D’Justiz muss resolut am Déngscht vun der Bevëlkerung stoen an demokratesch an transparent organiséiert sinn.
Sie muss liicht zougänglech an onparteiesch sinn, sou datt all Persoun op déi selwecht Manéier behandelt gëtt, onofhängeg vun senger sozialer Positioun oder senger Hierkonft. Déi selwecht Prinzippie gëllen och fir d’Police, déi speziell biergerno muss funktionéieren. D’Beamten mussen e Salaire bezéien an Aarbechtskonditiounen virfannen, déi der Schwieregkeet vun hirem Beruff entspriechen.