Déi éischt Hëtztwell ass am Gaangen, an och wann se zu Lëtzebuerg nach relativ harmlos ass, sou huet se bei eise franséischen Nopere schonn déi éischt Affer gefuerdert an déi franséisch Regierung ass schonn zesummekomm fir iwwer d’Situatioun ze beroden. Duerch de Klimawandel ginn dës Episoden ëmmer méi heefeg a Lëtzebuerg huet am Verglach zu anere Länner nach net vill ënnerholl fir d’Salariéen an deene Secteuren ze schützen, déi am meeschte vun dësen Episoden ze schützen.
An enger parlamentarescher Fro vum Deputéierte Marc Baum froen déi Lénk ob sech d’Regierung scho mat de Gesetzgebunge vun deene Länner auserneegesat huet, déi kloer Reegele virgesinn am Fall vun esou Episoden[1]? Och d’CSL (Chambre des salariés) huet an enger Nott vum Februar 2025 kloer Fuerderungen ausgeschafft fir déi Lounofhängeg ze schützen[2]. Zu Lëtzebuerg ass bis elo just virgesinn, datt et op der Aarbechtsplaz net méi waarm wéi 26°C dierf sinn, ausser et wier méi waarm dobaussen. Wat also bedeit dass et u sech keng Reegelung gëtt.
déi Lénk ass der Meenung, dass eng et eng national Reglementatioun muss gi fir déi Lounofhängeg virun esou Hëtztwellen ze schützen. Mee d’Regierung schéngt weder de Klimawandel nach d’Sécherheet vun de Salariéë wierklech z’interesséieren. D’lescht Fréijoer gouf eng Motioun vun déi Lénk ugeholl, déi d’Regierung opgefuerdert huet, verschidde Krankheeten an d’Lëscht vun den unerkannte „maladies professionnelles“ opzehuelen[3]. Ee Joer méi spéit gi mer an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro gewuer, dass sech an deem Dossier nach guer näischt beweegt huet[4].
D’Situatioun uechter Europa an d’Welt weist dass de Klimawandel reell ass, dass seng Konsequenzen elo schonn ze spiere sinn. Et ass d’Flicht vun der Regierung d’Leit virun dëser Realitéit ze schützen an d’Land drop virzebereeden. De Code du travail muss also deementspriechend ugepasst ginn. Do féiert kee Wee derlaanscht.
Matgedeelt vun der sensibilité politique déi Lénk.
Le changement climatique et la santé au travail : Le gouvernement ne fait rien !
La première vague de chaleur est en cours et, même si elle reste encore relativement inoffensive au Luxembourg, elle a déjà fait ses premières victimes chez nos voisins français, où le gouvernement s’est déjà réuni pour discuter de la situation. Avec le changement climatique, ces épisodes deviennent de plus en plus fréquents et, comparé à d’autres pays, le Luxembourg n’a encore que très peu agi pour protéger les salarié·es des secteurs les plus exposés à ces épisodes.
Dans une question parlementaire du député Marc Baum, déi Lénk demande si le gouvernement s’est déjà penché sur les législations des pays qui prévoient des règles claires en cas de tels épisodes. La CSL (Chambre des salariés) a également formulé, dans une note de février 2025, des revendications claires afin de protéger les salarié·es. Au Luxembourg, il est jusqu’à présent uniquement prévu que la température sur le lieu de travail ne doit ps dépasser 26°C, sauf s’il fait plus chaud à l’extérieur. Ce qui signifie qu’en réalité, il n’existe pratiquement aucune réglementation.
déi Lénk estime qu’il faut une réglementation nationale afin de protéger les salarié·es contre de telles vagues de chaleur. Mais le gouvernement ne semble réellement s’intéresser ni au changement climatique ni à la sécurité des salarié·es. Le printemps dernier, une motion de déi Lénk a été adoptée, appelant le gouvernement à inclure plusieurs maladies dans la liste des « maladies professionnelles » reconnues. Un an plus tard, nous apprenons dans la réponse à une question parlementaire que rien n’a encore bougé dans ce dossier.
La situation à travers l’Europe et le monde montre que le changement climatique est bien réel et que ses conséquences se font déjà sentir aujourd’hui. Il est du devoir du gouvernement de protéger la population face à cette réalité et de préparer le pays à y faire face. Le Code du travail doit donc être adapté en conséquence. Il n’y a pas d’autre alternative.
Communiqué de la sensibilité politique déi Lénk.
[1] https://dei-lenk.lu/2026/05/27/question-parlementaire-concernant-labsence-de-cadre-reglementaire-contraignant-en-matiere-de-protection-des-salarie-e-s-contre-la-chaleur-excessive/
[2] https://www.csl.lu/app/uploads/2025/03/note-3-2025_protection-des-salaries-contre-les-risques-du-changement-climatique.pdf
[3] https://wdocs-pub.chd.lu/docs/Motions_Resolutions/Motion_4497/20250513_Dep%C3%B4t.pdf
[4] https://wdocs-pub.chd.lu/docs/exped/2026/05/QP_63486_1779781120370.pdf