De 16. November huet an der Chamber eng Consultatiounsdebatt iwwer déi sougenannten Drëtt industriell Revolutioun zu Lëtzebuerg stattfonnt. Grondlag vun dëser Debatt war d’Etüd vum Jeremy Rifkin, deen 2015 vun der Regierung beoptraagt gi war, eng Strategie an dësem Zesummenhang auszeschaffen. Säit gutt engem Joer gëtt elo a verschiddenen Aarbechtsgruppe méi spezifesch op enger Rei Themefelder geschafft fir sou d’Iddien aus der Etüd ze konkretiséieren.
D’Etüd ass eng Geschirkëscht mat ville verschiddenen Iddi’en, déi deelweis developpéiert sinn, deelweis och guer net oder carrement kontradiktoresch sinn. Verschidde Virschléi stinn – eleng gekuckt – fir eng fortschrëttlech Entwécklung (100% erneierbar Energien, lokal Kreeslafwirtschaft), anerer si Bausteng vun enger Zukunftsvisioun, déi engem éischter Angscht ajot (Bsp. TVA-Nummer fir all Mënsch).
Dat zentraalt Uleies vun der Etüd ass et awer de kapitalistesche Wirtschaftsmodell weider z’entwéckelen an dësen an Aklang mat ekologesche Contrainten (Klima, Ëmwelt…) wëllen ze bréngen. An dëse Modell soll weider op engem méiglechst héije Wuesstem baséieren. Fir dass dat geléngt, gëtt massiv an eesäiteg op technologesch Entwécklunge gesat (Internet of Things z.B.), fir mat der sou gewonnener Effikassitéit (alles geet méi séier) weider u Produktivitéit ze gewannen. De Mënsch mat senger Kreativitéit a senger Aarbechtskraaft spillt doran eng verschwindend kleng Roll. Froen iwwer d’Verdeelung vum Räichtum a vu Muecht ginn net thematiséiert.
An hei läit fir déi Lénk och den Haaptkritikpunkt un der Etüd a virun allem och un der Demarche vun der Regierung. De Fokus läit eesäiteg op ekonomeschen Aspekter an de ganze Prozess gëtt virun allem vun den dominante Wirtschaftskreeser am Land (Chambre de Commerce…) kontrolléiert. De participative bottom-up Prozess, den eigentlech annoncéiert war an zivilgesellschaftlechen Acteuren, Gewerkschaften oder Ëmweltorganisatiounen e reellen Afloss erméiglecht hätt, gouf et bis elo net. Soumat fënnt och an dësem Kader keng demokratesch Debatt iwwer d’Zukunft vu Lëtzebuerg statt, sief et iwwer de Wuesstem, d’Energietransitioun oder déi grouss Erausfuerderungen, déi sech eis haut scho stellen, wéi beim Wunnen oder der Mobilitéit.
Deementspriechend gi strukturell enorm wichteg Aspekter vun der lëtzebuergescher Gesellschaft an Ekonomie guer net thematiséiert. Dass d’lëtzebuergesch Ekonomie haut virun allem op der Finanzplaz baséiert spillt am Bericht iwwer déi Drëtt Industriell Revolutioun keng Roll. Genee sou wéineg hellt den Text Récksiicht op d’Spezifizitéit vun der Wirtschaft a vum Aarbechtsmaart, déi just mat der Hëllef vun de Grenzgänger aus eisen Nopeschlänner fonctionnéiere kënnen. Den Tanktourismus, den enger nohalteger Mobilitéit am Wee steet, gëtt genee sou ëmschëfft wéi d’Fro no den internationale Ramifikatiounen vun enger technologiséierter Ekonomie, déi op Ressourcen (rare Edelmetaller z.B.) baséiert, déi oft aus Krisegebidder stamen an do ënner onmënschleche Bedéngungen exploitéiert ginn.
Fir d’Debatt an der Chamber hunn déi Lénk den Accent op 3 méi spezifesch Aspekter aus der Etüd geluecht, déi engersäits d’Geforen an d’Opportunitéite vun den Iddi’en däitlech maachen, an anerersäits opweisen, wéi eesäiteg d’Regierung de ganze Prozess op déi reng ekonomesch Profitdimensioun rofbrëcht.
Déi wuessend Ongläichheeten an d’Zukunft vun der Aarbecht
Technologesch Entwécklunge kënne gesellschaftleche Fortschrëtt bewierken, wann hiren Asaz z.B. an der Wirtschaft an an der Aarbechtswelt als Hëllef an Ënnerstëtzung fir de Mënsch konzipéiert ass. De Mënsch, dee sech der Technik bedéngt fir mat manner kierperlechem Opwand oder direkt manner kënnen ze schaffen, soll bei dësen Iwwerleeungen am Mëttelpunkt stoen.
Bei der Approche vun der Regierung ginn déi nei Technologien awer just als e Mëttel gesi fir ëmmer méi an ëmmer méi schnell Profit kënnen z’erwirtschaften. De Mënsch gëtt dogéint a sengem Produktiouns-, Konsumverhalen a Fräizaitverhale mathëllef vun dëser Technik optiméiert an an en Datesaaz verwandelt, deen e gewëssenen informativen an och monetäre Wert huet. Soumat gëtt de Mënsch op eng gewëssen Aart a Weis zu engem Investitiounsprojet, deen e gewëssene Gewënn oder eng Rendite versprécht.
Ënnert dëse Viraussetzunge riskéieren d’Ongläichheeten an der Gesellschaft ëmmer méi grouss ze ginn. Mënschen déi d’Viraussetzungen net matbrénge fir an dëser héichtechniciséierter Welt zu engem innovativen Entrepreneur ze ginn (d’TVA-Nummer fir Commerce ze maache soll all Mënsch kréien) bleiwen op der Streck.
Den Dateschutz: wien huet d’Kontroll iwwer déi masseg Donnée’en?
An der Welt wéi d’Regierung se mathëllef vun der TIR moolt, gëtt all Mënsch an eng Usammlung vun Donnée’en verwandelt. D’Donnéeë sinn dat neit Kapital. Déi Persoun oder déi Entreprise, déi iwwer déi Donnée’en verfüügt, huet och Muecht. D’Fro iwwer d’Kontroll, de Schutz an dann och d’Méiglechkeete vum Verkaf an der Notzung vun dësen Daten, ass soumat zentral. D’Perséinlëchkeets- a Selbstbestëmmungsrechter vun de Bierger sinn hei direkt betraff.
Déi ganz zentral Fro bei der Dateproblematik ass hei : gëtt et iwwerhaapt en équilibre tëscht dem Besëtz, der Notzung, der Kontroll oder dem Verkaf vun Daten, déi eng maximal Wertschöpfung fir Entreprisen erméiglechen, engersäits, an anerersäits dem Schutz vun den Donnée’en, der Privatsphär an der informationeller Selbstbestëmmung vun de Leit ?
En EU-Reglement wat am Mee 2018 och fir Lëtzebuerg a Kraaft triede wäert an dëse Problem upaakt, gesäit Virschrëfte vir, déi mat der Drëtter Industrieller Revolutioun vun der Regierung kollidéiere géifen., z.B. am Kader vum smart metering.
Smart agriculture mécht d’Dier grouss op fir déck Multinationalen
D’Etüd beinhalt eng interessant Usätz, z.B. wat d’Transitioun hinn zu 100% Bio, d’Fërderung vum am urbane Raum oder d’Ënnerstëtzung vun der communityGeméisbau supported Agriculture (CSA) ugeet. Dat sinn interessant Iddi’en, déi eng méi ekologesch Landwirtschaft géife bedeiten an och de Mënsch als Produzent a Konsument an de Mëttelpunkt stellen, dee mat eegenem Engagement an a Kooperatioun mat anere lokal Kreesleef opbaut.
Des interessant Pisten huet d’Regierung awer net méi berécksiichtegt. De Fokus läit elo op enger nohalteger Intensivéierung mathëllef vun der sougenannter smart agriculture, also op techno-wëssenschaftleche Léisungen an deenen de Mënsch, de Bauer mat sengen Erfarungen a Kompetenze keng Roll méi spillt.
déi Lénk hu selbstverständlech kee Problem domat, dass technesch Entwécklungen an der Landwirtschaft agesat ginn, dat ass och scho laang de Fall. D’Bedingung dofir muss awer sinn, dass dëse Fortschrëtt de Leit déi an der Landwirtschaft schaffen an de Konsummente vun de Produkter ze gutt kënnt. Dat ass mat dem, wat hei ugeduecht ass awer guer net de Fall.
Déi technesch Oprëschtung déi an de Betriber néideg wir ass sou deier, dass nëmme grousser sech dat leeschte kënnen. Donieft gëtt déi Hard- a Software vu grousse Multinationale vermaart, déi dann och d’Kontroll iwwer déi Donnée’en behale wëllen a soumat Afloss iwwer d’landwirtschaftlech Produktioun iwwerall op der Welt, och zu Lëtzebuerg, kënne gewannen.