Une solidarité à sens unique.

La paquet de solidarité est essentiellement un paquet de mesures servant à soutenir les entreprises.

La manipulation de l’index équivaut à une hausse immédiate des profits des entreprises. Pour les salariés, c’est une perte de pouvoir d’achat. Et cette perte est compensée par une mesure fiscale. C’est-à-dire que salariés et retraités compensent eux-mêmes la manipulation de l’index.

Or, la tripartite était censée s’attaquer au problème de la flambée des prix de l’énergie. Force est de constater que la seule mesure qui vise à soulager les salariés, la baisse du prix du litre de mazout, de diesel et d’essence de 7,5 centimes, est un non-sens écologique et un signal négatif. C’est en vérité un subventionnement des énergies fossiles qui profitent à ceux qui se servent le plus de leur voiture ou à ceux qui ont une voiture qui consomme beaucoup.

Le chèque énergie proposé par déi Lénk, versé sous forme de complément de revenu imposable, aurait eu le double avantage d’avoir un échelonnement social et de ne pas uniquement servir à compenser la flambée des prix des énergie fossiles, mais de compenser la hausse des prix en général.

Les mesures annoncées dans le domaine du logement ne serviront à rien, car elles s’appuient sur le même système de primes qui n’a pas fait ces preuves jusqu’à présent. Une augmentation du montant n’est certainement pas la solution miracle. déi Lénk propose un système de financement public qui neutralise les risques d’un prêt conventionnel et qui servirait ainsi au plus grand nombre. Car le problème de l’efficacité énergétique est crucial. Une véritable offensive publique en faveur de l’assainissement énergétique des immeubles pourrait réduire de manière considérable les factures énergétiques des ménages.

Ce paquet de mesures porte clairement la signature du DP. L’absence totale d’un échelonnement social et le pied de nez fait à l’écologie et au climat marquent aussi la faillite politique du LSAP et de déi Gréng.

Communiqué par déi Lénk.

Ce lien vous dirige vers une analyse détaillée du paquet de solidarité.


Solidaritéit an eng Richtung.

De Solidaritéitspak ass virun allem eng grouss Hëllef fir d’Entreprisen.

D’Indexmanipulatioun dreift d’Profitter vun den Entreprisen an d’Luucht. Mee, fir d’Salariéen bedeit se einfach ee Kafkraaftverloscht. An dëse Verloscht gëtt duerch eng steierlech Mesure kompenséiert. Dat bedeit, dass d’Salariéen an déi Pensionéiert dës Kompensatioun selwer bezuelen.

D’Tripartite sollt awer eng Äntwert op d’Explosioun vun den Energiepräisser ginn. Et musse en awer feststellen, dass déi eenzeg Mesure, déi d’Salariée betrëfft, d’Erofsetze vum Literpräiss vu Bensinn, Mazout an Diesel ëm 7,5 Cents, ekologeschen Onsënn an ee schlecht Signal ass. Et handelt sech hei ëm eng Subventioun fir fossil Energien, déi deenen hëlleft, déi vill Auto fueren oder déi déck Autoen hunn.

D’Energiegeld, dat déi Lénk fuerderen, hätt de Virdeel gläichzäiteg sozial gerecht a flexibel ze sinn. Ausbezuelt ënnert der Form vun engem besteierbare Complément de revenu, géing d’Energiegeld grad Stéit hëllefen, déi manner Revenu hunn. An et kéint do agesat ginn, wou et wierklech gebraucht gëtt. A net nëmme beim Bensinn oder beim Masout.

D’Mesuren, déi am Beräich Logement annoncéiert goufen, déngen och näischt. Si berouen nach ëmmer op deem selwechte Primmesystem, dee bis elo net funktionéiert huet. Dës Primmen z’erhéijen ass also kee Wonnermëttel. déi Lénk proposéieren en ëffentleche Finanzéierungssystem, deen d’Risike vun engem gewéinleche Prêt neutraliséiert an esou engem groussen Deel vun de Leit hëlleft. Eng richteg ëffentlech Sanéierungsoffensif géing d’Energierechnung vun de Stéit dauerhaft drécken.

Dës Pak dréit kloer d’Ënnerschrëft vun der DP. En ass weder sozial gerecht nach gutt fir d’Ëmwelt oder d’Klima. Dëse Pak ass kloer och d’Zeeche vun der politescher Faillite vun LSAP an déi Gréng.

Matgedeelt vun déi Lénk.

Dëse Link dirigéiert Iech op eng méi detailléiert Analys vum Solidaritéitspak.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe