Chamber.

Eis Deputéiert.

Marc BAUM.

De Marc Baum ass den 11. Juni 1978 zu Esch-Uelzecht gebuer. Hien huet zu München a Berlin Germanistik an Theater studéiert. Wann hien net an der Chamber d’Iddie vun déi Lénk verdeedegt, spillt oder inszenéiert hien Theaterstécker. De Marc ass Grënnungsmember vun déi Lénk. 2008 koum hie fir d’éischt an den Escher Gemengerot, wou hien och säit de leschte Gemengewalen nees déi Lénk vertrëtt. 2016 ass hie fir de Serge Urbany an d’Chamber erarotéiert, 2018 ass hien erëmgewielt ginn. 2021 huet hie fir d’Myriam Cecchetti Plaz gemaach. Bei de Walen 2023 gouf hien direkt an d’Parlament gewielt.


David WAGNER.

Den David Wagner ass den 3. Mäerz 1979 an der Stad op d’Welt komm. Hien huet Geschicht studéiert. Geschafft huet hien als Journalist bei der Wochenzeitung Woxx an och als Attaché parlementaire fir déi Lénk. Den David Wagner ass och Grënnungsmember vun déi Lénk. 2011 gouf hien an de Stater Gemengerot gewielt. 2015 huet hien an der Chamber dem Justin Turpel säi Sëtz iwwerholl, 2018 gouf hien direkt gewielt an huet 2021 seng Plaz fir d’Nathalie Oberweis fräi gemaach. 2023 gouf den David erëm direkt an d’Parlament gewielt.


Transparenzregister

Hei Fannt Dir de Register vun all den Entrevuen, déi déi Lénk Fraktioun iwwert d’Zäit hat am Kader vun hirer parlamentarescher Aarbecht. Am Sënn vu méi Transparenz hunn déi Lénk decidéiert de Relevé vun hiren Entrevuen hei um Site ze verëffentlechen.

Registre de transparence

Vous trouverez ici le registre de tous les entrevues qu’a eu le groupe parlementaire déi Lénk dans le cadre de son travail parlementaire. Pour plus de transparence déi Lénk a décidé de publier le relevé de ces entrevues ici sur son site.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe