Pacte fiscal européen: Dem Serge Urbany séng Interventioun an der Chambre

M. Serge Urbany (déi Lénk).- Här President, dee sougenannte Fiskalpakt ass a Wierklechkeet e Pakt géint den demokratesche Budgetsspillraum an deenen eenzelne Staten. An déi Defizitbegrenzung, déi hei agefouert gëtt, féiert forcément zu enger Senkung vun den Ausgaben, well ouni Steiererhéijunge mussen d’Ausgaben heimadder begrenzt ginn. A Steiererhéijunge ginn an der allgemenger Wirtschaftspolitik vun der Europäescher Unioun aus Kompetitivitéitsgrënn an aus Standuertgrënn strikt ofgelehnt.

D’Ziffere vun där Austeritéitspolitik, wou dat hei d’Kréinung dovun ass, si schonn do. De geschafene Räichtum geet elo schonn zréck. Dat geet aus deem jéngste Rapport vun der Europäescher Kommissioun fir déi eenzel europäesch Länner ervir. An och hei am Land huet de Statec ausgerechent, dass dee leschten Austeritéitspak, deen hei gestëmmt ginn ass, zu engem Réckgang vum Wuesstum och zu Lëtzebuerg wäert féieren.

A wann dee Réckgang bis geschitt ass an et si keng Budgetsmëttele méi do, muss ee sech d’Fro stellen, wou dann déi Mëttele sollen hierkommen, fir d’Wirtschaft ze relancéieren oder fir de Konsum ze steigeren oder de Chômage ze bremsen, well dat ass bis elo ëmmer geschitt iwwer staatlech Interventiounen.

Zu deene staatlechen Interventioune gehéieren och déi sozial Transferten. Wann et heescht, ouni déi sozial Transferte géif d’Aarmut zu Lëtzebuerg bei 45% vun der Bevölkerung leien, wou se haut awer mat den Transferte bei 15% vun der Bevölkerung läit, da weess een, wat um Spill steet mat deem Traité hei!

„L’austérité à perpétuité? ass hei ageplangt, wéi d’Chambre des Salariés an hirem Avis schreift. Och d’europäesch Gewerkschaften, déi ëmmer eng ganz favorabel Zoustëmmung zu der europäescher Konstruktioun haten, zu engem Zäitpunkt, wou se se eigentlech schonn net méi hätte sollen hunn, soen elo kloer an däitlech, dass deen Traité hei muss ofgelehnt ginn. Dat hei ass eng strukturell an definitiv Atteinte op de Sozialstat.

Den Här Bodry schwätzt vum Sozialpakt. Wou ass de Sozialpakt dann? Mir stëmmen hei kee Sozialpakt, mer stëmmen hei eng Austeritéitspolitik. Wou ass de Sozialpakt? Dat si Wonschvirstellungen, déi awer net an der Realitéit do sinn!

De Problem ass och dee vun der europäescher Sozialdemokratie. Den Hollande ass ugetratt an huet vill Hoffnungen erwächt domadder, e géif dee Fiskalpakt do vu Merkel a Sarkozy verhënneren, wann e géif gewielt ginn.

Wat huet en dann erreecht? Haut läit en eis zum Vote vir!

Ech wëll en Zitat hei bréngen, ulässlech vun der Regierungserklärung vum 30. Juli 2009: „Mir hu virun de Wahle Jo zum Sozialstat gesot. Bei de Verankerungen an de Prinzipië vum Sozialstat wäerte mir intraitabel sinn. Do gëtt et e Stréch, iwwert deen d’Sozialisten net wäerte goen.?

Dat ass dem Här Lux seng Erklärung. Ech mengen, hei géif et drop ukommen, dat a Musek ëmzesetzen. Fir d’wéivillte Kéier huet d’LSAP dann hei schonn dee Stréch iwwerschratt?

Här President, deen Traité hei huet Auswierkungen op allen Niveauen, net nëmme beim Statsbudget. D’Sozialversécherung ass gradesou dovu betraff, well et geet ëm den Équiliber vun de gesamten öffentleche Finanzen. Am Rentegesetz hu mer viru Kuerzem esou e Budgetsautomatismus dragesat, wéi den Traité et virgesäit. All Parteie waren domadder d’accord, ausser déi Lénk.

Dat, wat mer hei stëmmen, wäert och Auswierkungen hunn op d’Gemengefinanzen. Ausgerechent d’Zentralbank huet den Optrag jo kritt vum Innenminister, fir Virschléi virzeleeën, wou drasteet, wéi de Budgetsspillraum vun de Gemenge soll an Zukunft begrenzt ginn, ënner anerem duerch eng Ausgabennorm och am Gemengesecteur, déi soll agefouert ginn. A bis Enn vum Joer muss laut Traité en neit Budgetsgesetz kommen, dat «des dispositions contraignantes, permanentes et de préférence constitutionnelles» soll aféieren, wéi eis Budgeten an Zukunft sollen ausgesinn.

A wann dobäi eng OECD-Etüd ëmgesat gëtt, déi de Finanzminister an Optrag ginn huet, da wësse mer, wat fir Grausamkeeten nach do wäerten dobäi erauskommen, deelweis souguer Grausamkeeten, déi iwwert d’Obligatioune vun deem heiten Traité erausginn.

An da soll och nach d’Zentralbank, héiere mer – wéinstens, wann et dem Här Wolter no geet, wat en an der Kommissioun gesot huet -, d’Zentralbank soll d’Chamber hei an hirer Budgetssouveränitéit an Zukunft kontrolléieren. E seet ausdrécklech d’Zentralbank, well déi autonom ass vis-à-vis vun der Chamber.

Dofir sinn ech net d’accord mam Här Gibéryen, wann en hei seet, mir riskéieren, ënnert d’Fuchtel ze gerode vum däitsche Bundestag. Dat hei ass keng national Fro, dat hei ass eng sozial Fro, wat fir Kräften an der Gesellschaft wäerten an Zukunft bestëmmen, wéi eis Politik soll ausgesinn. Mir si gewielt hei net vun Zentralbanker, mir sinn hei gewielt vun de Leit dobaussen, déi betraff wäerte si vun där Austeritéitspolitik, déi hei an d’Wee geleet soll ginn!

Wa mer dat Gesetz hei ratifizéieren, geet d’Debatt zwar weider, mä deen Traité hei, dee wäert eis dozou zwéngen, eng Budgetspolitik ze maachen, egal wéi déi wirtschaftlech a sozial Besoinen hei am Land sinn, déi ganz restriktiv an austeritär wäert sinn.

M. le Président.– Här Urbany, Dir misst lues awer sécher zum Schluss kommen.

M. Serge Urbany (déi Lénk).- Ech hu kee Compteur hei, dofir ass et mer schwéier anzeschätzen, mä…

M. le Président.– Duerfir soen ech Iech et elo.

Une voix.- De Compteur geet net.

Une autre voix.– De Compteur geet net. En ass scho gëschter net gaangen.

(Interruption)

M. Serge Urbany (déi Lénk).- Jo, et ass wouer. Ech war jo och scho bal fäerdeg. Ech stelle fest, wann ee géif eng Statistik opstellen, Här President, meeschtens ginn ech am leschte Saz ëmmer ënnerbrach.

M. le Président.– Ma dajee, da kucke mer, ob dat och elo de Fall ass.

(Hilarité et interruption)

M. Serge Urbany (déi Lénk).- Dat, wat mer haut stëmmen, huet eng bekannte Journalistin vun „Mediapart“ als en „Verdun économique et social? bezeechent. A si huet geschriwwen: «Un siècle après avoir mené, en version militaire, un carnage sans raison ni fondement, l’Europe institue le Verdun économique.»

Abee, Här President, ech wëll Iech hei matdeelen, dass ech déi Krichskreditter hei net wäert stëmmen!

M. le Président.- Merci dem Här Urbany. An elo kritt d’Wuert den Här Finanzminister.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe