Tribune libre am Kader vun enger Artikel-Serie vum forum wou d’Parteien hier politesch Offer virstellen.
Business as usual
Bei de Neiwahlen 2013 war d’Verbindung tëschent der sozialer a politescher Kris nach ni esou spierbar ewéi virdrun. D‘Nowéie vun der Finanzkris vun 2008 – bei där déi kapitalistesch Weltuerdnung kuerz virum Kollaps stoung a Steiergelder hu weltwäit mussen duerhale fir grouss Banken a Konzerner virun der Faillite ze retten – waren nach ëmmer ze spieren. Zu Lëtzebuerg goufen des milliardeschwéier Interventioune finanzéiert duerch eng Obligatioun, déi de Lëtzebuerger Staat um Marché placéiert an déi d’Staatsschold staark an d’Luucht gedriwwen huet. Et gouf eng Krisesteier agefouert, honnerten Aarbechtsplaze sinn ewechgefall, an de Staatsbudget gouf prioritär fir d’Erhale vum triple A an der Kompetitivitéit agesat. Fir Staatsschold an de Grëff ze kréie goufen 2015 net manner ewéi 258 Spuermesuren ëmgesat, getarnt ënnert dem schéine Begrëff „Zukunftspak“. Gläichzäiteg gouf op der Recetten-Säit TVA vu 15 op 17% eropgesat. Ronn zwee Joer méi spéit, nodeems de Wuesstem méi staark ausgefall ass wéi erwaart, gouf eng ‘historesche‘ Steierreform ëmgesat. D’Betribssteier ass bei dëser Reform vu 21 op 19% erofgesat ginn (2018 gëtt se op 18% reduzéiert) an ass haut eng vun de niddregsten a ganz Europa. An dëser Traditioun huet sech Lëtzebuerg iwwer déi lescht 30 Joer zum Paradäis fir Entreprisen entwéckelt.
Lëtezbuerg – E Paradäis fir Entreprisen a Superräicher
Et gëtt geschat datt d’Europäesch Unioun wäit iwwert 1.000 Milliarden Euro all Joer duerch déi aggressiv Steierpolitik vu ville Memberlänner verléiert. Trotz internationalem Drock hält Lëtzebuerg awer weiderhin um Geschäft vun der Steieroptimiséierung fest. Mesuren déi deem entgéint wierke sollen, wéi z.B. d’Ofschafe vum Bankgeheimnis fir net-Resident’en, den automateschen Austausch vu Steierdonnée’en oder d’Ofschafe vun der IP Box, ginn ënnert aneren Nimm a Formater erëm aktivéiert, wéi z.B. dem Fonds d’Investissement Alternatif Réservé oder der Patent Box. Deementspriechend blockéiert Lëtzebuerg reegelméisseg international Bestriewunge fir méi déifgräifend Reforme géint Steierdumping ëmzesetzen, no de Reegele vum level playing field:
„Wa kee matzitt, zéie mir och net mat.“
Nischenpolitik 2.0
Op der Sich no der ekonomescher Diversifizéierung huet sech d‘Regierung 2016 un de sougenannten Zukunftsfuerscher Jeremy Rifkin adresséiert, dee fir d’wirtschaftlech Zukunft vu Lëtzebuerg eng Strategie entwéckelt huet, baséierend op Digitaliséierung, Vernetzungen a modernst Technologien. Lëtzebuerg soll eng Virreiderroll anhuele fir wirtschaftlecht Kompetitivitéit a Wuesstem an Aklang ze brénge mat enger „nohalteger“ Entwécklung. Kléngt alles gutt, ass et awer net. D’Gewerkschaften an d’ONG’en goufen ni richteg an de Rifkinprozess agebonnen. D’Ëmsetze vun de Mesuren aus der Rifkin Etüd bleift onkloer, an den Impakt op d’Aarbechtswelt an d’Aarbechtskonditiounen, grad ewéi de globalen ekologeschen Impakt goufe bis haut nach net vun der Regierung thematiséiert. D’Rifkin Etüd stellt och den aktuelle Wirtschaftsmodell net a Fro. An dem Sënn ass se kompatibel mam Space Mining. Mam Gesetz iwwert de Space Mining huet d’Regierung e legale Kader geschaaf fir d’privat Proprietéit vun de Ressourcen am Weltall ze erméiglechen. D‘Ziel ass et, Entreprisen an Investisseuren op Lëtzebuerg ze lackelen, déi an dësem Gebitt täteg sinn. Mat dësem Gesetz gouf net nëmme géint en internationale Vertrag verstouss, dee säit 50 Joer virgesäit, datt Ressourcen am Weltraum Allgemenggutt sinn, mee et déngt och exklusiv der Beräicherung vun e puer Milliardären.
Wat um Spill steet
D’Ausriichtung vun der Wirtschaftspolitik, Investissementer an onmoralesch Nischen an den demographesche Wuesstem, dee weider zouhëlt, wäerten d’Land a seng Awunner mat gréisseren Defi’e an Erausfuerderunge vun enger internationaler Envergure konfrontéieren. D’Ofhängegkeet vun der Finanzplaz, déi ëmmerhin 30% vun de Recette vum Staatsbudget ausmécht, hält eis all an Otem : Eng nei Weltwirtschaftskris géing eng grave ekonomesch a sozial Kris op nationalem Plang bedeiten. D’ekologesch Sandauer leeft, an eis natierlech Ressourcë komme schnell a sécher op en Enn. D’sozial Schéier geet ëmmer méi wäit auserneen (16,5 % Aarmutstaux am Joer 2016, ee vun deenen héchsten an der EU). De Steiersystem ass trotz Reform ongerecht, well mëttlerweil 2/3 vun de fiskale Recettë vun de Salarié’e kommen a nëmmen nach knapps een Drëttel vun de Betriber bäigesteiert gëtt. D’sozial Ofsécherung vun de Leit iwwer Kranken- a Pensiounskeesen, sou wéi och den ekonomesche Wuelstand vun eisem Land, hänken also gréisstendeels vun der Aarbecht of. A ville Beräicher ass de Retard beängschtegend grouss fir dem Bedarf vun enger wuessender an deelweis ëmmer méi prekärer Populatioun nozekommen : méi bezuelbare Wunnraum, d’Ausweidung vum ëffentlechen Transport, ee Schoulsystem deen eng Garantie op eng nëtzlech an emanzipatoresch Ausbildung bitt an d’ekologesch Transitioun loossen nach ëmmer op sech waarden.
D‘Band tëschent Wuesstem a Wuelstand ass gerass
Momentan fueren d’Leit an eiser Gesellschaft mat 3 verschiddene Vitessen : Et ginn déi, déi kee Start hikréien, déi, déi aktiv sinn an trotzdeem stagnéieren, an déi, déi an d’Luucht schéissen, an dat oft op Basis vu prekärer Aarbecht déi vun anere geleescht gëtt. Wann bis de Start gemaach ass, struewele vill Leit am Hamsterrad. Den alldeegleche Stress am ëffentlechen Transport oder am Stau, de Produktivitéitsdrock op der Aarbecht, de Konsumdrock an och d’Verscholdung maache ville Leit ze schafen. Et schéngt ewéi wann et zu Lëtzebuerg zwou Parallelwelte géing ginn : d’Schattengespenst Finanzplaz engersäits, an anerersäits d’Alldagssuerge vun de Leit. Déi sozial Mobilitéit an deenen zwou Welte geet an zwou komplett verschidde Richtungen: out of space an to the bottom.
« Ville Leit geet et awer gutt zu Lëtzebuerg », ass en Argument dat de Gesellschaftskritiker oft entgéint gehale gëtt. Effektiv geet et ville Leit hei am Land gutt, mee d’Fro ass, fir wéi la
ang ? Si mer mëttlerweil dann net schonn op dem Punkt ukomm, wou d’Aussiichten op eng besser Liewensqualitéit fir déi jonk Generatioune méi schlecht sinn ewéi se fir hir Eltere waren ? Ouni familiär Hëllef, sief et duerch Ierfschaft oder duerch finanziell Mëttel, kënnen sech di meescht Jonk Leit keng Wunneng méi leeschten.
Eis Zukunfsvisioun
Och ee realistesche Bléck an d’Zukunft, verréit eis dat dee staarke lëtzebuergesche Wirtschaftswuesstem net vu laanger Dauer wäert sinn an och esou net méi verantwortbar ass. Fir engem worst case Zeenario ze entgoen, wëllen déi Lénk sech als politesch Kraaft positionéieren déi sech fir eng positiv Verännerung engagéiert. An dëser Zukunftsvisioun hunn d’Leit méi Zäit, méi Undeel a méi vum Liewen. Mir realiséieren e Wirtschaftsmodell deen ekologesch responsabel ass an eng gerecht Verdeelung vum Räichtum als Haaptreegel gëlle léist. An dësem Modell dréie mer der ongesonder Nischepolitik de Réck, a setzen dofir op eng diversifiéiert Ekonomie déi all d’Potenzial ausnotzt déi eisen Territoire ze bidden huet : vun der ekologescher Transitioun, der nohalteger Industrie, dem Handwierk, iwwer d’Geschäftswiesen, der biologescher Landwirtschaft, bis hin zu der Solidarwirtschaft an der Fuerschung.
Zäit fir Verännerung…
Steiergerechtegkeet !
Nëmmen eng lénk Steier- a Budgetspolitik steet am Interessi vun der Allgemengheet. Si besteiert verstäerkt d’Kapital a vergréissert doduerch de Staatsbudget. Si ënnerstëtzt d’staatlech Ausgaben am Beräich vun den Infrastrukturen, de kulturellen a schouleschen Institutiounen an der Opwäertung vun de Salairen. Si dréit deene Leit Rechnung déi duerch hir Aarbecht, hir Produktivitéit, hir Consommatioun an hiert Eegentum un enger solidarescher Wäertschafung deelhuelen. Si stellt strikt fiskal Reegelen op, déi der Profilschäerfung Grenze setzen, an dem Staat déi néideg Autonomie gi fir sech den Dogmen vum fräie Marché ze entzéien. Steiere bezuele soll keng Laascht fir Kleng- a Mëttelverdénger ginn, och net fir Kleng- a Mëttelbetriber, déi relativ zu grousse Multinationale proportionell ongerecht besteiert ginn. De Steierdumping vu grousse Multinationalen zouzeloossen ass an deem Sënn eng Farce géigeniwwer jidderengem dee muss senge fiskal Responsabilitéiten nogoen. Jiddereen den als grousse Wirtschaftsboss, Millionär oder Aktionär grousse Profit mécht muss en Deel vu sengem Räichtum iwwer Steieren un d’Kollektivitéit ofginn. Dat ass logesch a gerecht.
Bezuelbare Wunnraum !
Gläichzäiteg ass den Immobiliëmarché zu Lëtzebuerg eng Geldmaschinn fir eng ganz kleng Minoritéit vu Leit. Et sinn déi grouss Terrainsbesëtzer, déi op enorm Wäertsteigerungen kënne spekuléieren an dorop keng oder just ganz wéineg Steiere musse bezuelen. Et sinn déi déck Promoteuren, déi opgrond vun den héije Präisser a Loyeren immens grouss Margen op hire Bauprojet‘en erzielen. Et sinn si, déi vun de Konsequenze vum ongläich verdeelten Immobiliëbesëtz an dem Wuesstemsdrock profitéieren, an dat op Käschte vun de Schwächsten, vun de Leit mat klengem Revenu an ouni Patrimoine, a vun de Jonken, déi iergendwéi Fouss faasse wëllen, mee ëmmer méi oft op der Streck bleiwen. Mee fir all dës betraffe Leit ass d’Situatioun net aussiichtslos. D‘Wunnengskris ka bekämpft ginn, mee dofir brauch ee politesche Courage. Dee feelt awer säit Joerzéngten, an déi aktuell Regierung ass dëser Traditioun trei bliwwen, well se huet keng eenzeg Mesure geholl, déi d’Problemer vum Logement un der Wuerzel paakt. Fir déi Lénk ass kloer, wat ze maachen ass. Eegentemer vun Immobilië mussen an d’Flicht geholl ginn. De Méiwäert op Terrain’en a Spekulatioun op Wunnraum musse besteiert ginn, fir sou de Gemengen d’Mëttelen ze gi fir selwer Raumplanung a Wunnengsbau ze bedreiwen. Do wou Eegentemer vu Bauterrain e wichtege Wunnengsbauprojet verhënneren, wëll se op ëmmer méi héich Verkafspräisser spekuléieren, muss am ëffentlechen Interesse kënnen enteegent ginn. Besonnesch d’Gemenge stinn an der Verantwortung fir endlech méi Wunnengen ze bauen. A well all déi Mesuren net vun haut op muer eng Wierkung entfale wäerten, muss d’Entwécklung vun de Loyer’en erëm der normaler Liewensdeieregt ugepasst ginn. Sou kéint ee ville Leit direkt hëllefen. déi Lénk hunn am Mäerz 2018 en deementspriechend Gesetz an der Chamber an d’Prozedur ginn. De Ball läit elo bei der Regierung.
Recht op Aarbecht, Fräizäit a méi Pei !
De Jugendchômage zu Lëtzebuerg ass weiderhi problematesch. Déi 14% u sougenannten NEET’s , also Persounen déi Not in Education, Employement or Training sinn, sti stellvertriedend fir eng verfeelte Schoul-an Aarbechtspolitik. Mëttlerweil fannen iwwer 21.000 Mënsche guer keng Aarbecht, wouvun der 5000 a Beschäftegungsinitiativen ageschriwwen. déi Lénk wëllen dofir datt de Staat erëm selwer méi Verantwortung iwwerhëlt andeems en Aarbecht ubitt als „Employer of last resort“. D‘ADEM muss dofir eng aner Roll kréien. Jidderee muss e Recht op eng sënnvoll Aarbecht mat anstännegem Salaire hunn, an dat muss e Recht sinn, a keen Zwang. déi Lénk wëllen dat Recht op eng Aarbecht verwierklechen andeems d’Aarbecht an de Fortschrëtt finanzéiert ginn, a net de Chômage an d’sozial Ausgrenzung wéi et haut de Fall ass. Dofir wëlle mer de Mindestloun däitlech iwwer d’Aarmutsgrenz eropsetzen an d’Recht op de qualifizéierte Mindestloun no spéitstens 10 Joer am Beruff duerchsetzen. Et muss awer och ee Recht op Zäit gi wou net geschafft gëtt, mee wou Leit hiren eegene Bedürfnisser nogoe kënnen an, an där oft Fräiraim vir sozial a kreativ Prozesser entstinn. A kengem europäesche Land mat Ausnam vu Rumänien schafft e Salarié méi wéi zu Lëtzebuerg. Dobäi ass d’Produktivitéit vun dem Salarié europawäit mat déi héchst, néierens produzéiert ee Salarié souvill Wäert pro Schaffstonn wéi zu Lëtzebuerg. Des Aarbechtsleeschtung geet awer u ville Leit net spurlos laanscht. Si verspieren déi komplex Aarbechtswelt an de wuessenden Drock op der Schaff an am Alldag als grouss Belaaschtung. Aus deene Grënn setzen déi Lénk sech fir eng progressiv a previsibel Verkierzung vun der Aarbechtszäit an. De wirtschaftleche Spillraum ass do fir op dee Wee ze goen. D’Leit hunn sech deen erschafft.
déi Lénk sinn engagéiert fir Verännerung. Eng Verännerung, déi sech an enger Gesellschaft erëm spigelt, an déi d’Leit demokratesch kënne matgestalten. An dëser Gesellschaft sinn d’sozial Bezéiungen an d’wirtschaftlech Kooperatioun op egalitär a solidaresch Wäerter baséiert. An dëser Gesellschaft gëtt verhënnert dat d’Privatsphär vun de Leit de kommerzielle Prinzipien ausgesat ass. Hei entsteet Raum fir alternativ Gesellschaftsmodeller.
Auteurs:
Line Wies, attachée parlementaire – déi Lénk, Gemengeréitin – déi Lénk Esch
Jean Krier, Member – Coordination Nationale déi Lénk, Coordinateur – déi Lénk Bezierk Osten