[VIDEO] Konferenz: Ausgrenzung duerch Sprooch?

sproochendebatt_kinosch_01

Sprooch ass een Kommunikatiounsmëttel, dat d’Integratioun kann förderen, mä och kann ausschléissen. An den aktuellen Diskussiounen ronderëm d’Sprooch gëtt vill iwwer Identitéit an iwwer den aktuellen Zoustand vum Lëtzebuergeschen geschwat, dobäi ass den Enjeu vill méi grouss.

Mir wëllen zesummen kucken, a wéi engem Stadium sech d’Sproochen-Debatt grad befënnt an dann probéieren hier déi noutwänneg Sachlechkeet zereckginn andeems mer direkt, praxis-orientéiert a kontrovers eenzeln konkret Virschléi iwwerpréifen. Dofir soll d’Sprooch an de Schoulen an a weideren zentralen Beräicher am ëffentlechen Liewen op hier integréierend oder ausgrenzend Roll hin iwwerpréift ginn.

Schoul: Wat wieren d’Vir- an Nodeeler déi eng Alphabetiséierung op Lëtzebuergesch oder op zwou Sproochen bidde kéint? Wéi sollen Sproochen behandelt ginn, fir d’Chancengläichheet vun de Kanner hirzestellen?
Weider Beräicher: Schléisst d’Feelen vum Lëtzebuergeschen an den Administratiounen Mënschen aus? Ass d’Sprooch e Muechtinstrument innerhalb vu Firmen? Welch progressif Proposen gëtt et, fir hei Sproochenbarrieren ofzebauen?

 

Presentatiounen


Sonja Kmec, Historikerin an Identitéitsfuerscherin: Ëm wat geet et eigentlech an der aktueller Diskussioun ronderëm d’Sproochen? Firwat sinn d’Froe vun (nationaler) Identitéit a politescher Participatioun sou präsent?



Sabine Ehrhart, Linguistin: D’Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg ass eng Realitéit, mee ass se och een Erfollegsrezept? Gëtt et wéinst der Méisproochegkeet ee Mëssbrauch vu Sprooch an Ausgrenzung duerch Sprooch?



Fernand Fehlen, Soziolog: Firwat sollt d’Lëtzebuergesch een zentrale Stellewäert an der Schoul kréien a souguer Alphabetiséierungssprooch ginn? Ass et méiglech dëse Virschlag ze verdeedegen ouni fir ee rietsen Identitéits-Diskurs ageholl ze ginn?



Melanie Noesen, Enseignante: All Kanner fërderen, jiddwer Kand gerecht ginn: Wéi funktionéiere Sproochen an der Schoul-Praxis? Wou brennt et, wat missten d’Ziler sinn a wéi kann eng Diskussioun ëm d’Sprooch hëllefen?

Diskussiounsronn

Moderatioun: Frédéric Braun


affiche_web

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe