RTL.

Si l’on connaît l’énorme pouvoir des promoteurs qui possèdent une grande partie des terrains à bâtir et peuvent donc influencer efficacement les prix de l’immobilier pour remplir leurs poches, il est plus que répréhensible que des politiques acceptent ce genre d’invitation.

Comme le montre la présence d’Alain Kinsch, les contacts étroits entre le Conseil d’Etat et les promoteurs sont monnaie courante. Rappelons-nous de l’affaire Becca-Lux.

Pour voir des progrès dans la politique du logement, il faut briser le pouvoir des promoteurs et un homme ou une femme politique honnête ne se rend pas à un tel dîner, par respect pour les nombreuses personnes qui ne peuvent plus se payer un logement décent.

Les Big Four et les avocats d’affaires importants rédigent la législation pour la place financière et les politiques boivent le champagne des mains des promoteurs, tandis que les ouvriers des chantiers se cassent le dos pour le salaire minimum et que les familles avec un salaire normal ne peuvent plus se payer un toit sur leurs têtes.

C’est un condensé de tout ce qui ne va pas en politique dans ce pays.

The Empire strikes back.

De 16. August 2023 haten déi Lénk eng Logementsaktioun organiséiert wou mir eng Bâche op Spanplacke gehaangen hunn, déi d’Façade vun engem Gebai an der neier Avenue bedeckt, dat schonn säit Joeren einfach eidel stoe geloss gëtt. Op der Bâche, déi mer opgehaangen hunn, hu mer gefrot: „ Wiem gehéiert dëst Haus?“ Mat dëser Aktioun wollte mir zu Lëtzebuerg op de Problem vun der Immobiliëspekulatioun opmierksam maachen. An engem Land wou d’Wunnengsnout esou grouss ass, kënne mir eis et net erlaben d’Spekulatioun ze dulden.

Mir hunn d’Bâche erofgeholl, nodeem mir eng „mise en demeure“ vum enger Affekotenetüd kritt hunn, déi eis virgeworf huet eis um Privateegentum vu sengem Client vergraff ze hunn.

Mee wien ass dann de Client, deen direkt dat ganzt juristescht Arsenal ausschöpft fir eng politesch Partei mat engem rosene Bréif ofzeschrécken? Et handelt sech hei ëm d‘Firma mam Numm The Avenue Property SA. Eng Immobiliëgesellschaft also.

Et ass symptomatesch fir ee Land an deem de Privateegentum esou en héije Stellewert huet. D’Interesse vun enger pirvater Firma stinn hei kloer iwwert den Interesse vun der Allgemengheet. Souguer eng symbolësch Aktioun gëtt als direkten Ugrëff op d’Recht op Privatbesëtz ausgeluecht. Dobäi hu mer d’Gebäi verschéinert mat enger propperer rouder Bâche, déi eng délabréiert Korkwand mat Pabeierfetze vun aalen Affichen drop verstoppt huet. Et ass erstaunlech, dass d’Stader Gemeng dat iwwer Joeren an der neier Avenue einfach sou duld.

Dëst Gebai an der neier Avenue kéint ville Leit eng Wunngeleeënheet bidden. Esou Gebaier dierfe net einfach eidelstoen fir dass irgendeng obskur Boîte domat spekuléieren kann. The Avenue Property soll also sou séier wéi méiglech kucken dëse potenzielle Wunnraum ze mobiliséieren.

Fir retizent Spekultanten ze zwénge Wunnengen op de Maart ze bréngen, fuerderen déi Lénk eng Spekulatiounssteier.


L’empire contre-attaque.

Le 16 août 2023, la Gauche avait organisé une action logement pendant laquelle nous avions fixé une bâche sur des panneaux de bois aggloméré protégeant la façade d’un immeuble de la nouvelle avenue, qui est inoccupé depuis des années. Sur la bâche que nous avions accrochée, nous demandions : « À qui appartient cette maison ? » Par cette action, nous voulions attirer l’attention sur le problème de la spéculation immobilière au Luxembourg. Dans un pays où la pénurie de logements est si grande, nous ne pouvons pas nous permettre de tolérer la spéculation.

Nous avons retiré la couverture après avoir reçu une mise en demeure d’un cabinet d’avocats qui nous accuse de dégrader la propriété privée de son client.

Mais qui est le client qui épuise d’emblée tout l’arsenal juridique pour effrayer un parti politique avec une lettre au ton menaçant ? Il s’agit d’une société appelée The Avenue Property SA. Une société immobilière donc.

C’est symptomatique d’un pays dans lequel la propriété privée a une si grande valeur. Les intérêts d’une entreprise privée sont clairement supérieurs à ceux du grand public. Même une action symbolique est interprétée comme une atteinte directe au droit à la propriété privée. De plus, nous avons embelli le bâtiment avec une bâche rouge propre, qui cachait un mur de bois plaqué délabré avec des bouts de vieux affichages. Il est étonnant que la Ville de Luxembourg tolère tolère ainsi la spéculation immobilière sur une de ses artères principales.

Ce bâtiment situé sur la nouvelle avenue pourrait être transformé en une multitude de logements. De tels bâtiments ne devraient pas simplement rester vides pour qu’une obscure boîte puisse en faire un objet de spéculation. The Avenue Property devrait donc chercher à mobiliser ce potentiel d’espace d’habitation dans les plus brefs délais.

Pour forcer les spéculateurs réticents à mettre des logements sur le marché, la gauche réclame une taxe sur la spéculation.

