Dréngend gebraucht : Méi Tempo bei der energeetescher Sanéierung vu Gebaier !

42,5% soll den Undeel un den Erneierbare bis 2030 um gesamten Energieverbrauch ausmaachen. Dat ass d’Zil op dat sech an der EU elo gëeenegt ginn ass. Fir Lëtzebuerg bedeit dat aller Viraussiicht no en Zil vu 35% anstatt wéi bis elo vu 25% bis 2030. Fir dohinner ze komme muss den Ausbau vun den Erneierbaren natierlech beschleunegt ginn, mee den Haaptfokus muss op der Aspuerung vun Energie leien. An hei hapert et zu Lëtzebuerg ganz massiv.

Den Energieminister Claude Turmes gëtt net midd ze widderhuelen, dass den Ausbau vun Erneierbaren – besonnesch der Photovoltaik – spronghaft eropgaangen ass. Laut Zuele vun SolarPowerEurope läit Lëtzebuerg bei der Prokapp-Produktioun vu Solarenergie an Europa op der 5. Plaz, wat och duerch vill nei Projet’en zustane komm ass. Dogéint läit Lëtzebuerg europawäit awer wat di Erneierbare Energien ugeet weider op der läschter Plaz.

Wat den Energieminister net seet, ass dass d’Produktioun u sech net vill ausseet. Och eng immens héich Energieproduktioun muss net duergoe fir den Energiebedarf ze decken. Dat weist sech doduerch, dass Lëtzebuerg beim gesamten Undeel vun erneierbaren Energien um Energieverbrauch op der leschter Plaz an Europa läit. Den Energieverbrauch zu Lëtzebuerg ass einfach vill ze héich, wouduerch och eng méi grouss Produktioun vu Solarstroum séier verpufft.

Fir den héije Bedarf zumindest statistesch ze decke schléisst d’Regierung Accord’en mat anere Staaten of fir Energie um Pabeier z’importéieren, rezent mat Dänemark. Iwwer dësen Transfert vun Energiestatistiken importéiere mir Energie um Pabeier fir am Géigenzuch eisen héije Verbrauch zu Lëtzebuerg an aner Länner z’exportéieren. Kooperatioun ass an Energiefroen natierlech ganz wichteg, besonnesch fir e klengt Land wéi Lëtzebuerg, mee dat kann awer net déi eenzeg Léisung sinn.

Dofir mengen déi Lénk, dass d’Haaptaufgab an der Energiepolitik d’Aspuerung muss sinn an de Staat an d’Gemengen dat dréngend zur Prioritéit musse maachen, ugefaange bei den ëffentleche Gebaier. Besonnesch an de Gebaier gëtt vill Energie verbraucht. Lëtzebuerg verbraucht europawäit bei wäitem am meeschten Energie fir Gebaier ze hëtzen oder ze kille wéi Eurostat ganz rezent gewisen huet. Dëse Verbrauch setzt sech zu 52% aus Gas an 28% aus Mazout a just zu 20% aus Erneierbaren zesummen. Dësen Energiemix féiert och dozou, dass den CO2-Ausstouss an de Wunngebaier tëscht 2019 an 2021 souguer ëm 2,5% eropgaangen ass.

De Renovatiounstaux pro Joer vu Wunngebaier läit bei manner wéi 1% obwuel en bei 3% leie misst, wann d’Ziler am PNEC sollen erreecht ginn. Besonnesch Gebaier an den Energieklassen I bis F verbrauchen enorm vill Energie an produzéieren an der Moyenne 10 bis 20 mol méi Zäregase wéi eng Energieklass A. An de schlecht isoléierte Gebaier wunnen oft Leit mat wéineg Akommes an dëse Leit ass mat der aktueller wéineg sozialer Subventiounspolitik och net gehollef. Am Géigendeel, well sie leiden och am stäerksten ënner den héijen Energiepräisser. Esou gëtt d’Energiekris vun enger sozialer Kris begleed.

D’Regierung huet zwar de Klimaprêt reforméiert, mee vill bruecht huet dat net. Säit der Aféierung vun der neier Hëllef hunn net méi Leit e Klimaprêt mat staatlecher Garantie gemaach wéi virun der Reform.

déi Lénk fuerdere scho säit Joren eng ganz aner Approche bei der energeetescher Sanéierung vu Wunnengen. Ëffentlech Prêt’en ouni Privatbanken, eng proaktiv Roll vun de Gemenge bei der Berodung an der Begleedung vu Renovatiounsprojet’en souwéi e sozial gestaffelte Remboursement vum Prêt géife sécher vill méi Leit fir eng Renovatioun begeeschteren. Och e Subventiounstaux vun 100% soll – no soziale Krittären – keen Tabu sinn. Ausser engem annoncéierte Pilotprojet zu Déifferdeng hunn déi gréng Ministeren awer bis haut net vill opweises. déi Lénk mengen dogéint, dass all gréisser Gemeng eng sériö Strategie fir energeetesch Renovatioune muss entwéckelen, déi sech net op e puer Primme ka beschränken.

D’Energietransitioun ass en Zesummespill vu ville Facteuren. Wann den Ausbau vun den Erneierbaren net begleet gëtt duerch ëffentlech finanzéiert a sozial cibléiert Hëllefen bei der Energieaspuerung, da verléiert d’Land op ganzer Streck : D’Ziler am Klimaschutz ginn net erreecht a wuessend Deeler vun der Bevëlkerung mat méi klengem Akommes geroden duerch d’Energiepräisser ënnert d’Rieder.


Il faut d’urgence accélérer la rénovation énergétique des immeubles.

La part des renouvelables doit atteindre 42,5% de la consommation énergétique totale d’ici 2030. C’est l’objectif sur lequel l’Union européenne s’est mise d’accord. Par conséquent, l’objectif luxembourgeois devrait passer à 35% d’ici 2030 au lieu de 25%. Pour y parvenir, il faut évidemment accélérer le déploiement des énergies renouvelables, mais l’accent doit principalement être mis sur les économies d’énergie. Et dans ce domaine, le Luxembourg est un mauvais élève.

Le ministre de l’Energie, Claude Turmes, dit à qui veut l’entendre que l’aménagement des renouvelables, surtout de l’énergie photovoltaïque, a fait un bond énorme. D’après les chiffres de SolarPowerEurope, le Luxembourg occupe la cinquième position dans le classement de la production d’énergie solaire par habitant. Ce résultat est essentiellement dû à un grand nombre de projets récents. En revanche, en ce qui concerne les énergies renouvelables dans leur globalité, le Luxembourg continue d’être lanterne rouge européenne.

Ce que le ministre préfère taire, c’est que la production n’est pas un bon indicateur. Même une production très élevée ne couvre pas nécessairement les besoins en énergie. Ce qui explique pourquoi le Luxembourg occupe la dernière place lorsqu’il s’agit de la part totale des énergies renouvelables. Les besoins en énergie sont beaucoup trop importants au Luxembourg. De telle sorte que même une production très élevée devient vite insuffisante.

Pour couvrir le besoin en énergie de manière statistique au moins, le gouvernement signe des accords avec d’autres États pour importer des parts d’énergies renouvelables. Récemment, un tel accord a été conclu avec le Danemark. Avec ces transferts de statistiques énergétiques le Luxembourg importe de l’énergie sur le papier et, en contrepartie, il exporte sa consommation trop élevée vers d’autres pays. La coopération en matière d’énergie est évidemment importante, surtout pour un petit pays comme le Luxembourg, mais ces transferts ne peuvent pas être la seule solution.

Pour cette raison, déi Lénk estime qu’il faut mettre l’accent sur les économies d’énergie et que l’État et les communes doivent en faire leur priorité en commençant par la rénovation énergétique des immeubles publics, car les immeubles sont bien souvent de véritables passoires énergétiques. En Europe, le Luxembourg est le pays qui consomme de loin le plus d’énergie pour chauffer ou refroidir les immeubles, comme le montrent des chiffres récents d’Eurostat. Cette consommation est composée à 52% de gaz, à 28% de mazout et à 20% seulement d’énergies renouvelables. Ce mix énergétique est d’ailleurs à l’origine d’une hausse de 2,5% des émissions de CO2 liées aux immeubles entre 2019 et 2021.

Le taux de rénovation annuel des logements est inférieur à 1% alors qu’il devrait atteindre 3% pour garder le cap sur les objectifs du plan climat (PNEC). Ce sont surtout les immeubles des classes énergétiques I à F qui consomment énormément d’énergie et produisent en moyenne dix à vingt plus de gaz à effet de serre qu’une classe énergétique A. Ce sont souvent des ménages avec des revenus modestes qui vivent dans des immeubles mal isolés. Ces ménages sont aussi ceux qui profitent le moins de la politique de subventions de l’État. Ils sont même pénalisés car les prix de l’énergie les frappent de plein fouet. Ainsi, la crise énergétique est accompagnée d’une crise sociale.

Bien que le gouvernement ait réformé le prêt climatique, les résultats sont maigres. Depuis la création de la nouvelle aide, le nombre de personnes ayant fait la demande pour un prêt climat garanti par l’État est resté stable.

Depuis des années, déi Lénk exige une autre approche pour faire avancer la rénovation énergétique des immeubles. Des prêts publics pour contourner les banques privées, un rôle proactif des communes pour conseiller et accompagner les habitants dans leur projet de rénovation et un remboursement échelonné selon la situation financière des ménages : une telle politique pourrait convaincre un nombre plus important de personnes à procéder à des travaux de rénovation énergétique. Même un taux de subvention de 100% – en fonction de critères sociaux – doit pouvoir être discuté. Mais, mis à part l’annonce d’un projet à Differdange, les ministres écologistes ont un bilan bien maigre. déi Lénk estime que les plus grandes communes doivent se doter d’une stratégie de rénovation sérieuse qui ne peut pas se limiter à quelques primes.

La transition énergétique est un ensemble composé d’un grand nombre d’éléments. Si l’aménagement des énergies renouvelables n’est pas accompagné d’un financement public et d’aides ciblées aux ménages les plus modestes pour les aider à faire  des économies d’énergie, la pays va perdra sur toute la ligne : les objectifs pour la protection du climat ne seront pas atteints et une partie toujours croissante de la population risque d’être écrasée par la flambée des prix de l’énergie.

« Solidaritéitspak » : D’Regierung bezilt d’Betriber fir ze verschmotzen.

Et ass vill iwwert d’Moossnamen aus dem sougenannte « Solidaritéitspak » geschwat ginn, mee déi staatlech Hëllefe fir de Präis vun den Emissiounszertifikater am Kader vum europäeschen Emissiounshandel ze kompenséiere goufe wéineg kommentéiert. Dës Hëllef ass awer symptomatesch fir déi politesch Linn vun enger Regierung, déi d’Verschmotzungsrechter vun den Entreprisë mat de Sue vun de Salariéen an Rentner.inne bezilt. Dat ass ee sozialen an ekologesche Skandal.

D’Staatshëllefen, déi d’Betriber kréie fir en Deel vun hire Verschmotzungsrechter ze bezuelen, wäert de Staat 500 Milliounen Euro bis 2030 kaschten. Dës Hëllefe ginn natierlech iwwert de Staatsbudget finanzéiert, deen zu zwee Drëttel duerch d’Lounsteier an d’TVA gespeist gëtt. Et sinn also déi Lounofhängeg an d’Rentner.innen, déi dës Moossnam bezuelen, déi ëmweltpolitesch gesinn een absolutten Nonsens ass.

D’Zil vum europäeschen Emissiounshandel ass et nämlech d’Betriber unzereegen an eng méi gréng Produktioun z’investéiere well d’Zertifikater ze deier ginn. Haut läit de Präis vun engem Zertifikat bei ongeféier 80 Euro. Mee amplaz d’Betriber elo an eng méi ëmweltfrëndlech Produktioun investéieren ze loossen, huet d’Regierung decidéiert en Deel vum Zertifikatspräis ze bezuelen. Andeems se dat mécht, gräift se d’Fundament vum Emissiounshandel hunn, dee liberal a gréng Politiker.innen zum Wonnermëttel géint d’Klimakatastroph héichstiliséiert haten.

Déi grouss Betriber, déi vum Emissiounshandel betraff sinn, hunn d’Gelder fir an hir Produktiounssitten z’investéieren, mee et geet drëms den Aktionäre weider fett Gewënner an Dividenden auszebezuelen. déi Lénk si skandaliséiert iwwert dës Moossnam, déi duerchgesat gëtt wärend Salariéen, Rentner.innen, Stagiairen, Leit déi eng Léier maachen un der rezenter Indexmanipulatioun leiden. Dës Moossnam, wéi déi aner och, weist ganz kloer dass de « Solidaritéitspak » op eng Solidaritéit grënnt, déi just an eng Richtung geet : Vun de Lounofhängegen a Rentner.inne bei d’Betriber. D’Betriber sinn dann och ganz ouni Zweiwel déi grouss Gewënner vun dëser liberaler Opfaassung vun der Solidaritéit.

Matgedeelt vun déi Lénk.

Hei fannt Dir eng méi detailléiert Analys vum Emissiounshandel.


« Paquet de solidarité » : Le gouvernement paie les entreprises pour polluer.

Parmi les mesures du soi-disant « paquet de solidarité », les aides étatiques pour compenser la hausse du prix des certificats d’émission de gaz à effet de serre dans le cadre du système européen d’échange de quotas d’émission ont été peu commentées. Elles sont pourtant symptomatiques de la ligne politique d’un gouvernement qui paie les droits de pollution des entreprises avec l’argent des salarié.e.s et retraité.e.s. Un scandale social et écologique.

Les aides que l’État attribuent aux entreprises pour compenser la hausse du prix des droits de pollution pourraient s’élever à 500 millions d’euros jusqu’en 2030. Elles sont évidemment financées par le budget de l’État dont deux tiers des recettes proviennent de l’impôt sur les salaires et la TVA. Ce sont donc toutes les personnes travaillant pour un salaire et les retraité.e.s qui paient cette mesure qui est un non-sens absolu du point de vue écologique.

En effet, le but du système d’échange de quotas d’émission est d’inciter les entreprises à investir dans des processus plus écologiques par une hausse continuelle des prix des certificats d’émission. Aujourd’hui, le prix d’un certificat s’élève à environ 80 euros. Mais au lieu de laisser les entreprises investir dans une production plus verte, le gouvernement a décidé de compenser une partie du prix du certificat, sapant ainsi les fondations mêmes du système d’échange qu’écologistes et libéraux avaient érigé en solution miracle contre le réchauffement climatique.

Les grandes entreprises concernées par le système d’échange disposent des fonds nécessaires pour investir dans leurs sites de productions, mais il s’agit avant tout de ne pas priver les actionnaires de leurs profits et dividendes. déi Lénk est scandalisé par cette mesure qui intervient alors que salarié.e.s, retraité.e.s, indépendant.e.s, stagiaires et apprenti.e.s pâtissent des conséquences d’une manipulation de l’index. Cette mesure, comme les autres, montrent que le « paquet de solidarité » est fondé sur une solidarité à sens unique qui va des salarié.e.s et retraité.e.s aux entreprises. Ces dernières sont, sans l’ombre d’un doute, les grandes gagnantes de cette conception libérale de la solidarité.

Communiqué par déi Lénk.

Ici vous trouvez une analyse détaillée sur le l’échange de quotas d’émissions.

Question parlementaire relative à l’adoption de la nouvelle stratégie d’investissement du Fonds de compensation.

Monsieur le Président,

En 2022, une analyse approfondie de la stratégie d’investissement du FDC (Fonds de compensation commun au régime général de pension) aura lieu qui devrait déboucher sur la mise en place d’une nouvelle stratégie d’investissement pour la période quinquennale débutant en 2023. Cela avait été confirmé dans la réponse de l’ancien ministre de la Sécurité sociale à la question parlementaire n°4676.

Étant donné que la stratégie d’investissement fait régulièrement l’objet de critiques, notamment quant à sa politique d’investisseur responsable, et que la période quinquennale en question pourrait s’avérer cruciale pour l’atteinte des objectifs de l’Accord de Paris sur le climat, cette nouvelle stratégie revêt un caractère particulièrement important. Rappelons dans ce contexte que la politique d’investissement du FDC fait l’objet d’une motion votée par la Chambre des Députés le 3 décembre 2020, ainsi que de la proposition de loi n°7729 du député Marc Baum.

Rappelons également que selon l’article 251 du Code de la sécurité sociale, la nouvelle stratégie devra être soumis à l’approbation du ministre ayant dans ses attributions la Sécurité sociale.

Dans ce contexte, j’aimerais poser les questions suivantes à Monsieur le ministre :

1) Pouvez-vous m’informer en détail sur l’état actuel des travaux et sur la feuille de route qui devra mener à l’adoption de la nouvelle stratégie d’investissement du FDC pour la période quinquennale 2023-2028 ?

2) Est-ce qu’il est prévu d’associer la Chambre des Députés aux travaux d’analyse et au processus décisionnel menant à l’adoption de la nouvelle stratégie d’investissement ?

3) Est-ce qu’il est prévu de consulter en amont de l’adoption de la nouvelle stratégie toutes les différentes parties prenantes concernées, y compris les organisations non-gouvernementales dans le domaine de l’environnement, des droits humains et de la coopération au développement ?

4) Jugez-vous souhaitable que l’élaboration de la nouvelle stratégie d’investissement du FDC se fasse de manière inclusive et transparente ?

Avec mes salutations respectueuses,

Myriam Cecchetti

Députée

Contre la pauvreté énergétique.

Voici cinq motions déposées par déi Lénk lors du débat sur l’explosion des prix de l’énergie du 11 novembre. Il s’agit de mesures concrètes à court, moyen et long terme pour protéger les gens contre l’explosion des prix du gaz et de l’électricité. La majorité en a rejeté trois. Deux, les motions 2 et 4, seront discutées en commission parlementaire.

MOTION 1                                                                         

La Chambre des Députés,

  • considérant la situation particulièrement tendue sur le marché immobilier avec des hausses des prix de l’immobilier et des loyers très inquiétantes ;
  • considérant l’augmentation accentuée des coûts énergétiques pour les ménages pour l’année 2021 ;
  • considérant que la tendance haussière des prix de l’énergie se poursuivra très probablement dans les premiers mois de l’année 2022 ;
  • considérant que selon les chiffres publiés par l’Observatoire de l’Habitat 34,5% des ménages locataires affichaient un taux d’effort supérieur à 40% en 2019 ;
  • considérant que le taux d’effort des ménages locataires a connu un taux de croissance de 17,5% entre 2016 et 2019 ;
  • considérant l’impact des coûts énergétiques sur les charges locatives des ménages locataires ;
  • considérant que nombre de ménages locataires auront de plus en plus de difficultés à honorer les obligations contractuelles en matière de charges locatives vis-à-vis de leur propriétaire ;

invite le gouvernement

  • à introduire une suspension des déguerpissements ordonnés en matière de bail à usage d’habitation jusqu’au 30 avril 2022.

MOTION 2

La Chambre des Députés,

  • considérant l’augmentation des coûts énergétiques pour les ménages est estimée à 28,6% pour la seule année 2021 ;
  • considérant que la tendance haussière des prix de l’énergie se poursuivra très probablement dans les premiers mois de l’année 2022 ;
  • considérant qu’en 2019, 2,4% des ménages au Luxembourg sont concernés par la précarité énergétique et que ce taux est en hausse depuis une dizaine d’années ;
  • considérant que la précarité énergétique s’accompagne souvent de conséquences néfastes pour la santé et le bien-être des personnes concernées ;
  • considérant qu’en 2020 1.331 procédures de déconnexion ont été entamées par les fournisseurs de gaz naturel et 7.937 procédures de déconnexion ont été entamées par les fournisseurs d’électricité ;
  • considérant qu’en 2020 52 clients résidentiels ont été déconnectés de la fourniture de gaz naturel et 771 clients ont été déconnectés de la fourniture d’électricité ;
  • considérant que les fournisseurs d’énergie ne renoncent à la déconnexion d’un client défaillant que si ce dernier remplit les conditions d’éligibilité pour le droit à l’aide sociale et est pris en charge par un office social ;
  • considérant que les offices sociaux n’interviennent pas de manière égale suite à la déconnexion d’un client en défaut de paiement ;
  • estimant que l’énergie est un produit de première nécessité ;

invite le gouvernement

  • à interdire les déconnexions de la fourniture de gaz naturel et d’électricité aux consommateurs vulnérables.

MOTION 3

La Chambre des Députés,

  • considérant l’augmentation sensible des coûts énergétiques pour les ménages pour l’année 2021 ;
  • considérant que la tendance ascendante des prix de l’énergie se poursuivra très probablement dans les premiers mois de l’année 2022 ;
  • considérant l’impact des coûts énergétiques sur le budget des ménages moins aisés ;
  • considérant que le Fonds National de Solidarité accorde chaque année une allocation de vie chère (AVC) aux personnes remplissant certaines conditions ;
  • considérant que l’ensemble des revenus bruts d’une personne seule ne doit pas dépasser le salaire social minimum brut pour qu’elle soit éligible pour l’allocation de vie chère;
  • considérant que le délai pour l’introduction des demandes pour une allocation de vie chère pour l’année 2021 est dépassé depuis le 30 septembre ;
  • considérant l’augmentation à hauteur de 200€ du montant de l’allocation de vie chère annoncée par le gouvernement pour l’année 2022 ;
  • considérant que cette augmentation de l’AVC restera bien inférieure aux hausses des prix énergétiques projetées pour l’année 2022 ;

invite le gouvernement

  • à accorder un supplément d’allocation de vie chère à tous les requérants qui y ont eu droit pour l’année 2021 ;
  • à prévoir une augmentation supplémentaire de l’allocation de vie chère pour l’année 2022 ;
  • à augmenter les limites de revenu fixées dans le règlement grand-ducal relatif à l’octroi d’une allocation de vie chère au titre de l’année 2022 afin d’élargir le groupe des communautés domestiques éligibles pour ladite allocation.

MOTION 4

La Chambre des Députés,

  • vu le Plan National de l’Energie et du Climat (PNEC) qui prévoit une réduction des émissions de gaz à effet de serre de 55% d’ici 2030 par rapport à 2005 et des gains en efficacité énergétique entre 40 et 44% d’ici 2030 par rapport au scénario de référence EU-Primes 2007 ;
  • vu les objectifs climatiques sectoriels qui prévoient une réduction des émissions de gaz à effet de serre de 64% d’ici 2030 par rapport à 2019 pour le secteur des bâtiments résidentiels et tertiaires ;
  • considérant que l’ambition de l’objectif climatique pour le secteur des bâtiments résidentiels et tertiaires demande la mise en œuvre immédiate d’une vaste campagne de rénovation de bâtiments ;
  • considérant que les investissements nécessaires pour une rénovation énergétique d’un bâtiment résidentiel constituent une surcharge financière pour nombre de ménages moins aisés ;
  • considérant que les démarches administratives, financières ainsi que les connaissances techniques requises pour le lancement et la coordination de travaux de rénovation d’un bâtiment peuvent constituer des obstacles considérables pour nombre de ménages visés par les dispositifs d’aides en place ;
  • considérant le système d’aides écologiques PRIMe House prévoit les mêmes montants pour tous les ménages indépendamment de leur situation financière de départ ;
  • vu que le prêt climatique à taux zéro accordé aux ménages respectant certaines conditions socio-économiques n’a guère été utilisé depuis son introduction en 2017 ;
  • considérant que les ménages moins aisés vivant souvent dans des logements moins efficaces du point de vue énergétique sont les plus durement touchés par les augmentations actuelles et futures des prix de l’énergie ;

invite le gouvernement

  • à introduire un échelonnement des aides écologiques PRIMe House en fonction de critères liés aux revenus des ménages ;
  • à développer davantage des modèles de financement et d’accompagnement de rénovations énergétiques de bâtiments résidentiels adaptés aux situations de départ et aux besoins des ménages.

MOTION 5

La Chambre des Députés,

  • vu l’introduction en 2021 d’une « taxe CO2 » sur les produits énergétiques à hauteur de 20€ par tonne de CO2 et dont le montant sera porté à 25€ en 2022 respectivement à 30€ en 2023 ;
  • vu l’article 8 paragraphe (2) de la loi budgétaire du 19 décembre 2020 concernant le budget des recettes et des dépenses de l’État pour l’exercice 2021 qui dispose que la « taxe CO2 » perçue sur les produits énergétiques vient en déduction des prix de ces biens relevés par le STATEC pour rétablissement de l’indice des prix à la consommation publié sur la base 100 au 1er janvier1948 ;
  • vu que cette déduction signifie la neutralisation, au niveau de l’échelle mobile des salaires, de l’impact de la hausse des accises sous forme de taxe CO2 ;
  • considérant que cette neutralisation augmente l’écart entre l’indice des prix et de l’indice neutralisé  ;
  • considérant que l’échelle mobile des salaires est un instrument préservant le pouvoir d’achat des salarié.e.s et des retraité.e.s ;

invite le gouvernement : 

  • à faire les modifications législatives nécessaires afin d’inclure la hausse des prix des produits énergétiques due à l’introduction de la taxe CO2 dans le mécanisme de l’échelle mobile des salaires.

Energie ist ein Grundrecht. Die Explosion der Verbraucherpreise stoppen.

Seit Wochen und Monaten explodieren die Energiepreise. Seit dieser Woche wissen die Kunden von « Südenergie » (ehm. Sudgaz) was diese Preisentwicklung konkret für sie bedeutet : der Erdgas-Tarif ist von 0,2985 €/m³ um ± 75 % auf 0,4935 €/m³ gestiegen und damit haben sich die Vorauszahlungen in den meisten Fällen verdoppelt.

Am härtesten getroffen werden die Menschen, die nicht die nötigen Mittel haben ihre Wohnungen energetisch zu isolieren und wenig effiziente Heizungen auf Basis von fossilen Brennstoffen besitzen. Die bisher mangelhaften Anstrengungen und wenig angepassten Modelle der Regierung zur Unterstützung der Altbausanierung machen die Regierung mitverantwortlich dafür, dass die Luxemburger Bevölkerung wenig vorbereitet ist auf diese Preisexplosion.

Für déi Lénk ist es nicht akzeptabel, dass die Lohnabhängigen die Rechnung für diese doppelte Fehlentwicklung bezahlen. Denn einerseits ist die privatisierte Energieversorgung ungebremst der Spekulation und Gewinnmaximierung ausgesetzt und andererseits wird der Umbau zur erneuerbarer Energieproduktion und weniger Energieverbrauch nur schleppend und dazu auch noch sozial ungerecht durchgeführt. Die Rolle der Spekulation in der aktuellen Preisexplosion wurde von Energieminister Claude Turmes bestätigt: “Wir müssen das extrem spekulative Verhalten einiger Händler unterbinden”, wird Claude Turmes in der Presse zitiert. 

Für déi Lénk ergibt sich daraus die Forderung, dass die Energiepreise ab sofort gedeckelt werden müssen, um die Haushalte vor der Spekulation zu schützen. Da die Politik jedoch auch mit dieser Maßnahme bereits zu spät intervenieren würde, müsste zusätzlich für diesen Herbst und Winter eine einmalige und gestaffelte Prämie an alle Haushalte verteilt werden.

Aus den höheren Preisen für Gas, Heizöl, Benzin und Diesel ergeben sich durch die Akzisen auch höhere Steuereinnahmen. Diese höheren Einnahmen sollen so sozial gestaffelt an die zurückfließen, die am wenigsten Ressourcen haben um sich auf diese Energiepreisfluktuationen vorzubereiten. Wir fordern eine einmalige Prämie von 200 Euro pro Kopf zur Überbrückung der Wintermonate für alle Haushalte die unter das Armutsrisiko fallen und degressiv gestaffelt 100 Euro pro Kopf für Haushalte die maximal das mediane Einkommen verdienen.

Die Energieversorgung gehört aus Sicht von déi Lénk zur öffentlichen Daseinsvorsorge. Jeder Haushalt muss Recht auf ein Grundkontingent an Energie haben. Die Preispolitik darf deswegen nie dazu führen, dass Menschen keinen oder nur eingeschränkten Zugang zu einer Basisenergieversorgung haben. Von profitorientierten Unternehmen wird dieses Recht jedoch nicht gewährleistet. Deshalb wollen déi Lénk die Energieversorgung in die Verantwortung der öffentlichen Hand und vorwiegend der Gemeinden zurückholen.

Le communiqué en français

Ongläichheete bekämpfe fir d’ekologesch Kris ze bewältegen.

Ce matin, déi Lénk a tenu une conférence de presse pour attirer l’attention sur un point essentiel de son programme électoral : la crise écologique et ses fondements sociaux.

Grand absent du débat politique jusqu’à présent, la crise écologique et ses conséquences pour la cohésion sociale et l’environnement, semble reléguée dans l’ombre par le faux débat sur l’identité nationale. Soucieux, de pas entrer dans cette logique nationaliste, déi Lénk propose de parler enfin des problématiques qui concernent vraiment les gens et qui, si l’on s’y attaque franchement devront amener le progrès social et la justice qui bénéficieront à notre pays et à toutes celles et ceux qui contribuent à sa richesse.

Tout d’abord, la lutte contre les inégalités sociales se pose comme une priorité pour l’écologie. La crise écologique se fonde non seulement sur ces inégalités, mais elle se trouve renforcée par ce moteur de l’inégalité sociale. Au Luxembourg, le taux de pauvreté parmi la population s’élève actuellement à 16,5%, de même qu’en 2016 le revenu des individus du premier quintille a été 13,2 fois supérieur à celui du dernier quintille contre 9,6% en 2010. Le gouffre des inégalités s’est donc nettement approfondi avec le temps.

déi Lénk planifie d’éradiquer la pauvreté et le chômage dans les années à venir. Par des mesures concrètes tels que l’employeur en dernier ressort, l’augmentation du salaire minimum jusqu’à 2381 euros en 2020, l’investissement dans la construction de logements publics abordables ou encore la mise en place du tiers payant généralisé et la gratuité universelle des transports en commun. Les plus démunis ne contribuent non seulement moins à la pollution que les riches, mais ils en paient davantage les frais. Au croisement des inégalités sociales et de la crise écologique déi Lénk identifie notamment la pauvreté énergétique, les mal-logé.e.s, la prédominance du transport individuel motorisé, la mauvaise alimentation et les problèmes de santé consécutifs. Au Luxembourg, environ 10.000 ménages n’ont pas les moyens de payer leurs fournitures énergétiques dont le montant augmente avec la vétusté du logement. Plusieurs mesures ont été élaborées par déi Lénk pour apporter à court et à long terme des améliorations et de la situation sociale particulière des habitant.e.s et de la qualité de l’environnement : la rénovation énergétique accessible à tous financée par un prêt public dont les frais à rembourser ne dépasseront pas le montant de l’énergie consommée, le prix de l’eau échelonnée en fonction de critères sociaux et écologiques, la gratuité universel et le développement des transports en commun ainsi que l’accès et la participation à la production d’aliments biologiques qui suppose une réorganisation progressive de l’agriculture et un investissement public dans la production biologique locale et régionale. En effet, l’agriculture ne représente que 0,3% du PIB luxembourgeois et 1,2 % des emplois. En revanche, elle est en grande partie responsable de la pollution des eaux et de la perte en biodiversité. Afin d’engager sa diversification et de promouvoir les productions biologiques et/ou locales respectant les critères écologiques, le gouvernement doit changer sa politique de subventionnement qui encourage la monoculture et les productions de masse.

Enfin, pour résoudre la crise écologique et réellement engager une transition écologique, il faut sérieusement revoir nos priorités politiques : Celles-ci ne se trouvent pas du côté de l’optimisation fiscale, ni du côté de l’exploitation et de la privatisation des ressources spatiale ou encore des agrandissements des réseaux routiers et de la privatisation des services publics. Pour déi Lénk, la priorité sociale accordée à l’effacement des inégalités face à la crise écologique, repose sur une mise au point de notre économie reposant sur le travail humain et la création de l’emploi à fort rendement écologique et social, notamment par l’outil de l’employeur en dernier ressort. La planification de notre économie doit être démocratique et écologique. La réussite de ce projet dépendra d’une juste répartition de la richesse et d’une réduction du temps de travail qui permet à tous et à toutes de s’impliquer davantage dans la vie politique et de laisser respirer l’environnement soumis à une surexploitation constante.

20% Bio-Landwirtschaft bis 2020: Eng gesond Landwirtschaft schaaft gutt Aarbecht.

Ekonomesch wéineg Impakt, dofir ekologesch awer ëmsou méi. Doduerch zeechent sech d’Landwirtschaft zu Lëtzebuerg aus.

Nëmmen 0,3% vum Lëtzebuerger BIP kommen aus der Landwirtschaft. Domat ass Lëtzebuerg ënnert de Schlussliichter an Europa. Donieft sinn och nëmmen 1,2% vun den Aarbechtsplazen an der Agrikultur ugesidelt. Eisen Territoire eegent sech net, fir eng riseg landwirtschaftlech Produktioun, trotzdeem ass méi dran. Dass et sech an der Landwirtschaft net em de lukratiivste Secteur handele kann, weist d’Verhältnis tëscht Aarbechtsplazen a Wertschöpfung an der Agrikultur.

D’Landwirtschaft hëlt awer eng ganz wichteg Stellung beim Schutz vun der Ëmwelt an dem Klima an. Haut ass dat a ville Fäll keng positiv. Dat ass net dem eenzele Bauer seng Schold, deen dofir suerge muss, dass säi Betrib an engem ëmmer méi schwieregen Ëmfeld iwwerhaapt iwwer d’Ronne kënnt. Dofir hëllefen och nëmme strukturell Moossnamen a méi cibléiert ëffentlech Investitiounen. D’Benotzung vu chemesche Planzeschutzmëttel an d’Ausbrénge mat ze staarken Nitrat-haltegen Dünger sinn eng Gefor fir d’Qualitéit vum Drénkwaasser an zerstéieren no an no d’Aartevillfalt op a ronderëm de Felder. Virun allem sinn se awer och eng Gefor fir d’Gesondheet vum Mënsch.

déi Lénk hunn eng aner Virstellung vun der Landwirtschaft. Se muss ekonomesch méi wichteg ginn a méi Leit eng gutt Aarbecht bidden. Landwirtschaft muss awer och zum Erhalt vun enger gesonder Ëmwelt bäidroen.

D’biologesch Landwirtschaft ass méi schounend fir Mënsch an Natur. Se representéiert aktuell knapp 3% vun der genotzter Agrarfläch zu Lëtzebuerg. Och do si mir e Schlussliicht an Europa. Mat enger konsequenter a gezielter Subventiounspolitik muss et méiglech sinn, dësen Undeel drastesch eropzeschrauwen. Haut mécht d’Regierung weiderhin eng Politik mat der Strenz, déi awer virun allem grouss, méi staark industriell Produktioune bevirdeelegt.

déi Lénk wëllen dat änneren a viséiere bis 2025 en Bio-Undeel vun 20% an der Landwirtschaft un. Mee de Fokus läit net eleng op Bio-Betriber. Nieft dem ekologeschen Aspekt, spillt d’Landwirtschaft och eng wichteg sozial Roll. Mir wëllen déi Roll opwäerten. Betriber mussen dofir och opgrond vun dem beschäftegte Personal an dem Gewiicht wat se op lokal/regional Vermaartungs- a Verwäertungskette leeë gehollef kréien an net méi opgrond vun der produzéierter Quantitéit.

http://2018.dei-lenk.lu/

Nieft dem Ausbau vun der Bio-Landwirtschaft, fuerderen déi Lénk och nach:

(-) Eng Diversifikatioun vun der Produktioun, fir nieft der Fleesch- a Mëllechproduktioun och méi heemesch Geméisproduktioun ze fërderen. De Landwirtschaftsministère muss dofir déi richteg Subventioune virgesinn;

(-) Eng méi konsequent Formatioun a Recherche am landwirtschaftleche Beräich;

(-) De Schutz vu landwirtschaftlech wäertvolle Flächen. De Staat an d’Gemenge mussen ähnlech wéi beim neien Naturschutzgesetz Pool’en vun Agrarflächen uleeën an se Betriber a jonken Agrikulteure fir nohalteg landwirtschaftlech Projet’en verpachten.

Neit Naturschutzgesetz (Projet de loi n° 7048)

Ëm wat geet et?

Mat dësem Gesetz gëtt déi ganz Gesetzgebung am Beräich vun den natierleche Ressourcë reforméiert. Zu Lëtzebuerg ass den Naturschutz e Problemkand. Eng feelend Landesplanung, Zersiidlung, eng naturschiedlech Landwirtschaft an sou weider féieren zum Verloscht vu schützenswäerte Landschaften an Aartevillfalt, wéi och zu der Schiedegung vun eisen natierleche Liewensgrondlagen, wéi z.B. dem Drénkwaasser.

Wat ass wichteg?

D’Gesetz gesäit vir, dass bei all Infrastrukturprojet muss versicht ginn, de Schued fir d’natierlech Ressourcen sou kleng wéi méiglech ze halen. Dofir ginn et zwou Approchen:

(1) D’Verhënnerung oder d’Eliminatioun vu Konsequenzen op d’Ëmwelt an d’Natur;

(2) D’Kompensatioun vun entstanene Schied op enger anerer Plaz.

Et ass am Gesetz allerdéngs net kloer, a wéi enge Fäll de Minister fir wéi eng Approche optéiere kann. De Problem ass nämlech, dass d’Verhënnerung/Eliminatioun potentiell méi deier an ëmständlech ass. Allerdéngs ass d’Verhënnerung aus engem ekologesche Point de Vue ëmmer besser, wëll net all natierlech Ressource (z.B. e Biotop) tel quel ze kompenséieren ass.

An de meeschte Fäll wäert also wuel eng Kompensatioun virgeholl ginn a fir des Fäll schaaft d’Gesetz sougenannte Kompensatiounspools. Dëst si uneneenhängend Flächen, déi dem Staat an de Gemenge gehéieren, also ënnert ëffentlecher Kontroll bleiwen, op dene Kompensatiounsmesuren (z.B. nei Beem planzen) virgeholl ginn. E Promoteur vun engem grousse Bauprojet bezilt also an Zukunft einfach e Montant x un de Staat an dee këmmert sech em d’Kompensatioun. Sou muss de Promoteur net selwer Terrain’en kafen an d’Kompensatioun maachen.

Des Approche werft awer eng Rei Froen op: Wat muss eigentlech kompenséiert ginn ? Gëtt duerch sou e service clé en main net d’Zerstéierung vun natierleche Ressourcen incitéiert a méi « bëlleg » ? Gëtt d’Natur net zur Wuer, wann een einfach just nach e Montant x bezuele muss, wann een eppes futti mécht?

Donieft si fir déi Lénk och aner Froe vu grousser Relevanz, z.B. natierlech d’Fro vum Terrainsbesëtz an d’Méiglechkeet vu Staat a Gemengen iwwerhaapt un Terrain’en ze kommen. E Virkafsrecht wéi z.B. am Pacte Logement ass leider net virgesinn.

Wat soen déi Lénk?

Dofir! Obwuel et natierlech eng Rei Kritikpunkte ginn, stellt dëst Gesetz awer e Fortschrëtt am Beräich vum Naturschutz an eisen natierleche Liewensgrondlagen duer an dat ënnerstëtze mir. Mir hunn awer déi feelend Kohärenz a Konsequenz vun der Regierung kritiséiert. Fir wierklech effikassen Natur- an Ëmweltschutz kënnen ze maachen, mussen och aner Politikberäicher mat consideréiert ginn, wéi z.B. d’Landwirtschaft (z.B. den Asaz vu Pestiziden an intensiv Véihaltung), den Transport (z.B. den Tanktourismus) oder schiedlech Nischepolitiken (z.B. de Spacemining). Dat huet des Regierung net gemaach, wouduerch d’Wierksamkeet vun dësem Gesetz gréisstendeels verpuffe wäert.

All d’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn HEI ze fannen.

 

Konterbont – Ekologie an Ekonomie

Konterbont

(journal électronique en luxembourgeois – projet de Autisme Luxembourg asbl)

Elektromobilitéit, Wand- a Solarenergie, Kreeslaafwirtschaft… den Trend zu enger méi nohalteger Entwécklung ass kloer. Wéi kann d‘Politik drop awierke fir dësen Trend zu engem Wirtschaftsstandbeen zu Lëtzebuerg ze maachen?

Soulaang zu Lëtzebuerg weiderhin op schiedlech Nischepolitik gesat gëtt, gesinn déi Lénk eng méi nohalteg wirtschaftlech Entwécklung äusserst skeptesch. Ob et sech em Steieroptimiséierung zugonschte vu grousse Multinationalen handelt, em onmoralesch Aktivitéite wéi de SpaceMining oder em den Tanktourismus: wirtschaftlech Aktivitéiten, déi d’Ongläichheete verschäerfen, natierlech Ressourcen zerstéieren an net zukunftsfäeg sinn, kënnen an eisen Aen keng nohalteg Wirtschaftsstandbeen sinn.

De Staat muss endlech méi Verantwortung iwwerhuelen an d’ekologesch Transitioun ugoen. Dëser Erausfuerderung kann d’Privatwirtschaft net gerecht ginn, wat sech duerch déi feelend Investitiounen an d’Energietransitioun, de Logement oder nach sozial an ekologesch Wirtschaftsberäicher däitlech weist. De Staat an och d’Gemenge sinn hei gefrot a mussen d’Stoussrichtung virginn an d’Zukunft vum Land endlech an d’Hand huelen!

Lëtzebuerg huet ëmmer iwwer den Tanktourismus vill steierlech Recettë gehat. Dat riskéiert sech an Zukunft ze änneren. Wéi kréie mir dëse finanzielle Verloscht ärer Meenung no opgefaangen?

Déi jëtzeg Regierung huet eng Etüd an Optrag gi fir den Impakt vum Tanktourismus erauszefannen. Dorausser ass kloer ervirgaangen, dass d’Gesamtkäschte vum Tanktourismus méi héich leie wéi de Virdeel, dee Lëtzebuerg iwwer d’Recetten dorausser zitt. Dat läit dorunner, dass den Tanktourismus massiv Klima- an Ënweltschied mat sech bréngt, Loftverschmotzung a Kaméidi bedeit an donieft och nach permanent Investitiounen an de Stroossebau néideg mécht.

De Moment mécht d‘Regierung kee Schrëtt a Richtung Ausstig aus dem Tanktourismus. Wa bësse manner Camion’en bei eis tanke kommen, dann huet dat an éischter Linn domadder ze dinn, dass aner Länner hir Taxen – och a Reaktioun op eis ganz déif Taxen – erofgesat hunn an et sech soumat fir vill Camionneuren net méi lount bei eis ze tanken. Dës Form vu Steierdumping weist wéi schiedlech den Tanktourismus ass, net nëmme bei eis, mee och bei eisen Noperen.

Fir déi Lénk ass et evident, dass Lëtzebuerg aus dem Tanktourismus muss erausklammen. Dat kann awer net vun haut op muer passéieren, mee muss mëttelfristeg geschéien, mat engem kloren an transparenten Zäitplang, fir dass jiddereen sech kann drop astellen. Doduerch kéint och d’Baisse bei de Recetten opgefaange ginn, andeem aner Aktivitéiten opgebaut ginn an aner Steieren erhéicht ginn, zum Beispill déi op de Beneficer an op d‘Kapital.

An Däitschland däerf een a verschiddene Stied net méi mat engem Dieselauto fueren. Wat soll Ärer Meenung no an noer Zukunft op de Besëtzer vun engem Diesel zu Lëtzebuerg duerkommen?

Beim Dieselofgas-Skandal handelt et sech em organiséierte Bedruch vu groussen Autoshiersteller, déi de Konsumenten Autoe verkaf hunn, déi vill méi verschmotzen, wéi se dat eigentlech dierften. Aus dem Grond sinn déi Lénk och géint politesch Entscheedungen, déi elo dem Keefer oder der Keeferin vu sou engem Auto de schwaarze Péiter zouspillen. Bei de Fuerverbueter ass dat awer de Fall, besonnesch wann se ouni Virwarnung an Transitiounsphasen agefouert ginn. Bestrooft ginn dann déi Leit, déi sou en Auto kaf hunn a besonnesch déijéineg, déi d’Suen net hunn, fir sech en aneren ze kafen. D’Hiersteller mussen déi betraffen Auto’en op hir eege Käschten norëschten an assuréieren datt se d’Normen erfëllen.

Trotzdeem sinn déi Lénk der Meenung, dass d’Präsenz vun Dieselautoen op der Strooss, déi geféierlech Feinpartikelen ausstoussen, muss reduzéiert ginn. Dofir menge mir, dass d’Besteierung vum Diesel progressiv muss eropgoen, mee och hei esou, dass et fir d’Leit net iwwerraschend kënnt a si sech dorobber astelle kënnen.

Sou Upassunge vun der Taxéierung vum Sprit mussen awer vun enger gesamter Mobilitéitsstrategie encadréiert ginn an déi vermësse mir de Moment. Et muss konsequent op den ëffentlechen Transport an d’douce Mobilitéit gesat ginn, fir sou d’Benotzung vum Privatauto no an no ëmmer méi iwwerflësseg ze maachen. Da spillt och de Präis vum Sprit eng manner wichteg Roll. D’Leit mussen sech ouni Auto kënne beweegen an dat net nëmmen an de Stied oder de Ballungsraim an och net just bis Mëtternuecht. Nieft dem Ausbau vun der Offer vum ëffentlechen Transport, wëlle mir den ëffentlechen Transport och gratis maachen a sou den Accès fir jiddereen garantéieren.

 

Lag vum Land: D’Band tëscht Wuesstem a Wuelstand ass gerass.

Am Premierminister senger Ried zu der Lag vun der Natioun , bleiwen eng ganz Rei Froen op, op déi déi Lénk mat 4 wichtegen Erausfuerderunge fir d’Land aginn, nämlech d’Stäerkung vun der sozialer Gerechtegkeet, d’Bekämpfung vun der Wunnengsnout, déi ekologesch Zukunftsplanung an den nohaltegen Ëmbau vun der Wirtschaft vum Land.

Des Erausfuerderunge sinn enk matenee verbonne well se gläichzäiteg déi nefast Effekter vum ongebremsten an onkoordinéierte Wuesstem ënnersträichen an een Alternative Wirtschaftssystem duerstellen.

Bekämpfung vun der Wunnengsnout

D’Präisser an d’Loyeren um lëtzebuergesche Wunnengsmaart hunn Dimensiounen erreecht, déi ëmmer méi Leit virun existenziell Problemer stellen. An de leschten 10 Joer sinn d’Präisser em iwwer 40% geklommen, d’Loyeren em circa 30%. D’Léin sinn an dem Zäitraum awer just em gutt 13% eropgaang. D’Recht op Wunnen ass zu Lëtzebuerg keng Realitéit méi, eng Wunneng ass zu engem Luxusprodukt ginn.

Des Entwécklung ass op déi vill ze kleng Offer u Wunnraum zréckzeféieren, déi der grousser Demande net nokënnt. An engem Joer ginn zu Lëtzebuerg circa 3000 Wunnenge gebaut, dobäi missten et der laut LISER/Observatoire de l’Habitat tëscht 6500 a 7000 sinn. Staat a Gemengen hunn sech gréisstendeels aus der Verantwortung gezunn a baue just e Brochdeel vun dem, wat néideg wier, fir d’Präisser an de Grëff ze kréien.

déi Lénk gesinn 3 Grënn fir dëse Problem:

1 – eng eesäiteg Wirtschaftspolitik, déi baséierend op Souveränitéitsnischen a Steierdumping virun allem Finanzdéngschtleeschtungsbetriber op Lëtzebuerg zitt, a sou eng grouss Nofro schaaft u Logementer “haut standing” an zentraler Lag fir héichbezuelte Finanzspezialisten an un zentral geleeëne Bürosflächen;
2 – d’Dominanz vu Privatkapital, dat just op Rendite aus ass;
3 – d’Versoe vun de Regierungen, déi net bereet waren a sinn, an dëse Privatmarché anzegräifen.

Des Regierung – wéi och hir Virgängerinnen – ass net bereet un des Schrauwen dréien ze goen.

Fir déi Lénk féiert awer kee Wee laanscht e radikaalt Ëmdenken an der Wunnengspolitik. Se muss endlech no de Besoin’en vun Normalverdénger ausgeriicht ginn an dierf net weider enger desastréiser ekonomescher Entwécklung ausgeliwwert bleiwen. D’Dominanz vum private Marché muss gebrach ginn, andeem Staat a Gemenge vill méi Wunnenge bauen an d’Politik endlech de Privateegentum dem Gemengnëtzegen ënnergeuerdent gëtt.

déi Lénk hu konkret Virschléi ausgeschafft:

1 – An eiser Logementscampagne hu mer Proposen entwéckelt, wéi een eidel Wunnenge ka mobiliséieren an d’Spekulatioun op Terrain’en ka stoppen. Mir hunn erklärt wéi een d’Rechter vun de Locataire ka stäerken an hunn eng Infobroschüre iwwer d’Locatioun verdeelt. Donieft hu mir gewisen, dass d’ëffentlech Hand méi baue muss a méi Geld aus dem Rentefong dofir soll zur Verfügung gestallt ginn.
2 – Mir hunn eng Gesetzespropositioun iwwer d’frais d’agence am Kontext vun der Locatioun abruecht, fir d’Locataire sou direkt finanziell z’entlaaschten. Bis elo huet d’Regierung keng Stellung geholl.
3 – Eis Gemengeréit hunn e konkrete Virschlag fir d’Stäerkung vun de Rechter vun de Locataire gemaach, andeem sie an de Gemengeréit eng Opwäertung vun de kommunale Mietkommissioune verlaangt hunn.

 

Stäerkung vun der sozialer Gerechtegkeet

Insgesamt ass déi sozial Schéier hei am Land och trotz deem impressionnante Wuesstem vun iwwer 4% an de leschte Joer ausenee gaangen. Well Wuesstem eleng seet näischt iwwer déi ongläich Verdeelung vum geschaafte Räichtum aus.

Engersäits gi Joer fir Joer mam Wuesstem bis zu 15000 nei Aarbechtsplaze geschaaft an awer bleift de Chômage bei 6% op engem héijen Niveau fir eist klengt a räicht Land.D’Projektioune vum Stabilitéitsprogramm vun der Regierung gesi bis 2021 keng definitiv Léisung vum Chômageproblem viraus a ginn sech mat engem Chômagetaux vu 6,9% fir d’Joer 2021 zefridden. D’Bekämpfung vum Chômage ass fir des Regierung kee politescht Zil méi, de Chômagetaux gëtt just nach als eng Variabel ugesinn, iwwer déi um fräie Marché décidéiert gëtt.

Wéi erliewen d’Leit hei am Land de Wuesstem? Wat fir eng Realitéit huet fir sie de Wuelstand vu Lëtzebuerg?

D‘Leit déi zu Lëtzebuerg schaffen a wunne kréie besonnesch d’Offallprodukter vum Wuesstem ze spieren: Verstoppte Stroossen, Manktem un ëffentlechen Transportmëttel an Infrastrukture fir der staarker Mobilitéit vun de Leit déi de Wuesstem vun eisem Land unzitt Meeschter ze ginn. Dobäi kommen d’Verschmotzung vun der Ëmwelt, ëmmer méi prekär an onsécher Aarbechtskontrakter , iwwerflexibiliséiert Aarbechtszäiten an d’Explosioun vun den Immobiliëpräisser.

D’Liewensqualitéit zu Lëtzebuerg ass net méi ze garantéieren.

Schonn elo ziele mer 11% Working Poor am Land. Dat si Leit déi obwuel se eng Aarbecht hunn, dem Aarmutsrisiko ausgesat sinn.

Wéi kann een d’sozial Ongerechtegkeet nohalteg bekämpfen?

Fir déi Lénk ass kloer dat d’Ofhängegkeet vun eiser Wirtschaft zu der Finanzplaz de Kär vun de soziale Problemer hei am Land ausmëscht. Mär fuerderen eng Exit-Strategie aus dëser konkurrenzieller an aggressiver Finanzpolitik, déi och eisen Nopeschregioune schueden um sozialen a wirtschaftleche Plang.

déi Lénk hu bis elo eng ganz Rei konkret Virschléi ausgeschafft déi dorop waarde vun der Regierung an Usproch geholl ze ginn:

1- déi Lénk hunn 2009 eng Proposition de loi ausgeschafft fir Mesurë géint licenciements économiques abusifs ze huelen.

2- Am Kader vum Kampf géint de Chômage, hunn déi Lénk och eng Rei Amendementer eragereecht déi d’Aarbechtszäitverkierzung an d’Rechter vun de Salarié‘en ënnerstëtzen.

3- déi Lénk hunn iwwer eng Interpellatioun, d’Regierung dozou opgefuerdert de Problem « Working Poor » a Betruecht ze zéien a konkret Léisungen auszeschaffen.

4- Fir den Aarmutsrisiko dem ëmmer méi Leit am Land ausgesat sinn ze senken, hunn déi Lénk mat enger Motioun d’Upassung vum Mindestloun un d’Bestëmmunge vun der Europäescher Sozialcharta gefuerdert. Dat géif eng Erhéijung vum Mindestloun em 20% bedeiten.

 

Ekologesch Zukunftsplanung

Den onkontrolléierte Wuesstem vun enger Wirtschaft, déi eleng op kuerzfristegem Profit baséiert, geet net nëmmen op Käschte vun de Leit, déi där Logik ënnerworf ginn, mee féiert och zur Zerstéierung vun eiser Ëmwelt. Béid Konsequenze vun dësem Wirtschaftswuesstem, déi fir de Mënsch an déi fir d’Natur, sinn an eisen Aen och enk matenee verbonnen. Ëmweltschied oder de Mëssbrauch vun natierleche Ressourcë ginn ëmmer zu Laaschte vun de schwaachsten an äermste Leit, sief et duerch Verdeierung vu Basisprodukter a -Servicer, duerch Verschmotzunge vu Loft, Waasser oder Buedem oder duerch Ëmweltkatastrophen.

Virun dem Hannergrond gëllt et och d’Politik vun dëser Regierung (an deelweis hire Virgängerinnen) a verschidden Initiativen a Strategië fir eng méi nohalteg Wirtschaft kritesch ze beliichten. Mir graifen hei 3 Themen eraus:

D’Digitaliséierung als eng vun den technologeschen Entwécklungen, déi vun der Regierung als grouss Opportunitéit fir eis Wirtschaft ugesinn a gläichzäiteg och fir méi Nohaltegkeet soll suergen. Hannert der schéiner Façade verstoppt sech awer eng ganz aner Realitéit, vun där d’Regierung ni schwätzt. Fir d’Salarié’en bedeit se z.B. en ëmmer méi grousst Verlaangen no Flexibilitéit an onsécheren Aarbechtskontrakter. Donieft schaaft se och eng ëmmer méi grouss Nofro bei der Exploitatioun vun natierleche Ressourcen. Déi Ressource, déi an der Elektro- a Kommunikatiounstechnik (Bsp. Smartphones) verschafft gi sinn net bei eis ze fannen, mee oft an afrikanesche Länner, wou se ouni Récksiicht op mënschlecht Liewen an op d’Natur gewonne ginn. All wirtschaftlech Aktivitéit zu Lëtzebuerg huet als Basis e Material a mënschlech Aarbecht, egal ob se direkt hei op der Plaz exploitéiert ginn oder soss iergendwou op der Äerd.

D’Elektromobilitéit ass eng weider Strategie, déi d’Regierung – och opgrond vun EU-Beschlëss – bis 2020 op e gewëssenen Niveau brénge muss (10% vum gesamten Transport bis 2020). Och wann d’Elektromobilitéit als Iwwerbréckungstechnologie seng Virzich huet, léist se d’Mobilitéitsproblemer zu Lëtzebuerg net nohalteg an dat aus dëse Grënn:

(-) Méi Elektroautoe bedeiten am Endeffekt ëmmer méi Autoen op der Strooss. De Problem vun iwwerfëllte Stroossen a Plazmangel (Garagen ënner Logementer, grouss Parkingen etc.) ass sou net ze léisen. Dat geet just mam konsequenten Ausbau vum ëffentleche kollektiven Transport, dee gratis muss sinn, fir jiddereen.

(-) Elektroautoe brauche Stroum a mir produzéieren es zu Lëtzebuerg just wéineg, 2015 waren et grad emol 6% (Zuel aus dem PNR) vum gesamte Stroumverbrauch. D’Elektromobilitéit mécht an eisen Ae just Sënn, wa mir zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun vill méi Stroum aus erneierbaren Energiequelle produzéieren.

(-) D’CO2-Bilanz vun engem Elektroauto ass oft schlecht, wëll d’Hierstellung vun deenen Autoen immens energieintensiv ass, dat besonnesch opgrond vun der Exploitatioun vu rare Metaller fir déi deier Batterien hierzestellen. Déi Metaller kënnen haut oft nach ëmmer net richteg recycléiert ginn. Mir mengen, dass Lëtzebuerg als Standuert vun der Stolindustrie an dësem Beräich (Bsp. économie circulaire) vill méi investéiere sollt anstatt d’Exploitatioun vun dëse Metaller elo am Weltraum wëlle weider ze forcéieren.

(-) D’Regierung ass guer net kohärent, wëll se weider op den Tanktourismus setzt a Sprit aus fossillen Energiequellen indirekt subventionéiert an ausserdeem och nach Staatsgelder a Pëtrolskonzerner investéiert.

Des Inkohärenz fënnt sech och an der Landwirtschaftspolitik erëm. Während de Landwirtschaftsminister op d’Bauerenhäff lokale Kachkéis schmaache geet an d’Stäerkung vu lokaler Consommatioun a Produktioun priedegt, ënnerstëtzt d’Regierung Fräihandelsaccord’en wéi de CETA, déi d’lokal Ekonomie a Landwirtschaft zerstéieren. Donieft kuckt d’Regierung der schnell wuessender Intensivéierung vun der Produktioun an der Konzentratioun vun de Betriber no an ass incapabel den Asaz vu Pestiziden op de Felder konsequent anzeschränken. Nohalteg Landwirtschaftspolitik gesäit anescht aus.

Déi Lénk hunn an dëser Legislaturperiod verschidden Initiative geholl, déi eis et erméigleche géifen d’Zukunft méi ekologesch a méi gerecht ze plangen:

1 – Mir hunn eis konsequent an als eenzeg och kohärent géint d’Fräihandelsaccord’en TTIP a CETA gewiert an och d’Klimaproblematik thematiséiert. Sou hu mir versicht, d’Regierung dozou z’animéieren am Kader vun der CETA-Verhandlung déi streng Qualitéitscritèrë fir de Sprit, den an Europa importéiert ka ginn, ze verteidegen. D’Regierung huet dat net gemaach, d’Dir fir knaschtegen Diesel op Basis vu Sandueleg aus Kanada ass grouss op.

2 – Mir hunn e Virschlag fir méi ambitiéis Klimaziler bis 2030 gemaach, dat op Basis vun dem wat d’Ëmweltverbänn als noutwendeg a machbar ugesinn.

3 – Mir hu reegelméisseg Initiativen am Beräich divestment geholl, fir dofir ze suergen, dass ëffentlech Gelder aus dem Rentefong a propper Energiequellen an an de Wunnengsbau fléissen. Mir hunn dëst och elo rezent beim Zukunftsfong opgedeckt a Fuerderungen opgestallt.

4 – Mir hunn an de leschte Gemengewahlen e Konzept fir e gestaffelte Waasserpräis virgeluecht, den nieft enger sozialer Komponent, och eng ekologesch Komponent opzeweisen huet. Mir bréngen des Fuederung och réigelméisseg rem op den ordre du jour.

5 – Eis Kongressresolutioun vun 2016 huet eng Reih Pisten opgezielt, wéi de sozial-ekologeschen Embau vun eiser Wrtschaft kéint fonctionnéieren.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe