Petitioun F.A.Q.

Hei fannt dir den FAQ zu eiser Petitioun iwwert eng weider Deckelung vun den Energiepräisser.

Firwat sinn d’Energiepräisser gedeckelt?

D’Präisser fir Gas a Stroum entstinn op globalen a regionale Mäert a schwanken opgrond vun
der Offer an der Nofro. Si ginn awer och beaflosst duerch Spekulatioun vu grousse Produzenten
an Investoren, déi hir Profitter wëllen sou héich wéi méiglech eropsetzen. Eng wichteg Roll
spillen dobäi Finanzprodukter, déi un d’Energiepräisser gekoppelt sinn an e groussen Afloss op
d’Präisentwécklung hunn. Hei handele keng Stéit a Betriber, déi Energie kafe fir se ze
verbrauchen, mee Finanzacteuren, déi an éischter Linn vill Geld verdénge wëllen.
Nom Ugrëff vu Russland op d’Ukrain ass den Energiemaart staark aus dem Rudder gelaf.
D’Onsécherheet huet d’Präisser eropgedriwwen a grouss Gewënner konnten sou vun de
Produzenten a vu Spekulanten agefuer ginn. Fir ze verhënneren, dass dës Präisser net vun de
Stéit musse bezuelt ginn, hu vill Staaten en Energiepräisdeckel agefouert, dorënner och
Lëtzebuerg. D’Präisser fir de Verbraucher goufen also op engem scho relativ héijen Niveau
gedeckelt. D’Energieproduzenten a -lieferanten kruten awer de Maartpräis weiderbezuelt, wëll
de Staat fir d’Differenz opkënnt. De Staat finanzéiert also d’Profitmargë vun Energiekonzerner
mat.

Wat plangt d’Regierung mam Energiepräisdeckel?

D’Präisdeckelung um Gas soll vum 1. Januar 2025 u ganz ewechfalen an um Stroum gëtt den
Deckel ëm d’Hallschent reduzéiert. D’Regierung begrënnt dat domat, dass d’Präisser sech op
engem méi déiwen Niveau wéi nach 2023 an ugangs 2024 stabiliséiert hätten. Dat ass awer net
ganz richteg, wëll besonnesch d’Stroumpräisser weider ganz héich bleiwen. Doriwwer eraus
riskéieren d’Energiepräisser duerch de Konflikt am Noen Osten erëm ze klammen.

Wat bedeit d’Decisioun vun der Regierung konkret fir d’Stéit?

Fir e Stot, deen seng Wunneng oder säin Haus mat Gas hëtzt a Stroum verbraucht fir séng
gängeg Apparater (Frigo, Wäschmaschinne, Bakuewen…) an d’Beleuchtung géif d’Upassung
vum Deckel eng Hausse vun den Ausgabe pro Joer vun am Schnëtt 670€ bedeiten, also knapp
60€ méi pro Mount. Fir Stéit dogéint, déi mat Wärmepompel hëtzen, wier d’Hausse vun de
Präisser méi staark: 1070€ wieren et hei pro Joer, also 90€ de Mount méi. Des Beträg huet
d’Chambre des Salariés opgrond vun Zuele vum STATEC gerechent.
Zousätzlech géif duerch déi Decisioun vun der Regierung d’Inflatioun erëm befeiert ginn, wëll
méi héich Verbraucherpräisser op der Energie och vill Produkter méi deier géife maachen. Ganz
vill kleng Commercen a soss Betriber sinn nämlech och vum Präisdeckel betraff. Si géife méi
héich Energiepräisser op hir Verkafspräisser drop schloen. Wéi staark den Impakt dovunner wier,
ass awer schwéier ze soen.

Wat misst een dann aus der Siicht vun déi Lénk maachen ?

Mir wëllen dass den Energiepräisdeckel sou wéi en elo besteet fir 2025 weider bestoe bleift. Mir
mengen, dass et falsch ass an der aktuell schwiereger Situatioun nei Präishaussë liichtfankeg
auszeléisen. Vill Stéit si staark vun den héije Wunnkäschten betraff, sief et duerch de Loyer, sief
et duerch d’Zënsen um Prêt fir d’Wunneng oder d’Haus. Déi héich Käschte betreffe Stéit an den
aller meeschten Akommeskategorien. Mir mengen dass elo op kee Fall sollt zougelooss ginn,
dass Stéit Honnerten Euro zousätzlech Käschte kréie fir eng Grondversuergung bei der Energie
kënnen z’assuréieren. Dofir soe mir: Den aktuell gültegen Energiepräisdeckel muss kuerzfristeg
an zumindest fir 2025 a Kraaft bleiwen!

Soll de Staat dann éiweg e Präisdeckel finanzéieren?

Op Dauer mécht dat kee Sënn, wëll de Staat net mat Steiergelder Spekulatioun a Profitter vun
Energiekonzerner matfinanzéiere soll an dat och nach ouni Garantie, dass déi Profitter och
tatsächlech an den Ausbau vun den Netzer an an erneierbar Energië fléissen. ENCEVO huet
d’lescht Joer mam Akaf a Verkaf vun Energie 171 Milliounen Euro Profit gemaach. ENCEVO
ass dee Grupp zu dem och ENOVOS a CREOS gehéieren. Dat ass méiglech, wëll Energie wéi
eng Wuer gehandelt gëtt a grouss Energiekonzerner a ganz Europa profitorientéiert Betriber sinn,
déi zueneen a Konkurrenz stinn. Wat méi Profitter entstinn, wat méi Dividenden un d’Aktionäre
fléissen, wat méi Geld aus de klengen an déi grouss Täsche wandert.

Wat wir dann d’Alternativ zum liberaliséierte Marché?

D’Energie, hir gréisser Produktioun an hir Verdeelung missten an ëffentleche Besëtz iwwergoe
fir dass aner Ziler Iwwerhand kréie wéi déi reng Profitmaximéierung. Wann de Staat an
d’Gemengen déi grouss Decisioune kënnen huelen iwwer den Ausbau vun den Infrastrukturen,
d’Investitiounen an déi erneierbar Energien an iwwer de Präis vun der Energie, da kéint eng vill
besser Previsibilitéit geschafe gi fir d’Stéit a fir d’Betriber. Déi grouss Präisschwankungen aus
der rezenter Vergaangenheet hätten sou kënne verhënnert ginn. Déi sou dréngend noutwendeg
Investitiounen an d’Energieinfrastruktur zu Lëtzebuerg kéinten dann iwwer eng raisonnabel
Tarifikatioun vun der Energie an eng Steierpolitik, déi vill méi staark soziale wéi ekologesche
Kritäre Rechnung dréit. An net en fonctioun vun de Weltpräisser vum Gas oder Petrol an no de
Virstellunge vu privaten Energiebetriber, déi laanscht all demokratesch Kontroll handelen

Wat kann een da konkret hei zu Lëtzebuerg änneren?

Mir wëssen, dass Lëtzebuerg wéineg Afloss huet op den internationalen Energiemaart an op déi
grouss Konzerner.
Mee de Staat an d’Gemengen kënnen engersäits selwer Energie produzéieren andeems se an déi
erneierbar Energien investéieren. Grouss Solar- a Wandanlage grad ewéi grouss Wärmepompelen
a Wärmenetzer fir ganz Quartier’e kënnen ëffentlech finanzéiert ginn. Och den Zesummeschloss
vun de privaten Haushalter hire Produktioune a Kooperativen soll gefördert ginn. An et ass
anerersäits och noutwenneg, dass d’Energienetzer erëm an d’ëffentlech Hand kommen. Sou kann
eng Tarifikatioun festgeluegt ginn, déi e Basisbedarf un Energie vill méi bëlleg mécht, an
d’Verbëtze vun Energie vill méi deier. An da mussen och fir jiddereen accessibel Ureizer
geschafe ginn fir energeetesch Renovatioune vun de Wunnengen an de Gebaier allgemeng. Well
déi bëllegst Energie ass déi, di net verbraucht gëtt !

Huet dat och eppes mam Recht op Energie ze dinn ?

Jo ! Wëll haut privatrechtlech Betriber Gas a Stroum liwweren an de Stéit dat dann a Rechnung
stellen, hunn si natierlech Interesse un héije Präisser. Dobäi kënnt, dass et ëmmer erëm Fäll ginn,
wou Stéit de Gas an nach méi oft de Stroum ofgestallt kréien, wëll se hir Rechnungen net kënne
bezuelen. Och wann dann am Prinzip den Office social asprange soll, geschitt dat net ëmmer.
Recht op Energie bedeit fir eis, dass de Basisbedarf un Energie ni a Fro gestallt ka ginn. Dofir
muss d’Ofdréie vum Gas oder vum Stroum duerch de Fournisseur verbuede ginn. De
Grondbedarf un Energie muss ëmmer assuréiert sinn, an dat onofhängeg vum Kontestand an ouni
bei den Office social musse froen ze goen. Dat ass awer nëmme méiglech, wann d’Energie en
ëffentleche Service gëtt.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe