Ëm wat geet et an dësem Gesetz?
Dëst Gesetz reforméiert d’Organisatioun vun der Universitéit a präziséiert d’wëssenschaftlech Ausriichtung vun der Aktivitéit op der Universitéit. Domat ass dann och festgesat wat fir eng Funktioun d’Universitéit soll an der lëtzebuergescher Gesellschaft an am europäesche Raum soll anhuelen.
Wat ass wichteg?
Mat dëser Reform gëtt kloer ënnerstrach dat d’Uni nëmmen ee Mëttel zum Zweck ass fir ekonomesch Nischen opzemaachen an ze fëllen. d’Uni soll no engem Konzept funktionéieren dat een Investissement an dräi Secteure virgesäit déi eng zesumme solle schaffen: Business, Recherche an Technologien, an Héichschoulausbildung. Si soll europäesche Kritären no konkurrenzfäeg ginn um internationale Wëssensmarché, a beschtefalls ganz ouni staatlech Mëttel finanzéiert ginn, fir den Entrepreneursgeescht bei de Chercheuren ze fuerderen an d’Zesummenaarbecht mat der Privatwirtschaft ze stäerken. Wat hei als Optakt zu méi Autonomie vun der universitärer Organisatioun, Ausbildung a Recherche gëlle gelooss gëtt, ass am Fong eng komplett utilitaristesch Usiicht vun der Universitärer Aarbecht an Ausbildung. Mat dëser Reform ginn déi wichtegst Aspekter vun der Leedung vun der Universitéit (Nominatioune vum Personal, Paien, Aschreiwungsfraisen, wësseschaftlech Orientéierung, Studiereglement etc.) weiderhi vum Conseil de Gouvernance bestëmmt. Dëse besteet gréisstendeels aus externe Membere vun auslänneschen Universitéiten an aus der Privatwirtschaft besat. De Rekter ass den Exekutiv vum Conseil de Gouvernance, him ënnerleien den administrativen Direkter, an den Direkter vun de Finanzen. Et muss drun erënnert ginn dat de Prozess vum Rekrutement vum neie Rekter ontransparent an ondemokratesch verlaf ass, sou dat de Conseil Universitaire schlussendlech virun Tatsaach gestalt ginn ass dat nëmmen ee Kandidat a Fro kënnt.
Ginn et och positiv Aspekter vun der Reform?
De Rekter ass net méi automatesch President vum Conseil Universitaire, mee seng Membere wielen de President aus hire Reien. De Rekter gëtt neierdéngs och vum Conseil Universitaire beroden. Am Conseil Universitaire gouf d’Unzuel vun de Representante vun de Fuerscher Assistente verduebelt, et ass och mëttlerweil ee Personaldelegéierten an de Sekretär vum Conseil de Gouvernance do vertruede mat enger consultativer Stëmm. De Conseil vun de Fakultéite gouf erëm agefouert.
Well den Universitéitsconseil wuel deen ass, den d’universitär Aarbecht och vun no an um Terrain verfollegt, ass et wichteg dat seng Autonomie mat dëser Reform gestäerkt gëtt, an dat en och mat Chercheuren ouni Titel besat ass, déi meeschtens am prekärste beschäftegt sinn.
Och de Conseil de Gouvernance gouf ëmorganiséiert, a besteet elo zousätzlech aus 2 Membere vum Conseil Universitaire, dem President vun der Personaldelegatioun an dem President vun der Studentevertriedung, déi all e Wahlrecht hunn.
Wéi hu mir gestëmmt?
Enthalen! Och wann et verschidden Avancéë ginn déi d’Organisatioun vun den Haaptgremie vun der Uni méi demokratesch gestalten, bleift weiderhin de Conseil de Gouvernance de mächtegste Gremium vun der Uni an deem d’Vertrieder vun der Privatwirtschaft an extern Membere weiderhin d’Iwwerhand hunn. Mir brauchen eng Uni déi endlech ka richteg autonom an demokratesch funktionéieren. Dat wier eng Uni déi net als Entreprise, mee als Wëssensinstitutioun funktionéiert an domat een humanisteschen Zweck erfëllt. Dat Recherche natierlech e wichtege Bestanddeel vun enger ekonomescher a politescher Ausriichtung ass, ass kloer, mee si kann a misst awer och autonom kënne funktionéieren an domat selwer mat bestëmme wat fir ekonomesch Secteuren an Zukunft kënnen nei entstoen an domat och d’Wirtschaftspolitik matgestalten am beschten am Interêt vun de Leit. D’Uni an d’Recherche kéinten also e groussen Deel zum ekologeschen a soziale Wandel bäidroen, nei Aarbechtsplaze schafen och am Beräich vun den Human a Sozial Wirtschaften déi ëmmer nach vernoléissegt ginn, mam Argument dat se net rentabel wieren. Eng Uni gehéiert virun allem de Studenten an de Leit déi do schaffen. Si hunn e Recht op Matbestëmmung iwwer d‘Verwaltung vun hirer Uni.