D’NATO ass eng Gefor fir de Weltfridden. Militäresch Interventioune wéi a Libyen hu ganz Regiounen destabiliséiert an d’NATO-Expansiouns- a Rëschtungspolitik géigeniwwer Russland schafe Mësstrauen an nei Konflikter. D’Regierung geet mat op dee Wee andeem se versicht d’Militärpolitik als ekonomesch Nische auszebauen. Sou mëscht sech Lëtzebuerg ekonomesch mat ofhängeg vun enger geféierlecher Rëschtungspolitik an den Interesse vun de groussen NATO-Staaten, virewech den USA. Dat muss gestoppt ginn, Lëtzebuerg soll sech net un dëser aggressiver Politik bedeelegen!