« De griichesche Referendum wäert, egal wéi et weider geet, an d’Geschicht vun der Europäescher Union agoen. Et war nämlech e majoritärt Opbegiere vun engem Vollek – an zwar duerch all Schichte vun der Bevëlkerung, besonnesch staark vertruede bei de Jonken – géint déi neoliberal Politik, déi an Europa gemaach gëtt! » – De Serge Urbany an der Chamber no der Deklaratioun vum Premierminister zur aktueller Situatioun a Griicheland.