Tribune libre RTL Radio/Radio 100,7
Nohaltegkeet ass ze laang nëmmen a Verbindung mat Ëmweltschutz gesi ginn. Dat gëtt och haut nach gemaach. Eng Gesellschaft déi sozial an ekonomesch Ongläichheete schaaft ass net nohalteg. An eng Gesellschaft an där d‘Aarmut wiisst an déi gläichzäiteg ëmmer méi Ultraräicher produzéiert an unzitt kann och net nohalteg sinn.
Zu Lëtzebuerg geet d´Scheier tëscht den äermsten an de räichste weider auserneen. Et sinn des Ongläichheeten déi dacks als Ongerechtegkeete gefillt ginn an déi Frustratiounen a Spannungen nieren.
Verstäerkt ginn des Gefiller, wa beim Kampf géint Klimaverännerung an Ëmweltzerstéierungen ëmmer erëm déi gréisste Sacrificer grad vun deene Leit verlaangt ginn, déi am mannsten hunn. Dann entstinn Revolten, wéi déi vun de Gilets Jaunes a Frankräich. Et sinn awer déi ganz Räich an déck Multinational Firmen, déi am meeschte verschmotzen, mee duerch Steier- a Sozialdumping de Präis dofir net bezuele mussen. An d’Politik, op nationalem wéi op europäeschem Niveau mécht näischt dogéint.
Déi grouss sozial Ongläichheeten an d’ekologesch Kris hänken zesummen. Méi nach: d’Ongläichheeten sinn ee staarke Moteur vun der Zerstéierung vun Ëmwelt a Klima. Dofir dierf een déi zwee Politikfelder net sech géigeniwwer stellen. Sozialpolitik an Ëmweltpolitik si komplementar a musse mateneen ugaange ginn.
Effektiv sinn et dacks déi Äermst déi d´Konsequenze vum Klimawandel ze spiere kréien an déi räichst Persounen a mächtegst Betriber, déi di gréisste Verantwortung dofir droen. Et sinn des privilegiéiert physesch oder moralesch Persounen déi am meeschten zu CO2 Emissioune bäidroen. Et ass hei wou d´Verantwortung läit, mat der Komplizitéit vun de Staaten, fir Waasser- a Loftverschmotzung, Landraub a Biodiversitéitsverloscht.
D‘Emweltkriis an d´Sozialkriis sinn zwou Säite vun enger Medaile. Si hänke strukturell zesummen a verstäerken sech géigesäiteg. Béid sinn d´Konsequenz vun engem ekonomesche System deen op der Ausbeutung vun de Ressourcë berout: Ëmweltressourcen a mënschlech Ressourcë mam Zil vun der Akkumulatioun vu Profit wat dann nees Ongläichheete mat sech bréngt fir d´Mënschen an d´Natur.
De Kampf géint de Klimawandel geet och iwwer méi sozial Gerechtegkeet an en interventionistesche Staat. Mir kréien de Klimawandel net gemeeschtert andeems mer an dësem System mat e puer Schéinheetkorrekture weiderfueren. Schonn den Einstein sot op eng Verännerung ze hoffen andeems een dat selwecht weidermécht wier verreckt.
An dem Sënn brauche mer fir de Kampf géint de Klimawandel ze finanzéiere massiv Investissementer an d´Fro stellt sech wou een di Suen siche geet. Bestëmmt net bei de Benodeelegten.
Hei stellt sech d´Fro vun der Ëmweltgerechtegkeet. Mir brauchen e staarken a responsabele Staat deen dofir suergt dass déi grouss Ëmweltverschmotzer zur Rechenschaft gezu ginn a musse bezuelen.
Sozial Gerechtegkeet an Ëmweltgerechtegkeet geet Hand an Hand. Et sinn dacks déi am mannste Privilegiéiert vun eis déi a schlecht isoléierte Wunnenge wunnen an déi héich Heizkäschten hunn.
Wa mer eng nohalteg Gesellschaft ustriewen, musse mer sozial Ongläichheete bekämpfe souwuel fir d’tëschemënschlech Solidaritéit ze stäerken an d´Liewensfäegkeet vun der Gesellschaft ze erméiglechen a souwuel fir d´ekologesch Kris ze entschäerfen. Do kann de Staat op verschiddenen Niveau´en agéieren: mat der Iddi vun engem gestaffelte Waasserpräis, an der Wunnengskriis, am Kampf géint d´Energieaarmut, bei der Sanéierung vu Wunnengen an dofir kann a soll een Deel vun de Rentereserve benotzt ginn.
Nathalie Oberweis, déi Lénk Stad