“Wann ee legal Kanäl fir d’Immigratioun a sécher Weeër fir d’Flüchtlingen ugeluecht hätt, géifen d’Schlepper sech keng gëllen Nues verdéngen an et géif och keng sou onkontrolléiert Migratiounsstréim ginn. Wann d’EU sech schonn an de r Vergaangenheet eng responsabel gemeinsam Asylpolitik ginn hätt, bréicht ee lo net an der urgence en Ëmverdeelungsprinzip z’erfannen. A wann Europa net déi onnëtz Spuerpolitik géif bedreiwen, hätten d’Memberstaten och den néidege budgetäre Spillraum fir déi Erausfuerderung unzegoen.”