Débat d’actualité iwwer TAFTA op Initiativ vun déi Lénk

view video on chd.lu

 

 

 

 

 

 


Motioun

D’Fräihandelsofkommes vun der EU mat den USA (TTIP) an 10 Minutten …

Den 8. Juli 2013 sinn d‘Verhandlungen ugaang tëscht der EU an den USA iwwert een transatlantescht Handels- an Investitiounsofkommes, ofgekierzt TAFTA oder TTIP. Ziel dovun ass ee gemeinsame Wirtschaftsraum, eng gemeinsam Fräihandelszon ze schafen, déi d’ganz EU an d’ganz USA ëmfaasst. Obschonn d’Verhandlunge am Geheime stattfannen, stong d’Thema zenterhier scho puermol um Ordre du jour vun eng Rei europäesche Sommeten a Ministerréit.

Ëmmer méi Organisatiounen vun der Zivilgesellschaft aus de Beräicher Ëmwelt, Soziales, Gewerkschaften, Konsumenteschutz, … weisen net nëmmen drop hinn, datt d’Verhandlungen zu dësem Ofkommes vollkommen ondemokratesch sinn, mee vrun allem och schwéierwiegend Konsequenzen an Amerika, an Europa an och zu Lëtzebuerg waërten hunn.

Iwwregens sinn dës Verhandlungen gëscht, den 10. März 2014, zu Bréissel an hier 4. Ronn gaang.

Een éischte Punkt, deen kritiséiert muss ginn, ass deen datt Konzerner solle Staaten vru spezielle Gerichter verkloe kënnen, wann hier Investitiouns- an Handlungsfräiheet, sou wéi s’am Accord festgehal soll ginn, an engem Land a Fro gestallt ass. Mat sou engem Regime kéinten Betriber géint d’Gesondheetspolitik, Ëmweltpolitik, Reguléirungen am Finanzberäich an beim Aarbechtsrecht an dem engen oder anere Land virgoen a souguer Schuedenersaz akloen. Sou Geriichter gëtt et schonn an aneren Ofkommen, mat der Konsequenz datt op déi Aart a Weis schonn vill Länner vu Konzerner ugeklot si ginn, fir Schuedenersaz a Milliounenhéicht ze bezueluen …

Op Drock vun der ëffentlecher Mobiliséierung an der franséischer Regierung huet den EU-Handelskommissär Karel de Gucht lo mol d’Schafe vun sou spezielle Gerichter ausgesat, mee trotzdem gëtt och doriwwer weider verhandelt. Sou eng Geriichtsbarkeet ass ee Kärstéck vun enger liberaler Wirtschaftspolitik an ass nach laang net vum Dësch …

Schonn 1995-97 hu multinational Konzerner an hier Unhänger vun der Welthandelorganisatioun wëllen sou een Ofkommes, den AMI (MAI) aushandelen. Den AMI hat déiselwecht Ausriichtung wéi den TTIP, mee gouf 1998 gestoppt, wéi un d’Liicht vun der Ëffentlechkeet komm ass, wat do verhandelt géing ginn. Mat deenen Ofkommessen ass wéi mam Drakula: wann se bis un d’Liicht kommen, zerfalen se … An dat näit Ofkommes, den TTIP, ass näischt anescht wéi eng verännert a verschäerfte Form vum AMI, déi scho vun 2004 un vum EU-Parlament virbereet a guttgeheescht gouf, fir sou „eng wirtschaftlich NATO“ ze schafen.

Wou sinn lo déi konkret Problemer vun deem geplangten Ofkommes:

Éischte Problem ass deen, wéi schonn erwähnt, datt do Konzerner kënnen Staate vru Geriicht verkloen, wa se Problemer hunn mat deenen hire Regelungen fir Ëmwelt, Soziales, Gesondheet asw.. Dat ass lo mol ausgesat, mee net vum Dësch.

Zweete Problem ass deen, datt de speziellen Schutz an Europa fir kulturell an audiovisuell Kreatiounen, deen a Franreich d‘“Exception culturelle“ heescht, hei längerfristeg a Fro gestallt gëtt, wann dat Ofkommes a Kraaft trëtt.

Drëtte Problem: de Projet betrëfft och ëffentlech Déngschtleeschtungen, zum Beispill am Beräich vun der Gesondheet, dem Transport, der Energie, …

Véiertens, geet den Accord awer vill méi wäit, an ëmfaasst all Handelsberäicher, an zwar d’Liberaliséierung vum Handel vun allen industriellen an landwirtschaftleche Produkter. Dobäi geet et net bnëmmen ëm d’«suppression totale des droits de douane sur les produits industriels et agricoles», mee vrun allem ëm den «objectif d’atteindre les niveaux les plus élevés de libéralisation des investissements». – Sou steet et am Mandat vun der EU-Kommissioun.

D’EU an d’USA wëllen hier Reglementatioun an all deene Beräicher iwwerenee stëmmen. Méi streng Normen sollen als Hindernis ugesi ginn a waërte verbuede ginn. Dobäi befënnt d‘USA sech haut ausserhalb vun bal allen wichtegen Ofkommesse am ökologesche, sozialen a kulturelle Beräich, souwuel a Bezuch op déi wichtegst Konventiounen vun der OIT, dem Kyoto-Protokoll géint d’weider Klimaverännerung, d’Konventioun iwwer Biodiversitéit an Aarteschutz, a souguer d’Konventioun vun der Unesco iwwert déi kulturell Vilfalt! Bestëmmung doriwwer bidden an den USA an der Regel manner Schutz wéi déi an Europa. D’Absicht vun de Konzerner aus den USA an och aus Europa ass et mat sou engem Ofkommes d’Schutzbestëmmungen a ganz Europa rof zéien!

Dee ganze Projet baut drop op, fir duerch méi Exporter d’Handelsaktivitéit unzekuerbelen. Domat gëtt déi lokal a regional Produktioun a ville Beräicher gebremst. D’Emissiounen vun CO2 géingen em 4-11.000 Tonnen zouhuelen – wat am totalen Widersproch mat der europäischer Politik fir d’Reduktioun vun den Zeeregazen ass. Et ass eng reng produktivistesch Logik, op Käschte vun der sozialer an ekologescher Qualitéit vun de Wueren. Dat stëmmt och am Bau, bei de Emissiounsnormen vun Autoen a bei der Energieproduktioun. Am Agrarsecteur géif d’Opmaache vum europäesche Maart fir bëlleg Produkter vum amerikanesche Agro-Business eis Hormon-Fleesch, Chlor-Pouleten – dat sinn mat Eau-Javel desinfizéiert Pouleten, OGMen a mat Déieremiel gefiddert Fleesch bréngen!

Wichteg ass ët och z’ënnersträichen, datt déi Verhandlunge geheim gefouert ginn. Dat Mandat fir geheim ze verhandelen, ass vun der EU-Kommissioun an den Handelsministeren vun den 27 EU-Staaten sou ugeholl ginn. Obama, Barroso a Van Rompoy hunn eng Erklärung ënnerschriw, dat „näischt duerchsickeren duerf“. Zanterhier ass d‘Daampfwaalz um Rullen. Souguer d‘Informatiounen vun Edward Snowden iwwert d‘Bespëtzelung vun der EU duerch d’USA, d’NSA, huet näischt um Geheimhale geännert, sou datt d’USA weëssen wat d’Absichten vun der EU sinn, mee d’EU-Bierger net!

Et sief och drun erënnert datt den Ausseminister Jean Asselborn d’lescht Joer, den 2. Juli 2013, an dëser Chamber gesot huet, datt et géing drëms goen fir vrun de Verhandlungen iwwert deen „free trade agreement“ kuerzfristeg Garantien ze kréien vun de Amerikaner, datt all déi Schutzbestëmmungen a Reglementer net géingen a Fro gestallt ginn! De Jean Asselborn huet deemols souguer gesot, datt mir déi Garantien „d’nächst Woch kréie“ mussen – dat war fir d’Woch nom 2. Juli 2013, also bal vrun engem Joer, a mirgesinn haut datt, déi Garantien net komm sinn – bien au contraire: d’EU-Kommissioun ass an deene Verhandlungen kloer an der Defensiv. Souguer do wou se gesot hat fir haart ze bleiwen, z. Bsp. Hormon-Ranner oder Chlor-Pouleten, hunn si schon iwwert Chlor-Pouleten an der éischter Ronn am Juli d’lescht Joer noginn! An den Handelskommissär set dozou zynesch, datt doduerch „d‘Konsumenten an Europa de Choix kréien“ wéi ee Poulet si iesse wëllen, an dat an enger Situatioun wou de ganze Maart mat Bëllegpouleten iwwerschwemmt soll ginn…

Souguer op reng wirtschaftlechem Plang, wat den Handel ugeet, géing dat Ofkommes op Käschten vun Europa goen. Douanstaxen sinn an der EU am Duerchschnëtt 5,2%, an den USA 3,5%. D’USA profitéieren also zu 40% méi vun der Ofschafung vun den Taxen wéi Europa; de schwaachen Dollar, kombinéiert mat den ekologesch an sozial niddregen Oplagen an den USA, droe weider zur Delokaliséierung an d’USA bei … D’Kommissioun erkennt beispillsweis un, datt et an der Metallurgie zu enger „baisse importante“ kéim. Dat géing de Chômage weider erhéijen, an domatt och rëm den Drock op soziale a ëmweltbezunnen Schutzmoossnamen. De Kommissiounspresident Barroso sot: „80 % vun den erwaarte Wuestumsgewënner aus dem Accord erginn sech aus dem Ofbau vun der Laascht vu Reglementer a Bürokratie“. De President vun der IG-Metall, der gréisster Gewerkschaft vun der Welt, den Detlef Wetzel, seet d’Auswierkung op d’Aarbechtsplazen wier manner grouss wéi déi vum Wieder an trëtt an fir een direkte Stop vun de Verhandlungen. De Wirtschaftswuesstem wier, sou heescht et an der Propaganda vun der EU-Kommissioun, 0,5% op 10 Joer, dat wieren also genee 0,05% pro Joer! Mat der ganzer Propaganda soll just driwwer weg getäuscht ginn, datt et den Haaptzweck vum geplangten Ofkommes ass, fir Schutzreglementer am Intressi vun de Multien ofzebauen.

Zënter 2001 versichen d’USA an der Welthandelsorganisatioun sech géint de Widderstand vun China, Brasilien, Argentinien an Indien, déi een neien Zyklus vun Verhandlungen iwwert wirtschaftlech a kommerziell Liberaliséierung blockéiert hunn, nei Mäert an eng nei weltwäit wirtschaftlech Dominanz z’eroberen. Mat dem TTIP, matt deem si 50% vum Welt-BIP ofgedecke wëllen, soll dëse Widderstand duerchbrach ginn.

D‘Verhandlungen stinn ënnert dem direkten Afloss vun de mächtegsten Wirtschaftslobbyen aus Europa an der Amerika. D’Ëffentlechkeet ass ausgeschloss. Souguer d’Berichter vun de Verhandlungen, déi d’EU-Parlament kréie soll, sinn ee Witz vun Demokratie: si si nëmme fir d’Membere vun der Handelskommissioun, an strikt geheim, nëmmen op englisch a si net mol net an d’Aarbechtssproochen vun der Kommissioun, franséisch an englesch, iwwersat!

Konklusioun: Ech hu Versteesdemech fir all déi Organisatioune aus der ziviler Gesellschaft, déi warnen vrun deem wat sech hei deet.  Et soll een sech déi puer Dokumenter, beispillsweis iwwert d’Mandat vun der EU-Kommissioun, déi raus komm, geleakt si ginn, wierklech ukucken, an da gesäit een, datt et sech hei ëm ee kloren Ugrëff op ons sozial Rechter, d‘ëffentlech Déngschtleeschtungen, op onsen Ökosystem an de Konsumenteschutz handelt, an zwar an engem Moos wéi mir e bis lo nach net kannt hunn!

Dofir och de Widderstand aus der Zivilbevëlkerung, deen am gaang ass sech a ganz Europa an Amerika, och zu Lëtzebuerg z’organiséieren. Iwwerall entsti Kollektiver, déi ee Stop vun de Verhandlunge fuerderen. Et ginn och nach Organisatiounen, déi verschidde Gebidder aus de Verhandlungen ausschléisse wëllen, mee ëmmer méi setzt sech d’Erkenntnis duerch, datt dat eng Illusioun ass, datt dës Verhandlungen kee gutt Enn huele kënnen. Mir hunn bei dësen Verhandlungen méi ze verléieren, wéi ze gewannen.

An dat set och ons Motioun, déi mir dozou hei presentéiert hunn.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe