Em wat geet ët am Gesetz ?
Mat dësem Gesetz wëll d’Regierung e legale Kader schafen fir d’Proprietéit vun de Ressourcen, déi am Weltall fonnt ginn, ze klären (also déi privat Appropriéierung vu Ressourcen z’erméiglechen). Ziel ass ët, Entreprisen a Kapital op Lëtzebuerg ze lackelen, déi an dësem Gebitt täteg sinn.
Dëst Gesetz, dat en Element vun der spaceresources-Initiativ vun der lëtzebuergesche Regierung duerstellt, ass awer a viller Hisiicht ganz problematesch. Mir hunn d’Haaptkritiken un der Initiativ op enger Pressekonferenz am (..) an och den 13. Juli an der Chamber kloer a präzis zesummegefaasst.
Wat sinn eis Haaptkritikpunkten ?
Mir sinn net prinzipiell géint Aktivitéiten am Weltraum. Wann d’Regierung op de Wee gaange wier, fir Fuerschung am Sënn vun der ganzer Mënschheet am Weltraum an dat och a Kooperatioun z.B. mat der ESA ze maachen, hätte mir eng aner Haltung.
De Projet vun der Regierung ass awer reng ekonomesch, hien baséiert :
(-) op eesäiteger an zweifelafter Interpretatioun vun internationale Verträg,
(-) op der Beräicherung vun e puer Milliardären,
(-) op engem Wuesstem ouni Grenzen, dat Grondlage vum mënschleche Liewen op der Äerd zerstéiert,
(-) an op an der verschäerfter Ausbeutung vun aarme Länner a Bevëlkerungen.
Privatiséierung vum Weltraum a senge Ressourcen. Lëtzebuerg mécht sech zum Handlaanger vu grousse vu puer Milliardäre kontrolléierten Entreprisen. Mat de public-private-partnerships an dësem Secteur, dréit eise Staat de Risiko, während d’Entreprisen de potentielle Gewënn akasséieren.
Nei Souveränitéitsniche am Broch mat internationalen Traité’en. Lëtzebuerg ënnergrueft de Prinzip vum patrimoine commun de l’humanité a schwätzt Entreprisen d’Notzung vu Ressourcen am Weltraum zou. Domat beweegt sech eist Land an der Grozon zur Illegalitéit.
Komplette Widdersproch zu nohalteger Entwécklung. D’Regierung setzt hei op onendleche Wuesstem a kënnegt alles dat op, wat e.a. am Kader vun der Rifkin-étude ugestrieft gëtt : lokal a regional Wirtschaftskreesleef, Kreeslafwirtschaft a ressourceschounend Produktiounsprozesser.
Wuessend Inegalitéiten tëscht Länner a Bevëlkerungen. Milliardäre rappen sech mat Lëtzebuerg als Kompliz gär Ressourcen ënnert den Nol. Aarm Länner an aarm Bevëlkerungsgruppe bleiwen op der Streck a kréien Entwécklungsméiglechkeete geholl. D’Inegalitéite gi weltwäit weider erop.
Gefor vun internationale Konflikter. D’Regierung lancéiert mat dëser Initiativ eng nei Course no Ressourcen, déi wéi an der Vergaangenheet schonn dacks, zu internationale Konflikter féiere kann. Lëtzebuerg kooperéiert net op europäeschem Niveau, mee orientéiert sëch u Länner wéi den USA oder den arabeschen Emiraten.
Wéi hunn déi Lénk gestëmmt ?
Dogéint! déi Lénk refuséieren dëst Gesetz, wëll e fir Entwécklunge steet, déi mir net wëllen : de Broch anstatt d’Anhalung vu fortschrëttlechem internationale Recht, d’Konkurrenz anstatt d’Kooperatioun tëscht Staaten a Bevëlkerungen, d’Zerstéierung vun anstatt den nohaltegen Ëmgang mat de Ressourcen op der Äerd, d’privat Uneegnung an d’Kommerzialiséierung vu Ressourcen anstatt de verantwortlechen Ëmgang dermat am Sënn vun all de Mënschen.
De Gesetzesprojet gouf mat de Stëmme vun der Majoritéit, vun der CSV a vum ADR gestëmmt, bei zwou Géigestëmme vun déi Lénk. 3 CSV-Deputéierten hunn awer beim Vote de Sall verlooss. All d’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn hei ze fannen.