„ Stell der vir eng Frëndin vun dir huet viru Méint seng Aarbecht verluer. Et war vläicht keng besonnesch spannend, als Verkeeferin an engem Fastfood-Restaurant. Mee et war alt dat. Et war e reegelméissegt Akommes, et hat Leit em sech an ee strukturéierten Alldag. Hatt ass am Fong gär schaffe gaangen. Bis elo huet et keng nei Plaz fonnt. D’ADEM bitt him näischt Passendes un. Seng Qualifikatiounen entspriechen eben net dem, wat um Marché gesicht gëtt. Hatt vegetéiert virun sech hin, fänkt u lasszeloossen. Du hues kee richtegen Zougank méi zu him, et ass depriméiert, geet net méi richteg virun d’Dir. Dobäi war et ëmmer motivéiert ze schaffen. „
Zu Lëtzebuerg gëtt et déi do Geschicht an dausende verschiddene Versiounen, wëll iwwer 15.000 Leit[1] (Zuele vu Juli 2016) sinn aktuell op der ADEM ageschriwwen a sichen de Moment eng Aarbecht. Knapp 5000 Leit si prekär a Beschäftegungsinitiativen ënnerkomm. No spéitstens zwee Joer fale sie awer erëm zréck an de Chômage, ausser se fannen eng Plaz.
De Chômage zu Lëtzebuerg huet näischt domat ze dinn, dass d’Wirtschaft net dréint oder Frontalier’en Aarbechtsplazen ewechhuelen. Et ass e Chômage dee strukturell ass, wat bedeit, dass um Aarbechtsmaart an éischter Linn héich qualifizéiert Leit gesicht ginn. Leit mat manner oder ouni schouleschen Ofschlëss bleiwen do op der Streck.
Op der ADEM sinn de Moment 5190 Leit scho säit iwwer 12 Méint ageschriwwen. Sie fannen also offensichtlech nëmmen nach ganz schwéier eng Aarbecht. Vill vun hinnen si méi al wéi 45 Joer. Sie haten eng Aarbecht, hunn déi verluer a faassen elo kee Fouss méi um Aarbechtsmarché, wou éischter jonk a méi héich qualifizéiert Leit agestallt ginn.
Donieft sinn och vill jonk Leit ageschriwwen, déi iwwer wéineg oder net déi richteg Qualifikatioune verfügen. Sie kréie Stagen, Volontariater a Formatiounen ugebueden, mee hu weder eng finanziell Ofsécherung nach onbedéngt Aussicht op eng anstänneg Aarbecht, déi hinnen de Start an d’Liewen erméiglecht.
All déi betraffe Leit hunn Erfarungen a Kompetenzen, déi sie an d’Gesellschaft abrénge kënnen. Duerch méintelaang Inaktivitéit a schlechten Erfarungen op der Aarbechtssich ginn déi Kompetenzen der Gesellschaft awer no an no verluer.
Zum Ausbau vun eisem gemeinsame Wuelstand muss jidderee kënne bäidroen. Wéi solle mir de Klimawandel ugoen, d’ekologesch Krise bewältegen, d’sozial Ongläichheeten erëm verklengeren, wann net jidderee mat senger Aarbechtskraaft, senger Kreativitéit a sengem Wëssen doru bedeelegt ass?
déi Lénk trieden dofir an, dass jiddereen e Recht op eng anstänneg bezuelten Aarbecht soll hunn. Jiddereen dee bereet ass ze schaffen, muss eng Aarbecht kënnen ugebuede kréien. A wann dat an der Privatwirtschaft net méiglech ass, da musse Staat a Gemengen dat Recht garantéieren.
De Staat soll dofir den Employeur a leschter Instanz ginn. De Staat verwierklecht op dem Wee d’Recht op Aarbecht.
All Resident soll ab 18 Joer kënne vun dësem Prinzip garantéieren, ënnert der Viraussetzung, dass en sech op der ADEM aschreift.
D’ADEM géif dann och eng zentral Roll spillen a misst anescht organiséiert a personell verstäerkt ginn. Wat verlaangt ass ass e vill méi ëmfangräichen Encadrement a Suivi vun de Leit, déi eng Aarbecht wëllen. Dat geschitt haut net. Et wir och eng enk Zesummenaarbecht mat de Gemengen an den Associatioune verlaangt, déi des Aarbechtsplazen ubidde géifen. D’ADEM misst och seng coercitiv Approche opgi mee misst kucke fir all Persoun déi passend Aarbecht ze fannen, wat haut och net geschitt.
All Persoun am Chômage, deen an dësem Programm participéiert, krit soulaang eng indemnité d’attente an der Héicht vum Mindestloun, bis eppes Passendes fonnt ass.
Wéi eng Aarbechte kéinten a Fro kommen?
Déi meescht Aarbechte sinn an eisen Aen am Beräich vun der ekologescher Transitioun ze sichen, mee dorop beschränke muss et sech net. Vill sënnvoll Aarbechte ginn net (méi) gemaach oder et gëtt net genuch Personal fir ze gutt ze maachen.
Wéi eng Aarbechten dat genee sinn, mussen d’AwunnerInnen an de Gemengen a Leit an Associatiounen am ekologeschen, sozialen, kulturellen oder Cooperatiounsberäich proposéieren. Déi direkt concernéiert Leit kennen d’Besoin’en an hirem Quartier oder Duerf am beschten. Dat ka vu manuellen Tâchen hin zu Schaffe mat anere Leit, bis hin zu intellektuellen Aarbechte goen.
Den Employeur a leschter Instanz wier also e Mëttel fir d’Entwécklung vun Stied an den Dierfer méi demokratesch ze maachen
De Staat als Employeur a leschter Instanz. Dat ass eng vun de ganz wichtege Fuerderungen an eisem Wahlprogramm. http://2018.dei-lenk.lu/
Fir den Aarbechtsmaart fuerdere mir donieft och:
(-) Eng gerecht a solidaresch Opdeelung vun der Aarbecht iwwert d’Aarbechtszäitverkierzung;
(-) Eng gesetzlech Grondlag fir abusiv Entloossungen aus wirtschaftleche Grënn ze verbidden (proposition de loi n° 6086 vun déi Lénk);
(-) Eng Entwécklung vu neien ekonomesche Secteuren am Beräich vun der Solidarwirtschaft;
[1] ADEM 2018 : Chiffres-clés Juillet 2018