D’Liewensbedingunge vun de schaffende Leit verschlechteren sech vu Joer zu Joer an dat iwwerall an Europa an och hei zu Lëtzebuerg. Et mécht tatsächlech kee Sënn d’Bild vum Land schéinzemolen a schéinzerieden, well d’Leit mierke jo den Ënnerscheed tëscht deem wat ass an deem wat behaapt gëtt.
„Wann et dem Land gutt geet, da geet et de Leit och gutt“, sou heescht dem Premier seng näischtsoend Floskel.
D’Realitéit zu Lëtzebuerg – wéi och an anerer Länner – ass di heiten: „Well et e puer Leit super gutt an ëmmer besser geet, geet et ëmmer méi Leit ëmmer méi schlecht“. Dat ass näischt neits: zanter dem Ufank vun der Mënschheetsgeschicht hunn déi ganz räich a ganz mächteg ëmmer um Bockel vun de schaffende Leit gelieft.
Dëse Budget ass dee Budget, deen am mannsten op der Héicht vun de sozialen an ökologesche Problemer vum Land ageet.
Staatsfinanzen
Et fänkt scho beim Solde structurel un, dat ass awer eng wichteg Saach.De Solde structurel leet nämlech fest wéi vill Iwwerschoss an der Verwaltung iwwreg bleiwe muss.Wann zum Beispill de Solde structurel op -0,5% läit, heescht dat, graff gesot, datt d’Verwaltungen däerfen iwwert e bestëmmten Zäitraum em 0,5% an de Keller goen. Dat heescht si kënne méi investéieren. Wann awer entscheet gëtt, wéi elo, de Solde structurel op + 0,5% ze setzen, dat heescht datt en Iwwerschoss vun 0,5% an de Konten si muss. Et ass also eng Spuermesure déi et dem Staat méi schwéier mécht z’investéieren.
Mat der Entscheedung fir en Iwwerschoss vun 0,5% an den Solde structurel ze hunn, gëtt de Stabilitéitspakt – dee vun der EU selwer ëmmer méi a Fro gestallt gëtt – vum Finanzminister iwwerfëllt a fir domadder d’Austeritéit wieder ze rechtfäerdegen. Eng Austeritéit déi mer unhand vun der sozialer an ökologescher Kris guer net brauchen.
Dobäi ass et net esou wéi wann et kee Räichtum am Land géing ginn. Firwat mécht d’Regierung dann sou wéi wann manner Suen an d’Keess kéime wéi a Wierklechkeet? Mee jo ganz einfach:fir am Nachhinein de Spuerpak vun 2015 ze justifiéieren oder vläicht fir weider Spuermoossnamen ze justifiéieren.
Duerno ginn awer och d’Depensen iwwerschat, sou datt um Enn d’Regierung sech selwer lobe kann a soe kann datt awer méi erauskomm ass wéi erwaart.
Aarmutt
Am Rapport vum Budget heescht et datt een all déi Associatiounen oder Initiativen, déi deenen äermste Matbierger hëllefen, wéi zum Beispill d’Sozialépicerien, dankbar soll sinn, well déi eng Aarbecht leeschten déi de Staat net iwwerhuele kéint. Mee et ass net normal, dat privat Initiativen sech em déi äermst an eiser Gesellschaft musse bekëmmeren. Dat arrangéiert natierlech d’Regierungen, well da brauchen se sech net drëms ze bekëmmeren.
Dës Regierung mécht eng Politik déi nach méi Aarmut produzéiert. Tëscht 2012 an 2016 – also ënnert dëser Regierung – hunn sech d’Demandë fir sozial Hëllef op den Offices sociaux verfënneffacht.
Famill
D’Demokratesch Partei vum Här Bettel a vum Här Gramegna ass ganz daper wann et drëms geet, Gesetzer ze maachen déi d’Steierlaascht vun deene räichsten erofsetzt.Mee d’Demokratesch Partei ass och ganz daper doranner fir de schaffende Famillje Gelder ewechzehuelen. Well mat der Reform vun der Madamm Cahen vun de Familljenhëllefen hunn d’Famille verluer u Geld. An da kënnt d’Regierung a seet jo mee et gëtt de Chèque Service Accueil. Mee mat de Chèque Servicë gëtt déi onsozial Familljepolitik vun der Regierung net kompenséiert.Mee ganz einfach well net jiddereen dee Kanner huet e Chèque Serviss kritt. Laut Eurostat profitéieren nëmmen 58% vun de Kanner vun deene Chèque Servisser. Mat de CSA ënnerhält déi ëffentlech Hand de Crèchebusiness. 2018 sinn 2/3 vun de Kanner a private Crèchë betreit ginn. Et gi mëttlerweil 441 privat Strukturen uechter d’Land, 2009 waren et der nach 113. Iwwer d’CSA kënne privat Crèchen hir Käschte kompenséieren. 2018 sinn dës Kompensatiounskäschten op 165 Millioune verlaf.
Jugend
Wat bedeit dat alles fir d’Jugend vun haut? Wat fir eng Zukunft ass dës Regierung der Jugend am gaange virzebereeden? Déi lescht Erweiderung vun der Studentebourse, déi verschidde Restriktiounen annuléiert, ännert grondsätzlech näischt um Prinzip, dass d’Studenten sech vu vir era musse bei enger Bank verschëlde wann se wëllen op hir Käschte kommen. Déi jonk Generatioune starten all mat engem Prêt am Genéck an d’Beruffsliewen, wou se dann och nach mat ëmmer méi kuerzfristege Kontrakter a geckege Logementspräisser konfrontéiert ginn.
Klima a Mobilitéit
Zousätzlech kréien déi nächst Generatiounen de Klimawandel op d’Schnëss. Den Här Finanzminister behaapt d’Regierung géif eng hallef Milliard an neien Investissementer géint d’Klimakris investéieren. D’Hallschent dovunner, 251 Milliounen Euro, dat ass de Fonds du Rail. 1% dovunner, also 5 Milliounen Euro, dat ass de Pacte Climat, do gi Projete finanzéiert. Eng Drëps Waasser op e waarme Steen. Weider 5 %, also 25 Milliounen Euro, dat ass fir d’CFL. Da kënnt e méi héije Posten: 67 Milliounen Euro. Dat sinn zum groussen Deel déi Kompensatiounsmesuren, dat sinn déi Rechter déi mir bezuele fir weiderhi CO2-Emissioune kënnen ze maachen. An da kommen nach weider 67 Millioune bäi. Dat ass den Tram. Näischt Revolutionäres géint de Klimawandel. Eng vun de rare soziale Mesurë vun dëser Regierung déi souguer fir eng Kéier international positiv vu Lëtzebuerg schwätze gelooss huet, geet op eng Initiativ vun déi Lénk zréckgeet: De gratis ëffentlechen Transport.
Logement
D’Léisung vun der Logementskris misst sech am Budget erëmspigelen. De Budget vum Logementsministère stagnéiert a klëmmt och bis 2023 nëmme ganz liicht. D’Depense fir Logement ginn am Verhältnis zu de gesamten Ausgabe souguer erof (+2,5 par Rapport zu 6,6%). Sou wéi et ausgesäit ass et nëmmen eng technesch Reform, awer keng déi op der Héicht vun den Erausfuerderunge läit. D’Salariatskummer schwätzt vun 3 Milliarden déi de Staat misst investéieren amplaz vun den 3 Milliounen. Mat 3 Milliarde kéint ee jee nodeem 5.000 bis 10.000 Wunnenge schafen. Mee da si mer nach wäit vum Kont, wäit vun den 30.000 soziale Wunnengen déi ee laut Caritas baue misst.
Hat diese Regierung fertig?
Et gëtt behaapt de Premier hätt keng Linn. Mir mengen awer datt an dëser Regierung d’DP ganz wuel eng Linn huet an se duerchzitt. Et ass eben eng Linn vum Laissez-faire, wou d‘Regierung nokuckt wéi jiddereen no sech selwer kucke soll. Dat ass awer e Modell deen ëmmer manner Mënsche wëllen a mir stinn op der Säit vun all déi sech dofir asetzen datt deen immense Räichtum rëm zréck soll goe bei déi, déi en och erschafft hunn.
Dat ass dann och eng Ursaach firwat mir dëse Budget net wäerte matdroen.