transformatoresch – credibel – participativ: déi Lénk stelle virleefege Programm vir

—> Programme électoral FRWahlprogramm DE

déi Lénk hunn haut déi virleefeg Versioun vum Programm fir d’Parlamentswahle vum 14. Oktober 2018 presentéiert. De Programm ëmfaasst 22 Kapitelen an iwwer 400 konkret Fuerderungen an ass d’Resultat vun engem internen Diskussiounsprozess, den am November 2017 op engem Seminaire ugefaangen huet. Säit Méint hu vill Membere vun déi Lénk an Aarbechtsgruppen un dësem Dokument matgeschafft an et mat hiren Iddi’en an hirem Wëssen zu dem gemaach wat et elo ass: e Programm mat ambitionéierten Ziler fir d’Erausfuerderunge vun der Zukunft ze meeschteren a ville konkrete Moossnamen, déi elo direkt kënnen ëmgesat ginn.

All des Virschléi sinn awer all just provisoresch esou am Programm. An den nächste Wochen hunn d’Leit d’Méiglechkeet eis Iddi’en ze kommentéieren, ze completéieren an ze kritiséieren. Dofir hu mir e spezielle Site ugeluecht:

2018.dei-lenk.lu

Mir sinn der Opfaassung, dass eise Programm duerch e breeden Diskussiounsprozess immens beräichert gëtt a mir doduerch an der Lag si méi vollstänneg Inhalter ze proposéieren, déi de Virstellunge vun de Leit wierklech entspriechen.

Um Enn vun dësem Partizipatiounsprozess am Juni stinn nach eng Kéier en internt Programmseminar a schliisslech e Kongress, wou de Programm definitiv ugeholl gëtt.

déi Lénk wëlle mat dësem Programm Perspektive bidde fir e bessert Liewen. Dofir si grouss Verännerungen néideg. Déi Lénk wëllen déi ugoen a setzen op Transformatiounen op 4 Niveau’en: sozial – ekologesch – ekonomesch – demokratesch

Fir dëse Programm ëmsetzen ze kënnen, brauche mir e staarke Staat an eng staark ëffentlech Hand. An eisem Programm entwéckele mir vill Propositioune fir déi Recetten ze generéieren, déi et der ëffentlecher Hand erméiglechen op der Héicht vun den Erausfuerderungen ze sinn, déi op eis Gesellschaft duerkommen.

déi Lénk

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe