Budget: Ongesond (Steier)Nischen a feelend Zukunftsinvestitiounen

D’Budgetsgesetz, dat des Woch an der Chamber gestëmmt gouf, ass ee vun de wichtegsten –  wann net esouguer dat wichtegst Gesetz, iwwer dat d’Parlament am politesche Joer entscheet. Mam Budgetsgesetz ginn d’Deputéiert der Regierung d’Vollmuecht fir d’Ausgabe vum Staat, sief et fir Investitiounen an Infrastrukturen, fir de Finanzement vum Sozialstaat  oder d’Gehälter vun de Leit, déi fir de Staat schaffen, mathëllef vun de Recetten a ggf. mat Kreditter ze tätegen. Kuerz: mam Budget gëtt  d’Chamber der Regierung déi finanziell Méiglechkeeten de Fonctionnement  vum Land z’assuréieren.
 
De  Budget besteet aus enger Recetten- an enger Ausgabesäit. D’Recettesäit  setzt sech e.a. zesummen aus all de Steieren, déi de Staat ophieft. Hei  ënnerscheet een tëscht direkte Steieren, also d’Besteierung vun de Salairen oder de Beneficer, an indirekte Steieren, zum Beispill d’TVA op Wueren a Servicer.
 
D’Ausgabesäit  vum Budget besteet aus zwee Typpe vun Ausgaben: déi lafend Ausgaben an  d’Kapitalausgaben. Lafend Ausgabe sinn zum Beispill d’Salairë vun de  Leit, déi fir de Staat schaffen oder sozial Transfert’en (Kannergeld,  Studiëbourssen etc.). Kapitalausgabe sinn en aneren Terme fir  Investissementer, z.B. an d’Schinnennetz oder wann eng Schoul gebaut  gëtt. Dëst sinn Ausgaben an d’Zukunft, déi de  Räichtum vum Land nohalteg vergréisseren. Wann zum Beispill eng Schoul  gebaut gëtt, da gëtt déi joerzéngtelaang genotzt, hei ginn dausende  SchülerInnen ausgebilt, déi dono e Liewe laang gesellschaftlech an  ekonomesch Wäerter schafen a weider entwéckelen.
 
Wëll  de Staatsbudget aus Sue besteet, déi de Staat bei de Stéit, de Betriber (…) asammelt, andeem en Salairen (Aarbecht),  Gewënner, Dividenden (Kapital) mat enger gewëssener Steier beleet an en déi Suen da erëm ausgëtt fir verschidde Systemer (sozial  Prestatiounen z.B.) an Infrastrukturen ze bezuelen, huet de Budget eng  ganz wichteg Funktioun: e verdeelt de geschafene Räichtum em. A wéi dëse Räichtum ëmverdeelt gëtt, ënnerläit engem politesche Choix duerch d’Deputéiert an der Chamber. 
 
D’Parlament decidéiert wéi eng ekonomesch Aktivitéite wéi een Deel zu de Recetten am Budget bäidroen. Hei stellt  sech d’Fro, ob z.B. Leit, déi vun de Friichte vun hirer Lounaarbécht  liewen, méi bäidroen, wéi Leit,  déi hiert Kapital fir sech schaffe loossen. Et entscheet dann awer och iwwer d’Ausgaben. Zum Beispill stellt sech hei d’Fro, ob vill an Nischen oder Prestigeprojet’en investéiert gëtt, déi nëmmen enger Elite ze gutt kommen oder ob d’Suen a wichteg ëffentlech Infrastruktur a Servicer fléissen, déi all Mënsch ze gutt kommen.
 
Wëll d’Ëmverdeelung vum Räichtum vum Parlament ofhänkt, misst een eigentlech  dovunner ausgoen, dass des Ëmverdeelung am Interesse vun de Leit ass, wëll et zu engem groussen Deel eben vun deene Leit gewielt gëtt, déi schaffe ginn an op effikass ëffentlech Infrastrukturen a Servicer wëlle kënnen zréckgräifen. Deem ass awer net esou. 
 
D’Parlament ass bei der Decisioun iwwer d’Budgetspolitik nämlech zimlech staark ageschränkt. Engersäits hunn d’national Parlamenter duerch de Standuert- a Steierwettbewerb an Europa schonn en ageschränkte Choix. D’Staaten versichen sech géigesäiteg z’ënnerbidden a gi bei ville Steieren ëmmer méi déif. Anerersäits feelen den Deputéierten an och der Zivilgesellschaft de Gros vun de wichtegen Donnée’en iwwer d’Recetten am Budget, ouni déi konkret Alternativvirschléi net ze formuléiere sinn. Eng wierklech demokratesch a kontradiktoresch Debatt iwwer de Budget ass soumat net méi méiglech.
 
Opgrond vun dësem klengen Handlungsspillraum an de feelenden Informatiounen iwwer d’Recetten, ass eng gerecht Ëmverdeelung souwéi eng gezielten Investitiounspolitik an déi wierklech wichteg Beräicher (Logement, Mobilitéit, Bildung a Recherche) fir d’Zukunft vum Land a sengen AwunnerInnen nëmme schwéier méiglech. Am Géigendeel, de Budget setzt ganz staark op d’Entwécklung vun onnohaltegen Nischen (SpaceMining, Rüstung, Tanktourismus, Finanzplaz…) a bereet d’Zukunft nëmme fir den 1% vir.
 

 

D’Recettesäit vum Staatsbudget ass eng schwaarz Këscht

Eng ëffentlech Debatt iwwer d’Recetten am Staatsbudget ass zu Lëtzebuerg  net wierklech méiglech. Dofir enthält de Budget einfach ze wéineg  Informatiounen iwwer d’Hierkonft vun de Steieren: wéi eng ekonomesch  Secteur’en bezuele wéi vill Steieren op de Beneficer? Wéi eng Beiträg  komme vun de ganz héije Léin? Wéi setzt sech den Ertrag aus Kapitalsteieren zesummen? Wëll déi Donnée’en net ëffentlech sinn, ass et onméiglech fir Schlëss ze zéien an am Detail z’analyséieren, wéi eng  Gruppe vu Leit oder Betriber an Aktivitéite vill oder wéineg zum Fonctionnement vum Staat bäidroen an dovun ausgoend konkret Virschléi ze maachen. Des Intransparenz ass natierlech am Interesse vun de grousse Betriber a Fortunen.
 
E puer Beispiller erausgegraff, déi des Problematik illustréieren:

 

Ëmmer méi staark Belaaschtung vun der Aarbecht an de Stéit

Ee ganz wichtege Schluss léisst sech awer och aus de ganz allgemengen  Zuelen am Staatsbudget schonn zéien. D’Stéit droen de groussen Deel vum Staatsbudget bäi, d’Besteierung vu Betriber a Finanzprodukter dogéint  verhältnisméisseg ëmmer manner.

Donieft  gëtt däitlech, dass déi direkt Besteierung op Akommes och ëmmer méi zu  Laaschte vum Facteur Aarbecht (also d’Besteierung um Loun) geet.
 

Steierreform: Entlaaschtung an éischter Linn fir Betriber an déi déck Gehälter

D’Steierreform  déi vun der Regierung als eng zolidd Entlaaschtung fir all d’Stéit zu  Lëtzebuerg ugekënnegt gouf, huet a Realitéit Betriber (Gewënnbesteierung vun 21% op 18% erof) an déi héich Léin verhältnisméisseg méi entlaascht, wéi déi kleng a mëttel Léin.  D’EU-Kommissioun weist a sengem Lännerbericht 2017 (Säit 15), dass bei der  Besteierung vun de Léin déi 10% vun de Léin, déi am héchste leien, am meeschte vun der Reform profitéiert hunn an  dass d’steierlech Entlaaschtung méi grouss gëtt, wat de och Loun méi héich gëtt. Eng Ausnam bilden hei just déi 10% vun den déifste Léin, déi iwwer  d’Verduebelung vum crédit d’impôt och méi däitlech – wann och manner wéi déi héich Léin – entlaascht gi sinn. Insgesamt awer huet d’Steierreform zu enger weiderer Ëmverdeelung vun ënnen no uewe bäigedroen.

Stock-Options: Steiernische fir ganz héich Léin

D’Stock-Options si symptomatesch engersäits fir d’Intransparenz vun der Steierpolitik an de Recetten am Budget an  anerersäits fir d’Ongerechtegkeet vun dëser Steierpolitik.  D’Stock-Options sinn eng Aart Steiernisch, déi et Salarié’en op méi  héije Posten an engem Betrib a soumat mat héije Salairen erméiglecht,  bis 50% vun hirem Loun iwwer Stock-Options, also Undeeler/Aktië vun hirem Betrib oder souguer och einfach just iwwer un de Boursenindex gebonnen Optiounen ze kréien. Vu que, dass déi Undeeler manner  héich besteiert ginn, wéi déi héich Tranchë bei héije Léin, kënnen se  heimat Steiere spueren. Et ass also erëm eng weider Méiglechkeet fir déi  Leit mat den héchsten Akommessen, Steieren ze vermeiden, op Käschte vun  den anere Steierzueler, déi des Méiglechkeeten net hunn.

D’Steierverwaltung weess zudeem net vill iwwer des Praxis, wëll se keng Donnée’en doriwwer sammelt. Dat  genee’t Ausmooss ass also net bekannt, wouduerch et och erschwéiert gëtt,  fir et op Basis vu gesécherte Fakten a Fro ze stellen. Schätzunge vum  Finanzministère (den et also och net genee weess), bedeiten d’Stock-Options awer e steierlechen Ausfall vu bal 200 Milliounen d’Joer. Dat ass e Stéck méi wéi d’Regierung all Joer an de Logement investéiert!
 

 Ausgaben: Feelend Ëmverdeelung zugonschte vu wichtege sozialen Infrastrukturen

 D’Intransparenz vun der Recettesäit vum Budget berout op enger ondemokratescher politescher Haltung déi als Konsequenz huet dat d’Depensen net kënnen no engem  zukunftsorientéierte proaktiven Investitiounsmodell ausgeriicht ginn. 
Engersäits feelen d’Informatiounen iwwer d’Opschlësselung vun de Recetten, dat heescht iwwer dat wat jidderee genee zum Recettebudget bäidréit, an anerersäits feelen d’Donnée iwwer d’finanziell Besoin’e an deene Beräicher déi zu den Haaptpilier’en vun der Gesellschaft zielen, nämlech d’Educatioun, de Logement, d’Mobilitéit, well se en direkten Afloss op d’Liewensqualitéit vun de Leit hunn. Wann een net kann ausrechne wéi vill un staatlechen Investissementer feelen an wou déi Sue kënnen hiergeholl ginn, dann ass et relativ schwiereg konkret Fuerderunge bei der Investitounspolitk ze stellen.
 
Beim Logement an der Mobilitéit ass et oft ee Bléck an d’Realitéit vum Alldag, de ganz schnell visibel mécht wou et un Investissementer a politeschem Wëlle feelt, an ënnert wat fir Bedingungen an no wéi enge Prinzipien an Zieler hin investéiert gëtt.
Bei der Educatioun an der Recherche leet d’Regierung den Accent op eng unilateral Zukunftsvisioun am Aklang mat der Entwécklung vu neie Wirtschaftsnischen.
 
Logement: Feelend Investissementer géint Wunnéngskriis
 
Laut de Berechnunge vum Observatoire de l’Habitat vum Liser, missten all Joer 6500 Wunnenge gebaut ginn, nëmme fir déi aktuell Demande ze stëllen an d’Präisser ze stabiliséieren. Wann een och nach de Retard beim Wunnengsbau matrechent – den och Matschold un den héije Präisser haut ass – misste mindestens 8000 Logementer all Joer gebaut ginn. Tatsächlech ginn awer ni méi wéi 3500 Logementer d’Joer zu Lëtzebuerg gebaut. D‘Ausgabe fir Investitioune ginn am Budget fir 2018 (em 19% par rapport zu 2017 erop. Fir déi Joren dono bis 2021 ass da just nach eng méi kleng Progressioun virgesinn: bis 2021 sollen 12% méi an de Logement investéiert gi wéi nach 2018.
Heibäi gëllt et ze bemierken, dass fir 2016 eigentlech 130 Milliounen Kapitalausgaben virgesi waren. Tatsächlech goufen der awer 25 Millioune manner ausginn. Souguer déi Investitiounen déi budgetiséiert ginn, ginn also mol net gemaach.
 
Duerch méi staatlech Investissementer an de Wunnengsbau kéinten d’Immobiliëpräisser gedréckt ginn. De Montant a Budgetsposte fir Investitiounen an de Wunnengsbau geet duer fir  250-300 Wunnengen ze finanzéieren, mee wann een sech nach eng Kéier de Bedarf virun Ae féiert, dann ass dës Unzuel wierklech just marginal. Fir de Problem wierklech an de Grëff ze kréien, ass däitlech méi erfuerdert  (cf. Virschléi vun déi Lénk an 3 Beräicher: wunnen.dei-lenk.lu)
 
Mobilitéit: Op laang Dauer net ze verantworten
 
Iwwerlaaschten Infrastrukturen an Transportmëttel déi vill ze laang net renovéiert goufen an elo vill ze spéit ersat oder erweidert ginn, bezeien dat an deene leschten 30 Joer am Beräich vun der Mobilitéitsentwécklung näischt proaktiv geplangt an investéiert gouf.
Och wann sech mëttlerweil eppes an der Mobilitéit beweegt, sou dréit sech de Réckstand awer vu Joer zu Joer mat weider, well keen Ëmdenken a Punkto Wuesstemsentwécklung stattfënnt a och kee Paradigmewiessel a Punkto Wirtschaftspolitik. Bei engem Wuesstem vu 4% Prozent dee weiderhin unhält an all Joers dausende Leit méi an d’Land zitt an d’Awunnerzuel vergréissert, ass et schwéier virstellbar mat dësem Investitiouns- a Planifikatiounsrythmus op ee gréngen Zweig bei der Mobilitéit ze kommen.
Den Tram war e gréissert Investissement (280 Mio) a setzt Weiche fir eng modern a méi nohalteg Mobilitéitsentwécklung, déi sech awer leider nëmmen op Stad Lëtzebuerg an seng Peripherie limitéiert. Trotz gréisseren Investissementer an de Schinnentransport bleift och weiderhin de Fokus vum Transport um motoriséierten ëffentlechen Transport an um Auto, dat féiert zum Ausbau vum réseau routier. D’Vergréisserungkäschte vun der A3 (356 Mio) leien no beim Gesamtbudget vun 305,8 Mio déi de Staat 2016 an de Beräich vun de Schinneninfrastrukturen investéiert huet. Fir d’Planifikatioun vun der Mobilitéit ass ee Gesamtbudget vun 826.698.994 virgesinn de laafende Käschten couvréiert. Par rapport zu 2017 ass dat eng Augmentatioun vu 4,3 %.
 Sozial a geographesch Ofgrenzunge gëllen als Konsequenz vun enger kranker Mobilitéitsentwécklung. 
Allgemeng feelt et un Informatiounen iwwer d’Mobilitéitsverhale vun de Leit am Kontext vun der wirtschaftlecher Entwécklung, vum urbanen Auserneewuessen an der klammender Awunnerzuel. D’Besoin’e un Infrastrukturen an Transportméiglechkeete souwéi de flächendeckenden Ausbau vum Verkéiersnetz un d’Besoin’e vun allen Awunner mussen identifizéiert ginn. déi Lénk fuerderen eng universell Gratuitéit vum ëffentlechen Transport . Dës stellt ënnert verschiddenen Aspekter een Argument fir eng gréisser Attraktivitéit vum ëffentlechen Transport duer. Zu der Demokratiséierung vum ëffentlechen Transport gehéiert och eng gerecht Pai fir d’Personal. D’Tramfuerer kommen hei vill ze kuerz.
 
Educatioun a Recherche: Opgebaut op Wirtschaftsnischen
 
Wat Educatioun betrëfft läit de politeschen Akzent vum Budget 2018 bei der « Recherche, Développement Innovation » – 169.517.630 euros –  am Géigesaatz zum « Enseignement supérieur et recherche » (Finanzementer vun Dokteraarbechten) – 124.792.000 euros –  an dem Enseignement (Universitär Ausbildung) – 3.633.581 euros.
Wéi den Term « RDI » et illustréiert, ass d’Recherche neierdéngs gebonnen un d’Entwécklung  vu neie Wirtschaftsnischen duerch d’Patenter zum Beispill. D’Innovatioun reimt mat wirtschaftlecher Verwendbarkeet vun neie Recherchen. RDI steet also fir eng Organisatioun vun der Recherche déi op Output ofzielt dat heescht éischter op direkt applizéierbar Resultater déi gebonne sinn un d’politesch a wirtschaftlech Intérêt’e vun der Regierung. De PNR 2020 gesäit en Investissement vun 2,3 – 2,6% vum PIB  (Privat- an Ëffentlech Gelder), wouvun 1/3 an d’Recherche publique sollt investéiert ginn.
Eng grouss Partie vum ëffentleche Geld fléisst an d’ Recherchezenteren, well do gëtt nämlech op d’Schwéierpunkte vun der lëtzebuerger Wirtschaft higeforscht, ewéi zum Beispill de Finanzement vun der Recherche Spatiale bis zu 238,5 Mio, wouvun 120 Mio an d’Initiativ « Space Resources.lu » fléissen. Déi sougenannte fundamental Recherche, déi d’Sozial- an Humanwëssenschafte mat abegräift muss sech ëmmer méi dem Drock vun enger Nischepolitik ënnerwerfen. Sou ass dann och de mot d’ordre an der Educatioun an an der Recherche souwéi an allen ekonomesche Beräicher: d’Digitaliséierung. Am Rapport intermédiaire vun der Rifkin Etüd konnt ee liesen dat de Fokus bei der Educatioun ab elo misst beim Enseignement vun de neien Technologien an der digitale pedagogesche Mëttel leien, fir dat den Astig an déi drëtt Industriell Revolutioun ka geléngen an de Risiko vermidde gëtt dat Leit am digitalen Zäitalter op der Streck bleiwen. Och wann d’Digitaliséierung sech kann ënnert verschiddenen Aspekter positiv bewäerten, muss awer verhënnert ginn, dat besonnesch bei der Schoulausbildung déi bestoend Inegalitéiten net nach weider auserneen driften. Och ouni d’Digitaliséierung vun de Schoulen, besteet weiderhin ee Bedarf un engem Opstocken un Personal. Bei der Evolutioun vun der Embauche vu neiem Personal fir den Enseignement läit den Trend awer éischter bei engem Ofbau oder bei der Stagnatioun un Personal trotz ëmmer gréissere Besoin’e duerch eng wuessend Populatioun an neien Defi’en. Allgemeng ass den ëffentleche Bildungssystem a Gefor. De Staat desengagéiert sech ëmmer méi an iwwerléisst d’Finanzéierung an d’Bestëmmung vun der Recherche an dem schouleschen Inhalt Privatfirmaen. Déi wuessend sozial Ongläichheeten déi sech am Educatiounsberäich kristalliséiere gi mëttlerweil vum Staat selwer ugedriwwen. De lëtzebuerger Staat investéiert ëmmer méi an dës Aart vun ëffentlechen Eliteschoulen. Den ëffentleche Bildungssystem huet mat Inegalitéiten ze kämpfen déi sech duerch d’Konkurrenz mat ëffentlechen Eliteschoule weider verschäerfen.
 
Verteidegung: Oprëschtung an Nischepolitik
 
Wéi bei der Recherche priméiert och an enger anerer, bedeitend méi onmoralescher Nisch de Fokus op ekonomesche Retombéeë, an zwar an der Rëschtungspolitik.
A kengem Beräich ginn d’Depensen an d’Investitioune méi erop wéi fir d’Rëschtung. Während d’Gesamtausgabe fir dee Posten 2014 nach bei 118 Millioune louchen, sollen se sech d’nächst Joer bei 262 Millioune befannen an 2021 souguer bei 361 Milliounen. Dat ass also ronn eng Verdräifachung vum Budget a stellt 2021 dat duebelt vun dem duer, wat d’Regierung plangt fir fir d’Bekämpfung vun der Wunnengsnout auszeginn. Dobäi setzt d’Regierung bei dësen Investitioune geziilt op Beräicher, déi och ekonomesch e Gewënn brénge kënnen. Anescht gesot: hei gëtt mat Oprüstungsspiralen, Konflikter, Krich a potentiell mat mënschlechem Leed Geld verdéngt.
 Dobäi kënnt: d’Regierung huet sech der NATO géigeniwwer verflicht, déi Ausgaben ze maachen. Déi gi par rapport zum PIB gerechent a wëll de PIB vu Lëtzebuerg numol sou schnell wiisst, mussen déi Militärausgaben dem Tempo Schratt halen. Eppes wat d’Regierung an de sozialen an ekologesche Beräicher wéi beim Wunnengsbau, der Schoul oder der Mobilitéit verschléift – nämlech nohalteg Investitiounen ze tätegen, déi de steigende Bedürfnisser vun engem wuessende Land gerecht kënne ginn – dat mécht se dann awer an der Rëschtungspolitik. 
 
logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe