Lors de sa tribune libre, notre député David Wagner est revenu sur le dossier Fage et a interrogé les nombreux manquements du gouvernement auxquels a donné lieu ce feuilleton qui risque à nouveau de se terminer sans qu’il n’y ait de conséquences politiques. La solution que propose déi Lénk: faire participer les résidents au processus de décision politique et économique pour instaurer à la fois de la transparence et une nouvelle confiance.
Voici le texte luxembourgeois de la tribune libre:
Mir si mat eng neier Affär konfrontéiert, mat enger « Schneiderei » souzesoen : déi vum Terrain wou déi griiechesch Jogurtfabrik « Fage » sech hätt sollen usiddelen.
Wéi dir wësst, hat den eehemolegen Wirtschaftsminister, mam Accord vum Finanzminister, deen Terrain, dee jo dem Staat gehéiert, u Fage verkaf, wat scho fir vill Opreejung gesuergt hat, besonnesch och säitens der Gemeng Beetebuerg wou jo en Deel vum Terrain läit.
Viru kuerzem huet d’Cour des Comptes an engem frakassante Bericht d’Art a Weis wéi den Terrain u Fage verkaf gouf, ugeprangert.
Dofir wäerte mer jo och deemnächst de Finanzminister, de Wirtschaftsminister an héichstwahrscheinlech säi Virgänger, den Etienne Schneider eben, an der zoustänneger Kommissioun héieren.
Well nomdeems déi steierflichteg Jogurtsfabrik d’Bengelen bei d’Tromm geheit huet, konnt den aktuelle Wirtschaftsminister, den Här Fayot, den Terrain rëm zum Verkafspräiss zereckkaafen.
Elo kéint ee soen : et ass jo nach gutt gaangen. Wat soll een do nach vill wulle wëllen ?
Eischtens wier et jo méi wéi komesch wann d’Chamber, nodeems se vun der Cour des Comptes informéiert gouf datt d’Regierung héichstwahrscheinlech sech net u Gesetzer a Reegelungen gehalen huet, einfach net handele géif.
Dat géing ganz einfach bedeiten datt d’Cour des Comptes fir näischt geschafft hätt an datt d’Volléksvertriedung hir Kontrollfunktioun vun der Regierung net géing wouerhuelen. D’Signal wier katastrofal.
Zweetens : Mir schwätzen hei vun engem Terrain deen der Allgemengheet gehéiert. Et ass net verbuede deen ze verkafen, och wann ech mengen datt mer eis Terrain’e behale sollen. Mee wann et scho geschitt, da wann ech gelifft net hannert zouenen Dieren an ouni Rücksicht op Gesetzer déi souwisou scho relativ large sinn.
Drëttens : Dat ass eng fundamental demokratesch Fro, well d’Wirtschaft an d’Industrie hunn en immensen Impakt op eist Liewen, op eis sozial Rechter an op eiser Emwelt.
A grad an enger Zäit wou demokratesch a sozial Rechter a Fro gestallt ginn, net ze schwätzen vun eiser Emwelt déi ëmmer méi staark leid, musse mir kënnen als Bevölkerung hei am Land matschwätzen wat hei produzéiert gëtt a wéi et produzéiert gëtt.
Vu datt deen Terrain eis jo gehéiert, kënne mer jo selwer décidéieren wat fir eng Betriber een do opbaue kann. Betriber déi vill méi Arbechtsplazen schafen, déi vill méi sozial an emweltfrëndlech sinn, Betriber wou een och vill Jonker kéint astellen, och ouni Qualifiatiounen an déi eng valoriséierend Arbecht kéinte maachen, korrekt bezuelt géife ginn an sech och weiderbilde kéinten. De Géigendeel vun deem wat Fage gemaach hätt.
Déi Chance däerf een net verpassen. An dofir muss een och d’Feeler vun der Vergaangenheet opschaffen.