Feministesche Noutfall

Déi viregt Regierung huet ze laang gewaard fir konsequent Moossname géint haislech a géint gender-orientéiert Gewalt ëmzesetzen. D‘Acquisen a punkto Geschlecht a Geschlechtergläichheet si fragil. déi Lénk fuerderen d’Konvergenz vun de feministesche Kräften vis-à-vis vum warscheinleche Risiko vun enger Stäerkung vu konservative Wäerter an der Regierung.

Weltwäit war eng vun dräi Frae schonn Affer vun gender-orientéierter Gewalt. Zu Lëtzebuerg si 60% vun den Affer vun haislecher Gewalt Fraen. Eng rezent Ëmfro weist datt 20% vun de Fraen am Alter vu 16 bis 74 Joer op d’mannst eemol am Joer 2019/2020 Affer vu kierperlecher, sexueller oder psychologescher Gewalt waren. Laut offizielle Statistike vum EIGE (European Institute for Gender Equality), goufe 444 Frae vun hire Partner am Joer 2020 an 10 EU-Memberstaaten ëmbruecht. Eng alarméierend Zuel déi sech zum Deel duerch de Lockdown wärend der Gesondheets Kris erkläert.[1]

Obwuel d’Istanbuler Konventioun iwwer d’Preventioun an d’Bekämpfung vun der Gewalt géint Fraen an haislecher Gewalt zanter Dezember 2018 zu Lëtzebuerg a Kraaft ass, zielt den éischte Rapport vum Expertegrupp iwwert de Kampf géint Gewalt géint Fraen an haislech Gewalt (GREVIO) fir Lëtzebuerg eng Rei vu Recommandatiounen op, fir de legislative System ze verbesseren an Mängel a Punkto Afferschutz an der sougenannter „victimisation secondaire“ ze behiewen. Duerch d’Ratifizéierung vun der Istanbuler Konventioun gëtt geschlecht-orientéiert Gewalt vum Lëtzebuerger Code penal kriminaliséiert.[2] Et feelt awer zu Lëtzebuerg eng offiziell Definitioun vum Feminizid, an och zouverlässeg Statistiken iwwer dëst Phänomen ginn et net.

Trotz den Efforte vun de betraffenen Acteure vum Rapport „Gewalt“ an dem Observatoire de l‘Egalité, feele vill Informatiounen an Date fir e komplett Bild vum Problem vun der haislecher an der an der gender-orientéierter Gewalt ze ginn. Virun der Walcampagne hunn déi Lénk sech Zäit geholl fir Lücken am gesetzleche Kader an dem Stand vun den verfüügbaren Donnéeën am Zesummenhang mat hailsecher an gender-orientéierter Gewalt ze identifizéieren. An deem Kontext huet d’Deputéiert Nathalie Oberweis net manner wéi 6 parlamentaresch Froen un d’Ministere fir Justiz a Gläichberechtegung tëscht Fraen a Männer gestallt. Dës Froen, déi op der Internetsäit vun déi Lénk kënnen konsultéiert ginn,[3] si leider zanter dem 31. August 2023, dem Datum wou se verschéckt goufen, onbeäntwert bliwwen. déi Lénk bedaueren, datt déi betraffe Ministeren hirer Fonctioun net bis zum Enn gerecht ginn. Weder de Walkampf, nach d’Resultat vun de Walen entlaascht d’Ministeren déi nach am Amt sinn, vun hirer Flicht sech virum Land, senger Bevëlkerung an dem Parlament ze verantworten.


[1] Femicide: Name it, count it, end it! | European Institute for Gender Equality (europa.eu)

[2] Prévention et lutte contre la violence domestique – Egalité et Société – Egalité entre les femmes et les hommes – Luxembourg (public.lu)

[3] https://dei-lenk.lu/2023/08/31/question-parlementaire-le-gouvernement-souhaite-t-il-sinspirer-du-modele-espagnol-de-lutte-contre-les-violences-conjugales/


Urgence féministe

Le gouvernement précédent a trop tardé à mettre en place des mesures conséquentes pour agir contre les violences domestiques et de genre. Les acquis en matière d’égalité des sexes et de genre sont fragiles. déi Lénk lance un appel à la convergence des forces féministes face au risque très probable d’un regain des valeurs conservatrices au gouvernement.

Au niveau global, une femme sur trois a déjà été victime de violences basées sur le genre. Au Luxembourg, 60% des victimes de violence domestique sont des femmes. Une enquête récente indique que 20% des femmes de 16 à 74 ans ont été touchées par des actes de violence physique, sexuelle ou psychologique au moins une fois au cours de l’année 2019/2020. Selon les statistiques officielles de l’EIGE (European Institute for Gender Equality), 444 femmes ont été tuées par leurs conjoint·es intimes en 2020 dans 10 États membres de l’UE. Un chiffre alarmant dû en partie au confinement pendant la crise sanitaire.[1]

Alors que la Convention d’Istanbul du Conseil de l’Europe sur la prévention et la lutte contre la violence à l’égard des femmes et la violence domestique est en vigueur au Luxembourg depuis décembre 2018, le premier rapport du Groupe d’experts sur la lutte contre la violence à l’égard des femmes et la violence domestique (GREVIO), énumère pour le Luxembourg un ensemble de recommandations pour améliorer le dispositif législatif et palier aux manquements en matière de protection des victimes et de victimisation secondaire. En ratifiant la Convention d’Istanbul, les violences fondées sur le genre sont incriminées par le Code pénal luxembourgeois.[2] Néanmoins, le Luxembourg manque d’une définition officielle du féminicide, ainsi que de statistiques fiables sur ce phénomène.

Malgré les efforts déployés par les parties concernées par le rapport « Violence » et l’Observatoire de l’Egalité, beaucoup d’informations et données nous manquent pour dresser un tableau complet de la problématique des violences domestiques et de genre.

En amont de la campagne électorale, déi Lénk a pris le temps d’identifier les lacunes du cadre juridique et de l’état des données disponibles en rapport avec la violence domestique et de genre. Dans ce contexte, la députée Nathalie Oberweis a adressé une série de 6 questions parlementaires aux ministres de la Justice et de l’Egalité entre les Femmes et les Hommes. Ces questions, consultables sur le site web de déi Lénk[3] sont malheureusement restées sans réponse depuis le 31 août 2023, date de leur envoi. déi Lénk regrette que les ministres concernées n’assument pas la fonction qui est la leur jusqu’à son terme. Ni la campagne électorale, ni l’issue des élections ne déchargent les ministres en fonction de rendre des comptes envers le pays, sa population et le parlement.


[1] Femicide: Name it, count it, end it! | European Institute for Gender Equality (europa.eu)

[2] Prévention et lutte contre la violence domestique – Egalité et Société – Egalité entre les femmes et les hommes – Luxembourg (public.lu)

[3] https://dei-lenk.lu/2023/08/31/question-parlementaire-le-gouvernement-souhaite-t-il-sinspirer-du-modele-espagnol-de-lutte-contre-les-violences-conjugales/

Aarbechtsgruppen, déi näicht Guddes verheeschen.

D’Zesummesetzung vun den Aarbechtsgruppen, déi wärend de Koalitiounsverhandlungen op deene verschiddenen Theme schaffen, léisst déif blécken. Schwaarz-Blo wäert keng Koalitioun vum soziale Fortschrëtt sinn an op déi grouss Erausfuerderungen, wéi Logement a Klima, wäerten och net déi néideg Äntwerte kommen.

Wann een zum Beispill kuckt wéi den Aarbechtsgrupp Logement besat ass, gëtt ganz schnell kloer wiem seng Interessen do vertruede sinn. Fir d’DP setze just Politiker an deem Grupp an d’CSV huet et sech zur Aufgab gemaach haaptsächlech d’Promoteuren ze vertrieden: den Här Kim Felten ass Chef vun engem Bureau de Promotion an d’Madamm Sylvie Hansen war bis August 2022 Associée vum Grousspromoteur Nico Arend. Vertrieder aus dem soziale Wunnengsbau sicht ee vergeblech. Wou ass de Fonds du Logement oder d’Société nationale des habitations à bon marché (SNHBM)? Wien an där Ronn d’Interesse vu Locatairen a Leit, déi et schwéier um Immobiliëmaart hu vertrëtt, bleift schleierhaft.

Den Aarbechtsgrupp Ëmwelt verzicht ganz op de Rot vu Wëssenschaftler. Et fält och op dass de Volet Energie mat Ausnam vun den Erneierbaren net am Thema Ëmwelt a Klima diskutéiert gëtt mee an engem Sammelsurium zesumme mat Aarbecht, Wirtschaft, Industrie, Tourismus a Finanzplaz. Dobäi ass d’Fro vun der Energie eng vun deene wichtegste fir d’Zukunft a ka just als Ganzt gekuckt ginn.  Dës Approche weist kloer dass weder d’DP nach d’CSV intern déi néideg Kompetenzen hu wann et ëm esou wichteg Froe wéi Energietransitioun a Klimawandel geet. Fir deem Problem aus dem Wee ze goen, hätt ee jo kéinten Acteuren aus der Zivilgesellschaft mat an d’Boot huelen. Wann ee weess dass mer d’Accorde vu Paräis schonn net méi kënnen anhalen, ginn engem bei sou vill Inkompetenz d’Dronkenellen aus.

Am Grupp dee sech mam Kampf géint d’Aarmut auserneesetzt, laut Luc Frieden d’Prioritéit vun der nächster Regierung, muss een och feststellen dass keng Vertrieder vum Terrain, vun ONGen oder Sozialbüroen dobäi sinn. De Kampf géint d’Aarmut als Prioritéit auszeruffen ass net méi wéi eng Kommunikatiounsstrategie wann e kuckt wien am Grupp sëtzt a wann ee gesäit dass hei net transversal geschafft gëtt.

Den Aarbechtsgrupp Wirtschaft an Aarbecht ass e Sammelsurium ouni Hierarchie. Dat weist, dass och dës Themen net all ze eescht geholl ginn. Dat gëtt nach ee Mol ënnerstrach duerch d’Absence Leit aus der Sozialwirtschaft. De fréiere Gewerkschaftler Marc Spautz soll hei wuel ganz eleng déi sozial Oder vun der zukünfteger Koalitioun vertrieden. Eng ondankbar Aufgab. Et kann ee sech och denken dass d’Finanzplaz op enger anerer Plaz diskutéiert gëtt. Den zukünftege Premier Luc Frieden bretzt sech jo gär domat ee vun den Architekte vun der Finanzplaz ze sinn.

Allgemeng kann ee soen dass d’Zivilgesellschaft guer net an deene Koalitiounsverhandlunge vertrueden ass. Am Logement si just déi vertrueden, fir déi de Logement ee lukrative Business ass. Do soll wuel séchergestallt ginn dass dat mat Schwaarz-Blo och esou bleift. Aner wichteg Sujete gi komplett ignoréiert. Sozial Themen an Aarbecht spille kaum eng Roll.

Et muss een och kloer soen dass d’Fraen an deene Gruppen ënnerrepresentéiert sinn. Just een Drëttel vun de Membere si Fraen. Et fält besonnesch op, dass zemools déi méi wichteg Sujete Männersaach fir Schwaarz-Blo sinn. Eng Fra op 14 Memberen am Grupp Ëmwelt, zwou Fraen op 10 Memberen am Grupp Aarmut, dräi op 11 Memberen am Grupp Finanzen.

Wann de Koalitiounsvertrag dono dat hiergëtt wat déi Aarbechtsgruppen undéiten, da komme fënnef haart Joren op Lëtzebuerg duer. Déi grouss Verléierer wäerten de Klima, d’Biodiversitéit, d‘Chancëgläichheet an déi Leit, deenen et manner gutt geet, sinn.


Des groupes de travail qui n’augurent rien de bon.

La composition des groupes de travail qui planchent sur les différents thèmes lors des négociations de coalition fait craindre le pire. Le CSV et le DP ne formeront pas une coalition du progrès social et les grands défis, tels que le logement et le climat, seront les parents pauvres de la future coalition.

Si l’on regarde, par exemple, la composition du groupe de travail Logement, on comprend rapidement quels intérêts y sont représentés. Pour le DP, seuls des hommes et femmes politiques participent aux discussions et le CSV s’est donné pour mission de représenter principalement les promoteurs : Monsieur Kim Felten est à la tête d’un Bureau de Promotion et Madame Sylvie Hansen a été l’associée, jusqu’en août 2022, du grand promoteur Nico Arend. On cherche en vain les représentants du logement social. Où est le Fonds du Logement ou la Société nationale des habitations à bon marché (SNHBM) ? Qui dans ce groupe illustre représente les intérêts des locataires ou des personnes qui ont du mal sur le marché de l’immobilier ? C’est le grand le mystère.

Le groupe de travail sur l’environnement se passe totalement de l’avis des scientifiques. Il convient également de noter que l’Energie, à l’exception des énergies renouvelables, n’est pas abordée dans le contexte de l’environnement et du climat, mais dans un fourre-tout comprenant le travail, l’économie, l’industrie, le tourisme et la finance. Or, la question de l’énergie est l’une des plus importantes pour l’avenir et ne peut être considérée que dans son ensemble. Cette approche montre clairement que ni le DP ni le CSV ne disposent en interne des compétences nécessaires lorsqu’il s’agit de questions aussi importantes que la transition énergétique et le changement climatique. Pour sortir de ce problème, des acteurs de la société civile auraient pu être impliqués. Quand on sait qu’on ne peut plus atteindre les objectifs des accords de Paraïs, tant d’incompétence fait froid dans le dos.

Dans le groupe qui s’occupe de la lutte contre la pauvreté, selon Luc Frieden la priorité du prochain gouvernement, force est de constater qu’il n’y a pas de représentants du terrain, des ONG ou des services sociaux. Déclarer la lutte contre la pauvreté comme priorité n’est qu’une stratégie de communication quand on regarde qui siège dans le groupe et quand on voit qu’il n’y a pas d’approche transversale ici. Le groupe de travail Economie et travail est un fourre-tout sans hiérarchie. Cela montre que ces sujets ne sont pas pris trop au sérieux. Ceci est encore une fois souligné par l’absence de personnes issues de l’économie sociale. L’ancien syndicaliste Marc Spautz est sans doute censé représenter la conscience sociale de la future coalition. Une tâche ingrate. On peut dès lors partir du principe que la place financière est discutée ailleurs. Le futur Premier ministre Luc Frieden aime d’ailleurs se vanter d’être l’un des architectes de la place financière. De manière générale, on peut dire que la société civile n’est pas du tout représentée dans les négociations de coalition. Seuls ceux pour qui l’immobilier est une activité lucrative sont représentés dans le secteur du logement. Il s’agit certainement de veiller à ce que cela reste comme ça. D’autres sujets importants sont complètement ignorés. Les questions sociales et le travail ne jouent guère de rôle. Il faut aussi constater que les femmes sont sous-représentées dans ces groupes. Seulement un tiers des membres sont des femmes. Il est particulièrement frappant que les domaines les plus importants sont une affaire d’hommes pour le CSV et le DP. Une femme pour 14 membres dans le groupe Environnement, deux femmes pour 10 membres dans le groupe Pauvreté, trois pour 11 membres dans le groupe Finance. Si l’accord de coalition se reflète le travail dans ces différents groupes de travail, le Luxembourg aura cinq années difficiles à affronter. Les grands perdants seront le climat, la biodiversité, l’égalité des chances et les personnes les plus défavorisées.

Interessekonflikt beim TICE.

De läschte Méindeg, 16. Oktober 2023 huet sech de neien TICE-Kommitee a Büro konstituéiert.

Déi Käerjenger Gemeng ass mat engem Member, hirem Schäffen Frank Pirrotte (CSV) am Büro vum Interkommunale Syndikat TICE vertrueden.

Den Här Pirrotte, wuar Direkter vum Grupp Sales-Lentz, enger Privat-Bustransportentreprise, implantéiert zu Käerjeng. Hei hu mer et mat enger Situatioun vun Interessekonflikt ze dinn, wou et schwéier ze ënnerscheeden ass ob hien d’Interesse vu senger Gemeng oder déi vu sengem ehemalegen Employeur, wou hien zu de Führungsleit gehéiert huet, vertrëtt.

Déi rezent Privatiséierungsversich an d’Iwwerdroe vu Linne déi vum TICE desservéiert ginn, un RGTR-Busser, also un Privatfirmen ofzetrieden, sinn eng bedenklech Entwécklung, a mir froen eis eeschthaft ob hei net déi direkt Interesse vum Sales-Lentz an den Iwwerleeungen an Diskussioune matspille wäerten.

Mir fuerdere dofir déi aner Gemengen an den Innenministär op ,des Kandidatur respektiv déi Nominatioun net ze akzeptéieren, well déi zwou Verantwortungen net kompatibel an deontologesch a politesch ontragbar sinn.

Mat beschte Gréiss,

Marc Baum, Myriam Cecchetti, Gary Diderich a Carole Thoma, déi Lénk Gemengeréit vun Esch, Suessem, Diddeleng an Déifferdeng.

Jean-Claude Thümmel an Andrea Spigarelli fir déi Lénk Sektiounen Péiteng a Schëffleng.


Conflit d’intérêts au TICE.

Lundi dernier, le 16 octobre 2023, les nouveaux comité et bureau du TICE ont été constitués. La commune de Bascharage est représentée par un membre, son échevin Frank Pirrotte (CSV), au bureau du syndicat intercommunal TICE.

M. Pirrotte, ancien directeur du Groupe Sales-Lentz, une entreprise privée de transport par bus, implantée à Bascharage. On a ici affaire à une situation de conflit d’intérêts, où il est difficile de distinguer s’il représente les intérêts de sa commune ou ceux de son ancien employeur, dont il était l’un des dirigeants.

Les récentes tentatives de privatisation et le transfert des lignes desservies par le TICE vers les bus RGTR, c’est-à-dire vers des entreprises privées, constituent une évolution inquiétante, et l’on se demande sérieusement si les intérêts directs de Sales-Lentz ne joueront pas ici dans les délibérations et les discussions.

Nous appelons donc les autres communes et le ministère de l’Intérieur à ne pas accepter la candidature ou la nomination, car les deux responsabilités sont incompatibles et déontologiquement et politiquement insupportables.

Marc Baum, Myriam Cecchetti, Gary Diderich et Carole Thoma, les conseillers de déi Lénk d’Esch, Sanem, Dudelange et Differdange.

Jean-Claude Thümmel et Andrea Spigarelli pour les sections déi Lénk de Pétange et Schifflange.

Un vol de mandat avec la complicité du LSAP.

Pour les élections communales de 2023, déi Lénk avait pour la première fois réussi à monter une liste à Schifflange. Nos quinze candidat.e.s avaient élaboré un programme et une campagne qui leur avaient permis de glaner pas moins de 9,8% des suffrages et ainsi d’intégrer le conseil communal avec un conseiller.

Aujourd’hui, ce conseiller, M. Admir Civovic, dit être en « désaccord idéologique profond et persistant » avec déi Lénk. Logiquement, il a rendu sa carte de membre. Nous nous permettons toutefois de douter du motif de M. Civovic qui, depuis les élections communales de juin, n’a à aucun moment approché les instances de déi Lénk ou les responsables de la section locale pour leur faire part de ses doutes, hésitations ou désaccords.

Nous savons simplement que M. Civovic refuse de démissionner de son poste de conseiller communal afin que celui-ci revienne à un.e candidat.e de la liste déi Lénk de Schifflange, liste grâce à laquelle M. Civovic a été élu. Certes, le mandat de conseiller est lié à la personne, mais M. Civovic a signé une déclaration sur l’honneur dans laquelle il s’engage à respecter les statuts de déi Lénk. Or, l’article 16 de nos statuts stipule ceci : « Si une personne élue au conseil communal n’est plus d’accord avec les positions programmatiques de base et les principes fondamentaux de déi Lénk (…) elle a l’obligation morale de démissionner du conseil communal. »

Aujourd’hui nous apprenons que le LSAP est disposé à intégrer M. Civovic dans sa fraction au conseil communal. Ce qui était suspect au départ prend les traits assez nets d’un vol de mandat orchestré par le parti socialiste. Le même parti qui avait crié au scandale et qui avait invoqué les principes démocratiques de base lorsque Christine Schweich, tête de liste malheureuse des socialistes à Mondercange, avait rejoint les rangs du DP.

Nous en appelons au sens de l’honneur de M. Civovic et à l’honnêteté intellectuelle du LSAP pour mettre fin à cette farce pathétique. Les règles de base de la démocratie et de la bienséance exigent une démission de M. Civovic et interdisent au LSAP de se faire les complices effrontés d’un vol de mandat honteux.

Communiqué par déi Lénk.

Keng Zäit méi ze verléieren !

Pressekonferenz iwwer d’Logementspolitik

Eng Partie Ministeren benotzen hir ministeriell Ressourcë fir mediewierksam op der leschter Ligne droite nach Walkampf ze maachen a grouss Bilan’en ze presentéieren. Ee ganz wichtege Bilan krute mer awer net gemaach, an zwar dem vum Henri Kox als Minister fir de Logement. Déi Gréng hunn zwar déi Deeg d’Presse invitéiert fir hir Logementspolitik fir déi kommend Jore virzestellen. Dat ass awer problematesch, wëll si jo déi lescht 5 Joer Logementspolitik ze verantworten hunn. Dat ass eng Flucht no vir.

Et wier fir all Regierung och gewot an enger komplexer an ëmmer méi schwéierer Immobilien- a Logementskris Bilan ze zéien. Et geet jo ëm Walkampf, net dorëm d’Blécker op e politeschen Echec ze zéien.

D’Regierung ass natierlech net un allem Schold. D’Deierecht an den Zënsschock sinn net hausgemaach. Mee weder des nach Virgängerregierungen hu politesch Anstalte gemaach fir déi stänneg Verschlëmmerung vun der Logementsproblematik ze verhënneren. Dësen Echec ass net eleng dee vum Logementsminister, mee dee vun enger ganzer Regierung, déi an dëser Zesummesetzung 10 Joer laang vill geschwat an annoncéiert huet, mee ënnert dem Stréch just iwwer eng permanent Verschlechterung vun der Situatioun presidéiert huet.

War et bis viru kuerzer Zäit nach esou, dass Leit mat mëttleren an héijen Akommes nach iwwer d’Ronne koume mat de Wunnengspräisser, sou huet sech dat elo verännert. Déi héich Zënsen, déi elo fir en Neibau oder -kaf musse bezuelt ginn, respektiv déi e Prêt à taux variable lo massiv verdeieren, treffen d’Mëttelklassen, déi schaffe ginn a mat hirem Verdéngscht e Prêt rembourséieren. Déi klammend Zënslaascht verdeiert d’Immobilien nach méi, obwuel hir Präisser réckleefeg sinn. Mee de Präisréckgang ass bei wäitem net grouss genuch fir d’Zënsehausse ofzefiederen. Konsequenz: vill Stéit kënne kee Prêt méi stemmen an hu keen Accès méi zu der Proprietéit. De Wunnengsnoutstand betrëfft sou also ëmmer méi Leit.

Dowéinst mussen och ëmmer méi Leit – Leit déi bis viru kuerzem kafe konnten – elo loune goen. Dat heescht dass ëmmer méi Leit op eng relativ kleng Unzuel u Locatiounswunnenge kommen. Doduerch klammen d’Loyerspräisser bei neie Locatioune ganz zolidd. Des Loyershaussen ginn doriwwer eraus dann och genotzt fir d’Loyeren a scho bestoende Locatiounsverträg eropzesetzen. Firwat net profitéieren, denken sech vill Bailleur’en. Konsequenz: Stéit déi bis elo gelount hunn, oft Stéit mat klengem Akommes, riskéiere komplett aus dem Logementsmarché erausgedréckt ze ginn, och wëll et bei wäitem net genuch abordabel ëffentlech Wunnenge ginn. D’Immobiliëkris betrëfft d’Leit sou also ëmmer schlëmmer.

Erstaunlech ass dass et op politeschem Niveau net esou wierkt, wéi wa mir an enger ausseruerdentlecher Situatioun wieren. D’Regierung huet och an de leschte Méint de Kapp an de Sand gestach a keng Mesure presentéiert, déi den Drock vun de Locatairen oder de Leit mat Emprunt kéint erofsetzen. Déi eenzeg déi all Dag an de Medien mat ëmmer neie Warnungen a Problemer optauchen, sinn d’Promoteuren an d’Baubetriber. Mir mengen, dass eng Drockkulisse muss opgebaut ginn, déi net just vu Promoteuren a Baubetriber kënnt, mee och vun den am meeschte betraffene Mënschen, also der grousser Zuel u Locatairen a Propriétairen, déi haut wierklech an Existenznout kommen. Den LSAP Wirtschaftsminister huet d’Baubetriber jo elo mat engem Spezialfonds an Héicht vun 100 Millioune bei der SNCI servéiert. Mir froen : Wat gëtt fir d’Leit gemaach ?

déi Lénk hunn an hirem Programm eng ganz Partie Mesuren ausgeschafft fir géint d’Wunnengsnout virzegoen. Doriwwer eraus imposéieren sech awer och méi dréngend Mesuren, fir de Leit direkt bei den héije Loyeren an Zënsen ze hëllefen.

Ganz kuerzfristeg – also direkt wann d’Chamber am Oktober erëm zesummekënnt – muss e Gel vun de Loyeren an eng Entlaaschtung fir Stéit mat Immobiliëprêt beschloss ginn. D’Banke mussen hei mat an d’Verantwortung geholl ginn, wëll si sinn et, déi an der aktueller Situatioun profitéieren. Donieft musse kreativ Léisunge fonnt ginn, fir de Leit mat Iwwerganksprêt, déi op hire Logementer sëtze bleiwen (an domat kee Kapital fir den neie Prêt hunn) ze hëllefen. Staat a Gemenge mussen hei eng aktiv Roll spillen.

Mëttelfristeg mussen déi Mesuren ëmgesat ginn, déi mir säit Jore scho priedegen. Eng Reform vum Loyersgesetz déi den Numm och verdéngt an de Locatairen hëlleft souwéi eng Beschleunegung bei der Schafung vun ëffentlechen an energeetesch renovéierte Wunnengen.

  1. Bei de Loyeren ufänken : en Deckel elo! Eng wierksam Brems direkt dono!

Constat : d’Loyer’en klammen elo vill méi séier wéi d’Kafpräisser, wëll duerch déi héich Zënssätz manner Leit eppes kafe kënnen. D’Demande klëmmt, d’Offer bleift. 2022 sinn d’Loyeren fir Appartementer ëm 11,1% a fir Haiser em 11,6% geklommen. Des Deierecht ass vill méi schro wéi déi allgemeng Deierecht déi tëscht 4 a 5% am selwechten Zäitraum louch.

Domat gemengt sinn natierlech nei Locatiounen an net déi bestoend Kontrakter. Ëmmer méi Leit beriichten eis awer och vun exorbitanten Haussen op bestoende Locatiounen. Et ass Anarchie am Marché, wëll Bailleur’en mengen den Index an d’Deierecht géife Loyerserhéijunge rechtfäerdegen. Dat ass awer net esou, sou Erhéijunge sinn illegal, och wann dat entspriechend Gesetz de facto net applizéiert gëtt. Och sinn Zënshaussen op engem Immobiliëprêt kee Grond fir de Loyer eropzesetzen. Déi Zënse kann de Bailleur schliisslech vun de Steieren ofsetzen. D’Regierung huet et awer net fäerdeg bruecht en wierksaamt Gesetz op de Wee ze bréngen. Dat ass ee vun de groussen Echec’en vun der aktueller Regierung.

Wat muss geschéien? Et muss direkt dofir gesuergt ginn, dass bestoend Locatiounen net méi deier ginn. Mee doriwwer eraus mussen d’Loyeren endlech dauerhaft gebremst ginn.

Eis Proposen :

  1. E Gel vun de Loyeren direkt nach am Hierscht beschléissen. Dëse soll soulaang a Kraaft bleiwen bis en neit Loyersgesetz prett ass.
  2. Eng direkt an degressiv Limitatioun vun de maximale Loyeren vu Wunnengen mat Energiepäss tëscht F an I aféieren. Besonnesch fir de kommende Wanter ass domat de Locatairen a schlecht isoléierte Wunnengen mat héijen Heizkäschten gehollef.
  3. Eng wierksam a laangfristeg wierkend Brems vun de Loyeren beschléissen, dat zum Zil muss hunn, dass kee Stot méi wéi 25% vu séngem Revenu fir de Loyer muss ausginn. Eist Gesetz läit do. An dat gesäit och weider Mesüren fir méi e faire Locatiounsmarché vir:
    1. D’Frais d’agence mussen vum Propriétaire bezuelt ginn ;
    1. Max. ee Mount Loyer als Garantie amplaz den aktuellen 3 Méint (an den 2 Méint am Projet de Loi vun der Regierung)
    1. D’Mietkommissiounen professionaliséieren (eng fir d’ganzt Land oder eng pro Zoustännegkeetsberäich vun den jeweilegen Friddengeriischter).
  4. Nei Keefer a Propriétairen ofsécheren

Constat: déi enorm héich Präisser hunn no an no vill Stéit aus dem Marché fir Wunnengskeef erausbuckséiert. Déi klammend Zënsen hunn dës Entwécklung ruckaarteg verschäerft, woubäi net d’Zënsen den eigentleche Problem duerstellen, mee déi generell vill ze héich Präisser, déi mat den Zënshaussen nach an eng nei Dimensioun katapultéiert goufen. Donieft sinn natierlech vill Menage mat lafenden Immobilienprêt’en elo massiv a Bedrängnis, wëll se d’Zënslaascht net méi packen. Lëtzebuerg läit mat enger Privatverscholdung vun 180% (Ratio Dette/Revenu) mat Holland un der Spëtzt an Europa. D’Wunnengspräisser sinn dorunner Schold. D’Zentralbank huet kierzlech berechent, dass 20% vun de Menagen dësem Kreditrisiko ausgeliwwert sinn. Besonnesch komplizéiert ass d’Situatioun vu Stéit mat Iwwerganksprêt, déi z.B. en Appartement verkaf hunn, fir mam Erléis eppes Neies ze finanzéieren an dat Aalt net verkaf kréien. Dat trëfft oft jonk Famillen, déi méi eppes Grousses gesicht hunn oder eeler Leit déi eppes méi Klenges an Adaptéiertes kaaft hunn. Des Situatioun vergréissert aktuell och de Leerstand.

Wat muss geschéien ? Et muss op breeder Front agewierkt ginn op den Immobiliëmarché fir ze verhënneren, dass Leit hir Haiser verléieren an ëmmer méi Leit op de Locatiounsmarché drécken. Dat wier net méi ze stemmen. Net eleng de Staat muss elo Verantwortung iwwerhuelen, mee och d’Banken, déi aktuell vun der Situatioun profitéieren.

Eis Proposen:

  1. Kuerzfristeg muss de Banke virgeschriwwe ginn, dass Leit mat Immobilieprêt d’Méiglechkeet musse kréien just d’Zënsen vun hirem Prêt ze rembourséieren, soulaang d’Zënsen sou héich sinn. De Prêt muss da kënne verlängert ginn sou dass e Stot dono NET méi muss pro Mount rembourséieren. Dat géif vill Stéit, déi haut op der Limite sinn, kräfteg entlaaschten.
    Donieft mussen d’Banken en minimalen Délai imposéiert kréien, dee se net ënnerschreiden dierfen, am Fall wou Stéit hire Prêt net méi bezuele kënnen. Et muss verhënnert ginn, dass Stéit hire Logement onverschold verléieren an dësen da versteet gëtt, wa puer Méint d’Zënslaascht ze héich ass.
  2. De Staat soll iwwer séng ëffentlech Promoteuren – zesumme mat de Gemengen an den Associatatiounen – Appartementer an Heiser opkafen, déi aktuell zum Verkaf an eidel stinn. Ganz oft hänke Stéit an Iwwerganksprêt’en, wëll se eben hir fréier Appartementer an Haiser net méi verkaf kréien. Doduerch geet Wunnraum verluer, lo wou grad an der Locatioun vill gebraucht gëtt. De Staat an d’Gemengen sinn attraktiv Keefer, wëll de Verkeefer keng Taxe op der Plus-Value muss bezuelen a soumat interessant Präisser kënnen négociéiert ginn. De Staat an d’Gemenge sollen des Wunnengen iwwer hir ëffentlech Promoteuren verlounen a ggf. renovéieren.
  3. Mëttelfristeg muss de Risiko fir Stéit um Immobiliëmarché minimiséiert ginn mat der Hëllef vun engem Fonds, dee Stéit finanziell stäipe soll, déi onverschold an d’Labrente kommen duerch héich Zënsen. Finanzéiert gi soll dëse Fonds iwwer eng Spezialtaxe op de Banke, déi jo duerch déi aktuell héich Zënsen op Prêt bei gläichzäiteg weider déiwen Zënsen um Erspuerte vun de Leit enorm héich Nettozënsgewënner verzeechnen. Spuenien ass op dëse Wee gaangen fir fir e sozialen Ausgläich ze suergen.

  4. D’energetesch Renovatioun beschleunegen an ëffentleche Wunnengspark séier vergréisseren.

Constat: déi ganz schwiereg Situatioun haut um Immobiliëmarché ass esou geféierlech, wëll den ëffentlechen an abordabele Wunnengsmarché verschwindend kleng ass par rapport zum privaten. E kann also net als Stabilisateur wierken a stellt um Terrain den Ament keng wierksam Alternativ zum private Marché duer. Manner wéi 2% vun de Wunnengen zu Lëtzebuerg sinn an der ëffentlecher Hand, wärend aner Länner a Stied hei bei 15 bis 25%. Eng Rei Projet’en vum Staat sinn zwar a Planung, mee déi daueren nach laang a se ginn och bei wäitem net duer fir d’Präisser um Marché ze beaflossen.

Den Abroch beim privaten Invest mécht grad elo awer eng massiv Steigerung vum ëffentlechen Invest néideg. Vun der Säit vun den Entreprisë gëtt vill un d’Regierung appelléiert fir ëffentlech Wunnengsbauprojet’en virzezéien. Déi Projet’en si gréisstendeels schonn duerchgeplangt a budgetiséiert. Engersäits kéint sou stabiliséierend op de Marché agewierkt ginn an d’Betriber an d’Aarbechtsplazen kéinten ofgeséchert ginn. Mee anerersäits awer och, wëll den Ureiz op privater Säit elo do ass, fir un de Staat an d’Gemengen ze verkafen.

D’energeetesch Renovatioun verleeft säit Jore just schleefend an ass wäit zréck hannert den Erwaardungen. Just Finanzsprëtzen u Privatstéit ginn hei net duer, besonnesch wann déi selwecht Stéit grad ënner der Präissdeierecht an den héijen Zënse leiden a kee Spillraum hu fir weider Investitiounen.

Wat ass néideg: den Investitiounsdrock muss vun de private Schëlleren erofgeholl an iwwer d’ëffentlech Hand gemaach ginn. D’Sue sinn do, ob am Rentefong, dee méi nohalteg investéiere muss, oder am Fonds Spécial Logement, deen däitlech opgestockt muss kënne ginn.

Eis Proposen:

  1. De Staat an d’Gemengen mussen als Buyer of last resort de Marché stabiliséieren an den Drock vun de Stéit erofhuelen. Nieft Wunnengen, déi aktuell eidel an zum Verkaf stinn, soll de Staat och verstäerkt VEFA opkafen fir den ëffentleche Wunnengspark séier ze vergréisseren. Mir hu schonn am Wanter 2023 eng Verduebelung vum Budget vum Fonds Spécial gefuerdert, fir des Investitiounen elo dëst Joer ze maachen.
  2. Zum Verkaf stoend Wunnengen, ob aal oder nei, a schlechtem oder gudden Zoustand, sollen vun der ëffentlecher Hand opkaf ginn. D’Steierbefreiung vun der réaliséierter Plus-Value maache sou Verkeef vu Privatbesëtzer an der aktueller Situatioun attraktiv. Op dem Wee kann de Bestand vun den ëffentleche Promoteuren séier an dezentral vergréissert ginn.
  3. Och Wunnengen a schlechtem Zoustand mussen proaktiv vun der ëffentlecher Hand kaf a sanéiert ginn. D’Avantagen dobäi sinn:
    1. Entlaaschtung vun Stéit, andeem de privaten duerch en ëffentlechen Invest an renovéiert an abordabel Wunnenge géif ersat ginn;
    1. Eng Beschleunegung vum Renovatiounstaux a Beitrag zum Klimaschutz;

Aarbecht fir d’Handwierks- a Baubetriber.


Plus de temps à perdre!

Conférence de presse sur le logement.

Sur la dernière ligne droite avant les élections, les ministres profitent de leurs ressources pour présenter devant les médias rassemblés leur bilan. Mais, le bilan du ministre du Logement, Henri Kox, fait toujours défaut. Et c’est normal puisque personne ne veut mettre en avant un échec durant cette période où il s’agit de convaincre les électeurs indécis.

Certes, on ne peut pas imputer tous les problèmes à l’actuel gouvernement. La hausse spectaculaire des intérêts et l’inflation sont des phénomènes qui ne dépendent pas de sa volonté. Mais il n’a rien fait non plus pour s’attaquer aux effets néfastes qu’elles produisent. La situation actuelle jette une lumière crue sur l’inactivité politique de la dernière décennie. Les classes moyennes commencent à ressentir la pression d’un marché de l’immobilier à la dérive en raison de la hausse des taux d’intérêts.

Les ménages ayant contracté des prêts se voient parfois dans l’impossibilité de les rembourser et sont forcés de vendre à une période où personne ne veut acheter. Ceux qui voulaient acquérir un bien immobilier préfèrent désormais louer. Et ainsi, les prix explosent sur le marché locatif. La crise frappe donc d’autant plus les ménages aux petits revenus obligés de louer.

Pour mettre une fin à cette crise qui risque de plonger de nombreuses familles dans la détresse, il faut agir maintenant. déi Lénk propose des solutions concrètes avec un impact direct. A court terme, lorsque la Chambre commencera à nouveau à se réunir en plénière, il faut un gel des loyers ainsi qu’une compensation pour les ménages qui peinent à rembourser leur prêt immobilier.

A moyen terme, il faut mettre en place les réformes que déi Lénk n’a eu de cesse de réclamer depuis des décennies : une réforme de la loi sur la bail à loyer et un système de financement étatique pour lancer une vaste campagne de rénovation énergétique. Les projets de loi que déi Lénk a déposé il y a maintenant des années continuent à moisir dans les tiroirs de la Chambre alors qu’ils contiennent les réponses aux défis actuels.

Notre programme électoral prévoit la création d’un fonds alimenté par une taxe spéciale pour les banques, les grandes gagnantes de la hausse des intérêts, afin de sécuriser les prêts de ménages qui souffrent de l’explosion des intérêts.

Notre système de financement public pour les rénovations énergétique est également prêt. Afin que chaque ménage puisse participer à un effort qui permettrait de réduire à la fois les émissions de CO2 et les factures d’énergie, il faut que l’État prenne ses responsabilités en mettant en place un préfinancement qui évite aux ménages de contracter des dettes auprès de banques privées.

Il va de soi que l’État, les communes et les associations actives dans le logement doivent aussi acquérir des logements afin d’augmenter considérablement le parc de logements abordables publics.

Giorgetti dëscht fir de Politgratin op.

Wann de Marc Giorgetti opdëscht – ee vun de gréissten Immobiliëpromoteuren am Land, deen iwwer 50 Hektar Bauland schwéier ass -, da grommelt beim Lëtzebuerger Politgratin schonn de Bauch. Ënnert aneren Dëschgenossen hunn den eemolegen LSAP-Minister Etienne Schneider, de Spëtzekandidat vun der CSV Luc Frieden, d’Stater DP-Buergermeeschtesch an Deputéierte Lydie Polfer an den DP-Staatsrot Alain Kinsch sech et gutt schmaache gelooss, wéi ee bei RTL ka liesen.

Wann ee weess wéi een enorme Pouvoir déi grouss Promoteuren am Land hunn, well si am Besëtz vun engem Groussdeel vum Bauterrain sinn an also effikass kënnen op d’Präisser vun den Immobilien awierke fir hir Täschen ze fëllen, dann ass et méi wéi verwerflech wann d’Politik sech bei dëse Promoteuren ubiedert.

Wéi dem Alain Kinsch seng Presenz weist, sinn enk Kontakter tëschent der héijer Kierpeerschaft an de Promoteuren anscheinend üblech. Et sief hei nach ee Mol hunn d’Affär Becca-Lux verwisen.

Wann ee wëll, dass Beweegung an d’Logementspolitik kënnt muss een och de Pouvoir vun de Promoteure briechen a wann een en dezente Politiker ass, da geet een net op esou een Iessen, aus Respekt fir déi vill Leit, déi sech zu Lëtzebuerg keng dezent Wunneng méi kënne leeschten.

D’Big Four an dichteg Geschäftsaffekote schreiwen d’Legislatioun fir d’Finanzplaz an d’Politiker drénken de Promoteuren de Schampes aus der Hand, wärend Aarbechter sech op Chantiere fir de Mindestloun de Réck futti maachen a Famillje mat engem normale Salaire sech keen Daach iwwert dem Kapp méi kënne leeschten.

Et ass ee Condensé vun allem wat hei am Land an der Politik schif leeft.


Girogetti dresse la table pour le gratin politique.

Quand Marc Giorgetti – l’un des plus grands promoteurs immobiliers du pays, propriétaire de plus de 50 hectares de terrains constructibles – dresse la table, l’estomac du gratin politique luxembourgeois grogne déjà. Entre autres commensaux, l’ancien ministre du LSAP Etienne Schneider, le candidat tête de liste du CSV Luc Frieden, la bourgmestre de la Ville et députée DP Lydie Polfer et le conseiller d’État DP Alain Kinsch ne se sont pas fait priés, comme vous pouvez le lire sur RTL.

Si l’on connaît l’énorme pouvoir des promoteurs qui possèdent une grande partie des terrains à bâtir et peuvent donc influencer efficacement les prix de l’immobilier pour remplir leurs poches, il est plus que répréhensible que des politiques acceptent ce genre d’invitation.

Comme le montre la présence d’Alain Kinsch, les contacts étroits entre le Conseil d’Etat et les promoteurs sont monnaie courante. Rappelons-nous de l’affaire Becca-Lux.

Pour voir des progrès dans la politique du logement, il faut briser le pouvoir des promoteurs et un homme ou une femme politique honnête ne se rend pas à un tel dîner, par respect pour les nombreuses personnes qui ne peuvent plus se payer un logement décent.

Les Big Four et les avocats d’affaires importants rédigent la législation pour la place financière et les politiques boivent le champagne des mains des promoteurs, tandis que les ouvriers des chantiers se cassent le dos pour le salaire minimum et que les familles avec un salaire normal ne peuvent plus se payer un toit sur leurs têtes.

C’est un condensé de tout ce qui ne va pas en politique dans ce pays.

The Empire strikes back.

De 16. August 2023 haten déi Lénk eng Logementsaktioun organiséiert wou mir eng Bâche op Spanplacke gehaangen hunn, déi d’Façade vun engem Gebai an der neier Avenue bedeckt, dat schonn säit Joeren einfach eidel stoe geloss gëtt. Op der Bâche, déi mer opgehaangen hunn, hu mer gefrot: „ Wiem gehéiert dëst Haus?“ Mat dëser Aktioun wollte mir zu Lëtzebuerg op de Problem vun der Immobiliëspekulatioun opmierksam maachen. An engem Land wou d’Wunnengsnout esou grouss ass, kënne mir eis et net erlaben d’Spekulatioun ze dulden.

Mir hunn d’Bâche erofgeholl, nodeem mir eng „mise en demeure“ vum enger Affekotenetüd kritt hunn, déi eis virgeworf huet eis um Privateegentum vu sengem Client vergraff ze hunn.

Mee wien ass dann de Client, deen direkt dat ganzt juristescht Arsenal ausschöpft fir eng politesch Partei mat engem rosene Bréif ofzeschrécken? Et handelt sech hei ëm d‘Firma mam Numm The Avenue Property SA. Eng Immobiliëgesellschaft also.

Et ass symptomatesch fir ee Land an deem de Privateegentum esou en héije Stellewert huet. D’Interesse vun enger pirvater Firma stinn hei kloer iwwert den Interesse vun der Allgemengheet. Souguer eng symbolësch Aktioun gëtt als direkten Ugrëff op d’Recht op Privatbesëtz ausgeluecht. Dobäi hu mer d’Gebäi verschéinert mat enger propperer rouder Bâche, déi eng délabréiert Korkwand mat Pabeierfetze vun aalen Affichen drop verstoppt huet. Et ass erstaunlech, dass d’Stader Gemeng dat iwwer Joeren an der neier Avenue einfach sou duld.

Dëst Gebai an der neier Avenue kéint ville Leit eng Wunngeleeënheet bidden. Esou Gebaier dierfe net einfach eidelstoen fir dass irgendeng obskur Boîte domat spekuléieren kann. The Avenue Property soll also sou séier wéi méiglech kucken dëse potenzielle Wunnraum ze mobiliséieren.

Fir retizent Spekultanten ze zwénge Wunnengen op de Maart ze bréngen, fuerderen déi Lénk eng Spekulatiounssteier.


L’empire contre-attaque.

Le 16 août 2023, la Gauche avait organisé une action logement pendant laquelle nous avions fixé une bâche sur des panneaux de bois aggloméré protégeant la façade d’un immeuble de la nouvelle avenue, qui est inoccupé depuis des années. Sur la bâche que nous avions accrochée, nous demandions : “À qui appartient cette maison ?” Par cette action, nous voulions attirer l’attention sur le problème de la spéculation immobilière au Luxembourg. Dans un pays où la pénurie de logements est si grande, nous ne pouvons pas nous permettre de tolérer la spéculation.

Nous avons retiré la couverture après avoir reçu une mise en demeure d’un cabinet d’avocats qui nous accuse de dégrader la propriété privée de son client.

Mais qui est le client qui épuise d’emblée tout l’arsenal juridique pour effrayer un parti politique avec une lettre au ton menaçant ? Il s’agit d’une société appelée The Avenue Property SA. Une société immobilière donc.

C’est symptomatique d’un pays dans lequel la propriété privée a une si grande valeur. Les intérêts d’une entreprise privée sont clairement supérieurs à ceux du grand public. Même une action symbolique est interprétée comme une atteinte directe au droit à la propriété privée. De plus, nous avons embelli le bâtiment avec une bâche rouge propre, qui cachait un mur de bois plaqué délabré avec des bouts de vieux affichages. Il est étonnant que la Ville de Luxembourg tolère tolère ainsi la spéculation immobilière sur une de ses artères principales.

Ce bâtiment situé sur la nouvelle avenue pourrait être transformé en une multitude de logements. De tels bâtiments ne devraient pas simplement rester vides pour qu’une obscure boîte puisse en faire un objet de spéculation. The Avenue Property devrait donc chercher à mobiliser ce potentiel d’espace d’habitation dans les plus brefs délais.

Pour forcer les spéculateurs réticents à mettre des logements sur le marché, la gauche réclame une taxe sur la spéculation.

Solidaritéit mat Cargolux Mataarbechter!

déi Lénk drécken hir voll Solidaritéit mat de streikende Cargolux-Salarieen aus a fuerderen hir Memberen op, dësen Donneschdeg virum Cargolux-Siège um Piquet deelzehuelen.

No 27 Sëtzunge sinn d’Verhandlunge fir en neien Accord gescheitert well d‘Patronat wesentleche Verbesserunge fir d’Mataarbechter net wollt zoustëmmen. Bei engem statutaresche Vote huet eng grouss Majoritéit vun de Membere vun den zwou Gewerkschaften LCGB an OGB-L déi lescht Propositioun vun der Cargolux formell ofgeleent. Cargolux huet 2022 1,4 Milliarden Euro Beneficer ageschäffelt. Fir déi Lénk ass et evident, dass d’Mataarbechter vun de gudde Resultater, déi duerch hir Aarbecht erreecht goufen, profitéiere sollen.

Mir erënneren drun, dass de Lëtzebuerger Staat Haaptaktionär vun der Cargolux ass. Am Mee huet déi Lénk Deputéiert Myriam Cecchetti den zoustännege Minister François Bausch an der Chamber iwwert d’Verhandlunge gefrot. Hien huet sech hannert dem Statut vun der Privatentreprise verstoppt fir all Verantwortung vu sech ze weisen. Verhandlunge géife vun der Direktioun gefouert ginn an d’Regierung géif sech aus den Diskussiounen eraushalen. déi Lénk refuséieren dëst Argument a behaapte weider, dass d’Regierung fir dësen Echec vum Sozialdialog responsabel ass.

Mir fuerderen all eis Memberen op, dësen Donneschdeg, de 14. September 2023 ab 9.00 Auer virum Cargolux-Siège, um Piquet deelzehuelen.


Solidarité avec les salarié·e·s de Cargolux!

déi Lénk exprime son entière solidarité avec les salarié·e·s en grève de Cargolux et appelle ses membres à rejoindre le piquet des grévistes ce jeudi devant le siège social de Cargolux.

Après 27 sessions, les négociations pour une nouvelle convention ont échoué en raison du refus des dirigeants de consentir à des améliorations conséquentes pour les salarié·e·s. Lors d’un vote statutaire, une grande majorité des membres des deux syndicats LCGB et OGB-L ont formellement rejeté la dernière proposition de Cargolux. La société aérienne de fret a engrangé des profits de 1,4 milliards d’euros en 2022. Pour déi Lénk, il est évident que les salarié·e·s doivent être associé·e·s aux bons résultats réalisés grâce à leur travail. 

Rappelons que Cargolux est majoritairement aux mains de l’État luxembourgeois. En mai, la députée déi Lénk Myriam Cecchetti avait interpellé le ministre responsable François Bausch au parlement au sujet des négociations. Celui-ci s’était caché derrière le statut d’entreprise privée de Cargolux pour récuser toute responsabilité. Les négociations seraient menées par le management et le gouvernement se tiendrait résolument en dehors des discussions. déi Lénk rejette cette argumentation et continue d’affirmer que la responsabilité du gouvernement est engagée dans cet échec du dialogue social.

Nous appelons tous nos membres à se joindre au piquet des grévistes ce jeudi 14 septembre 2023 à partir de 9 heures devant le siège social de Cargolux.

Flich mat Privatjets verbidden.

D‘Klimapolitik riskéiert d’Stéifkand vun dëser Walcampagne ze ginn. Dobäi werft d’Klimaverännerung ëmmer méi e groussen an däischtere Schied viraus. Mir musse méi séier ginn a virun allem gëllt et dohinner ze goe wou et wéi deet bei deenen déi am allermeeschte verschmotzen, nämlech bei déi Ultraräich. déi Lénk hunn dofir eng ganz einfach an effikass Fuerderung: Flich mat Privatjets verbidden.

Déi an der Chamber vertruede Parteien ëmginn d’Thema Klimaschutz respektiv halen e profil bas fir och nëmme kee virun de Kapp ze stoussen. Klimaschutz ass awer méi drénglech wéi jee : net réischt 2035 wéi ursprénglech vum IPCC virausgesot, mee schonn an 2-3 Joer iwwersprange mir déi 1,5°C Erwiermung vun der Äerd. De Paräisser Accord ass elo scho gescheitert, de Planéit brennt.

Mir sëtzen awer net all an engem Boot, wéi sou oft punkto Klimaverännerung behaapt gëtt. Verschidde ganz privilegéiert a räich Leit sëtzen an hirem Privatjet a fléien iwwer eis Käpp ewech. An enger rezenter Etüd vu CE Delft steet schwaarz op wäiss dass d’Zuel vun de Flich mat Privatjets explosiounsaarteg klammen.[1] An de leschte puer Joren huet sech hir Zuel verfënneffacht an domat och den CO2-Ausstouss vun dëse Privatflich.

Lëtzebuerg ass hei keng Ausnam. 2022 sinn 2767 Privatflich vu Lëtzebuerg gestart, also ronn 8 pro Dag. Top-Destinatioune fir dës Flich si Genf a Paräis, Destinatiounen also, déi séier mam Zuch z’erreeche sinn. Iwwerhaapt geet de Gros vun dëse Flich an Europa an zu Lëtzebuerg iwwer Distanze vu manner wéi 750 Kilometer. Des Entwécklung geschitt trotz klammenden Energiepräisser wat däitlech mécht, dass Verschmotzungsexzesser ni wäerte kënnen iwwer de Präis gestoppt ginn.

Et ass eng ëmmer méi kleng Grupp vun ëmmer méi Räichen a Mächtegen déi ëmmer méi e groussen Undeel vum globalen CO2-Ausstouss ze verantworten huet, ob direkt oder indirekt. Sou laang d’politesch Entscheeder sech net trauen, dësen Exzesser en Enn ze setzen, wäert et schwéier fale fir aner klimapolitesch Mesuren ze legitiméieren an sozial akzeptabel ze maachen. Firwat sollen d’Leit eng Steier um Kerosin akzeptéiere wouduerch d’Vakanz méi deier gëtt, wann eng Handvoll Profiteuren sech weider alles eraushuelen dierf? Soulaang eng privilegéiert Minoritéit gefillt an och tatsächlech vun all Reegel ausgeholl bleift, akzeptéiere vill Leit d’Reegel och net.

déi Lénk fuerderen dowéinst e.a. an hirem Programm, dass Flich mat Privatjets verbuede ginn, zu Lëtzebuerg mee am beschten europawäit. Domat viséiere mir engersäits gelounten also “privatiséiert” Fligere vu kommerziellen Ubidder an anerersäits d’Flich vu Maschinnen, déi enger Persoun gehéieren an déi also net gelount musse ginn. Mir sinn eis bewosst, dass dat eleng kee risegen Impakt op den CO2-Ausstouss huet. Mee Klimaschutz baut fir déi Lénk op Gerechtegkeet op. A wann et déi bis gëtt ass vill méi Klimaschutz méiglech. 

[1] https://www.greenpeace.org/static/planet4-luxembourg-stateless/2023/03/58905669-ce_delft_analysis_co2_emissions_of_private_aviation_in_europe_march_2023.pdf


Interdire les vols en jets privés.

La politique climatique risque de devenir le parent pauvre de cette campagne électorale. Le changement climatique fait peser une ombre de plus en plus grande et sombre sur l’avenir. Il faut aller plus vite et surtout il faut aller là où cela fait mal à ceux qui polluent le plus, à savoir les ultra-riches. déi Lénk a donc une revendication très simple et efficace : interdire les vols en jets privés.

Les partis représentés à la Chambre esquivent la question de la protection du climat et font profil bas pour ne heurter personne. Cependant, la protection du climat est plus urgente que jamais : ce n’est pas en 2035 comme initialement prévu par le GIEC, mais dans 2 à 3 ans que nous dépasserons déjà le réchauffement de la Terre de 1,5°C. L’Accord de Paris a déjà échoué, la planète est en feu.

Cependant, nous ne sommes pas tous logés à la même enseigne, comme on le prétend souvent en matière de changement climatique. Plusieurs personnes très privilégiées et riches sont assises dans leurs jets privés et s’envolent au-dessus de nos têtes. Une étude récente de CE Delft indique noir sur blanc que le nombre de vols en jets privés augmente de manière explosive.[1] Ces dernières années, leur nombre a quintuplé et avec lui les émissions de CO2 de ces vols privés.

Le Luxembourg ne fait pas exception. En 2022, 2.767 vols privés ont décollé depuis le Luxembourg, soit environ 8 par jour. Les principales destinations de ces vols sont Genève et Paris, des destinations rapidement accessibles en train. Force est de constater que la majorité de ces vols en Europe et au Luxembourg couvrent des distances inférieures à 750 kilomètres. Cette évolution se produit malgré la hausse des prix de l’énergie, ce qui montre clairement que les excès de pollution ne pourront jamais être stoppés par une politique des prix.

Il s’agit d’un cercle restreint de personnes de plus en plus riches et puissantes qui est responsable d’une part de plus en plus importante des émissions mondiales de CO2, que ce soit directement ou indirectement. Tant que les décideurs politiques n’oseront pas mettre un terme à ces excès, il sera difficile de légitimer d’autres mesures de politique climatique et de les rendre socialement acceptables. Pourquoi devrait-on accepter une taxe sur le kérosène, qui rend les vacances plus chères, si une poignée de profiteurs peuvent continuer à tout faire ? Tant qu’une minorité privilégiée semble au-dessus des règles, de nombreuses personnes n’accepteront pas non plus ces mêmes règles.

déi Lénk réclame donc e.a. dans son programme que les vols en jets privés soient interdits, au Luxembourg et dans toute l’Europe. Nous entendons par là d’une part les avions loués, c’est-à-dire « privatisés » auprès de prestataires commerciaux et d’autre part les vols de machines qui appartiennent à une personne privée. Nous sommes conscients que cela n’a pas un impact énorme sur les émissions de CO2. Mais pour déi Lénk la protection du climat repose sur la justice. Si cette justice est assurée, il est possible de mieux protéger le climat.

[1] https://www.greenpeace.org/static/planet4-luxembourg-stateless/2023/03/58905669-ce_delft_analysis_co2_emissions_of_private_aviation_in_europe_march_2023.pdf

Demokratie ass kee Spill.


Säit Méint a fir verschiddener säit Joren, investéieren eng Rei Parteien a Politiker vill Suen an Zäit fir Walkampf bei sougenannten Neo-Lëtzebuerger a Brasilien an an den USA maachen ze goen. Dës Woch gouf elo bekannt, dass nëmmen eng ganz geréng Zuel Convocatioune fir d’Walen am Oktober a Brasilien an an d’USA geschéckt goufen. De groussen Opwand vu Clement, Wiseler a Wolter huet sech also net bezuelt gemaach. Dat verwonnert eis net, wëll déi Leit meeschtens wéineg bis guer net vu politeschen Decisiounen zu Lëtzebuerg betraff sinn.  déi Lénk hu sech un dësem Walkampf a Brasilien an den USA net bedeelegt. 

Iwwer e Passus am Nationalitéitegesetz hat den deemolege Justizminister an aktuelle Spëtzekandidat vun der CSV, de Luc Frieden, et 2008 méiglech gemaach, dass Leit, déi beleeë kënnen, dass si ee Virfaren hunn deen am Joer 1900 d’Lëtzebuerger Nationalitéit hat, iwwert de „recouvrement“ d’Nationalitéit kënne kréien. Eng vun de politesche Konsequenze vun dëser Reform ass et, dass haut schonn zéngdausende Leit uechter d’Welt d’Lëtzebuerger Nationalitéit hunn a soumat och hei wiele kënnen, obwuel se nach ni hei waren an och vläicht ni plangen heihinner ze kommen.

déi Lénk waren deemols a sinn haut weider géint dës ethnesch Conceptioun vun der Nationalitéit mat där d’Nationalitéit weiderverierft ka ginn. D’Gesetz vum Luc Frieden huet de sougenannten “droit du sang” op d’Spëtzt gedriwwen, wëll et säitdeem duergeet fir en obskure Lien zu Lëtzebuerg iwwert e Stammbaam nozeweisen.

Fir déi Lénk ass et bedenklech, wéi eng Ustrengunge politesch Vertrieder a Vertriederinne vun enger Partie Parteien ënnerholl hunn, fir Wielerstëmmen a Brasilien an an d’USA sichen ze goen. Emsou méi batter stéisst dat op, wëll zu Lëtzebuerg ronn 50% vun den Awunner an Awunnerinnen net wielen dierfen, wëll se d’Nationalitéit net hunn. Si verbënnt mat Lëtzebuerg net just Folklore an e Stammbaam, mee hir alldeeglech Existenz. Se wunnen hei, schaffen hei, engagéieren sech hei, d’selwescht wéi mir alleguer och. Se si vun deem betraff wat zu Lëtzebuerg geschitt an decidéiert gëtt a missten dowéinst och politesch matentscheede kënnen.

Den Echec fir Wieler a Wielerinnen a Brasilien an an d’USA mobiliséieren ze goe misst jidderengem nach eng Kéier kloer maachen, dass Demokratie kee Spill ass.

Vill Parteien a Politiker, déi an de leschte Méint jenseits vum Atlantik op Stëmmefang waren, schéngen dat net verstanen ze hunn. Se wollte bequeem en net-existent Stëmmereservoir unzape goen, ouni sech dobäi mat de Problemer ausernee mussen ze setzen, déi d’Leit zu Lëtzebuerg hunn.


La démocratie n’est pas un jeu.

Depuis des mois, voire des années, certain partis et politiciens investissent beaucoup d’argent et de temps pour faire campagne auprès de néo-Luxembourgeois au Brésil ou aux Etats-Unis. Cette semaine nous avons appris que peu de convocations pour les élections ont été envoyées au Brésil et aux Etats-Unis. La débauche d’énergie des Clement, Wiseler et Wolter a donc été vaine. Ce qui ne nous étonne pas puisque ces néo-Luxembourgeois ne sont pas ou très peu concernés par les décisions politiques prises au Luxembourg. déi Lénk n’a pas participé à cette campagne au Brésil et aux Etats-Unis.

En 2008, Luc Frieden, l’actuelle tête de liste CSV qui était alors ministre de la Justice, a introduit un passage dans la loi sur la nationalité qui permet de recouvrer la nationalité luxembourgeoise si l’on parvient à prouver que l’on avait un ancêtre qui avait la nationalité luxembourgeoise en 1900. Cette procédure s’appelle le « recouvrement ». Une des conséquences est que des dizaines de milliers de personnes à travers le monde ont obtenu la nationalité luxembourgeoise et donc le droit de vote alors qu’elles n’ont jamais été au Luxembourg et qu’elles n’ont probablement pas l’intention d’y venir un jour.

A l’époque déjà, déi Lénk s’était opposé à cette conception ethnique de la nationalité qui permet en quelque sorte de léguer le passeport luxembourgeois. La loi de Luc Frieden a poussé la notion du droit du sang à l’extrême parce qu’il suffit de prouver un lien ténu et obscur au Luxembourg pour acquérir la nationalité.

déi Lénk est préoccupé par l’ampleur des efforts fournis par les représentants de certains partis politiques pour grappiller des voix au Brésil et aux Etats-Unis. Cette démarche est d’autant plus scandaleuse qu’environ 50% des habitants du Luxembourg n’ont pas le droit de vote parce qu’ils n’ont pas la nationalité.  Or le lien de ces habitants dépasse amplement le folklore et la généalogie. Il est forgé au quotidien. Ces personnes auxquelles nous refusons le droit de vote habitent ici, travaillent ici, s’engagent ici, comme nous tous. Elles sont concernées au premier chef par les décisions politiques prises au Luxembourg et pour cette raison elles doivent pouvoir codécider.

déi Lénk espère que l’échec cuisant de la mobilisation d’électeurs au Brésil et aux Etats-Unis aura fait comprendre que la démocratie n’est pas un jeu.

Les partis et les politiciens qui ont essayé ces derniers mois de grappiller des voix outre-Atlantique ne semblent en tout cas pas l’avoir compris. Ils pensaient pouvoir s’approvisionner tranquillement dans un réservoir électoral inexistant sans devoir répondre aux problèmes qu’ont les gens au Luxembourg.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe