
D’Recht op Ofdreiwung duerch d’Verfassung schützen!
D’Méiglechkeet sech fir eng Ofdreiwung entscheeden ze kënnen ass e fundamentalen Deel vum Recht op Selbstbestëmmung, der Emanzipatioun vun der Fra an der Geschlechtergläichheet. Dat selwecht gëllt fir den Zougank zu Verhütungsmëttel. Fir dës Rechter hunn d’Frae ganz laang misste kämpfen an et ass néideg sech dofir anzesetzen, datt se net a Fro gestallt ginn.
Wisou grad d’Recht op Ofdreiwung…?
Och wann d’Recht op Ofdreiwung an d’Recht op Verhütungsmëttel haut eng Realitéit sinn zu Lëtzebuerg, kann een sech ni sécher sinn, datt dat och éiweg sou bléift. A ville Länner gëtt d’Selbstbestëmmungsrecht vun de Fraen haut oppen a Fro gestallt. Net just an den USA, mee och an Europa. Dofir gëllt et elo ze handelen, soulaang et e breede gesellschaftleche Konsens gëtt op där Fro.
…duerch d’Verfassung schützen?
An der Verfassung sinn dës Rechter méi staark ofgeséchert. Well fir eppes aus der Verfassung nees eraus ze huelen, brauch een eng 2/3 Majoritéit am Parlament, wärend e Gesetz ka mat enger normaler Majoritéit ofgeännert ginn. Donieft ginn se doduerjer zu engem “droit opposable”. Dat heescht, datt een se ka viru Geriicht akloen, falls den Zougank onméiglech gemaach gëtt.
A wat soll lo änneren?
De Virschlag, dee vun déi Lénk am Parlament agereecht gouf, wëll follgend zwee Sätz an d’Verfassung schréiwen : « Le droit à l’interruption volontaire de grossesse ainsi que le droit à la contraception sont garantis. La loi détermine les conditions dans lesquelles s’exerce l’accès libre et effectif à ces droits ». Un der aktueller Praxis ännert sech also näischt, well déi gëtt weiderhi per Gesetz gereegelt.
Wat kann ech maan?
Schwätz mat de Mënschen an dengem Entourage doriwwer. Nëmme wa mir d’Ëffentlechkeet mobiliséiert kréien, kënne mir dat Ziel och erreechen.