

STOP DE LUC FRIEDEN!
National Manifestatioun géint d’Regierungspolitik
Kommt all den 28. Juni op déi grouss national Manif vun der Gewerkschaftsfront . Stop de Frieden!!
De Ciné-club vun déi Lénk Schëffleng invitéiert op:
Ciné-débat : Le Balai libéré (Coline Grando, 2023)
Ouni Patronen schaffen: eng Utopie oder eng realistesch Alternativ? Dat ass d’Fro, déi Le Balai libéré stellt, en Documentaire vum Coline Grando iwwer eng Autogestiounserfarung, déi gläichzäiteg onbekannt an inspiréierend ass. |
An den 1970er Joren huelen d’Botzfrae vun der Université Catholique de Louvain, an der Belsch, eng radikal Decisioun. Si entloossen hire Patron a grënnen eng selbstverwaltend Kooperativ. Wärend 14 Joer probéieren si op eng aner Manéier ze schaffen an zesumme ze liewen. Duerch d’Opschaffe vun dësem Aarbechtskampf gëtt am Film den Aarbechterinne vun deemools an och deene vun haut d’Wuert ginn. Hien weist och op aktuell Erausfuerderungen hin: Sous-traitance, d’Aarbechtsbedéngungen, d’Onsiichtbarkeet vun de Botzberuffer, d’Roll vun de Geschlechter, an d’Méiglechkeeten, de Wee zu enger méi demokratescher an gerechter Aarbechtsorganisatioun ze goen.
|
Plus d’informations suivront.