D’Resultater vun de Landtagswalen an Thüringen a Sachsen komme wéineg iwwerraschend an awer erschrecken se a maachen se Angscht. Mat iwwer 30% gëtt d’AfD knapp zweetstäerkste Kraaft a Sachsen a souguer bei wäitem stäerkst Partei an Thüringen. Grad an deem Land, an deem de rietsextreme Björn Höcke ugetrueden ass, ass d’Gefor déi vun dëser Partei ausgeet net méi vun der Hand ze weisen. Dowéint kënnen des Walen och net méi als einfache Protestvott géint d’Bundesregierung verharmloost ginn.
Als Haaptsujet gouf am Walkampf ëmmer nees d’Migratiounspolitik an Däitschland genannt. Se gouf net nëmme vun der AfD thematiséiert, mä vu bal all de Parteien op eng méi oder manner problematesch Aart a Weis. Virun allem d’CDU huet net gezéckt, Walkampf um Réck vu geflüchte Mënschen ze maachen. Mä och Parteien, déi éischter lénks um politesche Spektrum ze fanne sinn, hunn sech vun der AfD dreiwe gelooss. Sou huet d’Ampelregierung zum Beispill virun e puer Deeg eng éischte Kéier säit der Muechtiwwernahm vun den terroristeschen Taliban an Afghanistan Mënschen zeréck an dat Land geschéckt. Och d’BSW huet d’Stëmmung wärend dem Walkampf mat problemateschen Aussoe weider opgehëtzt.
Doduerch, dass sou vill Parteien op de rietsen Zuch opgespronge sinn, hunn si net der AfD de Wand aus de Seegele geholl, mä de Géigendeel erreecht. D’Grenze vun deem, wat ka gesot ginn, wat akzeptabel ass, si lues a lues méi no riets verréckelt ginn, wouvun d’AfD profitéiert huet. De selwechte Feeler riskéieren elo och Parteien zu Lëtzebuerg ze maachen. An de leschte Méint si mer jo schonn e puer Mol Zeie gi vu rietsen Entgleisunge vu Politiker vun der CSV oder der DP. An dem Kontext sinn och d’Aussoe vum DP-Fraktiounschef Gilles Baum de Méinden op der Antenn vun RTL Radio ze kritiséieren. Laut dem Här Baum ass d’Remigratiounspolitik vun der AfD „keng Léisung, well déi ganz Ekonomie an Däitschland géif zesummebriechen.“ Weiderhin huet hien de Schratt vun der däitscher Bundesregierung begréisst, Leit an Afghanistan zeréck ze schécken. Aussoen also, déi mer bis elo hei am Land just vun der ADR kennen.
Eis Spriecherin Carole Thoma iergert sech: „Déi Aussoe sinn inakzeptabel, virun allem vun der Partei, déi den Ausseminister stellt. Eng ‚Remigratiounspolitik‘, wéi d’AfD sech se virstellt, besteet doran, massiv Leit aus Däitschland auszeweisen, souguer da wa se en däitsche Pass hunn. Dat ass eng Attack op d’Mënscherechter a kann net op de wirtschaftlechen Impakt reduzéiert ginn. Genau sou sollt et zu de roude Linne vun engem Rechtsstaat gehéieren, keng Mënschen an e Land ze schécken, wou des riskéieren, gefoltert an ëmbruecht ze ginn.“
Schlussendlech bedaueren déi Lénk och d’Verloschter, déi eis Schwësterpartei die Linke huet missen astiechen. Virun allem an Thüringen konnt de ganz beléifte Ministerpräsident Bodo Ramelow net verhënneren, dass seng Partei ze vill ënnert der Ofspléckung vum BSW gelidden huet. Elo gëllt et, d’Partei nei opzebauen a sech weiderhi fir eng sozial an antifaschistesch Politik anzesetzen.
La montée de l’extrême-droite et bien plus qu’un danger pour l’économie.
Les résultats des élections régionales en Thuringe et en Saxe, bien qu’attendus, sont consternants et terrifiants. Avec plus de 30%, l’AfD devient la deuxième force politique en Saxe et même de loin le parti le plus fort en Thuringe. Particulièrement dans ce Land où le l’extrémiste Björn Höcke s’est présenté aux élections, le danger qui émane de ce parti ne peut plus être nié. Les résultats de ces élections ne doivent en aucun cas être banalisés comme un simple vote protestataire contre le gouvernement fédéral.
La politique migratoire de l’Allemagne a été au centre de la campagne électorale. Elle a été thématisée non seulement par l’AfD, mais pratiquement par tous les partis et ceci d’une manière plus ou moins problématique. Particulièrement le parti conservateur CDU n’a pas hésité à faire campagne au dépend des personnes réfugiées. Mais aussi des partis traditionnellement ancrés plus à gauche se sont fait prendre au jeu de l’AfD. Ainsi, le gouvernement fédéral a procédé quelques jours avant les élections à des expulsions de personnes réfugiées vers l’Afghanistan – une première depuis l’accession des Talibans aux pouvoir. Également le BSW de Sarah Wagenknecht a participé à cette surenchère électorale.
En thématisant à leur compte le sujet de la migration, les partis traditionnels n’ont pas réussi à freiner la montée de l’AfD. Bien au contraire, ils ont joué le jeu de l’AfD qui a bien profité de ce basculement du discours public toujours plus vers la droite. Certains partis au Luxembourg risquent de faire la même erreur. Ces derniers mois, plusieurs personnages politiques du CSV et du DP se sont fait remarquer par des déclarations polémiques qui étaient autrefois réservés aux seuls représentants de l’extrême-droite. C’est dans ce contexte qu’il faut critiquer les récentes explications du chef de fraction DP Gilles Baum sur l’antenne de RTL Radio. Selon lui, la politique de ré-migration de l’AfD “ne serait pas une solution, puisqu’elle mènerait à un effondrement de toute l’économie allemande”. Plus loin, il a salué la décision du gouvernement allemand de reprendre les expulsions vers l’Afghanistan, des propos qu’on entendait que de l’ADR jusqu’ici.
Notre porte-parole Carole Thoma s’offusque : “Ces propos sont inacceptables, surtout par un représentant du parti qui compte parmi ses rangs le ministre des Affaires étrangères. Une politique de ré-migration telle qu’imaginée par l’AfD consisterait à déporter une partie importante de la population allemande, y compris des personnes qui ont la nationalité allemande. Ce n’est rien d’autre qu’une attaque frontale sur les droits humains et ne peut pas être réduit au seul impact économique. Il devrait également être une évidence qu’un État de droit ne devrait pas expulser des gens vers un pays où ils risquent la torture et la mort.
Finalement, déi Lénk regrette les pertes électorales subies par notre parti frère Die Linke. Même en Thuringe, le très populaire ministre-président sortant Bodo Ramelow n’a pas réussi à préserver son parti des effets néfastes provoqués par le détachement du parti BSW. Il importe maintenant de travailler à la régénération du parti tout en continuant à s’engager pour une politique sociale et antifasciste.