Klimaschutz dee jidderee sech leeschte kann.

déi Lénk trieden an fir:

  • En ëffentlech virfinanzéierte Renovatiounsprogramm vu Gebaier fir all Portmonni
  • Gestaffelt Präisser fir Waasser an Energie anstatt vun ongerechte Steieren an Taxen
  • Gemeinschaftlech a lokal Produktioun vun erneierbarer Energie
  • Investitioune vum Rentefong an de Masculinity anstatt an Atomkraaftwierker an a fossil Energien.

De Constat.

De Klimawandel deet wéi.

All Joer heefen sech d’Katastrophen déi duerch déi klammend Temperaturen op der Äerd ausgeléist ginn. Vill Mënsche gi schwéier getraff vun dëse Phenomener, besonnesch am globale Süden. Och an Europa spiere mir d’Konsequenze vun der Klimaverännerung ëmmer méi staark um eegene Leif: Dréchenten an Hëtztwellen am Summer, Stierm a Staarkreen wann et mol ofkillt, Feier an de Bëscher, Tornadoen a flaache Géigenden, heefeg Äerdrutschen an de Bierger.

Der Politik feelt et un de richtege Rezepter.

2015 gouf zu Paräis op der COP21 beschloss, dass d’Äerderwiermung net iwwer 1,5°C par rapport zu virindustriellen Zäiten soll erausgoen. Stand haut steiere mir awer op 2,5-3°C Erwiermung zou. D’Energietransitioun geet vill ze lues virun.

De Klimawandel ass eng Konsequenz vum System.

Ëmweltschied ganz vill mat Kapitalismus ze dinn. Mainstream-Politiker wëllen dës Zesummenhäng net gesinn, mee se sinn evident: ëmmer méi an ëmmer méi séier produzéiere fir ëmmer manner Käschten ze hunn an ëmmer méi Profit erauszepresse geet noutgedrongen un d’Liewegt, bei eis Mënschen, mee och an der Natur. Weider vill fossil Energien ze notze gehéiert zu dësem System mat dobäi, wëll eng séier Transitioun géif d’Multinationale vill ze vill Muecht a Sue kaschten.

Räicher verschmotze méi.

Klimawandel an de politeschen business-as-usual beschleunege sozial Ongläichheeten. Sämtlech Etüde weisen, dass den CO2-Ausstouss vu Leit mam Akommes klëmmt. Ultraräicher sinn ausserdeem oft Aktionäre vu grousse Multinationalen a sëtzen am CA vu Betriber déi verschmotzen. Et sinn dës Ultraräich, déi mat hiren Entscheedungen Ëmweltschied verursaachen, déi da rëm den normale schaffende Leit a besonnesch den äermste Mënschen am meeschte schueden.

Klimaschutz ass och eng Fro vu Geld.

Räich Leit sinn am mannste vun den Auswierkunge vum Klimawandel betraff, wëll si sech de Schutz an de Confort leeschte kënnen, déi di nei Technologië bidden. En Haus mat Energiepass A++ ass deier, eng Renovatioun ass laangwiereg, komplex a schléit och an d’Geld. Solaranlagen oder Wärmepompe kënnen sech vill Leit net leeschten, fir anerer sinn se – oft aus verständleche Grënn – net prioritär. Leit an der Locatioun hu kee Choix, se mussen dat huele wat se kréien a mat de Käschte liewen.

Eng sozial blann Klimapolitik stéisst op Widderstänn.

Wa jiddereen individuell fir sech suerge muss, mee net jiddereen dat dofir néidegt Geld a Wëssen huet, dann entsteet eng ongerecht Situatioun, déi vill Leit rose mécht. D’Regierung bezilt zwar Primmen u Stéit aus, déi energeetesch sanéieren a Solaranlagen opriichten, mee déi Primme komme prioritär do un, wou Leit schonn dat néidegt Startkapital hunn. All déi aner bleiwen op der Streck a mussen déi knaschteg Energie och nach weider deier bezuelen. Déi grouss Profiteuren heesche weider Shell, Total an ExxonMobil.

Eis Visioun :

D’Verantwortung fir Klimaschutz läit bei der Gesellschaft als Ganzt, net beim Eenzelem. Deementspriechend setze mir och an der Klima- an Ëmweltpolitik op sozial gerecht Ëmverdeelung an op ëffentlech Investitiounen an nohalteg Infrastruktur a Servicer, déi mir alleguer brauchen an notze kënnen.

Bis 2045 viséiere mir als déi Lénk eng karbonneutral Gesellschaft. Fir dohinner ze komme musse mir de Verbrauch vun de fossillen Energien an den nächsten zwee Joerzéngten op Null setzen a gläichzäiteg d’Grondlage leeë fir mat erneierbarer Energie all eis Bedürfnisser ofzedecken. Dat ass net einfach, mee net onméiglech. Op alle Fall musse mir dofir den Energieverbrauch wäit erofsetzen, e.a. och am Wunnberäich.

Den Ausbau vun erneierbaren Energien, besonnesch mat Photovoltaik, Wandrieder a Wärmepompen, muss beschleunegt ginn. All d’Potenzialer musse genotzt ginn. De Privatkonto wäert dobäi keng Hürd méi sinn, wëll mir op gemeinschaftlech a kommunal Initiativ an ëffentlech Finanzementer setze wëllen.

Energie ass fir déi Lénk en ëffentlecht Gutt a keng Wuer. Dowéinst muss den Energiesecteur och an den Déngscht vum allgemengen Interessi gesat ginn.

Nos propositions.

Ëffentlech virfinanzéiert Renovatiounen vu Wunnengen.

Energie aspuere mat Hëllef vun Investitiounen an d’Energieeffikassitéit vum Haus dierf net just de méi räiche Stéit virenthale sinn.

Wa mir eis Klimaziler erreeche wëllen, da muss all Stot besser fréier wéi spéider d’Méiglechkeet op eng Renovatioun an erneierbar Energieproduktioun kréien, onofhängeg vum Akommes.

Dofir wëlle mir en ëffentlech finanzéierte Renovatiounsprogramm vu Wunnhaiser op de Wee bréngen, den ouni Prêt bei Privatbanken a Verschëldung auskënnt. Domat maache mer Klimaschutz, verbesseren de Wunnconfort a stäerken och nach wichteg Zukunftsberuffer am Handwierk.

Gestaffelt Präisser fir Waasser an Energie anstatt vun ongerechte Steieren.

Den Zougank zu Waasser an Energie ass fir eis e Recht. Fir dat ze realiséieren, wëlle mir e Basisbedarf gratis zur Verfügung stellen an den iwwerméissege Verbrauch progressiv méi deier maachen. Mat dëser Stafflung vun de Präisser wëlle mir e verantwortlechen Ëmgank mat dëse wichtege Ressourcë favoriséieren an dat op eng sozial gerecht Aart a Weis.

Gestaffelt Präisser sinn eis Äntwert op indirekt Steieren an Taxen, déi de Basisverbrauch genee esou staark verdeiere wéi den exzessive Verbrauch an domat grad Leit mat klengem Akommes am stäerkste belaaschten.

Gemeinschaftlech a lokal Produktioun vun erneierbaren Energien.

Bei der Produktioun a Späicherung vun Energie setze mir op gemeinschaftlech Léisungen am Kader vun ëffentlechen Energienetzer.

Anstatt dass all Stot selwer all Investitioun stemme muss, wëlle mir op kommunalem Niveau, an den Dierfer an an de Quartier’en den Hiewel usetzen. Engersäits wat Stroum an Hëtzt ugeet, iwwer kooperativ Photovoltaik, Wärmepompen a Fernwärme, mee awer och wat de Stockage vun Energie ugeet.

De Rentefong raus aus Atom – an aus fossillen Energien!

2022 ginn 888 Milliounen € vum Rentefong an klimaschiedlech Entreprisen an de Beräicher Kuelekraaft, Pëtrol a Gas investéiert. 691 Milliounen € stiechen an der Atomindustrie.

D’Kapital am Rentefong kënnt vun de schaffende Leit fir eis Renten solidaresch ze finanzéieren. Des Reserven am Rentefong dierfen net an eng Wirtschaft fléissen, déi d’Liewensgrondlage vun zukünftege Generatiounen zerstéiert, mee solle genotzt ginn fir eng nohalteg Wirtschaft matopzebauen.

Dofir wëlle mir dass en Deel vum Rentefong an erneierbar Energien zu Lëtzebuerg an an der Regioun investéiert gëtt. Dësen Ausbau dierf net just privaten Investoren an Entreprisen iwwerlooss ginn.

Energie-Effizienz fir jiddereen.

D’Finanzéierung vun den energetesche Sanéierunge vu Wunnengen esou wéi d’Regierung se haut mécht, hëlleft just de Leit, déi genuch Suen hunn fir an hiert Haus kënnen z’investéieren. Fir Leit, déi wierklech op Ënnerstëtzung ugewise wieren an oft a besonnesch schlecht isoléierten Haiser wunnen, bleiwen des staatlech Hëllefen awer onerreechbar. Geld léine bei enger Bank ass fir si keng Optioun. déi Lénk hunn en eegent Konzept ausgeschafft, dat soll bewierken, dass all Proprietär d’Méiglechkeet krit, fir seng Wunneng energiegerecht ze renovéieren. Mat eisem Modell kéint all Stot eng Energie-Sanéierung op Mooss kréien. Staatlech Hëllefe géife mat eisem Modell vill méi staark u sozial Krittäre geknäppt ginn. Donieft soll et e staatleche Kredit ginn, wou de Remboursement vum Stot par rapport zu der finanzieller Situatioun an den erspuerten Energiekäschten (bedéngt duerch d’Renovatioun) gerechent géif ginn. Stéit mat wéineg Akommes kéinten op deem Wee ginn hire Wunnconfort verbessert kréien ouni finanziell belaascht ze – an Energie géif och gespuert ginn. Déi vill zousätzlech Opträg fir d’Handwierker géifen e Win-Win-Modell schafen. Wourop waarde mer?


La protection du climat accessible à tous.

Le droit au logement.

déi Lénk est pour le droit au logement.

Le constat.

Avoir son propre logement est un luxe.

Il y a trente ans et plus, un salarié avec un salaire moyen, après quelques années de travail, pouvait se payer un terrain avec une maison. Même des familles où seulement une personne travaillait, pouvaient rembourser un prêt en vingt ans. Avoir un logement est la chose la plus normale et n’était pas source de inquiétudes et de craintes existentielles. Se loger ne rendait pas pauvre. Aujourd’hui, cela a changé.

Des logements trop chers rendent les gens pauvres.

Le financement d’un logement est aujourd’hui la première raison de pauvreté. Surtout les n’y échappent pas : 35% courent le risque de devenir pauvre. Chez les acheteurs, ce taux se situe à 11,4%. Ce sont surtout les locataires avec des petits revenus qui dépensent une grande partie de leur revenu pour se loger. Ainsi, il a été constaté que plus de 20.000 foyers au Luxembourg dépensent plus de 50% de leur revenu pour payer le loyer. Les familles monoparentales sont les plus frappées par ce phénomène.

La crise du logement frappe désormais les classes moyennes.

Depuis que les banques centrales ont commencé à augmenter les taux d’intérêt de plus en plus de propriétaires avec des crédits immobiliers rencontrent des difficultés. Beaucoup de gens ont effet opté pour un taux variable, par conséquent, les mensualités augmentent mettant ainsi en péril l’équilibre financier de ménages concernés. Les personnes qui voulaient acheter un logement doivent désormais se tourner vers le marché locatif ce qui accélère encore la hausse des loyers. Les gens avec des revenus petits ou moyens sont aussi concernés.

Le logement est un business lucratif pour les « lucky few ».

Les grands promoteurs et les propriétaires terriens sont les grands profiteurs de la crise du logement. Ils ont le contrôle des terrains. Les études de l’Observatoire de l’Habitat ont clairement montré qu’une poignée de promoteurs, avant tout Giorgetti et Arend&Fischbach, possèdent à eux seuls énormément de terrains. Ils ne paient pas d’impôts sur ces terrains. Ils peuvent faire ce qu’ils veulent.

L’État et les communes ne prennent pas leurs responsabilités.

Que font l’État et les communes ? Ils ne sont que de petits joueurs sur le marché du logement. Ils possèdent en tout 16% de tous ls terrains constructibles et ne font pas d’efforts pour en acquérir plus. Et ils ne travaillent pas assez avec ces 16%. En 2022, seulement 3.873 logements étaient publics, ce qui correspond à 1,5% de tous les logements. En France ou en Autriche, l’Etat et les communes possèdent entre 10 et 20% de tous les logements.

Notre vision :

Le logement est un droit et non un business.

Les gens ont besoin d’un logement. Sans logement à un prix décent, l’on ne peut avoir d’avenir, ni avancer dans la vie. Pour cette raison nous voulons inscrire un droit au logement opposable dans la Constitution.

Ce droit est acquis lorsque chacun aura un logement à un prix décent. Cela signifie que personne ne dépensera plus de 25% de son revenu pour se loger. C’est aussi la définition d’un loyer social. Une personne qui touche le salaire social minimum doit pouvoir louer à 500 à 600 euros par mois. Pour les logements mal isolés le loyer doit encore être revu à la baisse.

Cela n’est possible que si nous mettons un terme à la suprématie du marché privé. Les loyers doivent être plafonnés de manière efficace grâce à une loi. La spéculation à grande échelle de promoteurs et de propriétaires doit être taxée de manière conséquente. L’État et les communes doivent acquérir plus de terrains et construire rapidement des logements abordables.

La mise en place de ces mesures prendra du temps. Pour cela il faut des instruments qui soulagent les ménages à court terme. Aucun ménage ne doit perdre son logement s’il n’y est pour rien. Pour cette raison il faut une caisse solidaire pour assurer les prêts immobiliers et les loyers.

Nos propositions :

Le droit à un logement dont le prix ne dépasse pas 25% du revenu.

Nous voulons inscrire un droit au logement opposable dans la Constitution. Ce droit est respecté lorsque chaque ménage aura un logement décent dont le loyer ne dépasse pas 25% du revenu, voire 33% avec les charges.

Une loi efficace pour plafonner les loyers. déi Lénk a rédigé une proposition de loi qui prévoit que les prix des loyers ne s’orientent plus sur les prix de l’immobilier gonflés par la spéculation, mais sur l’évolution réelle des salaires et des prix. Parallèlement le loyer d’immeubles mal isolés doit être revu à la baisse.

Nous avons rapidement besoin de logements pour réagir aux urgences. Chaque commune doit réserver un logement par 1.000 habitants à des fins de logement d’urgence pour loger des gens qui perdent leur logement en raison d’un feu par exemple. Les communes avec plus de 5.000 habitants doivent organiser du « housing first » pour les gens vivant dans la rue.

Combattre la spéculation

Nous voulons une taxe foncière progressive dont la résidence principale est toutefois exclue. Plus on a de terrains et plus la valeur de ces terrains est élevée, plus on paie d’impôts. Nous visons essentiellement les grands promoteurs et les propriétaires qui ont beaucoup de terrains.

Supprimer l’amortissement accéléré qui permet de défiscaliser les revenus provenant de loyers. C’est un cadeau fiscal qui bénéficie aux investisseurs pour lesquels le logement n’est qu’un business.

Utiliser les capacités pour construire des logements moins chers.

Augmenter considérablement les ressources en personnel et en fonds des communes et de l’État dévolues à la construction de logements abordables et faire du logement un service public. D’ici 2030 nous voulons que 10% de tous les logements soient publics, ce qui correspond à environ 30.000 logements.

Chaque PAP de promoteurs privés avec plus de 10 unités de logements doit prévoir 30% de logements abordables. Créer une entreprise de construction avec un capital à 100% public qui offre de bonnes conditions de travail à ses salarié.e.s et qui doit servir à al construction de logements abordables publics.

Introduire le taux de TVA super-réduit pour tous les projets de logements sans but lucratif. Utiliser les logements inoccupés et les terrains en friche pour des concepts innovants grâce à une prise de contact proactive des communes avec les propriétaires.

déi Lénk s’engage pour :

  • Le droit à un logement dont le loyer ne dépasse par 25% du revenu.
  • Des loyers sociaux par le biais d’un plafonnement des prix du marché.
  • La fin de la spéculation immobilière.
  • 30.000 logements publics d’ici 2030.

Une caisse solidaire pour assurer le droit au logement.

Une garantie universelle pour les loyers doit assurer qu’une caisse de solidarité co-financera le loyer de personnes qui ne peuvent plus payer leur logement pour des raisons indépendantes de leur volonté. Cette caisse doit être alimentée par diverses sources : les banques, par les bailleurs qui paieront une petite taxe sur les loyers qu’ils perçoivent, et par l’État. Un système similaire avec une caisse de solidarité essentiellement financée par les banques, doit garantir le remboursement des crédits immobiliers. Les banques sont en effet les premiers profiteurs de la hausse des intérêts. Mais l’État doit également participer. Ainsi, nous voulons éviter que des gens perdent leur logement en raison de la hausse des intérêts.

De Staat soll Manuel Cardoso Constructions iwwerhuelen.

D’Bauentreprise Manuel Cardoso ass faillite. Anstatt dass des Entreprise elo tel quel verschwënnt a mat hir deels och Aarbechter an d’Aarbechterinnen, déi e wichtegt Kënne fir d’Zukunft hunn, soll de Staat des Entreprise opkafen an doraus déi éischt ëffentlech Wunnengsbaufirma maachen.

D’Entreprise Manuel Cardoso ass eng Entreprise de construction générale a vereent also all d’corps de métier déi gebraucht gi fir Wunnenge vun A bis Z ze bauen, vum gros oeuvre iwwer d’Elektresch bis hin zu de Plättercher an der Menuiserie. Och wann an de leschte Méint vill Aarbechter*innen d’Entreprise verlooss hunn, sou bleiwen awer ëmmer nach iwwer 100 Salariéen an der Entreprise, déi dréngend gebraucht gi fir ze bauen. Doriwwer eraus huet d’Entreprise Maschinnen a Geschier, dat alles prett do steet a kéint agesat ginn.

déi Lénk hu scho viru längerer Zäit d’Schafung vun enger ëffentlecher Baufirma an d’Spill bruecht. Esou eng Firma muss net aus dem Stee geschloe ginn, mee se kann och iwwer den Opkaf vun enger bestoender Entreprise realiséiert ginn. Elo ass d’Chance do.

Déi rezent Etüd vun der Konkurrenzautoritéit huet opgeluecht, dass am Bausecteur Dumpingléin bezuelt ginn an dowéinst och Personal feelt. Si leet no, dass dat och gezielt esou passéiert, wëll guer keen Interessi do wier, fir méi ze bauen, wëll soss d’Präisser kéinte falen. Mir hunn et also mat enger Form vu Kartell ze dinn.

Eng ëffentlech Baufirma kéint dësem verantwortungslose Geschäftsmodell en Enn setzen, andeem se de Bauaarbechter*innen an Handwierker*innen besser Léin an Aarbechtsbedéngunge géif bidden an domat eng Hiewelwierkung op de ganze Secteur hätt. Wann e private Betrib gutt Leit wëll kréien, da muss e matzéien oder en hat Pech. De Bausecteur géif esou insgesamt méi attraktiv ginn. Dat ass batter néideg fir mam Bau vu gënschtege Wunnengen an der energeetescher Renovatioun virunzekommen.

Eng ëffentlech Baufirma misst sech an den Ae vun déi Lénk exklusiv op de Bau vun de Projet’en vun ëffentleche Promoteure fokusséieren. Ëffentlech Promoteure sinn ofhängeg vu privaten Entreprisen, déi oft un ee vun de grousse Promoteuren ugegliddert sinn an déi natierlech prioritär mol hir eege Projet’en virzéien, op deenen d’Margen och méi héich sinn. Wéi héich déi Marge sinn, wësse mir jo och säit der Etüd vun der Konkurrenzautoritéit.

Déi rezent Zuelen déi de Logementsminister eis iwwer de Fonds Spécial ginn huet, weisen eis ganz däitlech, dass den Output vun ëffentleche Wunnengen an de leschten 3 Joer net geklommen ass, mee éischter réckleefeg ass. De Logementsminister versprécht an annoncéiert zwar vill, mee vill Konkretes koum bis elo nach net eraus.

déi Lénk mengen, dass et un der Zäit ass fir mat anere Rezepter ze schaffen. Déi al wierken net méi. Eng ëffentlech Baufirma ass een sou e Rezept.


L’État doit reprendre Manuel Cardoso Constructions.

L’entreprise de construction Manuel Cardoso vient de faire faillite. Au lieu de laisser disparaître cette entreprise et de perdre le savoir-faire important de ses salarié.e.s, l’État doit la racheter et en faire la première entreprise de construction de logements publique.

L’entreprise Manuel Cardoso est une entreprise de construction générale réunissant tous les corps de métiers qui interviennent dans la construction de logements. Du gros œuvre à la menuiserie en passant par le carrelage tous les savoir-faire y sont présents. Bien que de nombreux de salarié.e.s aient quitté l’entreprise ces derniers mois, il en reste toujours une centaine dont nous avons besoin pour continuer à construire. S’y ajoute que l’entreprise dispose de machines et d’outils divers dont on pourrait se servir immédiatement.

Il y a des mois déi Lénk a fait entrer au débat public l’idée d’une entreprise de construction publique. Une telle entreprise ne doit pas être créée à partir de rien, mais elle peut se faire en rachetant une entreprise existante. L’occasion se présente avec la faillite de Manuel Cardoso.

La récente étude de l’autorité de concurrence a montré que le secteur de la construction paie ses salarié.e.s au lance-pierre et la pénurie de personnel s’explique par ces salaires de misère. L’autorité pense que les entreprises pratiquent ces salaires indécents pour freiner le rythme de construction afin d’éviter une éventuelle baisse des prix des logements. Il s’agit donc d’une forme de cartel. 

Une entreprise de construction publique peut mettre un terme à ce modèle d’affaires douteux et irresponsable en proposant de meilleurs salaires et de meilleures conditions de travail aux salarié.e.s. Ce qui aurait un effet levier sur tout le secteur. Si une entreprise privée veut attirer du personnel compétent, elle va devoir payer. Ainsi, le secteur gagnerait en attractivité. Et c’est indispensable pour avancer avec la construction de logements abordables et la rénovation énergétique.

D’après nous, une entreprise de construction publique doit exclusivement se concentrer sur la construction des projets des promoteurs publics. Car ces promoteurs publics dépendent d’entreprise privée qui appartiennent en partie aux grands promoteurs privés du pays. Et ces derniers donnent la priorité à leurs propres projets qui présentent des marges plus juteuses. Et depuis l’enquête de l’autorité de la concurrence, nous connaissons les hauteurs indécentes qu’atteignent ces marges.

Les derniers chiffres fournis par le ministre du Logement concernant le Fonds spécial logement indiquent clairement que la construction de logements publics a connu un ralentissement ces trois dernières années. Malgré les annonces et les promesses du ministre, on ne voit pas les choses avancer.

déi Lénk estime qu’il est grand temps de changer de recettes, car les vieilles ne fonctionnent plus. Une entreprise publique serait une de ces nouvelles recettes.

Kuerz virun de Walen entdeckt d’LSAP d‘Logementsproblematik.

déi Lénk maache säit Joren op d’Mësststänn am Immobiliësecteur opmierksam. Mir hunn d’Spekulatioun mat Terrainen an Immobilien ugeprangert, mir hunn d’Monopolpositioun vun de Promoteuren kritiséiert, mir hu konkret Léisunge proposéiert. Elo ginn all d’Kritikpunkte vun déi Lénk duerch eng Enquête vun der Konkurrenzautoritéit bestätegt. An de Wirtschaftsminister Franz Fayot fällt aus alle Wolléke, wéi wann e sech net hätt kéinte virstellen dass d’Promoteuren esou vill Muecht hunn.

Opmannst eppes war awer scho kloer virun der Enquête vun der Autorité de la concurrence : d’Phenomen vum „Land banking“ ass wäit verbreet. Dat besteet doran, dass Proprietären hir Terrainen zeréckhalen fir d’Präisser ze dreiwen, dat ass also Immobiliëspekulatioun. An déi Proprietären sinn zum groussen Deel Promoteuren, déi hir Marge veraachtfacht (!!) hunn tëschent 2010-2020.

Interessant ass awer och, dass d’Konkurrenzautoritéit net ausschléisst dass d’Manktem u Salariéen duerch schlecht Salairen kënschtlech gefërdert gëtt. Esou géing d’Baue gebremst ginn fir d’Präisser héich ze halen. Wann dee Verdacht sech bestätege sollt, da kann ee vu kartellänlechen Zoustänn am Secteur schwätzen.

Mee d’Promoteuren sinn net déi eenzeg déi op d’Fangere geklappt kréien. D’Immobilienagencen iwwerbidde sech fir d’Präisser an d’Luucht ze drécken an d’Banken profitéieren vun hirem Monopol wat déi sougenannte „garantie d’achèvement“ ugeet.

Am Secteur, deen all Regierung bis elo sech selwer iwwerlooss huet, sinn d’Lompe fatzeg um sténken. E Bléck op d’Präisser hätt dem Minister eigentlech missen duer goe fir dat ze verstoen. Seng spéit Empörung kléngt och dofir falsch an de Verdacht vun engem bëllege politesche Manöver ass dowéinst genausou wéineg ze verwerfe wéi de Verdacht dass d’Promoteuren Schmu bedreiwen.

déi Lénk fuerdere nach ëmmer eng konsequent Besteierung vun der Spekulatioun fir dem „land banking“ een Enn ze setzen. De Staat, d’Gemengen an och Associatiounen déi am Logement täteg sinn, mussen endlech méi abordabele Wunnraum schafen fir der Tendenz um Immobiliëmaart entgéintzewierken. A wann d’Konkurrenzautoritéit de Verdacht huet dass d’Aarbechtskonditioune schlecht sinn fir d’Präisser kënschtelch héich ze halen, dann kritt déi Lénk Fuerderung no enger Baufirma mat ëffentlechem Kapital nach méi Gewicht an dëser Debatt. Et muss een och d’Paie stäerken andeems ee mat enger Erhéijung vun 300 Euro vum Mindestloun ufänkt.


Peu avant les élections, le LSAP découvre le problème du logement.

déi Lénk essaie depuis des années d’attirer l’attention sur les graves problèmes du secteur de l’immobilier. Nous avons critiqué la spéculation avec les terrains et les immeubles, nous avons dénoncé le monopole des promoteurs et nous avons proposé des solutions concrètes. Aujourd’hui, grâce à une enquête de l’autorité de la concurrence, notre analyse a été confortée. Et le ministre de l’Économie, Franz Fayot, tombe des nues comme s’il venait découvrir le pouvoir démesuré des promoteurs.

Un élément de l’enquête était déjà connu avant la publication : il s’agit du fameux « land banking », la rétention des terrains par les propriétaires à des fins de spéculation. Ces propriétaires sont bien souvent les promoteurs qui ont multiplié par huit (!!) leur marge entre 2010 et 2020.

Il est également intéressant de lire que l’autorité soupçonne les patrons du secteur de favoriser la pénurie de salarié.e.s par le biais de mauvaises conditions de travail. Ainsi, le rythme de construction demeure faible et les prix restent artificiellement élevés. Si ce soupçon se confirme, l’on peut parler de cartel dans le secteur.

Mais les promoteurs ne sont pas les seuls à être épinglés par l’autorité de concurrence. Les agences immobilières sont accusées de pratiquer la « course à l’enchère », c’est-à-dire d’afficher des prix exagérément élevés, et les banques sont mises en cause en raison de leur monopole en ce qui concerne les « garanties d’achèvement ».

Ça sent donc le roussi dans un secteur de l’immobilier que les gouvernements successifs ont laissé faire durant des décennies. Et il aurait suffi que le ministre jette un coup d’œil sur les prix pour le comprendre. Son indignation tardive sonne donc faux et tout comme on ne peut écarter le soupçon que les agissements des promoteurs sont louches, on ne peut écarter celui qu’il s’agit ici d’une manœuvre politique de mauvais goût.

déi Lénk revendique toujours une imposition systématique de la spéculation pour mettre fin au „land banking“. L’État, les communes et les associations actives dans le logement doivent construire plus de logements abordables pour inverser la tendance du marché. Et si l’autorité de concurrence évoque le soupçon que les conditions de travail dans le secteur de la construction sont mauvaises pour augmenter les prix, la revendication de déi Lénk d’une entreprise de construction avec du capital public devient encore plus pertinent dans ce débat. Il est évident aussi qu’il faut augmenter les salaires en commençant par une augmentation de 300 euros du salaire social minimum.

Expulsions en matière de bail à usage d’habitation.

La réponse à cette question –> ICI

Monsieur le Président,

Conformément à l’article 80 du Règlement de la Chambre des Députés, je vous prie de bien vouloir transmettre la question suivante à Madame la ministre de la Justice et à Monsieur le ministre du Logement.

Après deux suspensions justifiées par les effets de la pandémie de Covid19 en 2020 et 2021, et une suspension de fin 2022 au 31 mars 2023 en raison des pressions inflationnistes qui continuent de peser sur les personnes et ménages à faibles revenus, l’exécution des décisions de déguerpissement a entre-temps repris.

En plus de la hausse des loyers, qui se poursuit et qui représente donc une charge financière souvent insupportable pour de nombreux ménages, l’augmentation générale du coût de la vie s’est ajoutée depuis plusieurs mois et constitue une charge supplémentaire.

Les ménages-locataires sont les premières victimes de cette évolution et il est dans ce contexte que je voudrais demander à Madame la ministre de la Justice et à Monsieur le ministre du Logement une mise à jour des nombres concernant les décisions de déguerpissement ordonnées en matière de bail à usage d’habitation.

1) Dans le cadre de la loi du 23 décembre 2022 portant suspension temporaire des déguerpissements en matière de baux d’habitation, combien de locataires ont déposé une requête au greffe de la justice de paix afin de demander au juge de paix siégeant en matière de bail à loyer de suspendre toute exécution d’une décision de déguerpissement rendue à son encontre ?

2) Combien de ces requêtes ont été accordées ?

3) Combien de ces requêtes ont été refusées pour des motifs de dégradation des lieux loués ou d’incompatibilité avec le besoin personnel du bailleur ?

4) Combien de procédures pour demander l’autorisation du juge de paix de pouvoir faire expulser une personne sont actuellement en cours ?

5) Combien de procédures pour demander l’autorisation du juge de paix de pouvoir faire expulser une personne ont été traitées depuis juin 2022 ?

6) Combien de ces demandes ont été accordées depuis juin 2022 ?

7) Combien d’expulsions autorisées par le juge de paix ont été executées depuis juin 2022 ?

8) Dans combien de cas depuis juin 2022 le juge de paix a-t-il accordé un sursis à l’exécution de la décision ?

Veuillez croire, Monsieur le Président, à l’expression de mes sentiments respectueux.

Nathalie Oberweis

Députée

Logementskris: Alt nees waarm Loft vun der Regierung.

Mat der Virstellung vun hirem Mesurëpak fir de Bausecteur ass dem Henri Kox, dem Franz Fayot an dem Lex Delles net de grousse Worf gelongen. Déi meeschte Saachen, déi  d‘Ministere proposéiert hunn, hunn entweder keen Impakt oder et gëtt se souwisou schonn. Et ass also eng Usammlung vu Scheinléisungen, déi net fir Entspanung um Immobiliëmaart wäerte suergen.

Esou proposéiert den Henri Kox dass Logementsprojeten eréischt ee Finanzementsgesetz brauchen ab engem Montant vu 60 Milliounen Euro amplaz vu 40 Milliounen, wéi dat bis elo de Fall war. Déi Finanzementsgesetzer sinn awer keng Hürd a kommen ëmmer séier duerch d’Chamber. Dat ass also eng Drëps op de waarme Steen. Dann beléisst de Minister et bei engem Appell un d’Gemenge fir  an dëser schwiereger Situatioun net manner ze maachen. Zu Lëtzebuerg misst ee mëttlerweil bekäppt hunn, dass et mat gutt gemengten Appellen net duer geet.

Wat déi ëffentlech Bauprojeten ugeet, déi de Minister Kox an d’Vitrinn gestallt huet, muss ee feststellen dass et sech hei em Projeten handelt déi scho geplangt waren. Dat ass also keen neie Moment am Kampf géint de Manktem u gënschtegem Wunnraum.

Nodeems de Minister virun e puer Woche schonn ugekënnegt hat ee Privatprojet vun ongeféier 90 Wunnengen opzekafen, huet en elo annoncéiert nach ee vu 90 Wunnengen ze kafen. Dat ass ee gudden Usaz mee et geet einfach net duer. déi Lénk haten do ganz konkret Mesurë proposéiert, déi et dem Staat kéinten erlaben anzegräifen. De Pensiounsfong muss méi an abordabele Wunnraum investéieren, de Budget vum Fonds spécial de soutien au développemement du logement misst verduebelt ginn.

Dann huet de Minister och nach ee Mol de Pilotprojet fir energeetesch Renovatioun zu Déifferdeng aus dem Sak gepaakt. Och wann dat an déi richteg Richtung geet an d’energeetesch Renovatioun ee groussen Enjeu ass an engem Land dat ganz vill Zäregaser ausstéisst fir seng Gebaier ze hëtzen oder ze killen, esou ass dat och net genuch, well Pilotprojete sinn Experimenter déi laang daueren. Och do haten déi Lénk proposéiert een ëffentleche Finanzéierungsystem op d’Been ze stellen, dee géing garantéieren dass kee Stot sech misst bei private Finanzinstituter verschëlden. D’Subvention d’intérêt fir Klimaprêten, déi dës Regierung viru ronn engem Joer reforméiert hat, dierft bei de klammenden Zënssätz och elo ganz verpuffen, wëll et fir vill Stéit einfach ze deier gëtt.

Fir d’Stéit ginn et nei Hëllefe beim Kaf vun engem éischten Haus, mee wat ass mat deene Leit, déi elo Problemer hunn duerch d’Hausse vun den Zënsen, an déi verkafe mussen awer kee Keefer fannen? Op déi existenziell Froe bleift d’Regierung Äntwerte schëlleg. Se bleift stur op der politescher Linn, déi um Ursprong vun der Logementskris zu Lëtzebuerg ass an et muss ee sech froen op hei net Leit incitéiert ginn de Risiko anzegoen zu engem schwéiere Moment um Wunnengsmaart aktiv ze ginn. déi Lénk stelle fest dass d’Regierung déi grouss Nout um Immobiliëmaart an am Bausecteur fir eng grouss ugeluechte Kommunikatiounscampagne ausnotzt. Se bleift konkret Äntwerte schëlleg an dat obwuel d’Zäit ëmmer méi knapp gëtt.


Crise du logement: Le gouvernement brasse de l‘air.

Le paquet de mesure pour le secteur de la construction, présenté par les ministres Fayot, Delles et Kox, n’est pas la panacée contre les maux du secteur de l’immobilier. La plupart des propositions n’ont soit pas d’impact ou elles existent déjà. C’est donc un fourre-tout de fausses solutions qui ne calmeront pas les tensions sur le marché de l’immobilier

Ainsi, le ministre du Logement Henri Kox a proposé de fixer le montant pour les projets nécessitant une loi de financement à 60 millions d’euros au lieu de 40 millions. Mais ces lois de financement ne constituent pas un écueil et sont toujours rapidement adoptées par les députés. C’est donc un coup d’épée dans l’eau. Le ministre se contente également de lancer un appel aux communes afin qu’elles ne fassent pas moins dans le domaine du logement durant cette période trouble. Or, nous devrions désormais savoir que ces appels bien intentionnés n’ont aucune valeur.

En ce qui concerne les projets de construction publics que le ministre a choisi de mettre en évidence, déi Lénk constate qu’il s’agit de projets planifiés de longue date. Ce n’est donc pas un nouvel élan  dans la lutte contre la pénurie de logements abordables.

Après son annonce, il y a quelques semaines, de racheter un projet privé d’environ 90 unités, le ministre a annoncé d’en racheter un second de même envergure. C’est certes un bon début, mais c’est très loin d’être suffisant. déi Lénk avait proposé des mesures concrètes qui permettrait à l’État d’intervenir rapidement : le fonds de pension doit sérieusement investir dans le logement abordable et la dotation du Fonds spécial de soutien au développement du logement doit être doublé.

Henri Kox a également ressorti son projet-pilote de rénovation énergétique à Differdange. Là aussi, c’est un bon début car la rénovation énergétique est un enjeu dans un pays qui émet beaucoup de gaz à effet de serre pour chauffer ou refroidir ces bâtiments. Mais cela ne suffit pas. Un projet-pilote est une expérimentation qui met du temps. déi Lénk propose un système de financement public afin de garantir qu’aucun ménage ne doit contracter de dettes auprès d’un institut financier privé. La subvention d’intérêt pour les prêts climatiques que ce gouvernement a réformée il y a un an, n’a plus aucun effet car un prêt devient tout simplement trop cher pour les ménages en raison de la hausse rapide des taux d’intérêts.

Pour les ménages, le paquet de mesures crée de nouvelles aides pour les primo-acquérants. Mais qu’en est-il des ménages qui peinent à rembourser leur prêt en raison des de la hausse des taux d’intérêt ? Qu’en est-il des ménages forcés de vendre leur bien mais qui ne trouvent pas d’acheteurs ? Le gouvernement ne répond pas à ces angoisses existentielles. Il reste obstinément sur la même ligne politique qui est à l’origine de la crise. Et il faut se demander si ce n’est pas irresponsable d’inciter les gens à investir dans un marché du logement qui traverse une période particulièrement complexe ? déi Lénk constate que le gouvernement se sert de l’urgence dans les secteurs de l‘immobilier et de la construction pour lancer une vaste campagne de communication. Mais, alors que la situation se dégrade de plus en plus, le gouvernement ne donne pas le début d’une solution.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe